108
GEMENGEROTSSITZUNGE VUM 22. ABRËLL 2015 A VUM 17. JUNI 2015 Den Analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng °02 15

InfoBlat °02 15

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Den Analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng Gemengerotssitzunge vum 22. Abrëll a vum 17. Juni 2015

Citation preview

GEMENGEROTSSITZUNGE VUM 22. ABRËLL 2015 A VUM

17. JUNI 2015

Den Analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng

°02

15

COMPTE-RENDU DU 22 AVRIL 2015

3-43

COMPTE-RENDU DU 17 JUIN 2015

44-100

ETAT CIVIL

101-104

SERVICE KRANK KANNER DOHEEM

105-106

°02

15

ÉDITEUR Administration communale de la Ville de Differdange, B.P. 12, L-4501 Differdange T. 58 77 1-11 | F. 58 77 1-1210 | www.differdange.lu | [email protected]

RÉALISATION Service Média et Communication

IMPRIMEUR Imprimerie Heintz, Pétange

TIRAGE 10 000 exemplaires

© PHOTOS Cover: Claude Piscitelli

DIFFMAG, imprimé sur du papier 100 % recyclé.La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Differdange.

Édition: 02/2015, ISSN: 1561-7262, titre clé: Informatiounsblat

Ville de Differdange

L’AUDIO DES SÉANCES DU CONSEIL COMMUNAL EST DISPONIBLE SUR WWW.DIFFERDANGE.LU

3

SÉANCE DU CONSEIL COMMUNAL DU MERCREDI 22 AVRIL 2015

CONSEILLERS PRÉSENTS:

Roberto Traversini, bourgmestre (déi gréng)Erny Müller, 1er échevin (LSAP)Tom Ulveling, échevin (CSV)Fred Bertinelli, échevin (LSAP)Georges Liesch, échevin (déi gréng)François Antony (LSAP)Pascal Bürger (DP)Gary Diderich (déi Lénk)Jos Glauden (DP)

Martine Goergen (DP)Pierre Hobscheit (LSAP)Robert Mangen (CSV)Marcel Meisch (DP)Ali Ruckert (KPL)Christiane Saeul (DP)Pierrette Schambourg (CSV)Fränz Schwachtgen (déi gréng)Arthur Wintringer (DP)

ABSENTS/EXCUSÉS:

Carlo Bernard (DP)

ORDRE DU JOUR

SÉANCE PUBLIQUE

1) Communications du collège des bourgmestre et échevins.

2) Plan d’aménagement général et projets d’aménagement particuliers: modification ponctuelle de la partie graphique du PAG portant sur le projet d’aménagement Mathendahl 2-4 – vote du conseil communal suivant article 14 de la loi du 19 juillet 2014 concernant l’aménagement communal et le développement urbain.

3) Actes et conventions: a) convention avec la Commune de Sanem dans l’intérêt de l’extension du Centre d’Intervention Scheie-

rhaff et d’une collaboration régionale des services de secours et d’incendie présents sur le site;b) convention entre la S.A. Recysan et les Communes de Sanem et Differdange portant sur la décharge

pour matières inertes»Gadderscheier»;c) actes notariés de vente concernant deux parcelles de 3,62 et de 3,90 ares au lieu-dit»rue St. Pierre»à

Niederkorn;d) acte notarié de vente concernant une parcelle de 13,75 ares au lieu-dit»rue Woiwer»à Differdange;e) acte notarié d’échange avec soulte concernant plusieurs parcelles aux lieux-dits»Auf Loushof»,»Auf

dem Soibel»et»Scheueroicht»à Differdange;f) contrat de bail portant sur des terrains labourables au lieu-dit»Tinnesgründchen»à Niederkorn;g) contrat de bail portant sur trois parcelles avec hall de stockage, bureaux et alentours aux lieux-

dits»rue de Hussigny»et»Rollesbierg»à Differdange; h) contrat de bail avec le Centre d’Orientation Socio-Professionnel dans l’ancienne école professionnelle

de Differdange;i) convention avec ArcelorMittal pour la mise à disposition d’une surface de parking de 4.999 m2 à Nie-

derkorn;j) convention Services pour Jeunes avec l’État pour l’année 2015;k) résiliation de la convention du 23 octobre 2013 avec l’Harmonie municipale de Differdange.

4) Office social de Differdange: convention 2015.

4

5) Proposition de classement comme monument national de deux maisons situées dans la rue de la Poste à Differdange.

6) Règlements communaux: a) modification du règlement communal sur les cimetières avec intégration du nouveau»Bëschkierfecht»; b) règlements temporaires de circulation.

7) Dénomination de rues: nouveau quartier sur le site des Anciens Ateliers à Niederkorn.

8) Changements au sein des commissions consultatives.

SÉANCE NON-PUBLIQUE

1) Personnel communal:a) avancements de grade de deux fonctionnaires;b) démissions au niveau des structures d’accueil;c) avenants, classement et contrats à durée déterminée au sein de l’école de musique ainsi que des struc-

tures d’accueil.

5

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dir Dammen, Dir Hären, léif Journa-listen, mir géifen eis Sëtzung ufänken. Ech hätt just zwou kleng Kommuni-katiounen. A wann ee vun eise Kollee-ge vum Schäfferot och nach eng huet, kann en dat nach maachen. Et sinn der och schrëftlech erakomm. Wa soss nach Kommunikatioune matzedeele sinn, kënne mer dat virun der net-ëf-fentlecher Sitzung maachen.

Déi éischt Kommunikatioun ass — op alle Fall fir déi hei Majoritéit — eng flott Saach. De Schutz vun den Eefa-milljenhaiser hu mer den 13. Abrëll vum Inneminister approuvéiert kritt. Dat heescht, datt dat, wat den 1. Ok-tober an den 28. Januar gestëmmt ginn ass, esou vum Inneministère guttgeheescht gouf. Déi aner Kommu-nikatioun, déi een heiansdo awer e bësse rose mécht, geet ëm eisen Analy-teschen. Ech wéilt mech entschëllegen — net fir dat, wat dra steet, well dat soe mir jo heibannen — mä fir déi Zäit, ier en ausgedeelt gëtt. Dat heescht, mir haten elo deen an der Boîte vum Oktober 2014. Et sinn der nach dräi auszedeelen. An ech ent-schëllege mech natierlech vis-à-vis vun iech an och vis-à-vis vun eise Bierger a Biergerinnen aus der Gemeng.

Et muss ee soen, datt d’Editioune vum Januar a Mäerz scho fäerdeg sinn, well mer déi intern maachen. Mir hunn decidéiert déi elo erauszebrén-gen, och wann déi vum Dezember an November nach net fäerdeg sinn. Et kann net sinn, datt een den Analyte-schen eréischt ee Joer duerno kritt. Ech mengen, dat ass net de Sënn ge-wiescht, wou viru Jorzéngten den Analyteschen decidéiert ginn ass hei am Gemengerot.

Da géife mer d’Gemengerotssitzung ufänken. Mir kommen direkt zum Punkt zwee. Dat ass eise PAG Ma-thendall an ech ginn eisem Baute-schäffen, dem Här Erny Muller d’Wu-ert.

ERNY MULLER (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter fir d’Wuert. Léif Kolleeginnen a Kollee-gen aus dem Schäffen- a Gemengerot.

Mir hunn et haut nach eng Kéier ze di mam PAG; et ass d’Modification par-tielle vum Mathendall 2 bis 4. An dë-sem Dossier ass, wéi virgeschriwwe vun der Stad Déifferdeng, eng Publi-katioun gemaach ginn.

Et huet och eng ëffentlech Versamm-lung de 15. Januar 2015 stattfonnt, doiwwer am Ale Stadhaus, wou de Projet virgestallt gouf. Dem Schäfferot ass keng Reklamatioun agereecht ginn.

Dann hu mir den 9. Mäerz 2015 en Avis vun der Commission d’aménage-ment era kritt, wou si sech net géint déi proposéiert Modifikatioun um Ni-veau vun der Partie écrite an och gra-phique opposéieren. Si hunn al-lerdéngs e puer Bemierkunge gemaach a maache speziell drop opmierksam, dass de Mathendall, wéi si schreiwen, ech zitéieren“à proximité d’un lieu de découverte archéologique connu“ass — si menge sécherlech domadder den Tëttelbierg. Bis elo ass eis nach net be-kannt, dass dee sech géif bis an de Mathendall erstrecken. A si fuere fort:“Les fonds en question pourraient également présenter un potentiel élevé de vestige de valeur archéologique». Si recommandéieren, dass mer eis virum Ufank vun den Aarbechte mam Cent-re national de recherche archéolo-gique, dem CNA, solle konzertéieren. Mir ginn déi Recommandatioune selbstverständlech virun un déi Leit, déi de Projet exekutéieren.

Des Weideren hu mir dann nach den 13. 4. e Courrier kritt vum Environne-ment, deen drop hiweist, dass keng Évaluation environnementale am Ka-der vun der Modification ponctuelle vum PAG gemaach gouf. De Schäf-ferot huet hinnen awer schonn am Virfeld, well dat schonn eng Kéier per Telefon opgeworf gi war, an engem Bréif vum 2. 4. 2015 matgedeelt, dass aus eiser Vue esou eng Etüd, déi jo éischter iwwerflächlech ass, sech an dësem Fall géif eriwwregen, well fir de Projet Mathendall en detailléierte PAP besteet, dee schonn um Instanzewee ass. A wou eng Etude environnemen-tale a Form vun enger Biotop-Bi-lanzéierung vun engem agreéierten Ëmweltbüro ausgeschafft gouf.

Mir bieden de Gemengerot dëse Punkt vun der Modification partielle vum

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ouvre la séance. Il a deux communications à faire auxquelles s’ajoutent éventuellement celles des échevins. Les autres seront discutées avant la séance à huis clos.Le 13  avril, le ministère de l’Inté-rieur a approuvé la protection des maisons unifamiliales.La deuxième communication concerne le rapport analytique. Le bourgmestre regrette les délais. Le rapport de la séance d’octobre 2014 vient tout juste d’être distri-bué. Roberto Traversini s’excuse auprès des citoyens. Il ajoute que les rapports des séances de janvier et mars sont prêts, car ils sont réa-lisés en interne. Le collège échevi-nal a décidé de les distribuer. En ef-fet, les citoyens ne peuvent pas re-cevoir les analytiques un an après la séance.Roberto Traversini passe au point 2, le projet Mathendall.

ERNY MULLER (LSAP) précise qu’il s’agit d’une modification du PAG portant sur le projet Mathendall  2 à 4. Le projet a été publié et une réunion d’information publique organisée. Il n’y a pas eu de réclamations.Le 9  mars 2015, la commune a reçu l’avis de la commission d’amé-nagement. Celle-ci ne s’oppose pas aux parties écrite et graphique, mais a des remarques. Le Mathen-dall se situerait à proximité d’un lieu de découverte archéologique et les fonds pourraient présenter un potentiel élevé de vestiges de valeur archéologique. La commission re-commande que des concertations aient lieu avec le Centre de re-cherche archéologique. Erny Mul-ler ne savait pas que le Titelberg jouxtait le Mathendall. Mais le col-lège échevinal communiquera ces recommandations aux personnes concernées.Dans un courrier du 13  avril, le ministère de l’Environnement constate qu’aucune évaluation en-vironnementale n’a été effectuée dans le cadre de cette modification du PAG. Or le collège échevinal avait déjà informé le ministère qu’une telle étude n’était pas néces-saire, car il existe un PAP détaillé pour le Mathendall comprenant

6

PAG Mathendall 2 bis 4 nach eng Kéier positiv ze bewäerten. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Muller. Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech wëll hëllefen, deen Dossier ofze-schléissen. Mir hu laang dru gedoktert a geschafft.

Ech wëll am Numm vun der Ëmwelt-kommissioun dem Schäfferot Merci soen. Mir waren als Ëmweltkommissi-oun ëmmer gutt agebonnen an dee Projet.

Mir haten am Ufank, wéi déi PAPen entstane sinn, ganz vill Kritike ge-maach, an dat während Joren. Am grousse Ganzen hu se eis awer vill Sa-tisfaktioun ginn. Dat ass an de Rap-porten, an deene leschte Gemengerots-berichter, nozeliesen.

Mir bedaueren natierlech, dass mer do erëm e Biotop, notamment e grousse Bongert, verléieren, deen awer soll um Site oder op enger anerer Plaz kom-penséiert ginn. Mä u sech ass dee Pro-jet elo sprochräif an och mir als Gréng stëmmen derfir.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Schwachtgen. Et war on-gewinnt, well et esou kuerz war. Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP):

Ech hale mech och ganz kuerz. Ech si frou, dass mer dat nach eng Kéier kën-ne positiv bewäerten, souwéi den Här Muller dat gesot huet. Et huet ee ge-sinn, den Ëmweltministère huet eis Recht ginn, dass mer déi Studien net onbedéngt misste maachen. Wat eis wahrscheinlech dann och Geld spuert. Ech weess net, wat dat kaschte géif, mä ech ka mer virstellen, dass et vill ass, wat eis erspuert bleift. Dofir sinn ech ganz frou doriwwer.

An an engems freeën ech mech, dass dee Projet elo ka weidergoen. Ech mengen, dat hätt sech da wahrschein-lech erëm verzögert, well dee Quar-tier, deen do entsteet, e risege Projet ass. Dat gëtt fir vill Leit eng flott Plaz, wou se kënnen duerno op Déifferdeng wunne kommen oder vläicht an de Quartier wiesselen. D’DP ass immens frou, dat kënne matzestëmmen an dass et do weidergeet. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Esou ass et. Madame Scham-bourg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Merci, Här Buergermeeschter. Mir hu ganz vill an der Bautekommissioun iwwer dee Projet geschwat. Elo geet et am Fong just nach ëm Formalitéiten. Ech wäert net erëm vu vir ufänken, mat alleguerten deene Virdeeler, déi de Projet huet. Mir hu laang genuch dru geschafft a gedoktert. D’CSV wä-ert deen heite Projet positiv bewäer-ten.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Da kënnte mer zum Vote kom-men. Ech hat virdru vergiess, den Här Bernard ass entschëllegt.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la modification ponctuelle de la partie graphique du PAG portant sur projet d’aménage-ment Mathendahl 2-4.

Merci. Da komme mer zu eisem drëtte Punkt. Dat sinn d’Akten an d’Konven-tiounen. Dir gesitt, et sinn der e ganze Koup.

Déi Éischt, déi mer hunn, ass eng Konventioun mat der Gemeng Sues-sem iwwer den Interventiounszenter um Scheierhaff.

Ech wëll ganz kuerz an d’Geschicht era goen. Net ze laang, well ech men-gen déi meescht vun iech kenne se

une étude réalisée par un bureau agréé.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) se réjouit que ce dossier touche à sa fin. Il remercie le collège échevinal au nom de la commission de l’environnement. Celle-ci a été impliquée dès le départ et a émis beaucoup de critiques. Le collège échevinal en a souvent tenu compte.Le conseiller communal regrette la disparition d’un vaste verger, mais celui-ci sera compensé.Mais dans l’ensemble, le projet est bien défini et les écologistes l’ap-prouveront.

MARTINE GOERGEN (DP) se réjouit que ce point figure à l’ordre du jour aujourd’hui et constate que le ministère de l’Environnement a donné raison à la commune pour ce qui est de l’étude environnementale. Ceci permettra au collège échevinal de faire des économies, car une telle étude coûte beaucoup d’argent.Ce projet énorme avance enfin. Le nouveau lotissement permettra à de nombreuses personnes de venir s’installer à Differdange ou de changer de quartier. Le DP ap-prouvera la modification.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) constate qu’il a beaucoup été question de ce projet dans la commission des bâtisses. Il ne reste plus qu’à définir quelques formalités.L’oratrice ne reviendra pas sur tous les avantages du projet. Le CSV l’approuvera.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au point suivant, les actes et conventions.Le premier sous-point concerne une convention avec la commune de Sanem portant sur le centre d’intervention au Scheierhaff.

7

L’idée d’un centre d’intervention commun est apparue dès 2006. À l’époque, le collège échevinal ne s’y est probablement pas pris comme il fallait du point de vue de la com-munication. Mais dans une dispute, il y a tou-jours deux parties. Au départ, les pompiers ne voulaient pas du pro-jet alors que la protection civile y était favorable. Il y a deux ans, c’était le contraire: la protection ne voulait plus alors que les pompiers avaient changé d’avis.Au fil du temps, de nombreuses discussions ont eu lieu avec les ser-vices de secours, le ministère et la commune de Sanem, qui s’est tou-jours montrée à l’écoute. Il faut aussi rappeler que le collège échevi-nal précédent n’avait pas reçu l’ap-pui du ministère de l’Intérieur. Heureusement, les choses ont chan-gé depuis et le collège échevinal est content de pouvoir présenter cette convention.Le projet a été présenté jeudi der-nier lors d’une réunion officielle avec les architectes et les ingé-nieurs.L’extension du centre d’interven-tion coûtera 3 millions d’euros. Le collège échevinal espère pouvoir toucher des subsides à hauteur de 50 %. Il ne dispose pas d’un docu-ment écrit à ce sujet en raison du moratoire sur le financement des bâtisses, mais le ministre a expli-qué que le projet correspond à ses attentes.Les techniciens de Differdange font partie d’un groupe de travail super-visant l’évolution du projet. Le conseil communal de Sanem ap-prouvera les travaux vendredi.La Ville de Differdange financera entièrement les 3  millions néces-saires à la construction de l’an-nexe, car la partie existante a été fi-nancée par Sanem pour un mon-tant de 6 millions. Sanem avait cependant touché des subsides à hauteur de 80 %. Dès que la convention sera ap-prouvée, les deux communes se re-trouveront chez le notaire pour se partager le bâtiment. Le centre d’intervention leur appartiendra alors en parts égales ce qui en faci-litera la gestion. Cela évitera des discussions au cours des pro-chaines décennies.

bestëmmt grad esou gutt ewéi ech. 2006 hate mer schonn déi Iddi fir eventuell en Interventiounszenter ze-summe mat der Gemeng Suessem ze maachen. Dozou muss ee soen, datt mer eis deemools als Schäfferot vläicht schlecht ugeluecht haten, dass d’Kom-munikatioun net esou gelaf war, wéi se hätt sollten. D’Pompjeeën an d’Pro-tex vläicht och, well fir ze streiden, muss ee jo bekanntlech ëmmer zu zwee sinn. Deemools war et esou, datt d’Pompjeeën net wollten, an datt d’Protex wollt. A wou ech de Projet virun zwee Joer erëm frësch lancéiere wollt, hate mer d’Pompjeeën iwwer-zeegt kritt op dee Wee ze goen an d’Protex wollt dee Moment net méi.

Et ass villes geschitt an deene leschte sechs siwe Joren. Et ass vill mateneen diskutéiert gi mat de Pompjeeën, mat der Protex, mat der Gemeng Suessem, déi nach ëmmer en oppent Ouer fir eis hat, mam Ministère. Deen heite Mi-nister huet eis méi ënnerstëtzt wéi dee fréieren Inneminister. Dat muss een hei ganz kloer soen. Dee leschte Schäf-ferot war am Reen stoe gelooss ginn an hat null Ënnerstëtzung kritt vum deemolege Minister. Au contraire, mir waren do wierklech eleng gelooss ginn. Amplaz ze soen, jo, et ass gutt a richteg, wat déi zwou Gemengen do wëlles hunn, huet den deemolege Mi-nister dat net gesot. Dat ass elo Gott sei Dank aneschters. Et hunn eng Rei Rendez-vouse stattfonnt mat de Pomp-jeeën a mat der Protex, wou Neel mat Käpp gemaach gi sinn.

A mir sinn immens frou déi Konventi-oun haut zum Vote ze stellen.

Et ass esou, datt Suessem Bauhär ass. Et läit op hirem Terrain. Well ech net wollt, datt d’Conseilleren dat géifen aus der Zeitung respektiv um Radio héieren, hate mer leschten Don-neschdeg eng offiziell Sitzung ge-maach, wou de Projet virgestallt gouf an d’Ingenieuren an d’Architekte Ried an Äntwert stoungen.

D’Konventioun läit dran. Dir gesitt, datt de Bau ronn 3 Millioune kaschte wäert. Mir sinn awer méi wéi zouver-siichtlech, datt mer wäerte gutt ënner d’Äerm gegraff kréien. Mir rechnen op alle Fall perséinlech mat 50% Sub-siden. Mir hunn nach näischt Schrëft-leches, well e Moratoire op der Fi-

nanzéierung vu Baute läit. Mä de Mi-nister war gëschter dobäi an en huet gesot, et ass genau dat, wat hien déi nächst Woche wëll an och wäert virstellen. An dann hoffe mer, dass dat an deem Sënn geschitt.

Eis Techniker sinn natierlech mat an engem Groupe de Travail, datt een en Iwwerbléck huet a gesäit, wéi dat Ganzt weidergeet. Dëse Freideg wäert de Vote am Suessemer Gemengerot ge-holl ginn, fir de Bau kënnen unzefän-ken.

Dat, wat elo nei gebaut gëtt, läit ganz zu eise Laaschten. Dat sinn déi 3 Mil-liounen. Wou mer dann hoffen, déi 50% vum Ministère ze kréien. De Bau, deen elo do steet, huet ronn 6 Millioune kascht. Deen huet d’Suesse-mer Gemeng bezuelt. Et muss een awer soen, datt se deemools 80% Sub-sid kritt hunn, well se e Prisong kritt hunn. Dat war eng Ofmaachung zwë-schen der Gemeng an dem deemolege Ministère, vu datt d’Gemeng zwë-schen 1,3 an 1,5 Millioune bäige-luecht hat. Soubal déi Konventioun ge-stëmmt ass, wäerten déi zwou Gemen-gen e Rendez-vous beim Notaire huelen an d’Gebai gëtt hallef an hallef opgedeelt.

Éischtens emol ass dat vill méi einfach herno fir déi lafend Fraisen ze berech-nen a mir kommen och net an de Fall, wann et déi eng Säit reent, dann ass et d’Déifferdenger Säit a wann op där anerer Säit eng Fënster futti geet, ass et d’Suessemer Säit. Den Interventi-ounszenter gehéiert deenen zwou Ge-mengen. Esou gi mer déi nächst Jorzéngte ville Problemer aus de Féiss. Den Akt wäert dann esou séier ge-maach ginn, wéi mer juristesch derdu-erch kommen. Mä dat ass op alle Fall d’Intentioun vun deem heite Schäf-ferot a mam Schäfferot vun der Ge-meng Suessem.

Mir freeën eis, datt dëst elo zustane komm ass. Nach eng Kéier Merci de-ene sämtlechen Akteuren, Benevolen um Terrain. Ech hat gëschter scho ge-sot, mat deene Benevole muss een an-eschters schwätzen, wéi ee mat Profes-sionelle schwätzt. Well déi benevol Leit kënne vun haut op muer soe klib-ber mech. A mir wëssen awer, wéi wichteg de Benevolat ass. Zemools an deem dote Secteur. Dofir wëll ech

8

Roberto Traversini remercie tous les acteurs sur le terrain et en parti-culier les bénévoles. Ceux-ci peuvent décider d’abandonner un projet d’un jour à l’autre. Or le bé-névolat est important, particulière-ment dans ce secteur.Ce qui compte, c’est la sécurité des citoyens, peu importe que le centre d’intervention se trouve au Scheie-rhaff ou à Oberkorn. En plus, le centre sera occupé 24  heures sur 24. Les secouristes ne perdront donc pas de temps en trajets inu-tiles. Les personnes en danger pourront par conséquent être se-courues beaucoup plus rapidement.Roberto Traversini demande au conseil communal d’approuver la convention à l’unanimité.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) constate que le bourgmestre a abordé l’historique. Au départ, les pompiers étaient sceptiques. Ensuite, ce fut autour de la protection civile. Bien sûr, il faut tenir compte du point de vue de ces gens. C’est pourquoi les socialistes les ont rencontrés.Au Luxembourg, le sauvetage re-pose beaucoup sur le bénévolat. C’est pourquoi il faut écouter les bénévoles et essayer de résoudre leurs problèmes.C’est pourquoi le conseiller com-munal se réjouit particulièrement du consensus concernant le Scheie-rhaff. En outre, ce projet va dans le sens de la régionalisation que de-mandent le gouvernement et la fu-ture réforme des services de se-cours.Actuellement, les deux corps inter-viennent déjà ensemble. En d’autres termes, ce projet est déjà mis en pratique sur le terrain.Differdange investit 3 millions d’euros dans la sécurité de ses ha-bitants. Le bourgmestre a mention-né la possibilité de subsides à hau-teur de 50  %. Les socialistes es-pèrent que l’État versera réellement cet argent.Le LSAP souhaite que le centre d’intervention de Differdange et Sanem se transforme en succès. Il approuvera la convention.

CHRISTIANE SAEUL (DP) constate qu’après des années de discussions, le projet

wierklech der Protex an de Pompjeeën e grousse, grousse Merci soen, datt mer eis konnten op deem heite Wee treffen.

Well um Schluss geet et jo ëm d’schnell Rettung vun all eise Bierger a Biergerinnen. An dee Moment ass et egal, ob de Rettungszenter um Schei-erhaff steet oder zu Uewerkuer. Wich-teg ass, datt d’Leit schnellstméiglech Hëllef kréien. Dat ass mat deem neien Zenter ginn. Well et wäerten e ganze Koup Leit um Zenter sinn. Déi brau-chen net vun doheem aus fir d’Éischt an den Zenter ze fueren an dann op d’Accidenter oder op d’Feier. Et wäer-ten Equippe 24 Stonnen op 24 Ston-nen an deem Zenter sinn. An da kréi-en eis Bierger an eis Biergerinnen déi richteg Hëllef a vill méi séier, wéi et haut de Fall ass.

Dofir wär ech frou, wa mer déi Kon-ventioun kënnten unanime stëmmen. Ech soen iech Merci. Den Här Pierre Hobscheit huet d’Wuert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, de Projet Schei-erhaff, an alles, wat dermat zesum-menhänkt, huet schonn e laangen His-torique. Den Här Buergermeeschter ass schonn drop agaangen. Viru Jore gouf et schonn en éischten Ulaf. An do war jo eng gewësse Skepsis vu Säite vun de Pompjeeën. Méi spéit, wou d’Pompjeeën derfir waren, war dunn eng gewësse Skepsis bei der Protection civile. Déi Suerge vun deene Leit muss een natierlech eescht huelen. Mir ha-ten als Partei — an ech huelen un all déi aner Parteien hei ronderëm den Dësch och — eng Entrevue mat der Protex, wou mer einfach wësse woll-ten, wat dann hir Suerge wären.

D’Rettungswiese baséiert hei zu Lët-zebuerg nach ëmmer vill um Benevo-lat. Grad dowéinst muss een de Leit nolauschteren a kucken, wou d’Prob-lemer sinn a wéi een déi zesumme léise kann.

Ëmsou méi frou sinn ech, dass mer e Konsens fonnt hunn, dass eng Bereet-schaft esouwuel bei de Pompjeeë wéi bei der Protex do ass, fir an e gemein-same Rettungszenter vun de Gemenge

Suessem an Déifferdeng eriwwer ze plënneren op de Scheierhaff. Mir ginn domat dem regionale Charakter, dem regionale Gedanken, dee vun der Re-gierung bevirdeelegt gëtt am Ret-tungswiesen, absolutt gerecht an han-delen am Sënn vun der Regierung, wéi och vun der Reform am Rettungswie-sen, déi deemnächst nach wäert op eis duerkommen.

