2
1 Op de Punkt Op de Punkt Dikrich Mee 2010 Kontakt- an Informatiounsblat vun der CSV Dikrich Ënnert der Responsabilitéit vun der CSV Sektioun Dikrich Hei kënnt d’Zweigstell vum Office Social zu Dikrich sën. No dem Premier Jean-Claude Juncker senger Interventioun an der Chamber stinn iech eis Mandatairen, Ministeren an Deputéiert Ried an Äntwert zur „Lag vun der Natioun“ Kommt an diskutéiert mat! Méindeg, de 17. Mee zu Lénger (Gemeng Käerjeng) am Centre sociétaire Dënschdeg, den 18. Mee zu Ettelbréck am Gemengesall Mëttwoch, den 19. Mee zu Zéisseng am Centre Culturel Donneschdeg, den 20. Mee zu Rued-Sir am Syrkus Ufank ëmmer ëm 19.30 Auer Weider Informatiounen op csv.lu CSV on TOUR Die erste Fußgängerzone des Landes entstand vor über 35 Jahren unter der Führung eines CSV Schöffenrates in der Großstraße, der Brabanterstra- ße und der Antoniusstraße. In der Zwischenzeit wurde sie auf den alten Stadtkern erweitert. Anfangs war die Geschäfts- welt nicht überzeugt von der Notwendigkeit dieser Neuerung; heute wird aber niemand mehr sie missen wollen. Sowohl in der Woche, wie auch sonntags flanieren die jungen Familien, wie auch ältere Menschen ohne Gefahr durch die Fußgän- gerzone. Der Liberationsplatz ist zum Stelldichein der Gemüt- lichkeit geworden. Im Sommer laden die Attraktionen, die das Syndicat d’Initiative in Zusam- menarbeit mit den städtischen Betrieben organisiert, zum gemütlichen Verweilen auf den Terrassen ein. Als der erste Teil der Fußgänger- zone entstand, waren die Belä- ge und die Untergrundtechnik, die damals zur Verfügung standen, nicht vorgesehen für Lieferwagen mit den heutigen Gewichten. Dann hat natürlich Am Kontext vum neie Gesetz iwwert den Office social, wat virgesäit, dass e Minimum vu 6000 Awunner erfuerdert ass, fir en eegestännigen Office social ze schafen, ass d’CSV-Dikrich der Meenung, dass nëmmen e regionalen Office social a Fro kënnt, un deem och di kleng Gemengen aus der Nordstad sich kënne bedeeligen. Wann de Sëtz vum regionalen Office social soll op Ettelbréck kom- men, dann hält d’CSV-Dikrich drop, dass eng permanent Antenne vum Office social Nordstad op Dikrich kënnt, déi vun enger Assistante sociale mat Erfahrung a Kompetenz ge- fouert gëtt. Déi Leit di op d’Hël- lef vum Office social ugewise sinn, brauche sich also net op Ettelbréck ze déplacéieren fir hir Démarchen ze maachen. Dat neit Gesetz garantéiert 1) e Recht op sozial Hëllef, 2) e Recht op Grondversuer- gung mat Drénkwaasser an Haushaltsenergie an 3) e Recht op Asproch. Doniewent gesäit dat neit Gesetz awer och vir, dass iwwer di noutwendig direkt materiell oder finanziell Hëllef raus, och muss dru geschafft gin, fir aus däer sozialer Noutlag raus- zekommen an an Zukunft ze verhënneren, dass sou Noutla- gen entstinn. der Zahn der Zeit an der Infrastruktur genagt. Der Belag müsste in der Großstraße, auf dem Liberationsplatz und in der Brabantersraße ersetzt werden. Zugleich müssten aber auch die unterirdischen Infrastruk- turen (Wasser, Kanal, Energie) komplett erneuert werden. Dieses kostspielige Unterfangen übersteigt im Augenblick die finanziellen Mög- lichkeiten der Stadt Diekirch, bedingt durch den Neu- und Umbau der Grund- schule. Der jetzige CSV-Déi Greng Schöffenrat hat im diesjährigen Budget eine gewisse Sum- me eingesetzt um Teile des Belags großflächig zu re- novieren; auch die Auf- und Abgänge der unterirdischen Passage zur Kluu- ster sollen erneuert werden. Manch einer klagt die Fußgängerzone sei nicht sauber. Von Seiten der Gemeinde ist täglich eine Putzkolonne im Einsatz, die aber nicht immer gleich- zeitig an jedem Ort sein kann. Abfalleimer sind in der Zone verteilt und werden regelmäßig geleert. Leider werden sie allzu oft nicht benutzt. Die Sauberkeit der Fußgängerzone geht uns alle etwas an! Jeder kann das Seine dazu beitragen. Sozial Solidaritéit an der Nordstad Dee neien Office social, deen vum 1. Januar 2011 un funk- tionéiert, kritt de Statut vun engem „établissement public“ a gët vun engem Conseil d’administration (CA) gefouert. D’Vertrieder vun der Stad Dikrich am CA gin am Hierscht 2010 duerch een ëffentlichen Opruff rekrutéiert a vum Ge- mengerot genannt. Di finanziell a materiell Fongen vum aktuellen Office social fléissen net an dee neie regionalen Office social. Am Géigendeel: D’Stad Dikirch iw- werhëlt di finanziell Reserven an d’Immeubles vum Office Social mat der Obligatioun all Chargen a Verpflichtungen di un deem Avoir vum Office social hänken, ze respektéieren. Alles dat gëtt an engem administrativen oder notariellen Akt festgehal. D’CSV-Dikrich hält drop, deene Leit, di am aktuellen Office social vun der Stad Dikrich mat Disponibilitéit, Diskretioun a Respekt virun der Persoun an Nout eng wäertvoll Aarbicht gemaach hun a maachen, ee grousse Merci ze soën: Merci virun allem dem Präsident Gaston LEINER, der Madame JACOB, der Madame PHILIPPE, dem Här Dechen HEUSCHLING an dem Här SCHMOETTEN. D’CSV-Dikrich ass fest iwwer- zeegt, dass dee neie regionalen Nordstad Office social seng sozial Roll, am Déngscht vun de mannerbemëttelten Matbierger wäert erfëllen … an ee weide- ren wichtige Schrëtt a Rich- tung Nordstad duerstellt: Den Nordstad-Office social bréngt e Plus u sozialer Solidaritéit an der Regioun Nordstad. Mir wëllen net jarelaang vun der Nordstad dreemen a schwätzen fir da bei der éischt- bester Geleeënheet ee Rück- zieher ze maachen, well mir fäerten, mir giffen de Kierzeren zéien: Lo gëllt et Faarw ze bekennen an ze beweisen, dass mir Nordstad mengen, wa mir Nordstad soen. Die Diekircher Fußgängerzone