Wichteg ze betounen ass, dass et elo scho gemeinsam Asätz vun de Corpse gëtt. Wann een deene Responsabele vun de Corpsen nolauschtert, foncti-onnéiert dat relativ gutt. Dat, wat du-erch de Scheierhaff definitiv ofge-schloss gëtt, ass an der Praxis scho quasi eng Realitéit, dass béid Corpsen zesummen an den Asaz fueren.

Mir investéieren 3 Milliounen Euro. Dat si vill Suen. Mä dat ass awer gutt ugeluechtent Geld, well et Geld ass, wat an d’Sécherheet vun den Déiffer-denger Biergerinnen a Bierger inves-téiert gëtt. Esou steet hinnen en effizi-ente Rettungsdéngscht zur Verfügung, a gudden, propperen Infrastrukturen, wou d’Leit séier an effikass gehollef kréien.

D’Ënnerstëtzung vum Stat fannen ech ganz wichteg. Den Här Buerger-meeschter huet hei vu 50% Subsid ge-schwat, déi d’Gemeng sech erhofft. Ech hoffen och am Numm vun der LSAP, dass mer déi 50% —  also an-nerhallef Millioun Euro Subsid — vum Stat kréie wäerten.

Aus Siicht vun der LSAP bleift just ze hoffen, dass dee gemeinsame Ret-tungszenter vun Déifferdeng a Sues-sem eng Success-Story gëtt. Mat der Konventioun vun haut, leeë mer op alle Fall duerfir de Grondsteen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Hobscheit. D’Madame Saeul w. e. gl.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Häre Schäfferot, Dir Dammen an Dir Hären, no enger, nenne mer et“e puer

9

d’agrandissement du centre d’intervention Scheierhaff et de coopération régionale entre les pompiers et la protection civile de Differdange et de Sanem devient enfin réalité.L’ancien collège échevinal avait déjà présenté ce projet il y a des années. Mais à l’époque, il n’avait pas été possible de trouver un ac-cord. Le DP se réjouit du fait que ce sera finalement le cas.La commune de Sanem est maître d’ouvrage. Elle préfinancera les 3  millions d’euros avant d’être remboursée par la Ville de Differ-dange. Des subventions du minis-tère de l’Intérieur sont prévues. Le nouveau centre d’intervention est destiné à une population de 80  000  habitants. Il sera terminé en 2017, en même temps que la ro-cade.Le service d’incendie et la protec-tion civile reposent sur le bénévo-lat. En 2014, les pompiers de Differdange ont accumulé 62  000  heures de permanence. Ce chiffre comprend 740  activités, dont 444  interventions et forma-tions pour mettre à jour leurs com-pétences. Toutes ces personnes tra-vaillent, s’entraînent et planifient ensemble. Une équipe de perma-nence composée de bénévoles de Differdange et Sanem coopère déjà les week-ends et pendant les va-cances. Le centre d’intervention permettra à ces services de travail-ler de manière plus professionnelle.Les démocrates approuveront la convention.

ALI RUCKERT (KPL) salue la coopération et le fait que 2,985  millions soient investis dans le centre d’intervention. Il espère cependant que les deux communes n’atteindront jamais 80  000  habitants, car ce serait au détriment de la qualité de vie.Le KPL approuvera la convention.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) estime que ce projet démontre l’importance de la démocratie. Il remercie tous ceux qui ont participé aux négociations pour que ce projet voie le jour.Il y a eu d’interminables discus-sions concernant les distances entre le centre d’intervention et les diffé-

Joer Karenzzäit“, kéime mer haut zur Konventioun mat der Gemeng Sues-sem fir den Ausbau vum Centre d’in-tervention Scheierhaff an der zukünf-teger regionaler Zesummenaarbecht vu béide Pompjeescorpsen an och de Protexen.

Dëse Projet war virun e puer Joren ën-ner dem viregte Schäfferot scho virausdenkend presentéiert ginn. Vu dass awer zu deem Moment kee ge-meinsamt Iwwereneekomme vun de Services de secours an Incendies konnt fonnt ginn, freet sech d’Demokratesch Partei natierlech elo, dass et mat Ge-spréicher, enger gemeinsamer Organi-satioun an Zesummenaarbecht zu der gewënschter regionaler Kollaborati-oun kënnt.

D’Gemeng Suessem ass Bauhär a pre-finanzéiert mat engem eis virleienden Devis vu ronn 3 Milliounen den Aus-bau a gëtt rembourséiert vun der Ge-meng Déifferdeng, minus d’Subventi-oun vum Intérieursministère. Dee ganze Centre d’intervention mat sen-ger Ausstattung ass geduecht a gëtt gebaut fir d’Besoine vun 80. 000 Awunner. E soll 2017 mat der Rocade vun Déifferdeng fäerdeg gebaut ginn.

D’Servicer vun de Pompjeeën a Protex sinn e Benevolat mat vill Stonne Bereetschaftsdéngscht. D’Pompjeeë vun Déifferdeng haten zum Beispill 2014 am Ganzen — ech war immens erstaunt — 62. 000 Permanence-Ston-nen, mä dobäi waren awer 740 Aktivi-téiten abegraff, dovunner 444 Asätz a Formatiounen, fir um neiste Stand vun der Evolutioun a Sécherheet ze bleiwen.

Déi Leit hu sech zesummegesat als er-wuesse Mënschen an dat Ganzt ass en Eent ginn, andeem se richteg intensiv zesummeschaffen, zesummen üben a plangen a keen Ënnerscheed opkom-me loossen zwësche Pompjee a Protex. An et fonctionnéiert. Nei ass och eng Permanence-Équipe, wéi scho gesot, vu Suessem an Déifferdeng, déi fir de Moment schonn de Weekend a Va-kanzen zesumme schafft. Et kann een aus deem Centre d’intervention, wann e bis gebaut ass, méi professionell schaffen.

Dës Investitioun am Centre d’inter-vention Scheierhaff ass zukunftsori-

entéiert. D’Demokratesch Partei stëmmt dës Konventioun. Ech soe Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Madame Saeul. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech sinn als Vertrieder vun der Kommunistescher Partei frou, dass no laangem Hin an Hier deen In-terventiounszentrum Scheierhaff elo Realitéit gëtt, fir déi zwou Gemengen, an dass nach eng Kéier 2,985 Milliou-nen Euro kënnen investéiert ginn.

Ech hoffen net, dass mer eng Kéier op déi Zuel vun 80. 000 Awunner kom-men an eisen zwou Gemengen, och wann deen Zenter esou ausgeluecht ass. Well da wär vläicht d’Liewens-qualitéit net méi déi, wéi se misst sinn.

Deen Zentrum ass eng gutt Saach, an als Vertrieder vun der KPL stëmmen ech derfir.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Ruckert. Jo, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Dee Projet hei weist, wat Diplomatie bewierke kann. Ech géif deene Leit, déi déi Verhandlungen an déi Gespréi-cher gefouert hunn, eng Kéier Merci soen — souwuel där Équipe vu vir-drun, wéi och dëser — déi ëmmer erëm probéiert hunn, déi Déngschter esou op d’Schinn ze kréien, wéi se haut sinn.

Ech ka mech nach erënneren, dass ganz vill diskutéiert ginn ass iwwer d’Distanze vum Fousbann, vum aktu-elle Site bis op Nidderkuer, ob et méi no ass vun där enger Säit oder méi séier ass vun där anerer Säit. Dat ass, Gott sei Dank, alles ad acta geluecht ginn, well sech erausgestallt huet, dass d’Effikassitéit an enger Permanence

10

rentes localités. Mais on s’est fina-lement rendu compte que ce qui compte, c’est une permanence 24  heures sur 24 et le fait qu’on puisse aller chercher les interve-nants chez eux à la maison.Les orateurs ont fait l’éloge des bé-névoles. C’est important. Les éco-logistes les remercient à leur tour.Fränz Schwachtgen espère qu’Arce-lorMittal ouvrira l’axe entre le por-tail du Woiwer et Niederkorn. En passant par le portail  1, les pom-piers et la protection civile se trou-veraient à 100 m des écoles de Nie-derkorn. La possibilité existe. Mais, le géant de l’acier ne semble pas vouloir engager des discus-sions.En plus, ce passage constituerait un nouvel accès au futur centre de re-cyclage. En tout cas, la rapidité d’interven-tion des services de secours à Nie-derkorn serait accrue.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) considère ce projet important pour Differdange. Elle se réjouit du consensus trouvé. Elle ne souhaite pas revenir sur l’historique, mais pense que le soutien du ministre responsable est primordial.Un centre d’intervention moderne, fonctionnel et bien équipé n’est pas superflu. Les communes doivent collaborer entre elles.La commission des bâtisses a dis-cuté de ce projet. Au départ, il était question de 1,6 million d’euros.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise qu’il s’agissait de 1,7 million.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) constate que cette somme a grimpé à 3  millions d’euros. Il s’agissait d’une erreur du bureau d’architectes. La surface n’était pas de 1 100 m2, mais de 1 700 m2.En tout cas, le CSV approuvera la convention.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) se demandait pourquoi les prix avaient évolué d’une manière aussi forte. Mme Schambourg vient de lui fournir l’explication.

ass, déi 24 Stonnen op 24 op der Plaz ass. Dass d’Leit bei engem Asaz kën-nen do ofgeholl ginn, wou se wunnen.

Dem Benevolat si scho vill Blumme gestreet ginn. Dat gehéiert sech och esou. Mir als Gréng schléissen eis deem un.

Ech wëll dobäifügen, dass nach misst en Hoff gemaach ginn an den nächste Joren, a während der Bauzäit, dass eventuell déi Achs vum Woiwer Portal op Nidderkuer duerch d’Arcelor opge-maach gëtt. D’Pompjeeën an d’Protex si jo och zoustänneg fir dat risegt Ar-celor-Gebitt, wann et do zum Beispill géif brennen. Dee Moment géife se zum Portal 1 erafueren. Da si se nach 100 Meter ewech vun den Nidderkue-rer Schoulen. Ech mengen do bestinn nach Méiglechkeeten. Et feelt just vlä-icht de Moment u Gespréicher respek-tiv um gudde Wëlle vun eisem Stol-partner ArcelorMittal.

Ausserdeem wär et en zousätzlechen Agank iwwer de Fousbann/Woiwer, eran op deen neie Site vum Recy-clingszenter, dee mer eventuell an déi Noperschaft implantéieren. Esou kënnt een d’Schnellegkeet vun de Pompjees- an Ambulanz-Asätz Rich-tung Nidderkuer weider verbesseren. Dat emol als Suggestioun.

An deem Sënn, stëmme mer natierlech dës Konventioun.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Schwachtgen. Madame Schambourg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, dat heiten ass e Projet, dee fir eis Gemeng immens wichteg ass. Mir sinn och ganz frou, datt et elo endlech zu engem Konsens komm ass zwëschen der Gemeng an den Hël-lefsdéngschter. Ech ginn net erëm op déi ganz Problematik vu virdrun an, mä ech denken awer, datt d’Gemenge mussen an dësem Fall ganz beson-nesch d’Ënnerstëtzung vum zoustän-nege Minister kréien. D’Gemeng soll an dësem Fall net eleng gelooss ginn.

E modernen, fonctionnellen a gutt-équipéierten Asazzenter ass ga-rantéiert net vu Muttwëll. Et ass im-mens wichteg, net nëmmen op dësem Gebitt, mä och op ganz villen anere Gebidder, datt d’Gemengen zesumme-schaffen.

Mir haten dëse Projet an der Baute-kommissioun ganz gutt erkläert kritt. Meng grouss Suerg war am Ufank, datt mer ugefaangen hate mat enger Zomm vun 1,6 Milliounen, wann ech mech net ieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

1,7 jo.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

1,7 Milliounen. An elo si mer op 3 Milliounen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass richteg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Dat war garantéiert e Feeler vum Ar-chitektebüro. Ech hu mer dat erkläre gelooss. Et huet sech e bësse relati-véiert, well mer vergréissert hunn. Mer si vun 1. 100 Meter Kibb op 1. 700 Meter Kibb komm. Wat natier-lech eng Differenz am Präis ausmécht. Dat war am Ufank e bësse meng Su-erg. Mä no all den Erklärungen huet dat Ganzt sech relativéiert.

Mir sinn och bereet fir dës Konventi-oun ze stëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Här Diderich, w. e. gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Här Buergermeeschter, léif Kolleegin-nen a Kolleegen aus dem Gemengerot. Merci, Madame Schambourg fir déi

11

Le conseiller communal se réjouit que ce projet aboutisse enfin, et ce, avec le soutien des services de se-cours.Le bourgmestre a souligné l’impor-tance du bénévolat. Il était impor-tant de trouver la bonne approche pour promouvoir ce projet.M.  Schwachtgen a souligné le fait qu’il serait possible d’aller chercher les secouristes chez eux.La protection civile comprend des membres jeunes, qui n’ont pas de voiture. Pour eux, le Scheierhaff est plus éloigné. Mais il existe une piste cyclable. En tout cas, lorsque le projet des vélos intercommu-naux sera lancé, il faudra réfléchir à la façon de relier le Scheierhaff au réseau. Peu importe que les gens en profitent ou pas; il faut créer les conditions. Et c’est important pour les jeunes sans permis de conduire.Le ministère est censé financer le projet à 50  % à travers des sub-sides. La collaboration est une des conditions. Ce n’est pas négli-geable.Les deux corps coopèrent déjà maintenant. Le centre d’interven-tion s’achèvera, quant à lui, en même temps que le contourne-ment. C’est une bonne chose que la coopération ne dépend pas de la construction.Gary Diderich approuve tout in-vestissement dans la sécurité des ci-toyens.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que beaucoup de secouristes seront présents dans le nouveau centre de sorte que ceux qui ne seront pas de permanence n’auront pas besoin d’être appelés.Le bourgmestre tient aussi à si-gnaler qu’il y aura aussi des femmes pompières, ce qui n’était pas le cas jusqu’à présent faute de place.(Vote)Roberto Traversini passe à une convention avec la commune de Sanem concernant la décharge Gadderscheier.Après le glissement de terrain de Mondercange, le gouvernement a trouvé une solution située à 95 % à Sanem et à 5  % à Differdange. En conséquence, Differdange ne touchera que 5 % des recettes, soit quelque 11 000 euros par an.

Äntwert op eng Fro, déi ech hat, fir-wat d’Präisser sech esou geännert hunn en cours de route. Jiddefalls be-gréisse mir, dass deen Dossier elo zu engem Ofschloss kënnt an dat mat der Ënnerstëtzung vun de jeeweilege Ser-vicer.

Den Här Buergermeeschter huet et ge-sot, d’Benevolat ass wäertvoll a wich-teg fir eis Gemeng a fir d’Gesellschaft.

Et ass wichteg, déi néideg Approche ze fannen, fir dat ze fërderen an net vi-run de Kapp ze stoussen. Mir begréis-sen op jidde Fall, dass d’Kéier geholl ginn ass.

Eng aner Fro, déi mer nach haten, gouf vum Här Schwachtgen beänt-wert, dass d’Leit bei engem Asaz kën-nen ofgeholl ginn, wou se wunnen.

Bei der Protex gëtt et eng Rei Jonker, déi nach kee Führerschäin hunn a wa se Permanencë matmaachen oder op Aktivitéite fueren, ass dat natierlech fir si e bësse méi wäit ewech. Mä et ass eng Vëlospist opgemaach ginn, déi eng relativ gutt Achs huet, fir dohin-ner ze kommen. A wa bis eng Kéier de Projet mat de Vëloen intercommunal ugeluecht gëtt, wär et gutt sech ze iwwerleeën, wéi een de Scheierhaff dorunner uschléisse kënnt. Et ass ëmmer schwéier ze soen, ob d’Leit dovunner profitéieren, mä dass een op d’mannst d’Konditioune schaaft. An esou déi Jonk, déi kee Führerschäin hunn a souguer déi, déi e Führerschäin hunn, kënnten dovun-ner profitéieren.

Et ass gesot ginn, dass de Ministère zu 50% ënnerstëtzt. Souwäit ech dat ver-stanen hunn, ass dat quasi eng Kondi-tioun, dass déi Zesummenaarbecht zustane kënnt wéinst där Ënnerstët-zung. Dat ass net ze négligéieren, och déi ganz Avantagen, déi domadder kommen.

Dass déi zwee Corpsen zesumme schaffen, weist, dass dat elo räif ass. D’Erweiderung vum Zentrum wäert, viraussiichtlech, mam Contournement fäerdeg gestallt ginn. Dat dauert nach e bëssen, mä et ass awer gutt, dass dat virbereet gëtt an d’Zesummenaar-becht net ofhängeg ass vum Bau.

An deem Sënn, begréisse mir dee Pro-jet an all Investitioun an d’Sécherheet vun eise Bierger. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Diderich. Et ass och esou, datt vill méi Leit wäerten douewen um Zenter sinn, datt d’Leit net nach extra brauchen an den Zenter ze fueren, wa se geruff ginn. Dat ass jo dat, op wat mer hi schaffen. Wat ausserdeem er-freelech ass fir eis, ass, datt an Zu-kunft och Frae bei d’Déifferdenger Pompjeeë kënne goen. Well dat war am Moment net de Fall duerch Plaz-mangel. Dat ass och eppes Neits. An dozou wëll ech soen zënter leschter Woch sinn déi éischt zwou Déifferden-ger Frae-Pompjeeën aktiv. Dat bréngt dann och mat sech, dass mer keng Quote brauchen anzeféieren.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la convention avec la commune de Sanem dans l’intérêt de l’extension du Centre d’interventi-on Scheierhaff et d’une collaboration régionale des services de secours et d’incendie présents sur le site.

An da kënnt eng Konventioun mat der Gemeng Suessem a mat den Ex-ploitante vun der Gadderscheier. Dir wësst jo, wou de Monnerecher Bierg gerutscht ass, datt d’Regierung ganz schnell versicht hat, eppes Neies ze fannen. Si huet eppes fonnt, wat zu 95% — do kann ee scho“leider“soen, wann een d’Chiffere kuckt — op Sues-semer Terrain läit. A just 5% op Déif-ferdenger Terrain läit. Natierlech gëtt fir all Tonn, déi do ofgeliwwert gëtt, eppes bezuelt. Et ass selbstverständ-lech, wat bezuelt gëtt, geet 95% an d’Suessemer Keess a 5% an eis Keess. Mä mir hunn och nach vill Terrain op eiser Säit, wou een an den nächste Jore ka kucken, wat domadder geschitt. Et ass eng Konventioun, datt mir am Laf vum Joer 10 oder 11. 000 Euro wäerte kréien, fir dee Buedem, deen dohinner transportéiert gëtt.

Här Wintringer.

12

ARTHUR WINTRINGER (DP) a visité la décharge Gadderscheier le 9  septembre 2014 avec une délégation de la commission de l’environnement. La société Recysan et la société Cloos ont répondu aux questions. À l’époque, toutes les installations n’étaient pas encore en service.Certaines questions sont restées sans réponse, et notamment celles concernant la hauteur de la dé-charge, la poussière et le bruit. Entre-temps, des analyses de la poussière ont été effectuées et le bruit a été fixé à 45 décibels.La décharge comprend trois sec-teurs et il semblerait que les 45 dé-cibels ne valent que pour le secteur A.Le DP approuvera la convention. Les démocrates auraient cependant souhaité davantage d’informations techniques. Des évaluations du bruit et de la poussière restent né-cessaires, car un peu de vent d’est suffirait à avoir des conséquences pour le Fousbann.En outre, les risques augmenteront lorsque la décharge prendra de la hauteur. Le DP se serait attendu à plus que 5 % des revenus.D’après les calculs portant sur les quatre derniers mois de 2014, Differdange a droit à 50 centimes par tonne, soit 11 531 euros contre 219  098 euros pour Sanem. Si le tonnage reste le même en 2015, cela représenterait 34  594 euros pour Differdange et 657 296 euros pour Sanem. Si l’on considère que seuls 5 % de surface de la décharge se trouve à Differdange, ce calcul est correct. Mais si l’on regarde les risques encourus, 10 % des recettes ne seraient pas de trop.La décharge aura une influence sur la circulation. Les démocrates sa-luent la construction d’un rond-point turbo près de Kronospan. Cependant, les travaux semblent au point mort même si la décharge Gadderscheier n’a pas encore ré-clamé. Les citoyens se plaignent.Arthur Wintringer a remarqué une erreur dans la convention. Il y est question du 19 décembre 2015.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, léif Frënn aus dem Gemen-gerot, d’Bauschuttdeponie Gadder-scheier, mat enger Deponie-Fläch vun zirka 24,9 Hektar an engem Depo-nie-Volume vun 3,18 Millioune Meter Kibb, hu mer den 9. September 2014 mat enger klenger Delegatioun vun der Ëmweltkommissioun besicht. D’Beamte vun der Firma Recysan an dem Här Romain Cloos vun der Fir-ma Cloos hunn eis iwwer de Site ge-fouert an eis déi Aarbechten, déi hei ugelaf sinn, gewisen an eis Froen esou gutt ewéi méiglech beäntwert.

Op dësem Dag war nach net alles fä-erdeg. Sou war d’Pneuewäschanlag fir d’Camionen nach net ganz fäerdeg a war am Opbau. Haut fonctionnéiert awer alles.

Verschidde Froe bloufen onbeäntwert: Wéi héich gëtt dat Ganzt? Wat läit al-les vun Dreck ënner dësem bestoenden Niveau? Wéi ass et mat Stëbs a Kaméi-di, wann et eemol eng gewëssen Héicht kritt huet? Stëbsanalyse si ge-maach ginn, déi gutt ausgefall waren. De Kaméidi ass op 45 Dezibel gesat ginn, wat net vill ass.

Dat Ganzt ass an dräi Secteuren age-deelt ginn. 1A 530. 000 Meter Kibb. 1B 260. 000 Meter Kibb an de Secteur 2 mat 740. 000 Meter Kibb. Wann ech richteg informéiert sinn, zielen déi 45 Dezibel nëmme fir de Secteur A.

D’DP stëmmt dës Konventioun natier-lech mat, well mer der Meenung sinn, dass d’Gadderscheier gutt gëeegent ass fir eng Bauschuttdeponie.

D’DP wëll hei awer och op e puer Punkten opmierksam maachen: mir wiere frou gewiescht, wa mir an dë-sem Dossier méi technesch Informati-oune kritt hätten. Fir eis wier et aus-serdeem wichteg, wann eng regelméis-seg Kontroll vu Stëbs a Kaméidi géif gemaach ginn, well bei guddem Wie-der an e bësse Loft vum Osten, wier hei zemools de Quartier Fousbann mat Stëbsreen oder méi wéi 45 Dezibel Kaméidi betraff.

De Risiko gëtt natierlech ëmmer méi grouss, wann dës Deponie méi héich gëtt. An dësem Zesummenhang hätte

mir eis och méi wéi nëmme 5% vun deem Ganzen erwaart.

Wéi mer hei bei der Ofrechnung vu Recysan fir d’Joer 2014, also fir déi véier Méint, gesinn, kritt d’Gemeng Déifferdeng nëmmen 0,50 Euro d’Tonn. Wat an eisen Aen, net vill ass. Bei deene 461. 261 Tonnen, kritt eis Gemeng nëmmen 11. 531 Euro an d’Gemeng Suessem kritt dann 219. 098 Euro. Wann den Tonnage ëmmer d’selwecht géif bleiwen, wier dëst eng Zomm vu 34. 594 Euro fir d’Gemeng Déifferdeng an eng Zomm vu 657. 296 fir d’Gemeng Suessem op d’Joer gerechent.

Wéinst deem bëssen Terrain, deen op Déifferdenger Säit läit, wieren déi 5% jo okay. Wann een awer de Risiko vu Kaméidi a Stëbs rechent, hätt een dëst op Minimum 10% kënnte setzen.

Dës Bauschuttdeponie gëtt andauernd vu 7 Auer bis 16 Auer vu Camione be-fuer. Dat huet natierlech och en Afloss op de Verkéier. Dofir begréisse mer deen neien Turbo-Rondpoint, deen hei bei der Kronospan gebaut gëtt.

Awer et muss elo virugoe mat deenen Aarbechten. Well wann een déi lescht Zäit do laanscht fiert, gesäit een, dass déi Aarbechte praktesch bal agestallt sinn. Et geet einfach net méi virun. An dat kritt een natierlech vun de Bierger dobaussen ze héieren. Vun der Bau-schuttdeponie Gadderscheier selwer, sinn nach keng Reklamatiounen aga-angen. D’DP wënscht sech och, dass dat an deenen nächsten zwanzeg Joer esou bleift.

Zum Schluss wëllt ech nach op eppes klenges opmierksam maachen: an der Konventioun steet den Datum falsch. Den 19. 12. 2015. Ech huelen un, dass dat e Schreiffeeler ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Ech hoffen. Merci.

13

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) confirme que c’est une erreur. Il rappelle qu’une réunion d’information publique a eu lieu en présence de fonctionnaires du ministère et de conseillers communaux. La réunion s’est révélée constructive. Les citoyens ont été impliqués aux discussions. Le bourgmestre ne comprend pas ce qu’Arthur Wintringer insinue.Il a été question du fait que la commune ne voulait pas que la dé-charge ouvre avant la mise en place de ronds-points provisoires et que des camions circulent après 16  h, car le site est dangereux. Les ci-toyens étaient au courant. Roberto Traversini est surpris des demandes de M. Wintringer.

ARTHUR WINTRINGER (DP) n’a rien demandé. Il a simplement dit que les travaux n’avançaient pas et que les citoyens s’en plai-gnaient.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que M.  Wintringer a prétendu que la commune n’a pas discuté avec les gens. Cela figure sur la première ou la deuxième page du texte du conseiller communal.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) remercie M.  Wintringer pour son résumé des discussions au sein de la commission de l’environnement.Cette commission a été impliquée dès le départ et s’est montrée ac-tive. Les 5 % de la décharge sur le territoire de Differdange per-mettent à la ville d’avoir son mot à dire dans les discussions concer-nant les éventuelles nuisances. Les deux communes doivent faire en sorte que leurs commissions de l’environnement et leurs échevins à l’environnement se concertent ré-gulièrement afin de prendre les bonnes décisions.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Wintringer.

Ier ech d’Wuert weiderginn, wëll ech Iech drop opmierksam maachen, datt mer eng Biergerversammlung haten. Et ass en toutes-boîtes ausgedeelt ginn. En toutes-boîtes an der Gemeng Suessem. Déi sämtlech Leit vum Mi-nistère a ganz vill Conseillere waren do. Déi Versammlung war gutt be-sicht, déi ass konstruktiv verlaf. A mir haten d’Bierger mat agebonnen. Ech weess net, wat Der aneschters domad-der gemengt hutt. Dat hu mer ge-maach. Déi Froen, déi do gestallt gi sinn, ënner anerem, mir géifen déi Gadderscheier net wëllen opmaachen, bis d’Rondpointe provisoresch do sinn. Dat ass geschitt.

Et ass gesot ginn, mir wéilten net, datt d’Camione bis fënnef Auer sollte fue-ren, mä um véier Auer ophalen, well eng Ausfahrt immens geféierlech war. Elo ass et e bësse besser ginn. Dat al-les war op där Versammlung festgeha-le gi mat de Bierger a Biergerinnen. Dofir wonnert et mech awer e bëssen, datt Der dat fuerdert. Well et ass ge-maach ginn.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Entschëllegt, Här Buergermeeschter, ech fuerderen näischt. Ech hu just nëmme gesot…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, Dir hat gesot, mir sollten et maa-chen. An et ass gemaach ginn.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Ech hunn net gesot, Dir sollt et maa-chen. Ech hu gesot, mir si frou dori-wwer, dass dat gemaach ginn ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Wann een derduerch fiert, gesäit een déi Aarbechte ginn am Moment net virun. Dat héiert ee vun de Leit do-baussen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, dat war wou Der gesot hutt et hätt ee sollten d’Leit méi informéieren a mat de Leit diskutéieren. Dat hutt Der gesot. Op der éischter oder zwee-ter Säit misst et stoen. Mir kënnen dat jo herno nach eng Kéier zesumme ku-cken.

Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech wéilt dem Här Wintringer Merci soen. En huet, am grousse Ganzen, dat resüméiert, wat mer an der Ëm-weltkommissioun diskutéiert hunn.

Et war ganz konstruktiv an deem Sënn, well mer eng aktiv Ëmweltkom-missioun hunn, déi mat agebonnen ass, déi hiren Job weidermaache wëll. Gott sei Dank hu mer 5% vun deem Volume op eisem Terrain leien, wat eis d’Méiglechkeet gëtt als Gemeng Déif-ferdeng iwwer d’Ëmweltkommissioun, iwwer den Ëmweltschäffen, matze-schwätzen, wann et ëm eventuell Nui-sancen oder anerwäerteg Problemer op der Deponie geet.

Dat erlaabt eis an enger nächster Ëm-weltkommissioun driwwer nozeden-ken, wéi een dat mat der Gemeng Bie-les kënnt zesumme maachen, dass ee sech ëmweltkommissiounsméisseg oder um Niveau vun den Ëmweltsch-äffen regelméisseg konzertéiert, fir am Bild ze bleiwen, wat do passéiert an alles an déi richteg Weeër ze leeden. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Här Ruckert w. e. gl.

14

ALI RUCKERT (KPL) a lu dans la convention que la société Recysan versera une compensation financière aux deux communes bien qu’elle n’y soit pas tenue légalement. Cela prouve que cette entreprise fait des bénéfices lui permettant de verser 50 centimes par tonne à Sa-nem et Differdange. Mais le conseiller communal ne comprend pas ce que cette remarque fait dans la convention. Autrement, on au-rait aussi pu mentionner que Differdange donne son accord bien qu’elle n’y soit pas obligée. De telles phrases dans une convention donnent une mauvaise image de la situation.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) soutient la convention. Un représentant de déi Lénk a visité les lieux. Il n’a pas eu de critiques à faire.En général, tout le monde veut construire des bâtiments, mais per-sonne ne veut d’une décharge. Or les camions et les matières inertes sont une réalité. Les communes doivent prendre leurs responsabili-tés.Apparemment, tout a été bien or-ganisé, car le conseiller communal n’a pas eu de réclamations. Il faut cependant veiller à ce que la situa-tion ne dérape pas. En effet, les règles ont tendance à s’assouplir avec le temps.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que l’on veillera au compactage des déchets afin que des entreprises puissent s’implanter sur le site par la suite. C’est pourquoi par beau temps davantage de déchets seront déversés que par temps de pluie. En tout cas, le but est de réutiliser la surface plus tard.(Vote)Roberto Traversini passe à des ter-rains que la commune a achetés.

ERNY MULLER (LSAP) explique que les terrains en question sont nécessaires pour agrandir l’École des Garçons de Niederkorn.3,62 ares appartenaient à la famille Weber et 3,90  ares aux consorts Leider. Ils ont été achetés pour 43 440 euros et 46 800 euros, soit 12 000 euros l’are.(Vote)

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll just eng kuerz Bemierkung maachen. Ech hu gesinn an där Konventioun steet, dass déi Firma Recysan eng finanziell Kom-pensatioun un déi zwou Gemenge gëtt, obscho se legal net derzou verf-licht ass. Ech fannen dat e bësse ko-mesch, esou ee Saz an enger Konventi-oun. Dat weist zwar, dass se genuch Profit maachen, dass se de Gemenge kënne 50 Centime op der Tonn of-ginn. Mä am selwechte Sënn hätt ee jo och kënnten dra schreiwen, dass d’Ge-meng Déifferdeng den Accord gëtt, obscho se legal net derzou verflicht ass.

Esou Saache soll een an Zukunft awer versichen aus Konventiounen erausze-halen. Well dat gëtt e falscht Bild a mengen Aen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Här Buergermeeschter, léif Kolleegen a Kolleeginnen aus dem Gemengerot, mir ënnerstëtzen déi heite Konventi-oun och. An der Ëmweltkommissioun konnt sech e Vertrieder vun déi Lénk mat abréngen an alles mat visitéieren. Op jidde Fall vu senger Säit aus, hunn ech keng weider Beanstandungen héie-ren. Et goufe wichteg Saache consi-deréiert, wat net ëmmer einfach ass bei esou Themaen, well meeschtens gesot gëtt, mir wëlle gär nei Haiser bauen a vill ofrappen, awer mir wëllen néierens eppes hin tippen. Mä dat gehéiert awer leider dozou, och wa keen d’Camione wëll gesinn. Och wa keen den Dreck wëll iergendwou ge-sinn, ass et awer eng Realitéit. An da muss ee Responsabilitéit iwwerhuelen, mä awer net blannemännches.

Dat konnt gutt arrangéiert an orga-niséiert ginn, well ech bis elo nach keng Beschwerden héieren hunn. Ech ënnerstëtzen déi Ureegungen, déi ge-maach gi sinn, fir en A drop ze beha-len. Well et heiansdo esou ass, dass verschidde Saache méi agehale ginn,

wann eppes nei ass a wann et da bis leeft, gëtt et op eemol méi labber ge-holl. Et ass wichteg, e Suivi ze maa-chen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et si keng Wuertmeldunge méi. Ech wëll soen, datt et herno net einfach zougetippt gëtt an eng Wiss oder soss eppes drop gestreet gëtt. Dat gëtt esou compactéiert, datt herno Betriber kën-nen drop gesat ginn. Dir wäert mier-ken, wann et reent, wäerte manner Camionen dohinner fueren, well dat eppes mam Compactage ze dinn huet. A wann et gutt Wieder ass, wéi am Moment — an hoffentlech behale mer dat gutt Wieder nach laang — fuere méi Camionen. Et gëtt ganz genau ge-kuckt, wou getippt gëtt a wat getippt gëtt. Datt wierklech herno déi Fläch ka genotzt ginn, fir Betriber drop ze setzen. Net datt einfach duerno eng Wiss dohinner gesat gëtt. Ech men-gen, datt dat och wichteg ass, hei ze erwähnen.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la convention ent-re la S. A. Recysan et les communes de Sanem et Differdange portant sur la décharge pour matières inertes Gadderscheier.

Merci. Elo komme mer zu e puer wichteg Terrainen, déi mer kaaft hunn. Do war den Här Muller Klen-schen drécken. Här Muller, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Merci. Ech si frou, dass ech op oppen Ouere gestouss sinn. Dat war nämlech net esou einfach, wéi praktesch ëm-mer an esou Fäll. Mä mir hunn et awer fäerdeg bruecht, dës Gäert ze kréien. Mir brauchen déi Terrainen, well d’Nidderkuerer Bouweschoul ver-gréissert gëtt.

3,62 Ar komme vun der Famill We-ber, 3,90 Ar vun de Konsorte Leider. Fir deen een Terrain hu mer 43. 440

15

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au point D.

ERNY MULLER (LSAP) explique qu’il s’agit de la parcelle de M.  Steffen. Elle est utile dans le cadre du projet de Servior. Le terrain fait 13,75 ares à 20 000 euros l’are.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au Loushaff.

ERNY MULLER (LSAP) précise que le Loushaff, allant du cimetière à l’école du Woiwer et d’une surface de 25,10 ares est important pour le PAP Woiwer Wisen.Un accord a pu être trouvé avec Mme Meyer.La famille Tempels possède une ex-ploitation agricole. Il n’en reste plus beaucoup. C’est pourquoi la famille aura du terrain labourable en échange.Ici aussi, le prix a été fixé à 20 000 euros l’are. C’est une somme rai-sonnable pour du terrain à bâtir.Dans le cas du lycée, le prix sera de 10 000 euros l’are.En contrepartie, la commune cède des terrains labourables pour 300 euros l’are.En tout, les terrains achetés coûtent 502 000 euros et les terrains cédés 71  511 euros. Il reste donc 430 489 euros à payer.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) soutient ces achats, car ils permettent de construire des logements.M.  Liesch avait dit que le collège échevinal essayait d’acquérir des terrains se jouxtant. Est-ce le cas ici?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui. Le terrain de l’agriculteur en jouxte un autre. Désormais, il possède une parcelle entière.Le collège échevinal essaie aussi de développer l’agriculture biologique sur ses parcelles, mais ce n’était pas possible ici.(Vote)

Euro bezuelt a fir deen anere 46. 800 Euro. Dat ass e Präis vun 12. 000 Euro den Ar.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Muller. Da kënnte mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver les actes notariés de vente concernant deux parcelles de 3,62 et de 3,90 ares au lieu-dit rue Saint-Pierre à Niederkorn/acte Schroeder-Leider.

Da komme mer zum Punkt D. Den Här Muller hat sech och dorëms gekëmmert.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Et handelt sech hei ëm d’Parzell vu Steffen. Déi brauche mer fir de Projet vu Servior ze realiséieren. Dat ass en Terrain vun 13,75 Ar, dee mer op-kaaft hu fir 20. 000 Euro den Ar.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dee gi mer zum Vote.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver l’acte notarié de vente concernant une parcelle de 13,75 ares au lieu-dit rue Woiwer à Differdange.

An elo kënnt de Loushaff.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

De Loushaff, vum Uewerkuerer Kier-fecht bis erof bei d’Woiwer Schoul, eng Fläch vu 25,10 Ar, ass ganz wich-teg, fir d’Phas 1 vum zukünftege PAP“Woiwer Wisen“ze realiséieren.

Mir si frou, dass mer en Accord fonnt hu mat der Madame Meyer, dass si eis deen Terrain ofginn huet.

D’Famill Tempels huet e grousse Bau-rebetrib. Där ginn et der net méi vill an eiser Gemeng. Deenen hir Existenz läit eis staark um Häerz, dofir hu mer en Echange gemaach. Si kréie la-borabel Terraine vun eis, wou se kën-nen drop exploitéieren.

Eise Prinzip ass, jiddereen d’selwecht ze behandelen. Mir hunn eis op en Ta-rif vun 20. 000 Euro den Ar gëeenegt. En Terrain, dee verbaut gëtt, kann eis dat wäert sinn.

Just eng kleng Bemierkung: beim Ly-cée kréie mer nëmmen 10. 000 Euro den Ar.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat gesi mer dann.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Mir hunn eng Partie Terrainen ewech gi fir 300 Euro den Ar. Dat ass den Tarif fir landwirtschaftlech Aktivitéi-ten, fir Terrains labourables. Engersä-its kascht et eis 502. 000 Euro a mir kréien 71. 511 Euro. Dat mécht eng Zomm vu 430. 489 Euro, déi d’Ge-meng ze bezuelen huet.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Diderich w. e. gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Déi Lénk kënnen dat ënnerstëtzen, well et gëtt Wunnraum geschaf. Den Här Liesch hat eng Kéier gesot, dass bei verschidde Projete probéiert gëtt, ergänzend Terrainen ze schafen, och wann et ëm Echangë geet. Ech wollt froen, ob dat an dësem Fall res-pektéiert ginn ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass berücksichtegt ginn. Dem Bauer säin Terrain läit niewendrun, dofir war hien interesséiert. Hien huet elo eng komplett Parzell.

16

Roberto Traversini passe au point F, la location d’un terrain à l’agri-culteur.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) voudrait savoir si lors de la location de terrains, la commune ne peut pas poser des conditions quant au recours aux pesticides.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que cela dépend des cartes que la commune a en main. Dans ce cas-ci, ce n’était pas possible.En tout cas, la commune essaie de sensibiliser les citoyens à travers Gaart & Heem, au sein duquel M. Wintringer est très actif.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) ajoute qu’en théorie, la commune peut poser certaines conditions. Mais il n’est pas facile de convaincre un exploitant de passer entièrement à l’agriculture biologique. Il devrait réaménager sa ferme, ce qui coûterait cher. Le collège échevinal essaie cependant de convaincre les deux agriculteurs de la commune.Par ailleurs, si on demandait à un agriculteur de renoncer partielle-ment aux pesticides sans passer en-tièrement à l’agriculture biolo-gique, cela serait très difficile à contrôler. C’est pourquoi le collège échevinal ne pose pas ces condi-tions.En revanche, il propose un loyer attractif aux agriculteurs disposés à emprunter la voie de l’agriculture biologique.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à un contrat de bail avec l’entreprise Efco dans la rue de Hussigny. Efco a dû arrêter l’exploitation, car le site se trouve dans une zone verte. M.  Muller, M.  Bertinelli et M.  Ulveling ont négocié avec les responsables de la société et ont trouvé un accord.Celui-ci résout le problème du stockage du matériel communal, qui est réparti actuellement sur 46 sites. Au cas où il resterait de la place, M. Bertinelli et M. Ulveling proposent de la mettre à disposi-tion des associations.

Mir versichen an Zukunft op eise Par-zellen, Biolandwirtschaft ze maachen. Mä hei war et onméiglech.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver un acte notarié d’échange avec soulte concernant plu-sieurs parcelles aux lieux-dits“Auf Loushof“,“Auf dem Soibel“et“Scheu-eroicht“à Differdange.

De Punkt F ass en Terrain, dee mer dem Bauer verlounen, datt e seng Kéi kann drop stellen. Well mat Geld eleng huet een nach keng Kéi gefid-dert. Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Wa mer Terraine verlounen, wollt ech nofroen – vu dass mer eng Gemeng ouni Pestizide sinn –, ob et net méig-lech ass, gewësse Konditiounen ze stel-len, fir bei der Bewirtschaftung op Saachen ze verzichten, déi eis Liewens-grondlag a Gefor bréngen?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Um Verhandlungsdësch hate mer net dee laangen Hiewel. Mam viregten Terrain, ware mer esou eens ginn. Selbstverständlech, probéiere mer mat eisem Gaart&Heem, an deem den Arthur Wintringer ganz engagéiert ass, eis Bauren ze sensibiliséieren. Mä hei souze mer leider net um laangen Hiewel. Här Liesch.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Den Usaz ass richteg, wann Der sot, et sinn eis Terrainen, déi mer verlounen an da kënnte mer mat Oplagen den Exploitant an déi Richtung bewegen. Et ass net einfach, en Exploitant ganz op Biolandwirtschaft ëmzestellen. Do-duerch misst hie säi ganzen Haff ëm-disponéieren, wat natierlech e risegen Invest wär. Mä mir probéieren, mat deenen zwee Baueren, déi mer hei an der Gemeng hunn, an déi Richtung ze goen.

Anerersäits ass et och schwéier, wann ee seet, en Haff muss net op Bioland-wirtschaft eriwwergoen, mä e soll ver-schidde Stécker ouni Pestizide behan-delen. Et géif immens schwiereg ginn, nozeweisen, ob en dat gemaach hätt oder net. Dat misste mer iwwer Bue-demanalyse kontrolléieren, wat e rise-gen Opwand wär. Soudass mer am Fong dovunner ofgesinn hunn.

Mir probéieren éischter en anere Wee anzeschloen an deene Baueren, déi Biolandwirtschaft bedreiwe wëllen, méi en attraktive Bail ze ginn, andeems mer de Loyer vum Terrain däitlech erofzesetzen a fir déi konven-tionell dann net. Dat wär éischter en Ureiz en Haff ëmzestellen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Liesch. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le contrat de bail portant sur des terrains labourables au lieu-dit“Tinnesgründchen“.

Da komme mer zu engem ganz inter-essanten an néidege Contrat de bail mat der Firma Efco an der Héisenger Strooss. Si konnten net méi exploitéie-ren, well et an der Gréngzon läit. Den Här Muller, den Här Bertinelli an den Här Ulveling haten intensiv Gespréi-cher mat de Responsabele vun Efco gefouert.

Mir léisen heimat e risege Problem fir de Stockage-Raum vun eise Betriber, wou Saachen op 46 verschiddene Pla-zen oder a Kellere leien. Eenzelt Ge-schir weess kee méi wou et läit an da gëtt et nei kaaft. Déi eng Saache ginn ewechgeheit, well mer keng Plaz hunn an no dräi Deeg brauche mer se erëm. Dat ass net evident.

Bis deen neie CID steet, komme mer eise Betriber mat dësem Kontrakt ent-géint. A wann nach e bësse Plaz iww-reg bleift, hunn den Här Bertinelli an den Här Ulveling eng Iddi, fir de Verä-iner eppes Klenges fräi ze maachen, datt se Stockage-Raum kënnte kréien.

17

Efco demande 8  000 euros par mois. C’est cher, mais au début, le prix demandé était le double. La commune pourra y stocker de l’équipement, comme les chalets.

FRED BERTINELLI (LSAP) souligne l’importance de ce terrain pour les services communaux. Ceux-ci perdent actuellement beaucoup de temps pour aller chercher le matériel. Désormais, ils disposeront d’un espace de stockage.Le contrat avec Efco porte sur cinq ans et démarre le 1er mai.Les halles se trouvent au Rolles-bierg dans la rue de Hussigny. La surface se monte à 1 200 m2. À cet espace s’ajoutent 20  places de stationnement devant les halles. Cela résout le problème de station-nement des camionnettes lorsque les travaux commenceront sur le plateau du Funiculaire.D’un point de vue logistique, il était important que ces négocia-tions aboutissent.

TOM ULVELING (CSV) ajoute que la commune recevra les clés cette semaine. Ensuite, les services visiteront les lieux. Il était important de centraliser le matériel, car il est difficile de tout retrouver lorsque l’équipement est réparti en de nombreux sites.Le deuxième volet de l’opération consiste à proposer de l’espace de stockage aux associations, là où la commune stocke actuellement son équipement.Ce projet constitue une bonne so-lution en attendant le nouveau CID.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) rappelle que les services communaux stockent leurs matériels à de nombreux endroits. Ce n’est pas une bonne solution.Les services communaux doivent fonctionner comme il faut. La so-lution proposée leur permettra de travailler plus efficacement. En plus, il ne sera plus nécessaire de racheter du matériel perdu.Il a été dit qu’il s’agit d’une solu-tion provisoire jusqu’à l’aménage-ment du nouveau CID. Le collège échevinal voit-il une possibilité d’acheter le site au lieu de le louer?

Et kascht 8. 000 Euro de Mount. Dat ass en deiere Präis, mä ech muss soen am Ufank vun de Verhandlungen, war et dat Duebelt. Mir hunn en also e gutt Stéck erofgedréckt. Fir eis Betri-ber ass et noutwendeg. Et ass enorm vill Plaz, fir dat ganzt Geschir, Saache wéi Chaleten an esou weider, ënnerze-stellen. De Bail leeft den 1. Mee un.

Här Bertinelli, Dir waart bei de Ver-handlungen derbäi.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Här Buergermeeschter, léif Kolleegen, ech wëll virun allem op d’Wichtegkeet vun deem Terrain hiweisen. Et verbes-sert d’Logistik vun eise Servicer. Si verléieren net méi Stonnen dermat, hir Saache riets a lénks sichen ze goen. Elo kréie mer endlech eng Plaz mat masseg Stockage-Raum baussen a bannen.

Iwwer de Loyer, huet den Här Buer-germeeschter scho geschwat. Dëst ass e Kontrakt, dee mer mat der Firma Efco gemaach hu fir fënnef Joer, deen den 1. Mee a Kraaft trëtt.

Hei handelt et sech ëm d’Halen“um Rollesbierg“an der Héisenger Strooss. Eng Fläch vun 1. 200 m2, déi mer kënne benotzen, fir Saachen ënner-daach ze stellen. Ech widderhuelen nach eng Kéier, déi Plaz fir de Stocka-ge ass batter néideg fir eis Servicer. Vi-run deenen Halen, sinn nach eng 20 Parkingen, déi eis zur Verfügung stinn. Dann ass de Problem mat eise Camionnettë geléist, wann d’Aarbech-ten um Funiculaire uginn.

Et ware laang an haart Verhandlun-gen. A mir si frou, datt mer deen Ter-rain kritt hunn, fir eis Servicer logis-tesch besser opzestellen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

An elo den Här Ulveling.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Merci. Den Här Bertinelli huet scho bal alles gesot. Et si grouss Hale mat

vill Parkplazen. Dës Woch kréie mer de Schlëssel, da gi mer mat eise Ser-vicer kucken.

Wichteg ass awer, wéi den Här Berti-nelli gesot huet, dass mer endlech eis Saachen zentraliséiert kréien. Da gëtt och en Inventaire gemaach. Well et ass problematesch, all d’Saachen erëmze-fannen, déi op esou ville Plaze ver-street gi sinn.

Deen zweete Volet ass, dass do, wou elo de Stockage war, Raim fräi ginn, déi mer kënne fir aner Saache gebrau-chen. Notamment fir de Veräiner d’Méiglechkeet ze ginn, hir Instru-menter oder aner Saachen ënnerzestel-len.

Ech fannen, dass et eng ganz gutt Léi-sung ass bis deen neie CID gebaut gëtt. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Den Här Hobscheit huet d’Wu-ert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech wollt dem Schäfferot zu där Initiativ félicitéieren. D’Zuele goufe genannt, op wéivill Pla-ze mer stockéieren. Dass dat net gutt ass, liicht jidderengem an. Wichteg ass et, dass een de Leit effikass Servicer ubitt.

Et zielt net nëmmen, wat bannen an der Gemeng geschitt, mä och no baus-se mussen eis Servicer exzellent foncti-onnéieren. Wann ee Saachen op zeg Plaze leien huet, kann een net effikass schaffen. Et ass also e Problem, dee mer léisen, fir dass eis Servicer an Zu-kunft besser kënne schaffen, dass net Saachen nei musse bestallt ginn, well een net méi weess, wou eppes läit. Dat sinn Zoustänn, déi net gutt sinn. Wa mer heimat dee Problem geléist kréien, kann ech dat nëmme begréissen.

Et gouf scho gesot, dass mer dat maa-che bis deen neie CID fäerdeg gëtt. Kann een dervun ausgoen, dass et eng Optioun ass, fir et net laangfristeg just ze lounen, mä eventuell op de Wee ze

18

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime que 8  000 euros par mois représentent beaucoup d’argent. Mais d’un autre côté, les services communaux vont gagner beaucoup de temps.Le CID et le centre de recyclage vont déménager à Niederkorn. Entre-temps, il fallait trouver un endroit où stocker le matériel pro-visoirement. En plus, cela pourrait être utile pour le lycée.Un membre de déi Lénk a entendu dire que l’on avait construit une halle à Niederkorn pour les ma-chines de jardinage. Est-ce vrai? Où en est ce projet?Gary Diderich rappelle que le site occupe 290 ares.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise qu’il s’agit de 3 hectares.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande si le collège échevinal sait déjà quel pourcentage de la surface sera occupée par du matériel communal. D’autres investissements sont-ils nécessaires?Certains équipements ne sont-ils pas superflus, comme la machine pour tirer la piste de ski de fond?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que cette machine a été louée.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande ce qu’on va en faire.M. Hobscheit a demandé si le col-lège échevinal entendait acheter le terrain. Qu’en pense le proprié-taire? La commune a-t-elle pensé à prévoir un espace de stockage à Niederkorn sur le futur site du CID et du centre de recyclage? Il s’agit d’éviter de dépenser 8  000 euros par mois à long terme.

ROBERT MANGEN (CSV) approuve l’idée d’un espace de stockage unique. Il se demande cependant ce qu’il en est de la sécurité.En outre, le sol n’a plus sa couleur naturelle. Fera-t-on des analyses? Le site se trouve sur une zone verte, mais le conseiller communal doute que l’on y ait déversé des produits naturels.

goen et als Gemeng ze kafen, komplett ze iwwerhuelen? Wär dat eng Optioun oder net? Eng Fro vun eiser Säit. Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Hobscheit. Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Eis liicht et och an. Et ass eng Charge, déi net gratis ass, 8. 000 Euro de Mount. Mä wann een awer kuckt, wat een un Aarbechtszäit erëm aspuert, denken ech, dass et eng gutt Saach ass. Mir ënnerstëtzen dat.

De CID an de Recyclingszenter wäer-ten op Nidderkuer plënneren. An deem Zuch ass et net schlecht, eng Plaz ze hunn, wou een auswäichen an temporär Saachen ënnerbrénge kann. En plus wär et nëtzlech fir de Lycée, wann deen do soll gebaut ginn.

Bei eis an der Sektioun gouf gemengt, et wär eng Hal zu Nidderkuer gebaut gi fir d’Gaardemaschinnen. Stëmmt dat? Kënnten do net och Saachen ën-nerbruecht ginn? Wou ass dee Projet drun? Ech muss zouginn, dass ech de Suivi nach net selwer gemaach hunn. Dofir d’Nofro.

Et ass enorm grouss, 1. 200 m2. Mä déi 290 Ar…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et sinn 3 Hektar.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Jo, 3 Hektar. Gëtt et schonn Ofschät-zungen, wéi wäit dee Raum eleng du-erch eegent Material wäert genotzt ginn? A mussen net och Investitioune gemaach ginn?

Ech hunn héiere vu Containeren, déi opgestallt ginn, fir de Veräiner hir Saachen ënnerzebréngen, wat zousätz-lech Käschte sinn. Op där anerer Säit gëtt et momentan 32 delokaliséiert Plazen, an d’Veräiner sinn haaptsäch-

lech delokaliséiert aktiv. Kënnten net éischter déi existéierend Stockage-Pla-ze genotzt ginn, déi keng Investitioune brauchen?

Misst net vläicht och gekuckt ginn, wat vu Material iwwerflësseg ass? Mir hunn eng Maschinn fir Loipen ze zéi-en an de Schnéi ewech ze maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, déi hu mer geléint kritt. D’Schi hu mer awer.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Wat maache mer mat där Maschinn? Wat wäert laangfristeg domat geschéi-en?

Déi Fro, déi den Här Hobscheit ge-stallt huet: Besteet d’Iddi dat eng Kéier ze kafen? Wär dat iwwerhaapt eng Optioun och vum Proprietaire hier? A wann net, kann een de CID an de Recyclingszenter zu Nidderkuer net esou uleeën, dass een direkt de Stockage mat aplangt, fir dass een net laangfristeg muss all Mount déi 8. 000 Euro ausginn, mä eng Kéier d’In-vestitioun tätegt an et dann an der Hand huet, fir gutt ze fonctionnéie-ren? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Diderich. Den Här Man-gen nach.

ROBERT MANGEN (CSV):

Mir begréissen d’Iddi vum Stockage unique. Ech wollt just froen, wéi et mat der Sécherheet ass? Et läit e bës-sen ofgeleeën. Datt een oppasst, datt keng Problemer optrieden.

Wann ee laanscht geet, gesäit een, dass de Buedem net méi seng natier-lech Fuerf huet. Ginn Analyse vun deem gemaach? Et soll eng Zone verte sinn. Ech hunn awer Zweifel, datt et sech ëm natierlech Produite gehandelt huet, déi do ausgeschott goufen.