Dikrich Op de Punkt · virgesäit, dass e Minimum vu 6000 Awunner erfuerdert ass, fir en eegestännigen Office social ze schafen, ass d’CSV-Dikrich der Meenung, dass nëmmen e regionalen

  • Upload
    others

  • View
    1

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

Page 1: Dikrich Op de Punkt · virgesäit, dass e Minimum vu 6000 Awunner erfuerdert ass, fir en eegestännigen Office social ze schafen, ass d’CSV-Dikrich der Meenung, dass nëmmen e regionalen

1

Op d

e P

unkt

Op de PunktDikrich

Mee 2010

Kontakt- an Informatiounsblat vun der CSV Dikrich Ënnert der Responsabilitéit vun der CSV Sektioun Dikrich

Hei kënnt d’Zweigstell vum Office Social zu Dikrich sën.

No dem Premier Jean-Claude Juncker senger Interventioun an der Chamber stinn iech eis Mandatairen, Ministeren an Deputéiert Ried an Äntwert zur „Lag vun der Natioun“

Kommt an diskutéiert mat!

Méindeg, de 17. Mee zu Lénger (Gemeng Käerjeng)am Centre sociétaire

Dënschdeg, den 18. Mee zu Ettelbréck am Gemengesall

Mëttwoch, den 19. Mee zu Zéisseng am Centre Culturel

Donneschdeg, den 20. Mee zu Rued-Sir am Syrkus

Ufank ëmmer ëm 19.30 Auer

Weider Informatiounen op csv.lu

CSVon TOUR

Die erste Fußgängerzone des Landes entstand vor über 35 Jahren unter der Führung eines CSV Schöffenrates in der Großstraße, der Brabanterstra-ße und der Antoniusstraße. In der Zwischenzeit wurde sie auf den alten Stadtkern erweitert. Anfangs war die Geschäfts-welt nicht überzeugt von der Notwendigkeit dieser Neuerung; heute wird aber niemand mehr sie missen wollen. Sowohl in der Woche, wie auch sonntags flanieren die jungen Familien, wie auch ältere Menschen ohne Gefahr durch die Fußgän-gerzone. Der Liberationsplatz ist zum Stelldichein der Gemüt-lichkeit geworden. Im Sommer laden die Attraktionen, die das Syndicat d’Initiative in Zusam-menarbeit mit den städtischen Betrieben organisiert, zum gemütlichen Verweilen auf den Terrassen ein.