19

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) se lance dans un historique. Il rappelle qu’il est question du carreau des mines du Rollesbierg. On y effectuait la maintenance des machines, ce qui explique la couleur de la terre.Actuellement, la commune signe un contrat de bail. Mais si elle déci-dait d’acheter le terrain, elle devrait tenir compte des éventuels frais d’assainissement. C’est important.Pour le reste, le conseiller commu-nal approuve que le collège échevi-nal loue ce site à des fins de stoc-kage.Le site est une zone verte. Lors-qu’Efco s’y est implanté, le terrain a été clôturé et le sentier historique du Metzkimmert a été coupé. Dé-sormais, il faut passer par la pente pour atteindre le Metzkimmert.Fränz Schwachtgen espère que ce sentier sera rouvert, car il constitue un bon point de départ pour des promenades par exemple en direc-tion de Belvaux. Un sentier de pro-menade est prévu le long de la rue de Hussigny, ce qui augmenterait l’attractivité du site.Des places de stationnement sont disponibles.Le site doit être nettoyé, car il est devenu une sorte de poubelle.À proximité, le service écologique a aménagé des étangs. Toute la zone pourrait devenir une aire de récréation. Des associations re-cherchent des sites de ce type. On pourrait y installer un parcours de mini-golf.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que le collège échevinal avait bien l’intention d’acheter le terrain, mais il n’a pas trouvé d’accord avec le propriétaire. Des négociations ont aussi été nécessaires pour le loyer.À Niederkorn, il n’est pas question d’un conteneur, mais d’un abri couvert pour les machines du ter-rain de football. Il sera construit prochainement.En ce qui concerne la sécurité, le site est clôturé.Pour ce qui est de l’espace de stoc-kage pour les associations, des caves dans des écoles par exemple ne sont pas une bonne solution, car il faut monter et descendre des es-caliers, etc. Il faut réfléchir à la

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Mangen. Den Här Schwachtgen hat och nach d’Wuert gefrot.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Et misst een eng Kéier probéieren, den Historique ze retracéiere vun deem Site. Mer wëssen alleguer, dass dat de Carreau de mines vum Rollesbierg war. Do ass d’Maintenance vun de Baggeren a vun de Maschinne ge-maach gi wéi och Uelechwiessel. Wat vläicht déi Fuerf vum Buedem erklä-ert. Et muss een natierlech virsiichteg sinn. Mer hunn elo nëmmen e Contrat de bail. Well wann ee spéider keeft, keeft een de Knascht mat an da muss een herno eventuell deier sanéieren. Dat musse mer nach kucken, well dat ass awer wichteg. Ech si ganz d’accord dermat, dass de Schäfferot dee Site viséiert, fir de Stockage ze maachen, bis mer eppes besseres hunn.

Fir mech gehéiert dee Site nach ëmmer zu der Zone verte. Deemools, wéi d’Efco dohinner komm ass mat hire Buergeräter, déi alt emol Uelech verlu-er haten, war dee brachial zouge-maach gi mat enger Clôture. An den alen historesche Wee vum Metzkim-mert an de Park Grouwen, deen dacks vun de Leit benotzt gouf, war carré-ment ofgeschnidde ginn. Soudass een uewen eriwwer lafe muss — e géie Bierg erop — an da lénks, fir op de Metzkimmert ze kommen.

Ech hoffen, dass mer an d’Zukunft dee Wee erëm kënnen opmaachen. Dat ass e ganz flotten Ausgankspunkt fir Spadséierweeër zum Beispill an den Dagesbau vum Rollesbierg Richtung Bieles. Mer hu wëlles mam Fierschter zesummen, e Spadséierwee laanscht d’Héisenger Strooss ze maachen, wou ee beim Beckleck uewe bei der Mutter Gottes géif erauskommen. Wat am Fong d’Attraktivitéit vun där Zon méi géif betounen.

Parkplaze goufen amenagéiert. De Site muss méi propper gemaach ginn, well et ass lues a lues eng kleng Poubelle entstanen.

Et sollt een och net vergiessen, dass

mer do Weieren amenagéiert hu mat eisem Service écologique, déi ganz wä-ertvoll sinn an direkt a Proximitéit lei-en. Dee Raum kënnt ee spéiderhin an d’A faassen als eng Aire de récréation. Mir hunn Amateursklibb, wéi zum Beispill de Modellbauklub, déi Sitte si-chen, déi clôturéiert sinn, wou een eventuell e genre Minigolf kënnt in-stalléieren. Dass een e bësse méi wäit kënnt plangen, wann déi Stockage-Zä-it eng Kéier eriwwer geet. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Schwachtgen. Et sinn e puer Froe gestallt ginn. Ech beäntwe-ren déi ganz schnell. Selbstverständ-lech wollte mer dat kafen, mä de Pro-prietaire wollt net. Hien hat aner Prä-isvirstellunge wéi d’Gemeng Déiffer-deng. D’selwecht wéi mam Loyer, deen en eis am Ufank gefrot hat.

Zu Nidderkuer ass dat kee Container, mä en Iwwerdaach fir d’Maschinne vum Foussballsterrain. Dat ass schonn heibanne gestëmmt ginn. Deemnächst wäert dat opgeriicht ginn.

Wat d’Sécherheet betrëfft, ass et clôturéiert. Mä och wann et zou ass, kann agebrach ginn. Mir hunn awer all Sécherheetsmoossname geholl, déi néideg waren.

De Stockage fir d’Saache vun de Verä-iner, ass eng Iddi, déi vun eisen zwee Schäffe komm ass. Et muss ee kucken, wat méi sënnvoll ass. Ech weess, dass de Veräiner net gehollef ass, wann de Stockage a Schoulen, a Kelleren ass, wann een Trapen erop- an erof muss goen. Et ass besser, et kënnt ee bäige-fuer, et luet een of an erëm op, ouni Trapen ze goen. Dat war emol eng Iddi, et ass nach net sprochräif. Mir musse fir d’Éischt emol eis Servicer ën-nerdaach kréien.

Zum Här Schwachtgen, mir gi sou-guer nach méi wäit. Mir sinn amgaan-gen ze kucken, fir eventuell am nächs-te Budget eng Bréck dohinner ze maa-chen, datt een déi zwee Sitte kënnt matenee verbannen. Ech hat scho ge-duecht, Dir géift domadder kommen, mä Dir wäert Iech net getraut hunn.

20

question. La priorité, ce sont les services communaux.Le bourgmestre dit à M. Schwacht-gen que le collège échevinal entend construire plus tard un pont pour les promeneurs et les cyclistes entre le site en question et les étangs. Certains pensent que ces sites doivent être protégés. Roberto Tra-versini estime quant à lui que les beaux endroits de la commune doivent être accessibles.(Vote)Roberto Traversini passe au contrat de bail avec le COSP, dont il a déjà été question la dernière fois. Le commissaire de district a constaté qu’il manque une signa-ture sur le document. C’est pour-quoi le contrat doit être soumis à un nouveau vote.

MARTINE GOERGEN (DP) approuve la venue du COSP à Differdange. La commune est aussi censée trouver un accord avec le Science Center pour la partie de la Léierbud qui n’est pas encore louée. C’est ce qui manque dans la région. Cela constitue donc une grande chance pour Differdange.Où en sont les négociations?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que les négociations sont encore en cours. Pratiquement tous les ministres ont abordé la question avec le bourgmestre. Il semble s’agir d’un sujet brulant.(Vote)Roberto Traversini passe à une convention avec ArcelorMittal. Il se demande si elle obtiendra une majorité absolue.Le géant de l’acier a accepté de mettre à disposition de la com-mune un terrain dont elle a absolu-ment besoin pour un euro symbo-lique.

FRED BERTINELLI (LSAP) rappelle l’offensive lancée par le collège échevinal afin d’augmenter le nombre de places de stationnement dans la ville.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech hat dat vergiess.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et gëtt wierklech gekuckt, fir eng kleng Bréck fir d’Foussgänger an d’Vëloen ze maachen, datt se bei dee schéine Weier kommen. Mä et muss een oppassen, mat wiem een doriwwer schwätzt. Et sinn e puer vun eise Kol-leegen, déi soen, et sollen esou wéineg wéi méiglech Leit op esou Sitte goen, well se géife verschidde Saache futti maachen. Ech sinn zwar der Mee-nung, wann ee schéi Plazen huet, soll een och d’Méiglechkeet kréien, se ku-cken ze goen.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le contrat de bail portant sur trois parcelles avec hall de stockage, bureaux et alentours aux li-eux-dits rue de Hussigny et Rolles-bierg.

Deen nächste Contrat de bail hate mer schonn an där leschter Gemengerots-sitzung. Ech wëll net iwwer d’Wich-tegkeet vum COSP schwätzen, mä et ass esou, datt just eng Persoun ënner-schriwwen huet. Dem Distriktskom-missär war dat opgefall a sot, et miss-ten ëmmer zwou Ënnerschrëften drop sinn. Dat gouf gemaach. Ech wär frou, wa mer dat nach eng Kéier kënn-te stëmmen. Do gesäit een, datt den Distriktskommissär seng Aarbecht ganz gutt mécht.

Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP):

Ech stinn deem ganz positiv géigeni-wwer, dass de Centre d’Orientation Socio-Professionnelle an d’Léierbud kënnt. Ech wollt an deem Kader nof-roen, wéi de Conseil d’administration vun der Léierbud decidéiert huet, dat un d’Gemeng ze ginn? Souwäit ech weess, gouf festgehalen, dass d’Ge-meng kucke sollt mam Science-Center, eng Eenegung ze fanne fir deen Deel,

deen nach net verlount ass. An der Budgetsried hat ech gesot, dass et e ganz interessante Projet wär. Esou Modeller gëtt et am Ausland an déi feelen hei an der Regioun. Et kënnt eng super Chance fir Déifferdeng sinn.

Ech wollt am Fong just wëssen, wou déi Verhandlungen dru sinn? Ob et nei Informatiounen dozou gëtt oder net?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Madame Goergen. Mir sinn Ärer Meenung, dat ass scho säit laan-gem e wichtegt Thema fir eis. D’Ver-handlunge sinn nach ëmmer amgaan-gen. Et ass bal kee Minister, dee mech net dorobber uschwätzt. Et schéngt op alle Fall eppes Brisantes fir Lëtzebuerg ze sinn. Et ass net ëmmer evident, mä mir wëlle se awer.

Da komme mer zum Vote.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le contrat de bail avec le Centre d’orientation sociopro-fessionnelle dans l’ancienne Ecole professionnelle de Differdange.

Da komme mer zu enger Konventioun mat ArcelorMittal. Ech si gespaant, ob mer hei déi absolutt Majoritéit kréien. ArcelorMittal gëtt eis elo emol eng Kéier eppes fir den Euro symboli-que. Et ass eppes, wat d’Stad Déiffer-deng onbedéngt brauch. Ech kucken op e puer Schäffen, ass vläicht een, deen an den Detail wëll goen? De Stol-ris ass eis wäit entgéintkomm. Op där anerer Säit ass d’Stad Déifferdeng, res-pektiv de Stat, him och schonn oft entgéintkomm. Dofir mengen ech, datt een en eng Kéier luewe kann, well en eis en Terrain fir den Euro symboli-que zur Verfügung stellt.

Här Bertinelli, Dir wollt eppes dozou soen.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Här Buergermeeschter, léif Kolleegen, hei fuere mer mat enger Offensiv fir Parkraum an eiser Gemeng ze schafen.

21

Le parking près des anciens ateliers de Niederkorn a disparu dans le cadre du projet. Mais ArcelorMit-tal met à disposition une surface de 5 000 m2. De son côté, l’adminis-tration a enlevé les grilles, remis en état la chaussée, installé l’éclairage, etc.La seule condition posée par Arce-lorMittal était l’aménagement d’une barrière derrière.Le parc de stationnement pourra accueillir 160  voitures et 60  ca-mionnettes. Il est pratiquement fini. Il ne manque plus que l’éclairage.En tout cas, la nouvelle devrait ré-jouir les habitants de Niederkorn.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) félicite le collège échevinal pour cette initiative. Les réunions publiques ont démontré que le manque de places de stationnement est un grand problème. On a même l’impression que c’est la seule préoccupation des habitants. Le problème est réel.Le conseiller communal ne veut pas faire les louanges d’Arcelor-Mittal. Mais il salue le fait que le terrain soit mis à disposition pour un euro.Le socialiste espère que le pro-blème du stationnement pourra être maîtrisé à court ou moyen terme pour que l’on puisse aborder d’autres questions dans les réu-nions publiques.

ALI RUCKERT (KPL) estime que le problème n’est pas que le collège échevinal loue ArcelorMittal dans ce cas-ci, mais qu’il le loue aussi lorsqu’il demande un loyer de 900  000 euros pour trois halles payées 37 fois.Le conseiller communal approuve la convention, mais il louera Arce-lorMittal lorsque celui-ci offrira l’aciérie à l’État luxembourgeois pour un euro symbolique.

JOS GLAUDEN (DP) se réjouit du progrès réalisé dans la question du stationnement. Il remercie ArcelorMittal de mettre à disposition le terrain pour un euro symbolique pendant deux ans.Le stationnement coûtera 50 cen-times par heure. C’est un bon prix qu’il faudrait aussi appliquer dans

Dir wësst, dass dee Parking bei den Anciens Ateliers verschwonnen ass. D’Awunner an d’Personal aus dem Nidderkuerer Spidol kënnen net méi dovunner profitéieren. Deen ass ewechgefall duerch dee Projet, deen drop ass.

Hei kréie mer eng Fläch vu 5. 000 m2 duerch déi Konventioun mat Arcelor-Mittal. Mir hu fir d’Éischt mussen e puer kleng Aarbechten erleedegen: Gitteren ewechhuelen, de Parking an d’Rei setzen, Zeechnunge maachen, Luuchten opriichten, Horodateuren dohistellen an esou weider.

Déi eenzeg Konditioun, déi Arcelor-Mittal gestallt hat, war, datt mer de Site hannendru misste mat enger Bar-rière zoumaachen, well do nach ge-schafft gëtt.

Et ass e Parking fir 160 Autoen a 60 Camionnetten. D’Camionnetten dä-erfe mat Vignette drop stoen.

Duerch déi gutt Zesummenaarbecht mam Här Muller a mat eenzelne Leit, ware mer séier virukomm, fir déi Plaz fir de symboleschen Euro ze kréien.

Dee Parking ass u sech fäerdeg. Et fee-le just nach d’Luuchten. Déi wäerten an deenen nächsten zéng Deeg opgeri-icht ginn. Heimat hu mer am Kär vun Nidderkuer 160 Parkplaze geschaf, wat den Awunner vun Nidderkuer ze-gutt kënnt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Bertinelli. Här Hobscheit, w. e. gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech wëll dem Schäfferot och zu dëser Initiativ feli-citéieren. Wann een a verschidde Bier-gerversammlunge geet, notamment zu Nidderkuer, stellt sech eraus, dass de Parkraum an der Gemeng e grousse Problem ass. Heiansdo huet een d’Ge-fill, et wär déi eenzeg Suerg, déi d’Leit hätten, wat mech dann e bëssen er-staunt. Mä et ass e reelle Problem, dee mer mussen ugoen.

Dat hei ass eng weider Initiativ, déi ge-holl gëtt, fir de Problem an de Grëff ze kréien. Dofir wëll ech dem Schäfferot gratuléieren. Ouni e Lueflidd op Arce-lorMittal ze sangen, begréissen ech awer, dass mer deen Terrain, fir de symboleschen Euro kréien. Dat ass eng gutt Saach fir eis Gemeng.

Ech hoffen, dass mer op deem dote Wee weiderfueren a mëttel- bis laang-fristeg de Parkingsproblem geléist kréien, dass een an Zukunft op Bier-gerversammlungen iwwer aner Proble-mer diskutéiere kann. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Hobscheit. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, de Problem ass net, dass de Schäfferot ArcelorMittal fir déi Saach hei lueft, wann et ëm de symboleschen Euro geet. De Problem ass, dass de Schäfferot ArcelorMittal och lueft, wa se zum Beispill 900. 000 Euro Loyer froen, fir dräi al Halen, déi am Fong scho 37 Mol bezuelt sinn. Ech wäert se dofir net luewen.

Ech stëmme selbstverständlech derfir. Ech luewe se deen Dag, wou se dem Lëtzebuerger Stat d’Schmelz fir de symboleschen Euro schenken.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech mengen, dat dauert awer nach la-ang. Här Glauden, w. e. gl.

JOS GLAUDEN (DP):

Här Buergermeeschter, léif Kolleegin-nen a Kolleegen, d’DP ass frou, datt et endlech e Fortschrëtt gëtt am Par-kingsproblem hei zu Déifferdeng. Fir d’Éischt wëll ech der Firma Arcelor-Mittal Merci soen, dass se deen Ter-rain fir e symboleschen Euro fir zwee Joer zur Verfügung stellt.

22

le centre-ville. À Pétange, c’est en-core moins cher.Le parking de Niederkorn est im-portant pour les habitants, les ma-gasins et les personnes qui tra-vaillent dans la localité et l’hôpital.Certains parkings, dont la construction avait été décidée par l’ancien collège échevinal, sont ter-minés. En revanche, Nei Dé-ifferdeng et les Terrasses de la Ville sont toujours fermés malgré les promesses de la dernière séance du conseil communal.Il faudrait aussi prévoir le système de guidage à temps pour l’ouver-ture du parking du contournement.L’ACOMM devrait être impliquée dans les discussions autour du sta-tionnement.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) demande au DP de donner son avis sur le prix du stationnement lors des réunions de la commission des finances et de la commission de la circulation. Ce type de décisions sont prises à l’unanimité. Si les démocrates ont des propositions concrètes, ils n’ont qu’à les faire à temps.En plus, il n’y a jamais eu autant de places de stationnement dans le centre qu’aujourd’hui. Le contour-nement est libre tous les jours. Il y a le parking provisoire près de l’église. Deux autres parcs de sta-tionnement vont ouvrir.Par conséquent, il est difficile de critiquer le collège échevinal sur la question du stationnement. Au contraire, en tant qu’écologiste, le bourgmestre s’inquiète plutôt du fait que bientôt, on ne pourra plus convaincre les gens de prendre les transports en commun.En tout cas, les propositions au sein des commissions sont toujours les bienvenues.

ROBERT MANGEN (CSV) estime que les visiteurs ne savent pas toujours qu’il y a autant de places de stationnement. Il faudrait prévoir des flyers dans les magasins ou les cabinets de médecins.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime que c’est à l’ACOMM de s’en charger. Mais M.  Liesch et M.  Bertinelli la soutiennent dans cette démarche.

Et kascht 50 Cents d’Stonn, wat fir eis e gudde Präis ass. Dat kënnt ee vläicht och am Zentrum duerchzéien, wat am Interessi wär vun eiser Geschäftswelt. Zu Péiteng, zum Beispill, ass et nach méi bëlleg.

Den Nidderkuerer Parking ass wichteg fir déi Leit, déi do wunnen, fir d’Ge-schäfter, déi liberal Beruffer, wéi fir d’Dokteren, déi net am Spidol prak-tizéieren, fir nëmmen déi ze nennen.

Mir begréissen, datt déi Parkingen, déi zu 90% scho vum leschte Schäf-ferot an Optrag geholl gi waren, end-lech fäerdeg ginn. Mat Bedauere stelle mer fest, datt déi zwee Parkingen“Nei Déifferdeng“an“Terrasses de la Ville“, wou mer säit X Méint vertréischt ginn, nach ëmmer zou sinn. Mir kru-ten an där leschter Sitzung versprach, et wär imminent, datt se géifen op-goen. Awer deem ass nach net esou.

Mir géifen et gutt fannen, wann de Parkleitsystem zesumme mam Parking Contournement géif fäerdeg ginn.

An deenen Diskussiounen iwwer de Parkproblem am Zentrum, wär et wichteg, wann d’ACOMM géif mat erugezu ginn, fir hir Meenung ze héie-ren. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Glauden. Ech wier awer och frou, quitte datt et näischt mat der Konventioun ze dinn huet, wann d’DP an der Finanzkommissioun géif soen, wéi mer d’Präisser an de Park-haiser a ronderëm d’Stad solle fixéie-ren. Zënter Jore gëtt dat hei unanime am Gemengerot decidéiert, egal wien am Schäfferot ass. A wann nei Propo-sen do sinn, wier ech dankbar, wann een dat an der Finanzkommissioun re-spektiv an der Verkéierskommissioun kënnt diskutéieren. Vläicht si mer um falsche Wee, mä dann net eréischt zanter haut, da si mer dat scho säit zéng, zwielef Joer.

Da wëll ech preziséieren, datt mer nach ni esou vill Parkplaze ronderëm den Zentrum hate wéi haut. Um Cont-ournement fannt der all Dag eng Plaz. All Dag, zu all Stonn. A mir hunn e provisoresche Parking bei der Kierch.

Déi aner zwee Parkinge wäerten deemnächst opgoen.

Wann een negativ iwwert dëse Schäf-ferot schwätze wëll an ëm Reprochë maachen, dann awer bestëmmt net an der Kreatioun vun de Parkplazen. Ech hunn éischter Suergen, als Gréngen, wann ech gesinn, wéivill Parkplaze ge-schaf ginn. Et mécht mer e bëssen Angscht, datt een d’Leit net méi iwwerzeegt kritt, op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. Mä datt net vill Parkplaze géife kreéiert ginn, kann ech awer net esou stoe loossen.

Propositioune sinn an eise Kommissi-ounen ëmmer wëllkomm, dofir si se do.

Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV):

Et gëtt vill Parkplazen hei zu Déiffer-deng. Dat ass de Leit, déi vun auswä-erts kommen, net onbedéngt bewosst. Dofir wollt ech virschloen, fir eventu-ell Flyeren an de Geschäfter an an de Praxisse vun den Dokteren, auszede-elen, fir d’Leit ze informéieren, wou se kënne parken.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Bertinelli an den Här Liesch si scho mat der ACOMM amgaangen, dorun ze schaffen. Ech war der Mee-nung, eis Geschäftswelt hätt dat sel-wer kënnte maachen. Mä mir wäerte se doran ënnerstëtzen. Et wär nëtz-lech, wann een an de Restauranten an an de Geschäfter e Flyer géif kréien, wou ee kënnt parke goen. D’Iddi ass op alle Fall ganz gutt.

Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter. Et freet mech, dass Äert gréngt Gewësse ganz aktiv ass an dass ech net doru muss appeléieren.

Den Här Hobscheit huet absolutt Recht, wann e seet, d’Parkinge schén-gen deen eenzege Sujet ze sinn. An

23

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) se réjouit de ne pas devoir appeler à la conscience écologique de M. Traversini. M. Hobscheit a raison de souligner que le stationnement semble être l’unique préoccupation des ci-toyens. Peu importe le nombre de places, les gens continuent de se plaindre parce qu’ils en veulent une devant leur porte.Les responsables politiques doivent prendre des décisions pour pro-mouvoir la mobilité douce. Plus de places de stationnement signifient plus de voitures et plus d’embou-teillages. Des experts devraient réa-liser une étude pour voir si autant de places sont nécessaires.Mais déi Lénk approuve la conven-tion, car ces places se trouvent près des transports en commun, du centre-ville et de l’autoroute.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP) a reçu au moins 200  doléances de la part des habitants de Niederkorn concernant ce parking. Cela dure depuis des années. Le conseiller communal félicite le collège échevinal d’avoir réussi à convaincre ArcelorMittal. Il ne s’y attendait pas.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à une convention avec la Maison des jeunes. Il n’y a rien à dire, si ce n’est que lundi aura lieu une assemblée générale.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) remercie la maison des Jeunes au nom de la commission des jeunes pour son travail. Les gens se plaignent souvent qu’une maison des jeunes ne sert qu’à jouer au billard, mais l’offre est bien plus importante que cela et les jeunes sont encadrés.L’exemple de l’annexe de Nieder-korn démontre que le besoin en maisons des jeunes existe. Elle est bien fréquentée et les jeunes sont contents des activités proposées.La qualité doit rester élevée et le personnel doit pouvoir suivre des formations continues. Ces aspects sont abordés dans la convention.(Vote)

d’subjektivt Gefill ass, dass ni genuch Parking besteet. A souguer wann ee ganz vill Parkinge géif bauen, hätt een nawell d’subjektivt Gefill, dass e Man-gel u Parkplaz ass, well ee sech net ëmmer ka viru seng Dier stellen. Dat ass eng Realitéit, ob ee wëll oder net.

Et ass un der Politik ze decidéieren a wéi eng Richtung een eng Stad entwé-ckelt. Et gëtt geschwat iwwer e Koali-tiounsofkommes, fir méi a Richtung Mobilité douce a méi ëffentlechen Transport ze goen. Mir hunn den Diffbus zu Déifferdeng. Ech wën-schen, dass an der Mobilité douce wei-der Efforte geschéien.

Anerersäits hoffen ech net, dass mer eis e Selbstgoal schéissen, och wann dat elektoral e ganz propicen Terrain ass, fir Parkraum ze schafen. Well wei-der Parkplazen heescht méi Autoen, méi Verkéier, heescht d’Leit kommen nach manner virun. A Stau ass awer ee vun den Haaptthemen an der Be-vëlkerung. Ech denken, et wär wich-teg am Virfeld vläicht eng Expertise doriwwer unzefroen, ob et sech iwwerhaapt lount, iwwerall Parkpla-zen ze schafen.

Mir ënnerstëtzen dës Konventioun, well zum Deel eppes kompenséiert gëtt, wat scho virdru bestoung. Et gëtt keen Terrain versigelt, ausgebaut oder gebaggert, fir déi Parkplazen ze scha-fen. Se leie gutt, direkt beim Zuch, no vum Stadkär, relativ no un der Achs vun der Autobunn, wou de Verkéier net ze vill duerch d’Duerf fiert, fir se ze erreechen.

D’finanziellt Engagement vun der Ge-meng ass och abordabel, dofir kënne mer dat matdroen. Ech soen Iech Mer-ci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Villmools Merci. Den Här Antony, w. e. gl.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP):

Als Nidderkuerer Bierger, kann ech iech eent soen, mir hu bestëmmt 200 Doléancë kritt, wat dee Parking ubela-angt. Dat zitt sech iwwer Joren, datt

deen eidel steet. Et war fir vill Leit en Dard am A. Et ass gefrot ginn, ob Ar-celorMittal net kënnt alenken, fir deen ze kréien. Dofir, all Respekt un de Schäfferot, wat en hei fäerdeg bruecht huet. Well mir hätten dat wierklech net fir méiglech gehalen. Merci fir ären Asaz.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Antony. Elo sinn ech e Stéck gewuess. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la convention avec ArcelorMittal pour la mise à dispositi-on d’une surface de parking à Nieder-korn.

Merci. Da géife mer zu der Konventi-oun mam Jugendhaus kommen. Do-zou ass näischt méi ze soen, wéi datt e Méindeg eng Generalversammlung ass. Ech wär frou, iech alleguer ze be-géinen.

Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, Dir hutt grad gesot, et wär weider näischt zu där Konventioun ze soen. Als President vun der Jugendkommissioun, wëll ech dem Jugendhaus Merci soen, fir déi gutt Aarbecht, déi se am Sënn vun eise Jonken an der Gemeng leeschten. Do-baussen héiert een alt emol Viruertee-ler, an engem Jugendhaus, géif just nëmme Kicker a Billard gespillt ginn, mä d’Offer geet awer wäit iwwert dat eraus. Déi Jonk ginn encadréiert, si gi beroden, si kréie gehollef a schwierege Situatiounen.