Als der erste Teil der Fußgänger-zone entstand, waren die Belä-ge und die Untergrund technik, die damals zur Verfügung standen, nicht vorgesehen für Lieferwagen mit den heutigen Gewichten. Dann hat natürlich

Am Kontext vum neie Gesetz iwwert den Office social, wat virgesäit, dass e Minimum vu 6000 Awunner erfuerdert ass, fir en eegestännigen Office social ze schafen, ass d’CSV-Dikrich der Meenung, dass nëmmen e regionalen Office social a Fro kënnt, un deem och di kleng Gemengen aus der Nordstad sich kënne bedeeligen. Wann de Sëtz vum regionalen Office social soll op Ettelbréck kom-men, dann hält d’CSV-Dikrich drop, dass eng permanent Antenne vum Office social Nordstad op Dikrich kënnt, déi vun enger Assistante sociale mat Erfahrung a Kompetenz ge-fouert gëtt. Déi Leit di op d’Hël-lef vum Office social ugewise sinn, brauche sich also net op Ettelbréck ze déplacéieren fir hir Démarchen ze maachen.

Dat neit Gesetz garantéiert

1) e Recht op sozial Hëllef,

2) e Recht op Grondversuer-gung mat Drénkwaasser an Haushaltsenergie an

3) e Recht op Asproch.

Doniewent gesäit dat neit Gesetz awer och vir, dass iwwer di noutwendig direkt materiell oder finanziell Hëllef raus, och muss dru geschafft gin, fir aus däer sozialer Noutlag raus-zekommen an an Zukunft ze verhënneren, dass sou Noutla-gen entstinn.

der Zahn der Zeit an der Infrastruktur genagt. Der Belag müsste in der Großstraße, auf dem Liberationsplatz und in der Brabantersraße ersetzt werden. Zugleich müssten aber auch die unterirdischen Infrastruk-turen (Wasser, Kanal, Energie) komplett erneuert werden. Dieses kostspielige Unterfangen übersteigt im Augenblick die finanziellen Mög-lichkeiten der Stadt Diekirch, bedingt durch den Neu- und Umbau der Grund-schule. Der jetzige CSV-Déi Greng Schöffenrat hat im diesjährigen Budget eine gewisse Sum-me eingesetzt um Teile des Belags großflächig zu re-novieren; auch die Auf- und Abgänge der unterirdischen Passage zur Kluu-ster sollen erneuert werden.

Manch einer klagt die Fußgängerzone sei nicht sauber. Von

Seiten der Gemeinde ist täglich eine Putzkolonne im Einsatz, die aber nicht immer gleich-zeitig an jedem Ort sein kann. Abfalleimer sind in der Zone verteilt und werden regelmäßig geleert. Leider werden sie allzu oft nicht benutzt. Die Sauberkeit der Fußgängerzone geht uns alle etwas an! Jeder kann das Seine dazu beitragen.

Sozial Solidaritéit an der Nordstad

Dee neien Office social, deen vum 1. Januar 2011 un funk-tionéiert, kritt de Statut vun engem „établissement public“ a gët vun engem Conseil d’administration (CA) ge fouert. D’Vertrieder vun der Stad Dikrich am CA gin am Hierscht 2010 duerch een ëffentlichen Opruff rekrutéiert a vum Ge-mengerot genannt.

Di finanziell a materiell Fongen vum aktuellen Office social fléissen net an dee neie regionalen Office social. Am Géigendeel: D’Stad Dikirch iw-werhëlt di finanziell Reserven an d’Immeubles vum Office Social mat der Obligatioun all Chargen a Verpflichtungen di un deem Avoir vum Office social hänken, ze respektéieren. Alles dat gëtt an engem administrativen oder notariellen Akt festgehal.