Dass e Besoin besteet, fir Jugendhaiser ze kreéieren, ass Nidderkuer dat beschte Beispill. Déi hate laang keen. Dat Jugendhaus ass ëmmer ganz gutt besicht, wat en Zeechen ass, dass déi Jonk zefridde si mat den Aktivitéiten, déi ugebuede ginn. Et ass en enorme Succès.

24

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à la résiliation d’une convention avec l’Harmonie municipale de Differdange. La décision a été prise en concertation avec l’Harmonie. Des discussions constructives ont été menées. Les deux parties ont fait des propositions.Le règlement des subsides ne figure pas à l’ordre du jour, car les com-missions consultatives n’ont pas donné leur avis. Le bourgmestre estime que dans ce cas, les débats doivent être reportés.Il répète que les discussions avec l’HMD ont été constructives.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP) souhaite prendre position au nom du LSAP.Lorsque la convention entre la commune et l’Harmonie munici-pale a été approuvée, beaucoup de gens n’étaient pas satisfaits, car elle n’avait pas été élaborée comme il faut.Le nouvel accord est plus transpa-rent.Certes, tous les membres de l’Har-monie ne sont pas contents, mais cette convention est plus équitable par rapport aux autres associa-tions.

PASCAL BÜRGER (DP) se souvient des discussions lors de l’approbation de la convention il y a deux ans. La majorité de l’époque avait avancé ses arguments. La convention comprenait des conditions qui devaient être respectées.Étant donné que le collège échevi-nal s’est concerté avec l’Harmonie municipale, le conseiller communal approuvera la résiliation.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) apprécie le consensus. Les détails n’ont pas encore été élaborés. Mais les deux parties se sont rencontrées et ont discuté de manière raisonnable. C’est pourquoi le bourgmestre remercie l’HMD.

Wichteg ass, datt d’Qualitéit vun den Déngschter garantéiert bleift. D’sel-wecht wéi d’Formation continue vum Personal. All dësen Aspekter gëtt an där Konventioun Rechnung gedroen. D’LSAP wäert déi selbstverständlech matstëmmen. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Hobscheit. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la convention Ser-vices pour Jeunes avec l’Etat pour l’année 2015.

Merci. Da komme mer zu der Resilia-tioun vun der Konventioun mat der Harmonie Municipale de Differdange, déi mer virun zwee Joer am Gemenge-rot gestëmmt haten. Dës Majoritéit ass der Meenung, datt déi Konventioun sollt opgeléist ginn. Déi Décisioun gouf zesumme mat der Harmonie ge-holl. Mir haten eis zweemol mat hinne getraff, wou konstruktiv a fair Ge-spréicher gefouert goufen. Béid Säiten hu verschidde Propositioune gemaach.

D’Subsidereglement hu mer net op den Ordre du jour gesat, well d’Avise vun de Kommissiounen nach net virleien. Ech sinn der Meenung, datt een nä-ischt méi soll op den Ordre du jour setzen, wann déi net do sinn.

Op alle Fall waren déi Gespréicher ganz konstruktiv, an ech hoffen, datt verstane gouf, firwat mer déi Konven-tioun opléise wëllen.

Här Antony.

FRANÇOIS ANTONY (LSAP):

Dir Dammen an Dir Häre vum Ge-mengen- a Schäfferot, Här Buerger-meeschter, ech wollt am Numm vun der LSAP Déifferdeng Stellung huelen iwwer d’Resiliatioun vun der Konven-tioun zwëschen der Gemeng Déiffer-deng an der Harmonie Municipale.

Deemools, wou déi Konventioun an d’Liewe geruff ginn ass, ware vill Leit

net domadder averstanen, well se net reell ausgeschafft war vis-à-vis vun deenen anere Museksveräiner.

Dësen Accord ass méi transparent, do-fir kënne mer deen als LSAP mat gud-dem Gewësse matdroen.

Sécherlech sinn eng Partie Leit aus der Déifferdenger Harmonie net ganz glécklech iwwert déi Ännerung, mä si huet nach e puer Virdeeler vis-à-vis vun deenen anere Veräiner. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Bürger w. e. gl.

PASCAL BÜRGER (DP):

Merci, Här Buergermeeschter, léif Kolleegen a Kolleeginnen aus dem Ge-mengerot, ech wëll net den Avocat du diable spillen, mä mir wëssen nach al-leguerten, wat fir Diskussioune mer haten, wéi déi Konventioun virun zwee Joer am Gemengerot gestëmmt ginn ass. Déi deemoleg Majoritéit hat argumentéiert, firwat et zu där Kon-ventioun mat der HMD komm war. Et waren Oplagen dran, déi hätte soll-ten erfëllt ginn. Mir hätte misse kont-rolléieren, ob déi erfëllt goufen oder net.

Vu dass de Schäfferot sech mat der HMD konzertéiert huet, a se sech eens gi sinn, wäerte mir där Resiliati-oun zoustëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech wäert net hannert meng Wierder goen. Dat wäert esou agehale ginn. Ech begréissen de Konsens, déi Kon-ventioun mat ze droen.

Esou genau si mer net an d’Detailer gaangen. Et souzen zwou Partien ze-summen op engem Dësch an hu ver-stänneg mateneen diskutéiert. Dofir wollt ech der Harmonie Municipale vun Déifferdeng Merci soen.

25

ALI RUCKERT (KPL) rappelle que la convention était passée en force. Toutes les associations devraient être égales, mais une l’avait été plus que les autres. Le conseiller communal se réjouit que les écologistes se soient conver-tis. Il espère que ce sera le cas dans d’autres dossiers aussi. En tout cas, cette résiliation permet de suppri-mer une injustice.La commission des finances a dis-cuté du règlement des subsides et a fait des propositions au collège échevinal. Le communiste espère que les associations seront traitées de manière plus équitable.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle que la convention avait été approuvée par 10 voix oui, 8 voix non et une abstention. Même la majorité n’était pas unanime.L’Harmonie a pu profiter des sub-sides pendant deux ans. Gary Di-derich espère qu’ils ont investi l’argent de manière sensée.Il faut aller en direction d’un règle-ment des subsides. Il faut veiller à ce que les associations soient trai-tées de manière équitable tout en soutenant les jeunes.Déi Lénk salue le fait que les éco-logistes aient changé d’opinion.

TOM ULVELING (CSV) ajoute que le collège échevinal ne veut rien enlever à personne. Mais la convention était injuste dès le départ. La nouvelle proposition ne désavantage personne.Le collège échevinal se tiendra à ce qui a été décidé.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) donne raison à M.  Ruckert. Il s’était senti mal à l’aise lorsque la convention a été approuvée. Il est content qu’une nouvelle base ait été jetée.

PASCAL BÜRGER (DP) explique qu’il y avait des arguments en faveur de la convention. Il regrette cette guerre politique sur le dos d’une association de musique.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que la musique est importante et que la Ville est fière lorsque des associations la représentent dans des cortèges ou

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, déi Konventioun gouf am Ufank mat der Briechstaang uge-holl. Am Prinzip misst all Veräin glä-ich sinn, mä ee Veräin war méi gläich wéi all déi aner.

Et freet mech, wann eis gréng Kollee-ge vum Saulus zum Paulus ginn. Ech hoffen, dass dat bei anere Geleeënhee-ten och antrëtt. Op alle Fall gëtt hei eng Ongerechtegkeet aus der Welt ge-schaf an et kann op neie Basen dis-kutéiert ginn.

Dës Woch gouf eng éischte Kéier an der Finanzkommissioun iwwert dat neit Subsidereglement diskutéiert, wou mer dem Schäfferot eng Rei Virschléi gemaach hunn, fir et alle Veräiner méi gerecht ze maachen. Ech hoffen, dass esou Saachen an Zukunft net méi vir-kommen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Här Diderich w. e. gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter. Déi Lénk begréisst, dass déi Konventioun opgeléist gëtt. Mir stoungen deem ëm-mer kritesch géigeniwwer. Deemools waren zéng Stëmmen derfir, aacht Stëmmen dergéint, eng Stëmm hat sech enthalen, dat heescht innerhalb vun der Majoritéit gouf et keng abso-lutt Eenegkeet.

Mir si frou, dass d’Harmonie déi Opléisung acceptéiert. Si konnten zwee Joer vun där Konventioun pro-fitéieren. Ech hoffen, dass déi Sue sënnvoll investéiert gi sinn.

Op laang Dauer wär et méi intelligent, a Richtung Subside-Reglement ze goen. Ech kenne keng Detailer, mä ech hoffen, dass d’Kritäre fir d’Veräi-ner méi gerecht an zilorientéiert sinn, a virun allem, dass verstäerkt an d’Ju-gendaarbecht investéiert gëtt.

Mir begréissen dee Sënneswandel vun de Gréngen a vun der DP. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Diderich. Den Här Ulveli-ng wollt och nach eppes soen.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Et geet net drëms, fir engem eppes ewechzehuelen. Eis Positioun war vun Ufank u kloer. Mir waren deemools schonn der Meenung, dass déi Kon-ventioun net gerecht wär par rapport zu deenen anere Veräiner. Déi Propos, déi mer hei virleien hunn, ass méi équitabel, soudass kee vun de Museks-veräiner bevir- oder benodeelegt ass. Dem Här Bürger wëll ech soen, d’Pro-positioune leien um Dësch an un déi hale mer eis. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Den Här Ruckert huet absolutt Recht. Ech muss zouginn, dass ech deemools Bauchwéi hat, wéi déi Konventioun gestëmmt ginn ass. Ech si frou, dass déi vum Dësch ass a mer op enger nei-er Basis kënnen zesummeschaffen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Bürger, w. e. gl.

PASCAL BÜRGER (DP):

Ech hat virdrun a menger Interventi-oun kloer gesot, dass et Grënn gouf fir déi Konventioun. An ech fannen et traureg, dass mer elo e klenge polite-sche Krich ausféieren um Réck vun enger Sociétéit, wou et haaptsächlech drëm geet, fir eng Musek ze ënnerstët-zen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Musek ass wichteg. Eis Museksveräi-ner sinn net mat aneren ze vergläi-

26

des événements officiels.Bien sûr, on ne peut pas satisfaire tout le monde. Mais comparée à d’autres communes, Differdange remporte la Champion’s League du soutien aux associations.(Vote)Roberto Traversini passe à une convention avec l’office social. Il cède la parole à son président.

ROBERT MANGEN (CSV) explique que la convention entre l’office social, la commune et le ministère de la Famille fixe le financement de l’office social. Les frais sont partagés entre la commune et le ministère. Il demande au conseil communal d’approuver la convention.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) profite de l’occasion pour remercier M. Mangen et le conseil d’administration de l’office social pour leur travail au service de la population.Bien sûr, il vaudrait mieux que l’of-fice social ait moins de travail. Mais la réalité est une autre.

CHRISTIANE SAEUL (DP) rappelle que la convention porte sur le financement et l’organisation de l’office social, qui soutient les personnes en situation précaire.Les dossiers sont de plus en plus complexes. Il faut se demander pourquoi les demandes augmen-tent constamment.Le DP approuvera la convention et remercie l’équipe de l’office social pour son travail.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au cinquième point. Jusqu’à présent, il n’y a eu que des unanimités et il espère qu’au cours des prochaines années, il parviendra à conclure une séance uniquement avec des unanimités. Mais les opinions devraient diverger sur le point suivant.Il est question du classement de deux maisons. Il y a deux ans, une propriétaire a demandé à ce que ses maisons soient classées. Mais lorsqu’elle a pris connaissance des conditions des Sites et Monuments, elle a changé d’avis.

chen. D’Stad Déifferdeng brauch se a mir sinn immens houfreg, wa se op de Cortègen oder soss op offiziellen Uläss spillen. Natierlech kënne mer keen zu 100% zefriddestellen. Mä wann een iwwert d’Grenze kucke geet, wat aner Gemengen, fir hir Veräiner maachen, stellt ee fest, datt mer hei zu Déiffer-deng ëmmer erëm d’Champions Le-ague géife gewannen.

Mir kommen zum Vote.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la résiliation de la convention du 23 octobre 2013 avec l’Harmonie municipale de Differdan-ge.

De véierte Punkt ass d’Konventioun 2015 vum Office social. Mir hu Chan-ce, datt de President heibanne sëtzt. Här Mangen, Dir hutt d’Wuert. Et ass wahrscheinlech net aneschters, wéi déi Jore virdrun.

ROBERT MANGEN (CSV):

Ech faasse mech kuerz. D’Finanze-ment vum Office social gëtt an enger Konventioun mam Ministère de la Fa-mille a mat der Gemeng festgehalen. D’Käschte gi vun deenen zwee ge-droen. Dat ass déi Konventioun, déi mer hei ofstëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Hobscheit huet d’Wuert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, den Här Man-gen huet sech kuerz gefaasst, da maa-chen ech dat och. Ech wëll vun der Geleeënheet profitéieren, fir dem Här Mangen a senger Équipe aus dem Ver-waltungsrot, e grousse Merci ze soe fir déi Aarbecht, déi geleescht gëtt. Et ass eng wichteg Aarbecht am Déngscht vun der Populatioun.

Ech hunn et schonn dacks op dëser Plaz gesot, et wier natierlech besser en Office social hätt net esou vill Aar-

becht. D’Realitéit ass am Moment awer leider eng aner. An duerfir soen ech dem Dokter Mangen a senger Équipe villmools Merci. Mir wäerten déi Konventioun, natierlech matdroen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Madame Saeul w. e. gl, déi och am Verwaltungsrot ass.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Merci, Här Buergermeeschter. Den Objet vun dëser Konventioun ass d’Fi-nanzement fir d’Aktivitéiten an d’Or-ganisatioun, mat där sech den Office social engagéiert, fir de Persounen an de Familljen an hirer prekärer Situati-oun bäizestoen.

D’Dossiere ginn ëmmer méi déck an d’Fäll méi komplizéiert. Et misst ee sech Gedanke maachen, firwat d’Zuel vun den Demandë konstant klëmmt.

D’Demokratesch Partei stëmmt dës Konventioun a seet dem Staff vum Of-fice social a sengem Conseil d’admi-nistration Merci fir déi kompetent Aarbecht, déi se maachen. Ech soe Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Madame Saeul. Da kënnte mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver la convention 2015 portant sur l’office social.

Da kéime mer zum fënnefte Punkt. Bis ewell hate mer Eestëmmegkeet am Gemengerot. Mäin Zil ass nach ëm-mer bannent engem oder zwee Joer e Gemengerot unanime op alle Punkten ofzeschléissen. Ech mengen awer spéitstens hei ginn eis Meenungen aus-erneen.

Et ass e Klassement vun zwee Haiser. Dozou gëtt et eng Virgeschicht: Virun e puer Joer wollt eng Proprietärin hiert Haus klasséiert kréien. Wéi dunn

27

Maintenant, elle a déposé une de-mande de subsides. Or depuis le 1er  janvier, les Sites et Monuments ne verseront de subsides que pour les maisons classées ou sur la liste d’inventaire. Elle a également invi-té les Sites et Monuments chez elle, et ceux-ci estiment que les deux maisons doivent être classées. Mais la propriétaire n’est pas d’accord.La commune est dans une situa-tion délicate, car le nouveau PAG n’est pas terminé. En plus, la fa-çade des maisons figure dans une liste en vue d’être classée.Après mûre réflexion, le collège échevinal a décidé de ne pas émettre de consigne de vote, car les opinions sont bien trop diver-gentes.Personnellement, Roberto Traversi-ni s’abstiendra. D’un côté, la Ville de Differdange veut préserver ces façades. Mais de l’autre, un pro-priétaire doit pouvoir faire des tra-vaux chez lui sans devoir deman-der systématiquement une autori-sation.Le bourgmestre estime que la fa-çade doit être protégée, mais pas tout le volume.La délibération sera présentée à la ministre et la commission des Sites et Monuments aura le mot de la fin. Le nombre de ce type de dis-cussions est destiné à augmenter au cours des prochaines années. Un propriétaire n’est pas forcément d’accord avec tout. Mais d’un autre côté, il faut protéger les fa-çades de Differdange.

ERNY MULLER (LSAP) ajoute que la famille Evrard/Classen procède à des rénovations, notamment de la partie extérieure des maisons. Les frais sont à leur charge.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) estime qu’il faut préserver les façades de Differdange. Mais l’intérieur des maisons appartient à la sphère privée. Un propriétaire doit pouvoir remplacer son carrelage ou sa baignoire en bois, même si le pommeau date de 1910.La situation est différente dans les locaux publics. C’est pourquoi le conseiller communal a soutenu le classement des locaux intérieurs de la tour Hadir et de l’église de Differdange.

awer Oploe säitens Sites et Monu-ments komm sinn, déi se huet mussen anhalen, ass se vun Dier zu Dier gelaf, fir et erëm réckgängeg ze maachen. Den deemolege Schäfferot huet dat dunn och esou proposéiert.

Mä déi Proprietärin huet elo eng De-mande de subside gemaach. Vum 1. Januar un, gëtt de Sites et Monuments just nach Subsiden op Haiser, déi op der Liste d’inventaire stinn oder scho klasséiert sinn.

D’Madame hat Sites et Monuments bei sech geruff, dass déi sech alles konnten ukucken. Mir kruten e Bréif vun der Kommissioun an deem si schreiwen, datt déi zwee Haiser sollte klasséiert ginn. D’Proprietärin ass awer net méi dermat averstanen a setzt all Hiewel a Bewegung, fir et net méi klasséiert ze hunn.

Mir sinn natierlech an enger kome-scher Situatioun. Éischtens, well mer nach intensiv amgaange sinn, um PAG ze schaffen, wou mer och mat de Leit vu Sites et Monuments duerch ganz Déifferdeng gelaf sinn. Dann hu mer e Buch virleien, wou d’Fassad vun de-enen zwee Haiser drop steet, fir klas-séiert ze ginn. Hannendru kéint een awer nach dat maachen, wat ee wéilt.

No intensiven Iwwerleeungen am Schäfferot, sinn mer zum Resultat komm, datt jiddwereen esou ofstëmmt, wéi en et fir richteg fënnt. D’Meenunge ginn einfach ze wäit aus-erneen.

Ech perséinlech wäert mech beim Vote enthalen. Engersäits, well d’Stad Déif-ferdeng déi zwou Fassaden erhale wëll, déi gehéieren einfach zum Quartier. Anerersäits fannen ech, datt d’Prop-rietairen d’Méiglechkeet mussen hunn an hirem eegene Gebai ze schaffen oder et ëmzegestalten an net all Kéiers mussen nofroen. Dofir wäert ech mech enthale mat der Argumentatioun, fir d’Face ze erhalen, mä net dee ganze Volumen. Déi Argumentatioun wäerte mer dann och am Libellé festhalen.

De Vote gëtt der Ministesch virge-luecht an d’Kommissioun huet d’Schlusswuert. Déi nächst Méint a Joren, wäerten nach vill esou Diskus-siounen op eis duerkommen. Wann ee Propriétaire ass, wëll een eppes vläicht

net. Ech sinn awer der Meenung, datt d’Bild vun Déifferdeng mat senge mar-kante Fassade soll erhale bleiwen.

Den Här Muller.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Ech wëll zum Bautechneschen eppes soen. D’Famill Evrard/Classen ass am-gaangen ze renovéieren. Se maachen och kleng Aarbechten am Ausseberä-ich, wéi zum Beispill e Glänner am Fer forgé, selbstverständlech suivant les règles. D’Käschten huele si komplett op sech.

De Rescht kënnt der alles am Dossier noliesen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech si ganz kloer fir d’Erhale vun de Fassade vun eisem Patrimoine vun Déifferdeng. Egal ëm wéi eng Haiser et sech handelt. A grad esou kloer sinn ech der Meenung, dass de banneschte Raum Privatsphär ass an de Proprie-taire a senge Raim ka maachen, wat hie wëll. Wann en al Plättercher eraus-rappe wëll, well se him net gefalen, kann ech en net forcéieren déi nächst 20 oder 30 Joer doranner ze liewen. Wann hien eng al hëlze Buedzëmmer huet, an et erweise sech hygienesch Problemer, kann ech net aus denkmal-schützeresche Grënn soen, du muss déi Dusch weiderhin halen, well en Duschkapp drop ass aus dem Joer 1910. Dat ass fir mech eng Privatsaach an do soll ee kënnen dra maachen, wat ee wëll.

Et ass eng aner Saach, wann et ëm Ge-baier geet, déi fir jiddereen zou-gänglech sinn, déi der Gemeng oder dem Stat gehéieren. Do huet d’Ëffent-lechkeet e Wuert matzeschwätzen. Dofir war ech fir d’Klasséierung vun de Banneraim vum Hadir-Tower oder der Kierch vun Déifferdeng.

An dësem spezifesche Fall, ass et schwéier, sech ze decidéieren. Stëm-

28

Dans ce cas précis, il est difficile de prendre une décision. Un vote non est aussi un vote contre le classe-ment des façades. C’est pourquoi l’orateur s’abstiendra.La famille Evrard/Classen a dit vouloir tout faire pour maintenir les façades en parfait état, mais qu’à l’intérieur, elle veut réaména-ger comme elle l’entend. Il faut res-pecter cette décision.Il faut expliquer à la ministre de la Culture les arguments ayant porté au vote du conseil communal.

ALI RUCKERT (KPL) rappelle que selon le bourgmestre, ce type de discussions vont se multiplier. Il faut donc mener une discussion générale. Si le conseil communal vote pour, l’intérieur et l’extérieur seront classés.En l’absence d’un concept clair de la commune, Ali Ruckert votera contre le reclassement.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) partage les arguments de M. Schwachtgen, mais il en tire une conclusion diverse. Il faut protéger les façades, mais pas l’intérieur. En toute logique, il faut donc voter non.À l’intérieur, les propriétaires doivent pouvoir faire ce qu’ils veulent dans le respect des règle-ments. Si les maisons sont classées monument national, ce ne sera plus possible.La propriétaire en question s’est présentée également chez le conseiller communal. On peut dis-cuter longtemps de ses change-ments d’opinion, mais le fait est que maintenant, elle ne veut plus classer ses maisons. Le socialiste ne peut pas accepter qu’elle ne puisse pas faire ce qu’elle veut chez elle. Il votera donc contre le classement.

ROBERT MANGEN (CSV) estime que la question qui se pose est celle du classement. Il voit les choses comme M. Hobscheit et votera non.M. Ruckert a raison. La commune doit se laisser conseiller par des ex-perts et décider quoi faire à l’ave-nir. Car les conseillers communaux ne savent pas nécessairement ce qui doit être classé ou pas.L’orateur ne pense pas que chacun doive avoir le droit de demander le

men ech dogéint, sinn ech och géint d’Klasséierung vun de Fassaden. Oder ech enthale mech an ech soen, datt d’Fassad muss erhale bleiwen. Ech plädéiere fir d’Enthalung. Mir behale gär d’Fassad a banne soll de Proprie-taire kënne maachen, wat hie wëll.

D’Famill Evrard/Classen sot, si géifen alles maachen, fir datt d’Fassaden tipptopp an der Rei sinn, mä bannen am Haus wéilte se ëmgestalten, wéi se wéilten. Dat soll ee respektéieren.

Et muss een der Kulturministesch gutt erklären, wat ee mat deem Vote mengt. Ech mengen, d’Enthalung wär dat bescht.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Ruckert, w. e. gl.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, Dir hutt selwer gesot, dass mer an Zukunft wäerten nach mat méi esou Fäll befaasst ginn. Dofir géif ech et wichteg fannen, emol eng prinzipiell Diskussioun doriwwer ze féieren.

Wann een derfir stëmmt, heescht dat, wann ech de Bréif vun der Madame Nagel richteg verstinn, datt dat ganzt Haus klasséiert gëtt, bausse wéi ban-nen. Da kann een näischt méi maa-chen, wann een d’Autorisatioun vum Stat net huet.

Bis e kloert Konzept vun der Gemeng virläit, wéi mer eis an Zukunft zu deem Thema wëlle verhalen, wäert ech dergéint stëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Hobscheit, w. e. gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech deelen dem Här Schwachtgen seng Argumentati-oun, meng Konklusioun ass awer eng

aner. D’Fassad soll ee schützen, de Banneraum awer net. D’Leit solle kën-ne maachen, wéi se wëllen, mä dann ass fir mech déi logesch Konsequenz, dass ech dat hei net ka matstëmmen. D’Argumentatioun vun der Entha-lung, déi den Här Schwachtgen a sen-ger Konklusioun zitt, ass fir mech net richteg.

Mir sollen déi Fassaden, déi erhalens-wäert sinn, schützen. Mä d’Leit sollen awer bannen d’Fräiheet kréien, ze maachen, wat se wëllen. Natierlech ëmmer d’Reglementer respektéieren. Just, wann et als Monument national klasséiert gëtt, ass dat net méi ginn. Dat ass geféierlech.

Ech hat d’Madame och viru menger Dier stoen. Et kann een elo laang dri-wwer diskutéieren, wat si wollt an erëm net wollt. Fakt ass, si wëll dat elo net méi. Da kann ech deem net mat rouegem Gewëssen zoustëmmen, dass d’Madame op eemol net méi an hirem Haus maache kann, wat si wëll. Dofir ass meng Positioun ganz kloer, dat net matzestëmmen. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV):

D’Fro, déi sech hei stellt, ass eendeiteg d’Klassement. Ech géif och Nee stëm-men. Ech ralliéiere mech un den Här Hobscheit.

Den Här Ruckert huet Recht. Mir wä-erten an Zukunft nach vill Ufroe kréi-en. Da musse mer ons als Gemengerot iwwerleeën, wéi mer an Zukunft vir-ginn an ons vun Experte berode loos-sen. Ech weess net, ob mir alleguer heibannen à même sinn, architekto-nesch Entscheedungen ze treffen, wat ze klasséieren ass a wat net. Datt mer eventuell vum Ministère och Kritäre kréien.

D’Handlungsweis, datt egal wien ufroe kann, fir säin Haus ze klasséie-ren, fannen ech vereelzt. Do missten och national Kritären opgestallt ginn, datt net jiddwereen eppes ufroe kann.

29

classement d’une maison. Il faut des critères nationaux.

JOS GLAUDEN (DP) ajoute que même si le conseil communal vote non, la propriétaire devra demander une autorisation de bâtir si elle souhaite aménager un garage, moderniser la façade ou construire la tour de Pise. Il sera toujours possible de refuser à ce moment-là.(Interruption)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que le règlement des bâtisses fixe clairement ce qui est possible et ce qui ne l’est pas. Le futur PAG offrira plus de possibilités à la commune.Le bourgmestre cède la parole à la présidente de la commission des bâtisses.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) rappelle que la propriétaire a demandé un classement avant de changer d’avis lorsqu’elle a appris les conditions. Avant de mettre en marche tout le processus, elle aurait dû réfléchir.La question des classements a été abordée maintes fois et il est temps de conclure.Le PAG fixe un inventaire des mai-sons non classées, mais protégées. Chaque maison a été évaluée. Pour certaines, seule la façade doit être préservée. Dans d’autres cas, c’est tout le volume. Parfois, rien ne peut être modifié, même à l’inté-rieur.La conseillère communale estime que c’est à la commune de décider quelles maisons préserver, car il existe beaucoup de types d’archi-tectures intéressantes.Pierrette Schambourg votera contre le classement. En revanche, elle propose que les maisons soient ajoutées à l’inventaire de la com-mune.En cas de classement, la procédure pour des travaux ultérieurs est la-borieuse. Il faut une autorisation des Sites et Monuments et cela peut prendre des années. Et les subsides ne suffisent pas à couvrir les frais.En règle générale, lorsqu’un pro-priétaire demande à classer sa mai-son, il connaît les conditions et il faut respecter sa décision. Dans ce cas, la propriétaire ne veut plus

Oder wann, seng Décisioun begrën-nen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Glauden, w. e. gl.