D’CSV-Dikrich hält drop, deene Leit, di am aktuellen Office social vun der Stad Dikrich mat Disponibilitéit, Diskretioun a Respekt virun der Persoun an Nout eng wäertvoll Aarbicht gemaach hun a maachen, ee grousse Merci ze soën: Merci virun allem dem Präsident Gaston LEINER, der Madame JACOB, der Madame PHILIPPE, dem Här Dechen HEUSCHLING an dem Här SCHMOETTEN. D’CSV-Dikrich ass fest iwwer-zeegt, dass dee neie regionalen Nordstad Office social seng

sozial Roll, am Déngscht vun de mannerbemëttelten Mat bierger wäert erfëllen … an ee weide-ren wichtige Schrëtt a Rich-tung Nordstad duerstellt: Den Nordstad-Office social bréngt e Plus u sozialer Solidaritéit an der Regioun Nordstad.

Mir wëllen net jarelaang vun der Nordstad dreemen a schwätzen fir da bei der éischt-bester Geleeënheet ee Rück-zieher ze maachen, well mir fäerten, mir giffen de Kierzeren zéien: Lo gëllt et Faarw ze bekennen an ze beweisen, dass mir Nordstad mengen, wa mir Nordstad soen.

Die Diekircher Fußgängerzone

sain

t-p

aul l

uxe

mb

ou

rg •

Im

pri

sur

du

pap

ier

recy

clé

Cyc

lus

Off

set

OdP_Dikrech_Mee2010.indd 1 03.05.10 13:51

Page 2: Dikrich Op de Punkt · virgesäit, dass e Minimum vu 6000 Awunner erfuerdert ass, fir en eegestännigen Office social ze schafen, ass d’CSV-Dikrich der Meenung, dass nëmmen e regionalen

4

Op d

e P

unkt

Dikrich

D’Iddi vun der Nordstad staamt aus de 60-Jare vum letzte Jarhonnert. 2006 guf dunn zu Dikirch an der Aler Seeërei eng Konventioun tëschent de 6 Gemenge Colmar-Berg, Bettenduerf, Dikrich, Erpelding, Ettelbréck a Schieren an dem Ministär vu der Landesplanung ënnerschriwwen. Dës Konven-tioun gesäit eng Coprésidence vir tëschent dem Ministär an engem Buergermeester vu de 6 Nordstadgemengen. De Copre-sident vu de Gemenge gët an engem 1-järigen Turnus vun engem vun de 6 Nordstadge-mengebuergemeestere gestallt ; momentan ass et de Buerger-meester vu Schieren, de Marc Schmitz.

D’Schäfferit vun de 6 Gemenge gesi sich regelméissig eng Kier am Mungt am Comité politique mat engem oder puer Vertrieder vum Ministär. Si gi beroden vun Expert’en a Stadentwécklung. Mir versichen do eis Aarbicht am Dengst vum Bierger ze ko-ordiniëren. D’Diskussioune ginn do vu Schulminerval iwwer Ver-kieërsproblematik, Geschäfts-management, Industriezon bis op Bebauungspläng.

En ischte grusse Projet war d’Ausschaffe vun engem Entwécklungsplang fir den „axe central“ tëschent Ettel-bréck an Dikrich. Dëse Plang gesäit vir, de Sauerdall tëschent Ettelbréck an Dikrich sou aus ze bauen, dat ronn 10.000 Lett

D’Nordstad entwéckelt sich

do Plaz fanne fir ze wunnen an och fir do ze schaffen. Et gëtt versicht, wéi den IVL et virgesäit a verlaangt, Wunnen a Schaf-fen beieneen ze bringen, fir ze verhënneren, dat de Verkier nach zouhëlt. An dësem Projet sënn awer och Gréngzone vir-gesin, déi dat Ganzt oplackeren a Verbindungen tëschent dem Hiwel an dem Dall hirstellen. Well viru net grad 10 Jar de ganzen Dall iwwerschwemmt war an du festgehale guf, dat an den Iwwerschwemmungs-zonen net mi gebaut dierft gin, ass et schwirig d’PAG’en vun Dikrich an Ierpelding no deenen Donneeë vum „axe central“ ze finalisieren. Mir wäere fru wann d’Wasserwirtschaftsamt endlich gif kläre wu, wat a wi gebaut ka gin, fir dat mer mam Plange virukommen. Déi sëlligen an deier Moossnamen (mesures anti-crues), déi geholl guffen, fir der Sauer d’Méiglichkeet ze gin fir sich bei Hiwaasser auszebreeden a net nëmmen an d’Hicht ze klammen, missten dach och an d’Berechnunge mat rageholl gin. Um Kierchbierg, ronderëm d’Stad an am Süde vum Land duerf eifrig verplangt, gebaut an zoubetonniert ginn; d’Reewaasser wat do roffällt gët all duerch den Uelzichtdall an d’Nordstad drainiert a sam-melt sich do mam Waasser vun der Uewersauer, wat vum Norde kënnt. Mussen mir dann am ënnischte Sauerdall fir déi Aner matbezuelen?!