JOS GLAUDEN (DP):

Och wa mer mat Nee stëmmen an déi Fra wëllt spéider eng Garage bäibauen oder hir Fassad moderniséieren oder de schifen Tuerm vu Pisa derbäi bau-en, muss se fir d’Éischt eng Baugeneh-megung ufroen. An dat kann ee jo herno refuséieren.

(Interruptioun)

Mä wa se awer wëll bei sech Ëmänne-runge maachen…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, et gëtt e Bautereglement an deem ganz kloer drasteet, wat een däerf an net däerf. Iwwer Schéinheet léisst sech gewéinlech diskutéieren. Mir wäerten deen neie PAG esou änneren, dass mer eis méi Méiglechkeete ginn.

Mä kommt, mir fuere virun an dann zéie mer herno zesummen eng Kon-klusioun. D’Presidentin vun der Bau-tekommissioun huet d’Wuert.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Merci, Här Buergermeeschter. Dat hei ass natierlech eng ganz däreg Affär, an där de Proprietaire am Ufank eng Klasséierung ufreet, dann d’Konditi-oune gewuer gëtt an doropshin dat Ganzt wëll annuléieren. Hei ass elo eng Machinerie un d’Lafe bruecht ginn. Ech fannen et immens wichteg, fir d’Éischt d’Gehir anzeschalten an ze iwwerleeën, ier een esou Démarchë mécht, well et gi Leit schaffe gedoen op verschiddenen Niveauen um Mi-nistère, bei Sites et Monuments, sou-wéi bei eis hei am Gemengerot.

Mir hunn eis elo schonn, fir déi wéi-villte Kéier, mat där Saach beschäftegt an ech denken, datt et héich Zäit gëtt

fir emol e Stréch ze zéien. Dat ass meng perséinlech Meenung.

Am Kader vum PAG gouf en Inven-taire ausgeschafft iwwer Haiser vun Déifferdeng, déi net klasséiert, awer protegéiert ginn. Mir hu Strooss fir Strooss an Haus fir Haus duerchge-holl. Et si verschidde Kritären dran: Bei deenen engen Haiser bleift just d’Fassad erhalen, wa se erhalenswäert ass, bei aneren ass et dee ganze Volu-men. Bei nach aneren Haiser däerf nä-ischt geännert ginn, wa bannendran al Stuck-Verzierungen oder Boiserien oder hëlze Biedem bestinn. Dat hänkt ëmmer dovun of.

Ech sinn der Meenung, dass d’Ge-meng selwer soll decidéieren, wéi eng Haiser architektonesch erhalenswäert sinn a wat domadder geschitt. Well et gëtt immens vill Zorte vu flotten Ar-chitekturen: zum Beispill modern Bau-ten, al Haiser, Jugendstilhaiser oder Haiser aus de 50er Joren. Et loosse sech vill schéi Projete kreéieren.

Ech perséinlech soen zu dësem Vote Nee. Ech wëll net, datt et vu Sites et Monuments klasséiert gëtt. Ech maa-chen de Virschlag, et op den Inven-taire vun der Gemeng Déifferdeng ze huelen, dass et am PAG protegéiert ass.

Et war e puermol gesot ginn, et kënnt een herno näischt méi maachen, dat ass u sech net ganz richteg. Et kann ee nach verschidde Saachen änneren, mä dat gëtt eng immens laangwiereg Pro-zedur. Dat muss een alles bei Sites et Monuments ufroen. An et ka Joren daueren, bis een eng Autorisatioun kritt. Ausserdeem gëtt et schrecklech deier. An zum Schluss mécht een net méi dat, wat ee wëll, mä dat, wat si wëllen. Par rapport zu deene Subsiden, déi ee vu Sites et Monuments kritt, ass den Invest, deen ee selwer muss leesch-ten, enorm.

Et ass rar, datt e Proprietaire selwer proposéiert, fir säin Haus ze klasséie-ren, well e genau weess, wat vun Oplagen op en zoukënnt. Dofir ware mer alleguerten iwwerrascht. Mä wann dat de Wonsch ass, muss een dee respektéieren. Elo besteet de Wonsch net méi a jiddwereen de-cidéiert, wat e fir richteg fënnt.

30

classer ses maisons. À chacun de prendre une décision selon sa conscience.La commission des bâtisses n’a pas pris position et n’a pas remis d’avis.

MARCEL MEISCH (DP) estime qu’il se pose la question de savoir quoi faire avec ce type de bâtisses. Ce sont des parties de l’histoire de Differdange.D’un autre côté, le conseil commu-nal ne peut pas décider quoi faire à l’intérieur d’une maison privée.C’est pourquoi les démocrates s’abstiendront. Ils ne veulent pas que des décisions soient imposées aux propriétaires.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) concorde sur le fait que le dossier est complexe. Avec M. Schwachtgen, il a souvent répété que davantage de bâtiments doivent être protégés. Mais contrairement à l’écologiste, il estime que le patrimoine comprend davantage que les façades. Il peut y avoir des décorations sur les murs ou le sol. Mais il ne peut pas être question des robinets d’une douche. Il faut des limites et le classement n’est pas assez spécifique.Si le classement est approuvé, ni la propriétaire ni la commune ne pourront influencer les travaux faits à l’intérieur. Cela démontre que les instruments pour la protec-tion du patrimoine à Luxembourg ne sont pas mûrs et des objets de valeurs sont perdus. Dans le cas en question aujourd’hui, la façade au moins sera préservée.La proposition d’un inventaire faite par Mme Schambourg est une bonne solution. Si ces maisons n’y figurent pas encore, il faut les y ajouter.M.  Mangen a parlé d’experts. L’orateur rappelle qu’il existe une commission, même si on prétend que son rapport concernant la tour Hadir n’existe pas.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que ce rapport n’est jamais arrivé à la commune, peu importe combien de fois M. Diderich prétend le contraire.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) l’a pourtant reçu. Les contacts

Ech wëll och soen, datt mer gëschter Owend an der Bautekommissioun déi ganz Erklärungen zu deem Sujet kru-ten. Mir haten awer keng Positioun geholl an och keen Avis dozou ofginn. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, fir déi explizit Erklärungen. Et ass vill gesot ginn. Den Här Meisch, w. e. gl.

MARCEL MEISCH (DP):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, et stellt sech ëmmer erëm eng Fro, bei esou Bauten: Wat mécht een dermat? Et ass kloer e Stéck Déifferdeng, wat hei steet.

Op där anerer Säit, solle mer net an engem seng Privatsphär era schwätze goen, wat ee bannendra maachen dä-erf a wat een net maachen däerf. Dat kann net sinn. Jidderee muss Meesch-ter iwwer säin Eegentum bleiwen. Do-fir huet d’Demokratesch Partei ent-scheet, sech beim Vote ze enthalen. Mir kënnen net domadder averstane sinn, datt een eppes imposéiert kritt. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Den Här Diderich, w. e. gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Et stëmmt, dass et keen einfachen Dossier ass. An der Vergaangenheet hunn den Här Schwachtgen an ech selwer ëmmer gesot, et sinn net vill Gebaier zu Déifferdeng, déi op der Lëscht stinn. Mä et ass awer wichteg, dass méi Gebaier solle protegéiert ginn.

Am Géigesaz zum Här Schwachtgen, géif ech soen, dass et net nëmmen ëm d’Fassade geet, wann ee vu Patrimoine schwätzt. Dorënner sinn och aner Saa-che gemengt. Et geet ausserdeem ëm d’Struktur, wéi d’Madame Scham-bourg gesot huet, ëm Verzierunge bannendran, ëm Saachen, déi um Bue-

dem oder un der Mauer sinn, awer bestëmmt net ëm Krinn vun enger Bidden oder vun enger Dusch.

Et musse Limitte gesat ginn. An de Klassementer gëtt dat net genuch pre-ziséiert.

Wann et positiv gestëmmt an herno klasséiert gëtt, huet weder d’Famill nach d’Gemeng iergendwéi Afloss, wéi wäit an d’Privatsphär agegraff gëtt. Dat fannen ech immens schued. Et weist, dass d’Instrumenter iwwert de Schutz vum Patrimoine zu Lëtzebuerg net genuch ausgeschafft sinn. Wat als Konsequenz huet, datt déi Objeten herno der Ëffentlechkeet verluer ginn. An deem heite Fall elo net, well de Wëlle besteet, d’Fassad ze erhalen.

Dofir begréissen ech der Madame Schambourg hir Propos, fir en Inven-taire ze maachen. Wann dat Gebai nach net drop ass, wär et wichteg, et drop ze setzen, dass et protegéiert gëtt, haaptsächlech vum Aspect extérieur hier. Mir gesi wéi komplex d’Diskussioun ass. Den Här Mangen seet, mir brauchen Experten a mussen eis méi mat deem Thema ofginn. Do-zou soen ech, et gëtt jo eng Kommissi-oun, och wa mer déi am Fall vum Ha-dir-Tower net consideréiert hunn, res-pektiv nach ëmmer behaapt gëtt, dee Rapport wär net do.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dee Rapport ass ni op d’Gemeng komm, Här Diderich. Dir kënnt dat nach dräimol widderhuelen, en ass ni ukomm.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech hunn en awer kritt. Är Kontakter misste besser si wéi meng.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Anscheinend net.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Soudass Dir deen och misst hunn.

31

du bourgmestre devraient être meilleurs que les siens.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que ce n’est apparemment pas le cas.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) peut le lui envoyer.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que des documents officiels doivent être remis par voie officielle, c’est-à-dire être envoyés à la commune.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle qu’il existe toutefois une commission d’experts. Le problème se situe plutôt au niveau des instruments servant à classer.En ce qui concerne les propos de Mme  Schambourg, connaître une commune ne signifie pas savoir ce qui doit être protégé.Si la procédure est telle que la dé-crit Mme  Schambourg, il faut la changer. Autrement du patrimoine sera perdu.Comme l’ont dit M.  Ruckert et M.  Mangen, la commune doit adopter une position claire pour traiter ces dossiers.La situation étant inextricable, Gary Diderich a finalement décidé de s’abstenir. Il faut tenir compte de l’avis des experts. Mais compte tenu des manques au niveau des instruments et au niveau du sou-tien à la famille, déi Lénk ne peut pas approuver le classement.

ALI RUCKERT (KPL) ajoute que le règlement des bâtisses n’a aucune valeur à partir du moment qu’une maison est classée monument national. Sans autorisation spéciale du ministère, on ne peut plus faire de travaux. Il faut tenir compte de cela.

JOS GLAUDEN (DP) ne voit pas d’inconvénients à conserver une façade. Mais à l’intérieur, une jeune famille n’a pas nécessairement envie d’avoir des têtes d’anges au plafond en guise d’ornement.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante qu’il ne toucherait pas aux têtes d’anges s’il en avait chez lui.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass awer net de Fall, Här Dide-rich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech kann Iech e gären eng Kéier sché-cken, dann hutt Der en.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hätt e gär iwwert den offizielle Wee, net vun hannen erëm. Dat sinn offiziell Dokumenter an déi sollen of-fiziell op d’Gemeng Déifferdeng ge-schéckt ginn an net iwwer aner Weeër.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Jiddefalls gëtt et eng Kommissioun vun Experten, déi sech dozou pronon-céieren. Herno läit et net méi un der Expertise, mä um Instrument, wat ee sech gëtt fir d’Klassement vun engem Gebai. D’Madame Schambourg seet, mir kennen eis Gemeng besser. Mä do muss ech soen, eng Gemeng kennen a wëssen, wat ze protegéieren ass a wat net, ass zweeërlee.

Wichteg ass och de Leit net Angscht virun engem Klassement ze maachen. Ech kenne mech net aus mat de Proze-duren, wourun et hänkt, wann et bis klasséiert ass, ob et esou ass, wéi d’Madame Schambourg dat duerge-stallt huet. Mä wann dat esou ass, muss ee sech als Gemeng dofir asetzen an als Regierung seng Responsabilitéit huelen, fir déi Situatioun ze änneren, soss komme mer net weider am Schutz vum Patrimoine. D’Subsiden entsprie-chen net dem Investissement, dat ass offensichtlech.

Ech denken, dass mer eis d’Appeller vum Här Ruckert a vum Här Mangen wierklech sollen zu Häerz huelen. Mir mussen eis politesch domadder aus-erneesetzen an eng Positioun ausschaf-fen, déi mer als Basis huelen, wéi mer mat individuellen Dossieren ëmginn.

À ce point, géife mir eis och enthalen, well et awer eng Zwéckmillchen ass. D’Avise vun den Experte solle weider-

hi consideréiert ginn. Mä wéinst Män-gel un Instrumenter a well d’Famill net genuch ënnerstëtzt gëtt, kënne mer d’Klassement net matdroen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Den Här Ruckert, w. e. gl.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, ech wëll nach just eng Bemierkung maachen, well virdrun d’Bautereglement vun der Stad Déifferdeng ugeschwat ginn ass. Dat gëllt absolutt net méi, wann dat Haus ënner Denkmalschutz gestallt gëtt.

Da brauch een eng speziell Genehme-gung vum Ministère, soss leeft guer näischt méi. Ob dat den Ubau ugeet oder iergendeppes anescht. Dat muss een natierlech och bedenken.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass ganz richteg. Mir kommen, lues awer sécher op e gréngen Zweig. Den Här Glauden.

JOS GLAUDEN (DP):

Ech sinn d’accord fir d’Fassad ze ha-len. Wann awer eng Kéier méi eng jonk Generatioun an dat Haus plën-nert, déi net onbedéngt Stuck um Plaf-fong an Engelskäpp wëll, mä sech méi modern ariichten, muss een deene Leit d’Fräiheet loossen, dat ze maachen. Wéi den Här Meisch gesot huet, mir gräifen an eng perséinlech Fräiheet an. Ech kann net domadder averstane sinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Wann ech Engelskäpp doheem hätt, géif ech se si loossen.

(Gelächter)

Här Muller.

32

ERNY MULLER (LSAP) ajoute que la commune est en train d’analyser la substance de vieilles maisons avec des architectes. Beaucoup méritent d’être protégées. Lorsque leurs façades auront été rénovées, cela changera l’image de la ville de Differdange.Des cités comme la cité ouvrière font aussi partie du patrimoine. Elles ont une grande valeur et mé-ritent d’être protégées dans leur en-semble.La commune a fait le tour des quartiers non pas pour classer les maisons, mais pour les protéger. Les décisions se prennent au cas par cas. Les maisons peuvent être classées monument national ou protégées dans le PAG.Le dossier sera présenté ultérieure-ment au conseil communal.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) estime que le tour de table démontre la complexité de la situation. La loi sur la protection des immeubles n’est pas mûre. C’est pourquoi une analyse au cas par cas est inévitable.Lorsqu’il a été question de la mai-son d’association, le conseil com-munal s’était demandé s’il s’agis-sait d’un lieu public ou pas. À l’époque, la réponse était non, mais aujourd’hui la salle constitue une plus-value pour Differdange.Ici, il s’agit de deux maisons unifa-miliales. Si la loi n’évolue pas, il sera difficile de trouver un moule pouvant être appliqué systémati-quement. Et tout le monde ne sera pas forcément d’accord avec l’avis des experts. Les experts sont plus objectifs. Le conseil communal doit prendre ses responsabilités.L’orateur estime que l’on peut s’abstenir ou voter contre le classe-ment. Les conseillers communaux qui voteront contre aujourd’hui se retrouveront peut-être dans la si-tuation délicate de voter pour la protection des façades dans le cadre de l’inventaire. Mais il y a des arguments pour l’abstention et pour un vote non.

TOM ULVELING (CSV) constate que tout le monde est d’accord: le classement va trop loin et certaines façades doivent être protégées. Mais si aujourd’hui on vote contre le classement, cela ne signifie pas

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Ech wëll allgemeng Stellung huelen. Am Moment si mer mat der Viraar-becht amgaangen, wou mer mat kom-petenten Architekten d’Substanz vun de jeeweilegen alen Haiser préiwen, ob se ze erhale sinn. Dir wäert iech wonneren, et sinn der e ganze Koup. Dat ass e wichtege Patrimoine fir eis Stad. Wann déi Haiser an d’Fassaden eemol bis renovéiert an an d’Rei gesat goufen, wäert dat d’Bild vun Déiffer-deng däitlech verbesseren. Den Dos-sier kritt der zum gegebenen Zäit-punkt virgestallt.

Zum Patrimoine gehéieren, a mengen Aen, och verschidde Citéen. Zum Bei-spill d’Cité ouvrière oder d’Cité miniè-re. Déi hunn en immens héije Wäert a sollen als Ganzt erhale bleiwen, net nëmmen eenzel Haiser.

Mir si Strooss fir Strooss, Quartier fir Quartier gaangen, sou wéi d’Madame Schambourg gesot huet, net fir d’Hai-ser ze klasséieren, mä fir se ze pro-tegéieren. Et muss vu Fall zu Fall ge-kuckt ginn.

Allerdéngs si per Gesetz zwee Weeër méiglech. Entweder gëtt et vu Sites et Monuments als“Monument natio-nal“klasséiert oder et besteet d’Alter-nativ, dass et am PAG protegéiert gëtt.

D’Analyse sinn nach amgaangen. Wann den Dossier ofgeschloss ass, wäerte mer iech dee presentéieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Liesch hat och d’Wuert ge-frot.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Buergermeeschter. Wann een den Tour de table mécht, gesi mer wéi komplex d’Situatioun ass. Et kann ee just feststellen, dass d’Gesetz iwwert d’Protektioun vun den Immeu-blen hei zu Lëtzebuerg net bis an de leschten Detail ausgeräift ass. Mir kommen net derlaanscht, fir ëmmer cas par cas ze analyséieren.

Ech erënneren un deen éischte Fall, dee mer hei am Gemengerot haten, dat berühmt Veräinshaus, wou mer eis och net eens waren, ob et sollt klas-séiert ginn oder net. Deemools gouf d’Fro opgeworf, ob et e Lieu public wär oder kee Lieu public. Dee Mo-ment war et nach keen. Haut kon-testéiert kee méi, dass dee renovéierte Sall eng Plus-value fir Déifferdeng ass.

Hei handelt et sech ëm zwee Eefamill-jenhaiser, wat erëm eng aner Situati-oun ass. Wa sech näischt am Gesetz ännert, wäerte mer an Zukunft Schwieregkeeten hunn, eng Form ze fannen, déi mer kënnen applizéieren. Et kann ee sech un d’Avise vu staatle-chen Experte ralliéieren, mä et wäer-ten ëmmer Déifferdenger Leit ginn, déi net domadder d’accord sinn. Déi Experte gesinn dat aus engem anere Bléckwénkel, sinn net emotional ge-bonnen a betruechten dat méi nüch-tern a sachlech. Deementspriechend wäerte mer ni eng Linn fannen. All Fall ass anescht. Als Gemengerot mus-se mer Verantwortung iwwerhuelen a kucken, wéi mer dat an Zukunft handhaben.

Ech ka mat ville Saachen averstane sinn, déi gesot goufen. Et kann ee sech enthale mat motivéierter Begrënnung. À la limite kann een och dergéint stëmmen.

Woubäi ech da muss soen, datt mer vläicht net korrekt sinn, wa mer ier-gendwann den Inventaire stëmmen, wou mer déi Fassad schützen. Dann hu mer nämlech eng Kéier Nee gesot an eng Kéier Jo. Mä och dat kann een erëm relativéieren. Fir mech gëtt et souwuel Argumenter derfir wéi do-géint. Ech ka mech un déi zwee ral-liéieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Ulveling.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Bis elo stellt sech eraus, dass mer eis alleguerten eens sinn: d’Klasséierung geet ze wäit an d’Fassade mat Charak-ter a Geschicht musse geschützt ginn. Wann ee mat Nee stëmmt, heescht dat

33

que les façades ne peuvent pas être protégées.M. Meisch a raison. Il ne faut pas interférer avec la vie privée des gens. De l’extérieur, on ne voit que la façade.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) ajoute que le classement en tant que monument national est très restrictif. L’article 10 prévoit que le ministre donne son accord pour chaque modification intérieure. Il a six mois pour prendre sa décision. La commission se rend à domicile pour voir quels travaux peuvent être exécutés. Reste la question du montant des subsides, qui ne sont pas clairement définis.Il existe un inventaire supplémen-taire des monuments nationaux. Les maisons en attente y sont ins-crites et les experts ne s’y déplacent que lorsque des modifications sont demandées. Dans ce cas-ci, Fränz Schwachtgen se demande pourquoi les maisons n’ont pas été inscrites dans ce classement en attente. Car il est rare qu’un immeuble soit classé monument national immé-diatement. Peut-être manque-t-il des explications au dossier.C’est pourquoi le conseiller com-munal ne peut pas répondre par oui ou par non. En revanche, il peut motiver une abstention. Voter pour ou contre signifierait prendre une décision définitive. Fränz Schwachtgen s’abstiendra parce qu’il veut conserver la façade.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise qu’il est question du droit de propriété. Les plans sectoriels prévoient l’expropriation dans certains cas. Dans ce cas-ci, si un propriétaire ne peut plus faire ce qu’il veut chez lui, c’est aussi une forme d’expropriation.Bien entendu, c’est aussi une ques-tion d’émotions. C’est comparable au dossier de l’église où des gens se sont mariés, ont fêté leur commu-nion ou assisté à un enterrement.Le bourgmestre rappelle le mora-toire visant à protéger les maisons unifamiliales. Un promoteur ne peut plus remplacer une maison unifamiliale par des résidences.Mais dans ce cas-ci, c’est du cas par cas. Chacun doit prendre la dé-cision qu’il juge bonne.

jo net, dass een d’Fassad net wëll pro-tegéieren. Ech sinn dem Här Mangen senger Meenung.

Dem Här Meisch seng Awänn zu der Privatsphär sinn absolut richteg. Et ge-säit een dach net, wéi d’Leit wunnen a wéi et bannendran ausgesäit, ob et hëlze Biedem sinn oder net. Wat ee ge-säit ass jo just d’Fassad. Ech fannen och, dass een de Leit d’Fräiheet muss loossen, d’Haus ze gestalten, wéi si sech dobanne wuelfillen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Schwachtgen an da wollt ech d’Konklusioun zéien.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Hei geet et ëm e Classement comme monument national, wat ganz restrik-tiv ass. Am Artikel 10 steet, fir all Transformatioun, déi bannendra ge-maach gëtt, all Reparatioun, Restau-ratioun oder soss Modifikatioun, muss de Minister säin Accord ginn. Hien huet sechs Méint Zäit eng Déci-sioun ze huelen. Während deene sechs Méint, geet d’Kommissioun bei d’Leit heem kucken, wat däerf erausgeholl ginn a wat net. Zu deem stellt sech d’Fro, wéivill de Stat bäileet. Iwwer-hëlt hie 5%, 10% oder 80% vun de-ene Käschten? Dat ass nach net kloer definéiert. Mä ganz sécher keng 80.

Et gëtt en Inventaire supplémentaire vun de Monuments nationaux. Wat ass en Inventaire supplémentaire? Dat ass e Classement en attente. Dat heescht, d’Klasséierunge ginn opge-schriwwen. Wann un engem Haus Ännerunge geschéien, kommen Exper-ten dat kucken. Ech froe mech, firwat et net fir d’Éischt op den Inventaire supplémentaire geholl gëtt. Well nëm-men a rare Fäll kënnt et direkt zu en-gem Classement monument national. Dozou feele mer vläicht déi néideg Ex-plikatiounen am Dossier.

Wat d’Ofstëmmung ubelaangt, wann ee Jo oder Nee seet, gëllt dat fir dee ganzen Dossier. Hei kann ech mech net fir e Jo oder en Nee entscheeden. Dat ass ze vill sec. Eng Enthalung kann ee motivéieren. An all Parlament

op der Welt, hieft een d’Hand an et seet een, ech enthale mech aus deenen an deene Grënn, an da gëtt dat opge-schriwwen. Wann ech Jo oder Nee soen, hiewen ech d’Hand net méi. Dann ass et fäerdeg. Dofir entschee-den ech mech fir Enthalung mat der Motivatioun: ech hätt gär d’Fassad.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et geet effektiv ëm d’Droits de prop-riété. An där Hisiicht kënnt nach vill Aarbecht op d’Regierungen duer.

An de Plan sectoriels ass ganz kloer virgesinn, datt een am Fall vu Stroos-sen, wichteg Haiser a Schoulen entee-gent ka ginn. Hei hu mer och eng Aart Enteegnung, wann een net méi selwer decidéiere kann, wat a sengem Haus geschitt.

Effektiv gëtt et Experten déi eng aner Approche hunn. Wéi den Här Liesch richteg gesot huet, geet et ëm Emoti-ounen. Dat war och schonn esou bei der Kierch, do sinn d’Leit dra bestuet ginn, se hunn d’Kommunioun ge-maach, et ware Begriefnisser vun hire Familljen. Dat spillt natierlech alles eng Roll.

Ech erënneren un de Moratoire, dee mer heibanne gestëmmt haten, wou d’Eefamilljenhaiser geschützt sinn. Dat ass hei ugeholl ginn. Et geet elo kee Promoteur Haiser ofrappen, fir Appartementshaiser amplaz ze setzen. Theoretesch kënnt hien dat maachen, awer fir dann zwee nei Eefamilljenhai-ser draus ze maachen.

Natierlech muss ee Cas par Cas ku-cken. Dofir schloen ech vir: All Con-seiller soll fir sech dcidéieren, wat hie fir richteg hält.

D’Argumenter, déi ervirbruecht gou-fen, sinn all richteg. Ënnert dem Stréch wëlle mer alleguerten datsel-wecht, just dass déi eng sech enthalen an déi aner dergéint stëmmen. Egal wéi de Vote wäert ausgoen, mir wäer-te ganz kloer an de Bréif schreiwen, wat mer gären hätten. Dee wäert och jiddereen heibannen ausgedeelt kréien. Mä et ass ëmmer esou, wann et drëm geet, eppes ze halen oder net ze halen, deele sech d’Meenungen.

34

De toute façon, les conseillers com-munaux ont tous le même objectif, quelle que soit leur délibération. La commune rédigera une lettre expli-quant clairement cet objectif.(Vote)Roberto Traversini passe à la règle-mentation du cimetière en forêt.

TOM ULVELING (CSV) rappelle que l’ancien règlement date de 1958. Il est temps de le moderniser. Differdange s’est inspirée d’Esch, Dudelange, Pétange et Käerjeng. L’inspection sanitaire a déjà remis son avis.Le nouveau règlement fixe les ho-raires d’ouverture des cimetières, le moment où peuvent se dérouler les enterrements, etc.Les tombes laissées à l’abandon peuvent être récupérées par la com-mune à condition qu’une annonce soit passée dans le journal.Parmi les nouveautés figure un pré de la mémoire pour les enfants mort-nés et les fausses-couches. Les concessions sont gratuites.En ce qui concerne le cimetière en forêt, Tom Ulveling remercie M. Liesch dont il a repris le dossier. Il s’agira d’un cimetière régional. Il sera possible soit de réserver un arbre près duquel les cendres se-ront enterrées, soit de répandre les cendres sur une prairie du souvenir. Douze arbres sont mis à disposi-tion. Les gens peuvent réserver quatre places. Le prix est fixé à 70 euros sans cérémonie et 100 euros avec cérémonie. La concession coûte 200 euros par emplacement pour 15  ans et 250 euros pour 30 ans.Mis à part des fleurs la première se-maine, il sera interdit de déposer des objets au cimetière en forêt.Un chalet est aménagé pour les cé-rémonies.Les chasseurs n’ont pas le droit d’ouvrir le feu sur le site.Tom Ulveling demande au conseil communal d’approuver le nouveau règlement des cimetières.