D’Ax kann, ofgesi vun der Waasserproblematik, och da richt anischt organisiert ginn, wann d’Industriezon Frid-haff de Betriber aus dem Dall d’Méiglichkeet gët, sich do uewe vis-à-vis vum Dreckstipp ze installieren. No laangwi-rige Verhandlungen hunn d’Proprietairen vun de Stécker a Wisen, déi do leie wu dës Indu-striezon soll hikommen, agewël-ligt hir Terrain’en un e Syndikat vun de 6 Nordstadgemengen ze verkafen. Doduerch gët et méiglich, dat mat Hëllef vum Ekonomieministär, hei eng Zon entsteet an däer Betriber aus dem Dall an aus den Uertschaf-te ronderëm sich néierlossen kënnen fir hir Aktivitéiten aus ze bauen. D’CSV-Dikrich begréisst d’Bereetschaft vun de Proprie-tairen mat an dës Richtung ze goen. Gesond Handwierks-betriber, déi fir Aarbichtsplaze suergen, gehiere gradsu an

d’Nordstad, wi den tertiäre Sektor a Verwaltungen.

Engt Uleies wat der CSV-Dikrich nach um Häerz brennt, ass d’Mobilitéit an der Nordstad. Do gëtt well 2 Jar vun engem Gesamtkonzept geschwat; et sollt virun 1 Jar e Cahier de charges ausgeschafft gin a Büroe beoptragt gin fir su engt Konzept fir d’Nordstad a seng Anzuchsgebidder auszeschaf-fen. De virige Verkiersminister, deen aus dem Süden war, konnt oder wollt hei keng Décisioun virun de Walen huelen. Di nei Equipe am Nohaltigkeetsmi-nistär, de Marco Schank an de Claude Wiseler, wëllen awer endlich an dësem Dossier viru-kommen. De Cahier de charges ass fäerdig a mir hoffen, dat am Hierst eng Decisioun fällt, wi de „Boulevard urbain“ tëschent Dikrich an Ettelbréck soll aus-gesin.

D’Ëmgestaltung vun der Ettel-brécker Gare an d’Entrée vun Dikrich op der Hicht vun der Aler Seeërei hänken iwwrigens och vum Dossier „axe central“ an „Mobilitéit an der Nordstad“ of. Op deenen 2 Plazen an zu Angelduerf, um Site vun der Laduno, besti Projet’en, déi an de nexte 5-10 Jar d’Bild vun der Ettelbrécker Gare, vun Angel-duerf a vun der Westentrée vun Dikrich wäerte grondlegend veränneren. Duerch d’Entstoë vum „Boulevard urbain“ kann déi jetzig Ettelbrécker Strooss zréckgebaut gin, an d’Quartier’ë nördlich vun der Sauer, vun der Aler Schwemm bis bei de Midi, kënnen optisch an urbanistisch un de Park ugebonne gin. Hei soll och, tëschent der Vanné-rus- an der Glaesenerstrooss, eng nei nohaltig Wunnzon entwéckelt gin.

Wi der gesit, et geschitt Eppes an der Nordstad; ma wi bei all grusse Projet’ën brauch et eng gewëss Ulaf- an Ent-wécklungszäit. Wat mer am Plange sënn, soll sich iwwer di next 20–25 Jar erstrecken; dofir muss et gudd iwwerluecht an duerchduecht ginn. D’CSV-Dikrich ass iwwerzeegt, dat di zoustännig Ministären trotz der Kris hiirt Wuert halen an d’Nordstad an hirer Entwéck-lung weider ënnerstëtzen.

Hei soll op der Dikricher Seit eng Industriezon entstoen.

sain

t-p

aul l

uxe

mb

ou

rg •

Im

pri

sur

du

pap

ier

recy

clé

Cyc

lus

Off

set

OdP_Dikrech_Mee2010.indd 4 03.05.10 13:51