Mir kommen zum Vote.

Le conseil communal décide avec 8 voix non et 10 abstentions de se pro-noncer contre le classement comme monuments nationaux de deux mai-sons situées dans la rue de la Poste à Differdange.

Et geet weider mat der Reglementati-oun vum Bësch-Kierfecht. Och dee muss reglementéiert ginn. De Schäffen Tom Ulveling huet sech ëm d’Opstel-lung gekëmmert.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, dat aalt Reglement staamt vun August 1958. Dat huet ewell gro Hoer kritt. Dofir gëtt et déck Zäit, et op deen neiste Stand ze setzen.

Mir hunn eis inspiréiert un de Gemen-gen Esch, Diddeleng, Péiteng a Käerje-ng, déi deen Exercice scho virun e puer Joer gemaach hunn. Et läit och en Avis vun der Inspection sanitaire bäi. Ech soen all deene Leit Merci, déi matgeschafft hunn.

Am neie Reglement hu mer verschid-den Upassunge festgehalen: fir unze-fänken d’Auerzäiten, wéini de Kier-fecht op ass. D’Police konnt bis elo owes um zéng Auer keen erofdämpen, well dat net verankert war.

D’Délaie fir d’Begriefnisser gi festge-sat. Zu wéi engen Zäiten déi stattfan-ne mussen. Zum Beispill däerf net während de Begriefnisser geschafft ginn, fir d’Intimitéit net ze stéieren. Déi Griewer, no deenen net méi geku-ckt gëtt an zerfalen, kënne vun der Gemeng iwwerholl ginn. Et muss fir d’Éischt an d’Zeitung annoncéiert ginn. Wa kee sech mellt, fir et ze iwwerhuelen, geet et un d’Gemeng. An da ka si decidéieren, wat mat deem Graf geschitt.

Ganz nei ass e“Pré de la mémoire». Dat ass geduecht fir Enfants morts-nés, Foetussen oder Fausses couches, déi kënnen och elo bei eis begruewe ginn. Déi Konzessioune si gratis. D’Gemeng freet och keng Taxen.

An elo kommen ech op de berühmte Bësch-Kierfecht ze schwätzen. Hei muss ech dem Georges Liesch Merci soen, dee fiederféirend war, ech hu den Dossier en cours de route iwwer-holl. Et ass deen Drëtten hei am Land. No Betzder, Käl a Schëffleng huet och Déifferdeng e regionale Bësch-Kier-fecht, wou ee sech kann anäschere loossen. Dat kann op zwou Manéiere geschéien. Entweder reservéiert ee sech e Bam. Do gëtt e Lach gegruewen an d’Äschen dra gemaach. Oder et kann ee seng Äschen op enger Ge-denkwiss verstreeë loossen an där En-ceinte vun deem Bësch. Et stinn eng zwielef Beem zur Verfügung. De Bësch ass ganz schéin amenagéiert ginn, et ass op enger flotter Plaz. D’Leit kënne sech bis zu véier Plaze reservéieren.

Ouni Zeremonie kascht et 70 Euro, mat Zeremonie 100 Euro. D’Konzessi-oun ass 200 Euro pro Emplacement fir 15 Joer. Fir 30 Joer ass et 250 Euro pro Emplacement.

Vum Ministère de la Nature et des Forêts kréie mer e Formulaire mat al-len Detailer, wéi dat genau foncti-onnéiert.

Wichteg ass, dass um Bësch-Kierfecht keng Géigestänn erlaabt sinn. Déi éischt Woch vum Begriefnis kënnen d’Leit Blumme fir dee Verstuerwenen nidderleeën. Duerno ginn déi awer ewechgeholl. Mir sinn amgaangen e Chalet opzeriichten, fir d’Zeremonien ofzehalen.

De Jeeër hu mer och eng Matdeelung ze maachen. D’Juegd ass wuel op, mä op deem Areal däerf net geschoss ginn. Fir d’Rou net ze stéieren.

Dat ass dat neit Reglement. Ech géif iech bieden deem zouzestëmmen, well et eng Opbesserung zum ale Regle-ment ass. An et sinn zwou nei Saa-chen: de“Pré de la mémoire“an de Bësch-Kierfecht, wat mer virdrun net haten. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Madame Saeul Dir hutt d’Wuert.

35

CHRISTIANE SAEUL (DP) estime qu’il était temps d’adapter le règlement des cimetières, qui datait de 1958. À l’époque, les morts étaient enterrés alors qu’aujourd’hui, 50  % sont incinérés. Désormais, la troisième ville du pays a un cimetière en forêt. La conseillère communale remercie le collège échevinal d’avoir moder-nisé le règlement des cimetières. Il répond à de nombreuses questions comme les horaires d’ouverture, les délais pour un enterrement, ce qui se passe avec une tombe à l’aban-don, la façon dont sont traités les morts, etc.Un pré de la mémoire a été prévu sur suggestion de l’inspection sani-taire.Un autre point important dans le règlement des églises…(Interruption)Christiane Saeul voulait parler du règlement des cimetières. Un point important est celui du cimetière en forêt. La demande est forte et la commune en a tenu compte. Les habitants de la vallée de la Chiers peuvent y faire déposer leurs cendres.Le DP approuvera le règlement.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante que le conseil communal n’a rien à dire concernant les églises. Il cède la parole à M. Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) salue la réalisation du cimetière en forêt. La commission de l’environnement a collaboré au projet, de même que M.  Liesch et M. Ulveling.L’idée provient de Mme  Adri van Westerop, qui était très active sur la scène écologique. Le premier ci-metière en forêt a ouvert à Betzdorf. À l’étranger, il en existe depuis plus longtemps.Lorsque quelqu’un réfléchit à sa mort, il se demande à quel endroit sa famille voudra l’enterrer.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère que la famille respectera la volonté du défunt.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) répond que ce n’est pas toujours le cas.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, zäitlech ge-sinn, war et un der Zäit, fir d’Kier-fecht-Reglement der Zäit unzepassen, well et, wéi scho gesot, vun 1958 datéiert. Deemools goufen déi Verstu-erwen nach ënnert dem Buedem be-gruewen, wou awer haut d’Statistik vum Crématoire Hamm iwwer 50% Incinératiounen opweist.

Als drëttgréisst Gemeng vum Land hu mer och elo e Bësch-Kierfecht. Mir begréissen, dass dat aalt Reglement vun den zoustännege Schäffen iwwer-schafft an op den aktuelle Stand bruecht ginn ass.

D’Délaien, déi bei engem Begriefnis mussen agehale ginn, d’Auerzäiten zu deenen de Kierfecht op ass, wat mat engem Graf geschitt, wat baufälleg ass a wou keng Famill méi do ass, d’Reglement vun der Konzessioun, d’Handhab vun de Verstuerwenen, dëst sinn e puer Beispiller aus deem neie Kierche-Reglement, dat eis virläit.

Op Suggestioun vun der Inspection sanitaire, ass eng Parzell“Pré de la mé-moire“agefouert ginn. E wichtege Punkt am neie Kierchereglement, ass…

(Ënnerbriechung)

Soen ech ëmmer Kierche-Reglement?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir hunn et awer verstanen.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

E wichtege Punkt am neie Kierfecht-reglement ass d’Aféierung vum Bësch-kierfecht. D’Nofro ass ëmmer méi grouss ginn an als drëttgréisst Ge-meng, gëtt deem heimat Rechnung ge-droen. All Awunner aus de Kordall-Gemengen huet d’Méiglech-keet seng Äsche bei engem Bam bäize-setzen, respektiv verstreet ze kréien.

Ech soe Merci fir d’Nolauschteren a mir stëmmen dëst Kierfechtreglement. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et ass net esou einfach. Mir hunn awer näischt an enger Kierch ze soen.

(Gelächter)

Et si Wierder, déi kritt een heiansdo einfach net eraus. Wëll een dozou d’Wuert ergräifen? Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Am Numm vun deene Gréngen, be-gréisse mer d’Realisatioun vum Bësch-kierfecht. D’Ëmweltkommissioun huet ganz vill un deem Projet matgeschafft souwéi och déi Häre Schäffe Liesch an Ulveling.

D’Iddi vum Bëschkierfecht kënnt vun der Madame Adri van Westerop — ech hat dat schonn eng Kéier gesot — déi net nëmmen an der grénger, mä an der ganzer ekologescher Zeen, be-kannt war. Deen Éischten ass zu Betz-der realiséiert ginn. Am Ausland gëtt et där scho méi laang.

Et ass natierlech Philosophie, wann ee sech mam Doud auserneesetzt. Et mécht ee sech jo iergendwann eng Kéier Gedanken, wéi meng Famill mech wou leie wëll hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hoffe si mécht et esou wéi Dir wëllt.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Dat ass net ëmmer garantéiert. Et ass en Thema, wat kontrovers diskutéiert gëtt.

Et ass eng gewësse Pietéit douewen um Bierg, eng Naturverbonnenheet, kee Kaméidi. Ech wollt dem Fierschter an der Forstverwaltung ausdrécklech Merci soen, dass se eis déi Plaz esou schéin an d’Rei gesat hunn, fir de Bëschkierfecht dohinner ze kréien.

An der Entrée gëtt et de Beienhotel, en Insektenhotel, deen eis Schoulklasse kënne besichtegen. De Chalet kann

36

Le site choisi est calme. Le conseil-ler communal remercie le garde champêtre et l’Administration des forêts de l’avoir choisi.À l’entrée se trouve l’hôtel pour abeilles. Le chalet pourra servir à la fois pour accueillir les classes qui visitent l’hôtel et pour les cérémo-nies. Cette combinaison entre la vie de ces jeunes et la mort des plus anciens est philosophiquement in-téressante.Il existe des adversaires du cime-tière en forêt. Mais chacun doit pouvoir décider ce qu’il veut après sa mort. Ceux qui préfèrent un en-terrement traditionnel peuvent op-ter pour cette solution.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime que le sujet est délicat.M. Ulveling a expliqué que les fa-milles doivent se tenir aux règles. Elles ne pourront pas déposer de croix, de fleurs ou d’autres objets. Un prospectus sera distribué. Par ailleurs, la commune dispose de personnel formé pour discuter avec les personnes concernées.

TOM ULVELING (CSV) remercie à son tour le garde forestier pour son travail et son rôle dans l’échange des terrains.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) excuse M.  Bürger qui doit s’en aller pour raisons professionnelles.Il passe aux règlements tempo-raires de circulation. Actuellement, la commune compte deux grands chantiers, qui occasionnent bien des problèmes de circulation. Tout le monde attend la rocade avec im-patience.

FRED BERTINELLI (LSAP) signale que l’avenue de la Liberté sera fermée du 18 mars au 31 juillet. Il y a un chantier dans la Grand-rue, la rue Henri-Dunant et la rue Prince-Henri.Les CFL ont ouvert un chantier dans l’avenue Charlotte. Ils vou-laient fermer la barrière pendant 14  jours, ce qui aurait occasionné un véritable chaos. Finalement, ils réaliseront les travaux du 22 au 27 mai pendant les vacances de la

duebel benotzt ginn, souwuel fir d’Schoulklassen, wéi och fir d’Gemen-genzeremonien, déi wierklech an aller Würd douewen ofgehale ginn. Ech fanne grad dat jonkt Liewen an d’Ofliewe vun deenen Eeleren, ass eng Kombinatioun, déi mech philoso-phesch ganz beréiert.

Et gëtt och leider eng Rei Géigner vun esou engem Bëschkierfecht. Do muss ech soen, d’Leit decidéiere selwer, wéi se wëlle begruewe ginn. Wann dat op déi traditionell Manéier ass, kënne se dat roueg maachen. Dat ass jidderen-gem seng eegen Entscheedung.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et ass keen einfacht Thema, Här Schwachtgen.

Si keng Wuertmeldunge méi?

Dat ass net de Fall. Ech wëll nach eng Kéier ganz kloer soen, den Här Ulveli-ng hat et ugeschwat, datt d’Famillje sech mussen u Regelen halen. Et däerf näischt dohinner gestallt ginn, weder Kräizer, Blummen nach soss iergend-wellech Objeten. Dat muss wierklech absolutt respektéiert ginn. Et gëtt och e Prospekt doriwwer ausgedeelt.

Doriwwer eraus hu mer ausgebiltent Personal bei eis an der Gemeng, déi mat betraffe Leit schwätze kënnen. Déijéineg, déi schonn esou eppes ma-terlieft hunn, wëssen, dass dat keng einfach Momenter sinn.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Ech hat virdrun eppes vergiess ze soen. Den Här Schwachtgen huet mech elo drun erënnert. Ech wëll dem Fierschter och offiziell Merci soen, fir déi vill Aarbecht, déi hien hat a fir säin Engagement beim Tosch vun den Terrainen. Him och e grousse Merci vu menger Säit aus.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Elo has de Chance. Hie steet schonn hannert der Dier. Mir kommen zum Vote.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le nouveau règle-ment communal sur les cimetières avec intégration du nouveau“Bësch-kierfecht“.

Ech wëll den Här Bürger entschëlle-gen. Aus beruffleche Grënn, muss hien dréngend fort. Elo komme mer zu de Règlements temporaires de circulati-on. Dir kritt jo alleguerte mat, wéi gutt de Verkéier owes op eise Stroosse virugeet. Dat ass e risege Problem. Mir hunn do zwee grouss Schanter-cher lafen. Mir si wierklech frou, wann déi ofgeschloss sinn an d’Roca-de esou schnell wéi méiglech kënnt. Här Bertinelli, Dir hutt dee schéine Ressort.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Leider ass dat bei grousse Schanter-cher esou. Ech wollt iech nach eng Kéier de Rapport maache vun deene sëlleche Schantercher an de Stroossen, déi zou sinn.

Dat ass éischtens emol d’Avenue de la Liberté. Déi ass vum 18. 3. 2015 bis den 31. 7. 2015 zou. Dann hu mer de Schantjen an der Groussstrooss, mat der Henri Dunant. Ech hat schonn e puermol hei gesot, wéi laang déi Aar-bechten daueren. An der Rue Prince Henri ass e Schantjen.

Da sinn Aarbechten an der Avenue Charlotte, wou d’CFL um Schinnen-netz schafft. Do hat ech awer pani-quéiert, wou se soten, se wéilten d’Barrière fir 14 Deeg zoumaachen. Ech hat se dunn direkt op d’Gemeng komme gelooss. Dir kënnt iech jo virstellen, wat mer dann eréischt fir e Chaos an der Gemeng hätten. Mir hunn en Accord mat hinne fonnt, datt se déi Aarbechte während der Päischt-vakanz maachen. Dat wär vum 22. bis de 27. Mee. Dat sinn dann nëmme fënnef Deeg, wou déi Strooss zou ass. An et ass an enger Zäit, wou allge-meng manner Verkéier ass.

Zu der Kiermes hätt ech och nach eng Matdeelung ze maachen a punkto Verkéierssituatioun. Et ass jo esou, dass de Cortège ëmmer um hallwer si-wen owes lass geet. Dat ass grad déi

37

Pentecôte. Afin d’éviter d’ultérieurs problèmes de circulation, le cortège de la kermesse, qui débute toujours à 18  h  30, empruntera un autre parcours cette année. Il rejoindra la kermesse en passant par l’avenue de la Liberté jusqu’au pont. Cela devrait permettre d’éviter des em-bouteillages inutiles.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère que les moutons seront du même avis.(Vote)Roberto Traversini passe au quar-tier des anciens ateliers de Nieder-korn. Le collège échevinal a décidé de le renommer en Cité Galerie Hondsbësch.Le bourgmestre profite de l’occa-sion pour demander aux partis de soumettre leurs propositions de noms de rues jusqu’à la fin de l’an-née. Roberto Traversini souhaite-rait qu’il y ait autant de noms de femmes que d’hommes. Les propo-sitions seront discutées au sein des commissions concernées.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) soutient la proposition de M. Traversini concernant les noms de femmes. Il ajoute qu’il faudrait installer un panneau à l’entrée du quartier en commémoration des femmes qui se sont occupées des personnes cachées dans la galerie Hondsbësch.déi Lénk s’est demandé s’il ne fal-lait pas donner un nom de femme à la cité, mais a finalement décidé de soutenir la proposition du collège échevinal.Du point de vue de l’égalité des chances, il est important qu’il y ait autant de noms de femmes que d’hommes dans l’espace public. Un monument en l’honneur de ces femmes courageuses permettrait de valoriser la place de la femme dans la société.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’un panneau sera effectivement installé dans le quartier. Les femmes qui ont nourri les personnes cachées dans la galerie sont aussi importantes que ceux qui montaient la garde. Tout Niederkorn et tout Differdange ont contribué à cacher ces 144  personnes pendant plusieurs semaines. Autrement, cela

Zäit, wou de Gros vun de Leit heem fiert a vill Verkéier ass. Dofir gi mer dëst Joer en anere Wee. De Cortège geet duerch d’Avenue de la Liberté bis uewenaus bei d’Bréck an da vun do op d’Kiermesplaz. Mir hunn dat de-cidéiert fir de Verkéier net onnëtz op-zehalen a wäit Stauen ze provozéieren, vu datt mer keng Ausweichstroossen hunn.

Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Hoffentlech gesinn d’Schof dat och esou. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver les règlements temporaires de circulation.

Elo kënnt de Punkt 7. Hei geet et ëm en neie Quartier, deen entsteet. D’Por-te ouverte war ganz gutt besicht, och vu ville Jonken. D’«Anciens ateliers“-mussen ëmbenannt ginn. Mir hunn am Schäfferot laang Diskussioune ge-fouert a mir géife se“Cité Galerie Hondsbësch“nennen.

An deem Sënn, wëll ech hei en Opruff un all d’Parteie maachen, fir eis Stroossennimm bis d’Groussvakanz oder Enn dës Joers ze proposéieren. Deemnächst kommen nach Stroosse bäi, wéi der am Dossier feststellt. Da kënne mer an de Kommissiounen ze-summen driwwer diskutéieren. Wann et ëm Nimm geet, ass et jo och ëmmer ganz kriddelech. Ech wär frou, wa souwuel Fraen- wéi Männernimm, oder soss Nimm, géife virgeschloe ginn. Dir wësst, datt mer versichen, dat méi auszegläichen an op 50% Fraen- a 50% Männernimm ze kom-men. Gitt eis är Proposen eran. Et ass wichteg, datt mer matzäite kënnen iwwert d’Nimm diskutéieren.

Eis Propos ass“Cité Galerie Honds-bësch“. Jo, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Traversini. Mir ënnerstët-zen déi dote Propos. Mir wollten

zousätzlech proposéieren, bei de Citéen e Schëld unzebréngen, wou un déi Frae geduecht gëtt, déi d’Leit ver-suergt hunn, déi an der Galerie Hondsbësch verstoppt waren. D’Chancëgläichheetskommissioun hat do en Avis un de Schäfferot gemaach. An ech hoffen, dass dat consideréiert gëtt.

Eis Partei kann déi Nimm nach eng Kéier erareechen, respektiv nach ku-cken, fir anerer ze fannen. Mir haten driwwer diskutéiert, ob een déi Cité sollt no esou enger Fra benennen. A mir hunn eis decidéiert Är Propos ze ënnerstëtzen.

Ee vun de wichtegsten Aspekter aus der Perspektiv vun der Chancëgläich-heet ass, dass d’Fraen eng equivalent Präsenz zu de Männer am ëffentleche Raum hunn. Dass een ergänzend e Monument hätt, wou couragéis Fraen, déi wäertvoll Aarbecht geleescht hunn, déi néideg Unerkennung géife kréien. Wat d’Stellung vun der Fra an eiser Gesellschaft géif valoriséieren.

Ech hoffen, dass mer méi Fraennimm kréien, dass een an Zukunft op 50/50 kéim. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et wäert effektiv e Panneau dohinner kommen. Dat war mat am Gespréich. Et mengt een, Dir wäert dobäi ge-wiescht. Dat gouf diskutéiert.

Fir eis sinn déi Fraen, déi gekacht hunn, déi d’Brout bruecht hunn, grad esou wichteg, wéi déi, déi virun der Galerie stoungen an opgepasst hunn, wien erakomm ass. Ganz Nidderkuer, d’ganz Stad Déifferdeng huet dozou bäigedroen, datt déi 144 Leit während Woche konnte verstoppt bleiwen. An dofir hu mer eis drop gëeenegt, eng Plaquette dohinner ze setzen. Déi ganz Uertschaft huet deemools zesummege-halen. Soss wier dat net méiglech ge-wiescht.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’attribuer le nom de Cité Ga-lerie Hondsbësch au nouveau quartier

38

n’aurait pas été possible.(Vote)Roberto Traversini passe à un avis de la commission des festivités. Mais comme le collège échevinal n’en a pas encore discuté, ce point est reporté.Le bourgmestre passe aux ques-tions.

ARTHUR WINTRINGER (DP) explique qu’un citoyen lui a demandé pourquoi les séances du conseil communal ayant eu lieu il y a plus d’un an ne sont plus accessibles en ligne. Pourrait-on les mettre sur le nouveau site internet?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) se réjouit que des citoyens s’intéressent aux séances du conseil communal vieilles de plus d’un an. Il aurait compris pour celles des six derniers mois étant donné que l’analytique n’a pas encore été distribué. Mais il donne raison à M. Wintringer et espère que toutes les séances seront rapidement en ligne.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) rappelle que le ministre de l’Éducation nationale était en visite à Differdange hier. Qu’en est-il des projets en cours? Les enseignants ont-ils reçu des informations? Qu’arrivera-t-il au Jenker l’année prochaine?Le collège échevinal en sait-il plus? L’orateur n’a pas pu assister à la réunion.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espérait que cette question ne serait pas posée, car il se trouve dans une situation délicate.Il y a quelques mois, le ministre a expliqué au collège échevinal qu’une école européenne ouvrirait à Differdange et non un lycée clas-sique.Pour rappel, la décision d’ouvrir un lycée à Differdange a été prise il y a quelques années par Mme  Del-vaux.Hier, le collège échevinal a fait des propositions concernant les bâti-ments pouvant être mis à disposi-tion, et notamment l’école ména-gère, la Léierbud et des conteneurs dans le Parc des Sports. Le site du centre de recyclage a aussi été men-

sur le site des anciens ateliers de Nie-derkorn.

Et koum en Avis vun der Comission des Festivités, mä deen ass nach net duerch de Schäfferot gaangen. Da géi-fe mer dat op déi nächst Sitzung ver-leeën.

Da komme mer elo zu de Froen. Här Arthur Wintringer.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Et ass e Bierger u mech erugetrueden, dee gefrot huet, firwat een op deem neie Site net méi d’Gemengerotssitzun-ge lauschtere kann, déi méi wéi ee Joer al sinn, wat soss ëmmer de Fall war. Ech hat dat viru 14 Deeg nogekuckt an do sinn tatsächlech just nach déi lescht dräi Sitzungen drop an de Rescht feelt. Dee freet, ob et méiglech wär, déi eeler Sitzungen erëm drop ze setzen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Éischtens emol sinn ech immens frou, datt et Bierger gëtt, déi Gemengerots-sitzunge lauschtere wëllen, déi iwwer ee Joer al sinn. Déi bis viru sechs Méint verstinn ech, well den Analyte-schen nach net eraus ass, mä dat hat ech schonn erkläert.

Selbstverständlech muss dat behuewe ginn. An ech hoffen, dass dat séier ge-schitt. Et ass och wichteg, wann en neie Conseiller an de Gemengerot kënnt, datt deen d’Méiglechkeet huet, nozelauschteren, wat gesot ginn ass. Dir hutt 100% recht.

Wa mer scho Bierger a Biergerinnen hunn, déi sech fir eis Stëmmen interes-séieren, solle se déi Méiglechkeet kréi-en. Mir kucken dat no an dat wäert gemaach ginn.

Den Här Schwachtgen hat nach eng Fro. Äre Mikro ass net un.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Den Unterrechtsminister vun der DP war gëschter Invité am Ale Stadhaus.

Ech wollt wëssen, wéi d’Regierung sech zur Schoulpolitik geäussert huet. Kënnt Dir eis vläicht Erklärunge ginn?

Wéi wäit ass de Schäfferot am Bild iwwert all déi Projeten a wéi wäit sinn d’Enseignanten am Bild? D’Enseig-nante vum Jenker waarden zënter Méint op eng Entrevue, wéi et mat hi-rem Gebai d’nächst Joer virugeet. D’Déifferdenger Léierpersonal stellt sech Froen, wéi eng Gebaier eventuell benotzt ginn oder wou de Lycée soll hi kommen.

Wéi wäit ass de Schäfferot in-forméiert, wat elo geschitt? Vläicht koume gëschter Erklärungen. Ech war net an der Sitzung. Ech fannen et net gutt, dass d’Regierung de Schäfferot net an d’Bild setzt. Wéi ass de leschte Stand?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hat gehofft, déi Fro géif net kom-men. Ech sinn hei an enger komescher Situatioun. Ech empfannen dat esou. Virun e puer Méint hate mer de Mi-nister mat senge Conseilleren hei am Schäfferot. Do krute mer gesot, et wär kee Lycée classique, mä eng Europa-schoul. Mir haten eis doriwwer ënner-halen a mir hunn dat begréisst. Mir hu begréisst, dass iwwerhaapt emol e Lycée op Déifferdeng kënnt. Iwwre-gens war dat viru Joren eng Décisioun vun der Madame Delvaux, dass Déif-ferdeng e Lycée kréich. Et gëtt scho Jorzéngten dovunner geschwat an elo gesäit et esou aus, wéi wann et géif Realitéit ginn.

An der Sëtzung vu gëschter gouf vill diskutéiert. Et ass gesot ginn, et géif elo zimlech schnell goen. Mir hunn der Regierung Propose gemaach, wéi eng Gebaier mer kënnten zur Verfü-gung stellen. Ënner anerem war Rieds vun der Haushaltungsschoul, vun der Léierbud, wou 13 grouss Klassesäll dra sinn. Eventuell kënnte Containe-ren am Parc des Sport opgeriicht ginn. Mir hunn eis wierklech domat be-faasst — haaptsächlech den Här Mul-ler —, wou een d’Schoul kënnt ënner-bréngen.

Et war och d’Iddi opkomm, fir d’Schoul vläicht op déi Plaz ze setzen,

39

tionné, mais il faudrait alors trou-ver une autre place pour celui-ci. Aucune décision n’a été prise.Il est aussi question d’une école primaire européenne à côté du ly-cée européen. Les discussions se poursuivent.La semaine dernière, le collège échevinal a envoyé une nouvelle lettre au gouvernement, car il n’a pas reçu de réponse à sa lettre du 9 décembre. À l’époque, le collège échevinal avait demandé qu’au moins 50  % des élèves du lycée soient des Differdangeois. Il veut aussi avoir son mot à dire sur les critères d’admission afin qu’ils ne soient pas inaccessibles pour les Differdangeois. Le gouvernement n’a pas répondu pour le moment.Demain, une entrevue concernant la propriété des terrains aura lieu. Depuis peu, la Ville de Differdange est propriétaire du terrain sur le-quel le lycée doit être construit. Elle l’a acheté pour 15  000 euros l’are. Or l’État ne compte rem-bourser que 10  000 euros l’are. Il faudra en discuter.Roberto Traversini estime qu’il faut revenir sur ce point compte tenu aussi des compensations reçues par la commune de Mamer pour ac-cueillir l’école européenne.Differdange a besoin d’un lycée et le collège échevinal va tout faire pour l’obtenir. Le bourgmestre a lu dans un journal qu’il ouvrirait en 2020-2021. Or le gouvernement a parlé d’un ou deux ans plus tôt.Il est donc important de discuter avec les personnes concernées. Au-cune décision n’a été prise en ce qui concerne le parc de recyclage. Le collège échevinal ne voit pas d’inconvénient à être maître d’ou-vrage sur le terrain de l’école pri-maire. L’école sera-t-elle préfinan-cée? Le remboursement se fera-t-il à travers le loyer ou en bloc? Tout cela n’est pas clair.Le collège échevinal veut un lycée à Differdange et le ministre proba-blement aussi. Mais Roberto Tra-versini n’a pas de réponse à toutes les questions.Pour le reste, il y a des lois portant sur l’école primaire. Le ministre tient sans aucun doute compte de la satisfaction des enseignants. En ce qui concerne le Jenker, le bourg-mestre n’a pas d’informations.

wou elo de Recyclingszenter ass an deen dann anzwousch anescht ze placéieren. Mä dat ass alles nach net fest. Et si just Iwwerleeungen, déi ge-maach goufen. Et ass näischt schrëft-lech festgehalen.

Inoffiziell lafe Gespréicher vun enger Primärschoul. Souwisou ass dat eng Konditioun, fir nieft dem Europalycée och eng Europa-Primärschoul ze hunn.

Mir sinn intensiv amgaangen, un deem Dossier ze schaffen.

Mir hunn der Regierung d’lescht Woch e Bréif geschriwwen, datt mer se wéilten esou séier wéi méiglech ge-sinn, well mer nach keng offiziell Änt-wert op eise Bréif vum 9. Dezember kritt hunn, wat dann elo alles geschitt.

An der deemoleger Entrevue, hate mir gefuerdert, datt mindestens 50% vun de Schüler, déi an de Lycée ginn, Déif-ferdenger sollte sinn. Dat géife mer wëlle festhalen. An dass mer och d’Kritäre wéilte matbestëmmen. Net dat d’Kritären herno ze vill héich wä-ren, datt guer keng Déifferdenger Schüler a Schülerinnen an dee Lycée kënnte goen. Hei hu mer och nach nä-ischt Schrëftleches vun der Regierung kritt.

Muer gesi mer eis — dat war kuerzer-hand décidéiert ginn — fir emol d’Pro-prietéitsverhältnisser vum Terrain ze klären. Et ass jo esou, datt d’Stad Déifferdeng säit ganz Kuerzem Prop-rietaire vun deem Terrain ass, wou de Lycée soll drop kommen. Dat gouf hei am Gemengerot gestëmmt. Deen Ter-rain hate mer fir 15. 000 Euro den Ar kaaft. An dir wësst jo, datt mer am Moment just 10. 000 Euro den Ar vum Stat kréien. Do leeë mer bal iwwer eng Millioun drop. Dat wäerte mer muer selbstverständlech awer nach eng Kéier uschwätzen.

Dat ass eng Diskussioun, déi mer mus-se féieren. Ech hunn do meng perséin-lech Meenung. Wann een d’Beispill hëlt vun der Europaschoul zu Mamer, wat d’Gemeng Mamer awer nach als Kompensatioun kritt huet, ass et awer erlaabt ze froen – wann ee vill Suen ausginn huet fir en Terrain —, dass deen Dossier awer erëm eng Kéier kënnt opgeschloe ginn.

Ech weess, datt d’Stad Déifferdeng dee Lycée brauch. A mir wäerten alles dru setzen, datt dee Lycée esou schnell wéi méiglech opgeet. An der Zeitung, respektiv am Bréif, hunn ech gelies, datt e soll 2020-2021 opgoen. Déi leschte Kéier, wou d’Regierung hei war, war et awer nach een zwee Joer éischter.

Ech mengen, et ass elo ganz wichteg, datt mer d’Responsabel vun alle Mi-nistèrë gesinn, fir emol d’Verhältnisser ze klären. Iwwert de Parc de recyclage muss diskutéiert ginn. Wat geschitt mat deem? Verkafe mer deen? Verlou-ne mer deen? Mir hätte kee Problem dermat, fir eventuell Bauhär ze gi vu deem Terrain fir d’Primärschoul. Ass dat e Virfinanzement? Kréie mer déi Sue pro Loyer erëm? Kréie mer se en bloc erëm? Mir sinn der Meenung, wa mer et virfinanzéieren, datt mer déi Sue solle komplett an enger Kéier erëmkréien. Alles Saachen, déi nach musse gekläert ginn.

Eent ass sécher. Deen heite Schäfferot mécht alles, fir datt de Lycée esou schnell wéi méiglech op Déifferdeng kënnt. Ech mengen, datt de Minister dat och wëll. Am Schäfferot musse mer och nach zesummekommen an iwwert all déi Saachen diskutéieren.

Ech kann Iech haut nach net op alles eng Äntwert ginn. Ech hoffen, datt mer muer an där Entrevue wéinstens emol d’Terrainsverhältnisser gekläert kréien.

Wat d’Primärschoul betrëfft, gëtt et Gesetzer. Wann d’Enseignanten ze-fridde sinn oder net… Ech ka mer jo net virstellen, datt e Minister sech do-riwwer ewechsetzt. Ob de Jenker elo muss plënneren oder net, weess ech net. Ech mengen, dat ass net de Rôle vun der Stad Déifferdeng. Eise Rôle ass ze kucken, datt de Lycée esou schnell wéi méiglech heihinner kënnt. Datt d’Europaschoul kënnt. D’Kon-zept ze klären, wie Virrang huet an dee Lycée ze goen, an datt mer end-lech deen Terrain zur Verfügung stel-len, fir datt et lass geet.

Nach eng Kéier: Ech wëll net, datt ge-mengt gëtt, datt Déifferdeng dee Lycée net bräicht oder net wéilt oder elo Steng an de Wee setzt. Dat ass defini-tiv net de Fall. Mir hätte gär, datt dee

40

Mais ce n’est pas le rôle de Differ-dange de s’occuper de cela. La priorité, c’est d’obtenir un lycée et une école européenne, d’établir les critères d’admission et de régler les questions autour du terrain.Differdange a besoin d’un lycée et veut un lycée. La Ville souhaite que les discussions avancent vite. Mais il faut rappeler que depuis 30 ans, sur le plan national, Differdange ne remporte jamais le premier prix. Cela commence à bien faire.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) demande le décompte d’Aquasud, qui a ouvert il y a plus d’un an.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que le décompte sera présenté dans une séance du conseil communal ou d’une commission. Il faut voir ce qu’Aquasud a apporté.

JOS GLAUDEN (DP) demande pourquoi les sculptures ont été sorties du parc. Leur nouvel emplacement ne favorise-t-il pas le vandalisme?

TOM ULVELING (CSV) rappelle que dans chaque quartier une sculpture a été installée. Dans le parc Dune, on ne les voyait pas bien. Le collège échevinal souhaite apporter la culture auprès des citoyens. C’est pourquoi des sites bien visibles ont été choisis.Jusqu’à présent, les réactions ont toutes été positives.Bien entendu, le risque de graffitis existe. Mais il existe tout autant dans le parc Edmond-Dune. En plus, dans les quartiers, on a plus de chances de se faire remarquer que dans un parc la nuit.Les emplacements des sculptures ne sont pas encore terminés. Il s’agit de rendre la ville plus attrac-tive.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute qu’il faut impliquer les jeunes et les enfants. La ville de Reggio en Italie est un exemple de ce qu’on peut faire si on amène la culture chez les gens.En ce qui concerne les sculptures, de nouvelles sont ajoutées tous les deux ans.

Verkaf schellstméiglech an de Gemen-gerot kënnt. An dann och erëm eng Kéier no bausse cru soen, datt d’Stad Déifferdeng d’Box e bëssen erofgeloss huet, fir iwwerhaapt eppes ze kréien. Well et muss ee soen, datt d’Stad Déif-ferdeng déi lescht 20-30 Joer ëmmer nëmmen deen zweete Präis kritt huet. An ech muss iech soen, dat fänkt awer esou lues un, schwéier ze ginn.

Madame Schambourg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Ech wollt just ganz offiziell den De-kont vum Aquasud froen, fir eis dat vläicht an der nächster Gemengerots-sëtzung oder virun der Vakanz eng Kéier unzekucken. Dat leeft elo e gutt Joer. Do misste jo awer da schonn Zuele virleien.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Guer kee Problem. Dir wäert deen De-kont kréien. Entweder maache mer dat hei am Gemengerot oder mir maa-chen et an enger Kommissioun, wou jiddwereen ageluede gëtt. Duerchaus soll gekuckt ginn, ob et eppes bruecht huet oder net.

An da waren nach Froe vum Här Glauden a vum Här Diderich.

JOS GLAUDEN (DP):

Ech hu just eng Fro zu de Skulpturen, déi aus dem Park erausgeholl gi sinn. Firwat ass dat geschitt? Ech hu Beden-ken, do wou se elo stinn, wéinst Graf-fiti bezéiungsweis Vandalismus.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech wollt Iech d’Wuert ginn, Här Ul-veling.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Gitt mer et.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dir hutt et.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Effektiv hu mer d’lescht Woch an all Quartier eng Skulptur opgestallt. Déi Skulpture ware schonn ëmmer am Parc Dune, mä et huet ee se net gutt gesinn. Si waren zimlech verstoppt. An eis Iddi war, am Fong d’Kultur bei d’Bierger ze bréngen, dass de Bierger net bei d’Kultur muss kommen. Dofir hu mer Plazen erausgesicht, wou se gutt visibel sinn, an och vum Verkéier aus kënne betruecht ginn.

Bis elo krute mer nëmme positiv Re-aktiounen. Dat heescht, d’Leit begréis-sen dat.

Mir haten déi Bedenken natierlech och mat Graffiti an esou weider. Mä ech mengen, déi Gefor besteet bei al-lem, wat ee mécht. Wann ee gäre Graffiti sprëtzt, kann een och an de Parc Dune goen a se do mat Graffiti besprëtzen. Hei ass de Risiko méi kleng well vläicht grad eng Persoun op der Dier ass, déi eppes matkritt. Wäh-rend am Parc Dune nuets kee Mënsch ass an een dann nach méi Schued kann uriichten.

An eisen Aen ass et eng gutt Iddi, fir d’Stad e bëssen opzefrëschen. Ech muss och soen, dass déi Plazen, wou d’Skulpture stinn, nach net ganz fäer-deg sinn. Dat gëtt natierlech nach uer-dentlech begréngt, dass et wierklech ganz aluedend ausgesäit.

Hunn ech op alles geäntwert, wat Der gefrot hat? Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dozou wéilt ech nach soen, dass mer och versichen, d’Kanner an d’Jugend mat anzebannen. Ech kann iech re-commandéieren, gitt eng Kéier op Reggio, wann der an der Géigend sidd, an Italien, wat do alles geschitt ass. Do mierkt der wéi sech eng Stad ännere kann, wann een d’Kultur bei d’Leit bréngt. Dat gëtt e ganz anert Bewosstsäin.

41

Désormais, lorsqu’on se promène dans les rues de Differdange et des autres localités, on se rend compte qu’avec les belles fleurs, l’image de la ville évolue.En plus, le bourgmestre fait confiance aux habitants. Le but doit être de rendre Differdange tel-lement belle que les gens voudront faire la queue pour venir y habiter.Il reste trois questions. Deux concernent M.  Liesch, qui a un rendez-vous important et qui devra partir bientôt.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique que M.  Diderich a posé une question sur la qualité de l’air à Differdange compte tenu de ce qui s’est passé à Esch.Il rappelle que tous les ans, Differdange prévoit des fonds pour effectuer des mesures, en complément à celles effectuées par l’État et qui sont loin de suffire. Il y a une seule station de mesure à Differdange, ce qui est ridicule. L’échevin espère que prochainement, l’État remplira enfin son devoir et que Differdange ne devra plus investir autant d’argent.Differdange dispose d’un monito-rage depuis dix ans. Il est temps de tirer un bilan, qui sera présenté avant les grandes vacances. Il per-mettra de se faire une idée précise de la qualité de l’air et de la terre à Differdange. Le rapport sera aussi mis en ligne sur le site communal afin que chacun soit informé.Bien entendu, si la commune avait été informée d’une situation cri-tique, elle aurait averti immédiate-ment les personnes concernées. Il arrive que les seuils prévus soient dépassés, mais cela reste tolérable. D’une manière générale, la qualité de l’air s’est améliorée, mais elle n’est pas encore bonne.La deuxième question porte sur la motion que le conseil communal a approuvée concernant le TTIP. Le conseil communal s’est montré cri-tique envers ces accords négociés à huis clos. Un des points de la motion stipu-lait qu’il fallait demander au gou-vernement d’insister pour que les négociations soient rendues pu-bliques. Cela a été fait par tous les partis représentés à Differdange. Georges

Zu de Skulpturen, wollt ech soen, datt et der all Joer bäikommen.

UNE VOIX:

All zwee Joer.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

All zwee Joer kommen der bäi. Ech mengen, dass et e Versuch wäert ass. Wann een duerch Déifferdeng an du-erch eis Uertschaften trëppelt, mat de-ene schéine Blummen, gëtt dat awer lues a lues en anert Bild vun der Stad Déifferdeng. An ech hunn esou vill Vertrauen an eis Bierger a Biergerin-nen, datt se och ufänken, dat ze res-pektéieren. Ech ginn net op ze soen, datt ee soll probéieren, Déifferdeng esou flott ze maachen, datt d’Leit Schlaang stinn, fir op Déifferdeng wunnen ze kommen. Mir hunn elo nach dräi Froen. Den Här Liesch muss op e wichtege Rendez-vous. Hie géif dann op déi Éischt an op déi Drëtt äntweren. An déi zweet Fro géif den Här Ulveling beäntweren.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Den Här Diderich hat gefrot, wéi d’Pollutioun vun der Loft hei zu Déif-ferdeng wär, notamment am Zesum-menhang mam Virfall zu Esch.

Et ass esou, dass mer zu Déifferdeng — dat wësst Der jo — all Joer am Budget Sue virgesinn — wat och hei gestëmmt gëtt — fir e Biomonitoring ze maachen. An dee Biomonitoring ass eigentlech eng zousätzlech Analys zu deem, wat de Stat mécht; wou mir awer nach ëmmer fonnt hunn, dass de Stat hei sengen Aufgaben net nokënnt mat am Ufank dräi a mëttlerweil just nach enger eenzeger Miëssstatioun hei zu Déifferdeng fir d’Loftqualitéit. Dat war an eisen Aen nach ëmmer lächer-lech. Dat hu mer dem Stat och matge-deelt. Ech hoffen, dass an nächster Zäit eng Verbesserung kënnt, dass d’Gemeng Déifferdeng manner Sue muss investéieren an dass de Stat sen-ger Hausaufgab gerecht gëtt a méi Miëssstatioune mécht.

Dat gesot, hu mer dee Biomonitoring elo säit zéng Joer. Iwwer zéng Joer ass eng Period, wou een eng Tendenz ge-säit an Aussoe maache kann, déi net punktuell sinn. An ech hunn den Op-trag erausginn, dass mer dem Gemen-gerot nach virun der Summervakanz e flotte Rapport iwwert déi Miësswäer-ter maachen, awer natierlech verdau-lech eriwwerbréngen, mat Grafiken, soudass jiddwereen déi liese kann. Dat wäert och op eisen Internetsite pub-lizéiert ginn, soudass jiddwereen déi Donnéeë kucke kann, wat zu Déiffer-deng iwwer zéng Joer gemooss ginn ass. Do ass immens vill zesumme-komm. Et kann ee sech e ganz kloert Bild maachen, wéi et ëm eis Loftqua-litéit an och eis Buedemqualitéit – et geet net nëmmen ëm d’Loftqualitéit, mä och ëm d’Buedemqualitéit – hei zu Déifferdeng steet.

Ech kann awer elo scho virgräifen. Wa mer Saache fonnt hätten, déi ext-rem dréngend gewiescht wären, wou ee gesot hätt, do geet eng rout Luucht un, hätte mer natierlech direkt re-agéiert an déi concernéiert Leit aver-téiert. Dat war net de Fall. Et gëtt wuel punktuell Iwwerschreidungen, déi awer nach ze vertriede sinn.

Wat ech elo scho soe kann, ass, datt d’Tendenz déi ass, dass sech d’Loft-qualitéit verbessert. Mä si ass awer nach ëmmer net gutt. Dat kann ech elo schonn emol soen. Virun der Sum-mervakanz wäert ech dee Rapport hei am Gemengerot presentéieren an e wäert och der Ëffentlechkeet zur Ver-fügung gestallt ginn.

Déi zweet Fro geet iwwert déi Moti-oun, déi mer hei unanime gestëmmt haten iwwert den TTIP. Do hate mer eng Partie Saache gestëmmt, wou mer extrem kritesch si par rapport zu deem Kontrakt, deen hannert zouenen Dieren ausgehandelt gëtt. Mir stoun-gen deem nach ëmmer kritesch géige-niwwer. Dir stellt d’Fro: Wat huet de Gemengerot respektiv de Schäfferot an dësem Dossier bis elo ënnerholl? Déi eenzel Punkten, déi mer festgeha-len hunn, waren emol:“Demander au gouvernement d’insister pour que les éléments de négociations soient rendus publics». Dat huet all Partei ronderëm den Dësch hei gemaach. Dat heescht, bei sengen Intervenante gekuckt, dass déi Kontrakter — alles, wat do ver-

42

Liesch ne sait en revanche pas si cela aura un impact.La motion dit aussi que la com-mune refusera un certain nombre de points. Mais pour le moment, le collège échevinal n’a été confronté à rien, parce que les accords n’ont pas encore abouti. Il n’y a donc rien à refuser pour le moment.Un point particulièrement impor-tant est celui de l’information des citoyens. Il s’agit d’un contrat ex-trêmement complexe qu’il faudra faire comprendre à la population. Les gens ne doivent pas se laisser influencer par les différentes par-ties, mais être informés de manière objective par la commune.Actuellement, des bouts de l’accord sont disponibles. Mais l’échevin es-time qu’il vaut mieux expliquer les accords dans leur intégralité et par conséquent attendre jusqu’à la fin de l’année.Pour le moment, il est trop pour entreprendre quoi que ce soit. Mais le collège échevinal et le conseil communal se tiendront à la mo-tion.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) cède la parole à M.  Ulveling pour une question concernant une affiche.

TOM ULVELING (CSV) ne comprend pas le but de la question, car l’affiche et le flyer concernés n’ont rien d’extraordinaire. Le flyer a coûté 140,19 euros et l’affiche 245,39 euros, soit 385,58 euros en tout. Il y a des choses plus chères et plus intéressantes.M.  Diderich veut aussi savoir pourquoi le prix n’est pas mention-né sur le flyer. Parfois, les prix sont sur le flyer, parfois non. C’est nor-mal. Mais il figurait sur l’affiche distribuée aux ménages et sur le site internet.Le collège échevinal n’a rien à ca-cher et Tom Ulveling ne comprend pas la question.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime que le fait que le prix ne figure pas sur l’affiche prêtait à confusion. D’ailleurs, des gens ont posé la question au conseiller communal.C’était la population portugaise qui était visée et le prix peut jouer

handelt gëtt — op jidde Fall public ge-maach gëtt, ier dass iergendwelch Dé-cisioune geholl ginn. Wat fir een Im-pakt dat wäert hunn, weess ech elo natierlech och nach net. Mä mir hunn awer dat op jidde Fall gemaach.

An der Motioun selwer sinn eng ganz Partie Refuse, wou mer als Gemeng soen, dass e puer Saache misste re-fuséiert ginn. Dat wäerte mer och nach ëmmer maachen. Mir sinn awer nach mat näischt konfrontéiert ginn, well deen TTIP och nach net fäerdeg ass. Duerfir konnte mer bis ewell nach näischt refuséieren. Mä eis Haltung ass nach ëmmer déi, déi mer an der Motioun festgehalen haten.

An ee Punkt, deen Iech am wichtegste schéngt, an och mir extrem wichteg ass, dass mer d’Bevëlkerung iwwert dee megakomplexe Vertrag informéie-ren, an dat esou eriwwerbréngen, dass d’Leit och verstinn, ëm wat et eigent-lech geet. An net nëmme vu lénks oder vu riets beaflosst ginn, mä dass mir dat als Gemeng och kënne maachen.

Mir waarden nach ëmmer drop, dass deen Text a senger Integralitéit end-lech do ass. Am Moment gëtt et Sté-cker, déi ee kritt, déi ee kann erauslie-sen, mä geet dat schonn duer? Ech sinn éischter der Meenung, mir sollten nach e bësse waarden an eng Campag-ne maachen, mat Experten, déi der Bevëlkerung dat erkläre kënnen. Ech hoffen awer, dass mer bis Enn dës Joers méi Konkretes hunn. Ech hat dat och bei verschiddene Leit am Eu-ropaparlament nogefrot, déi mer so-ten, dass déi Texter awer bis dohinner integral misste verfügbar sinn. Dass een dat emol kënnt maachen.

Bis dato hunn ech fonnt, dass et nach ze fréi war, well net all Elementer do sinn. Mä ech kann Iech awer verséche-ren, dass de Schäfferot — an ech men-gen och dee ganze Gemengerot — nach ëmmer zu 100% zu där Motioun hei steet. A soubal Elementer kom-men, wäerte mer och reagéieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Liesch. Domadder wier dann déi, ah nee, Pardon.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Et war nach eng.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ah jo. Entschëllegt. Et ass nach eng zweet Fro. Et geet ëm e Präis vun en-ger Affiche. Här Ulveling, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Ech verstinn a sech net esou richteg, firwat dat gefrot gëtt. Dat kann een einfach gewuer ginn. Et ass jo näischt Extraes, wat hei geschitt ass. Mir hunn e Flyer gedréckt a mir hunn eng Affiche gedréckt. De Flyer huet 140,19 Euro kascht mat der TVA. An d’Affi-che huet 245,39 Euro kascht. Zesum-men huet et also 385,58 Euro kascht. Do gëtt et awer aner Saachen, déi we-sentlech méi deier sinn a méi interes-sant wären nozefroen, wéi dat hei.

Dir frot och nach:“Pour quelle raison, le prix d’entrée n’a t-il pas été menti-onné»? Dat ass an der Branche esou üblech. Heiansdo steet de Präis drop an heiansdo net. Op der Affiche sto-ung de Präis, um Flyer net. De Präis ass 15 Euro. Et kann een de Präis op eisem Internetsite wéi och am Heft-chen, dat un all Haushalter verdeelt gëtt, gewuer ginn.

Mir hunn näischt ze verstoppen, wann Der dat gemengt hutt. Ech hunn am Fong net richteg verstanen, firwat Der déi Fro gestallt hutt, mä ech hu se hei-mat beäntwert.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech hu se gestallt, well d’Bierger mech dat gefrot haten a well et fir vill Leit irreführend war — virun allem fir déi Populatioun, déi viséiert war. D’Flyere waren op Portugisesch, well de Spek-takel och op Portugisesch war. Fir e

43

un rôle. Certains auraient pu pen-ser que le spectacle était gratuit.Même le flyer sur la table ronde à 1535  °C comprenant une mention expliquant que l’événement était gratuit.En plus, les gens ne vont pas véri-fier le prix sur le site internet. Il faudra voir dans le bilan culturel si les gens se sont déplacés ou pas.

TOM ULVELING (CSV) répond qu’il s’est sans doute agi d’un oubli. Mais pour le moment, la moitié des tickets ont été vendus.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) clôture la séance publique. La prochaine aura lieu début juin avec l’organisation scolaire au programme.

groussen Deel vun deene Leit, spillt et schonn eng Roll, ob esou een Evene-ment gratis ass oder net. A wann dat net drop steet, kënnt et bei deene Leit esou un, wéi wann dat gratis wär.

Et gëtt jo vill kulturell Evenementer, déi gratis sinn. Souguer um Flyer fir d’Table ronde am 1535°C iwwert d’kreativ Beruffer stoung drop, dass et gratis war. Wa sech déi Méi géif ge-maach ginn, fir dee klengen Detail ze preziséieren, bräichten d’Leit sech keng Froen ze stellen. Et ass eng Klen-gegkeet, déi awer nëtzlech ass. Et kann een och herno am Bilan culturel kucken, ob déi Leit komm sinn oder net. An et ass jo och esou, dass ee sech net zousätzlech op eng Homepage in-forméiere geet, wann ee mengt, op en-gem Flyer géif alles stoen. Ech soen Iech Merci.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Et huet sech héchstwahrscheinlech ëm en Oubli gehandelt. Ech kann Iech nach d’Informatioun ginn, dass zurzä-it d’Halschecht vun de Billjeeë ver-kaaft sinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Heimat wär déi ëffentlech Sitzung eri-wwer. Mir gesinn eis ufangs Juni erëm, ënner anerem och fir d’Schou-lorganisatioun. Ech soen der Press Merci, datt se esou laang bliwwen ass.

44

SÉANCE DU CONSEIL COMMUNAL DU MERCREDI 17 JUIN 2015

CONSEILLERS PRÉSENTS:

Roberto Traversini, bourgmestre (déi gréng)Erny Müller, 1er échevin (LSAP)Tom Ulveling, échevin (CSV)Fred Bertinelli, échevin (LSAP)Georges Liesch, échevin (déi gréng)François Antony (LSAP)Carlo Bernard (DP)Pascal Bürger (DP)Gary Diderich (déi Lénk)Jos Glauden (DP)

Martine Goergen (DP)Pierre Hobscheit (LSAP)Robert Mangen (CSV)Marcel Meisch (DP)Ali Ruckert (KPL)Christiane Saeul (DP)Pierrette Schambourg (CSV)Fränz Schwachtgen (déi gréng)Arthur Wintringer (DP)

ABSENTS/EXCUSÉS:

ORDRE DU JOUR

SÉANCE PUBLIQUE

1) Communications du collège des bourgmestre et échevins.

2) Projets communaux: réaménagement de l’Entrée en Ville – devis et plans pour les travaux de voirie et d’infrastructure et d’évacuation des eaux pluviales, article budgétaire 4/624/221313/15008.

3) Enseignement fondamental et structures d’accueil:a) organisation scolaire de l’enseignement fondamental pour l’année d’études 2015/2016;b) règlement d’occupation des postes d’instituteur conformément à l’article 38 de la loi du 6 février 2009

portant organisation de l’enseignement fondamental – adaptation pour l’année 2015/2016 de l’annexe 1 définissant les postes à tâche spécifique et les détachements.

4) Finances communales:a) état des restants pour l’exercice 2014 et décharges accordées;b) avis et titres de recettes de l’exercice 2014;c) engagement de l’emprunt inscrit au budget de l’exercice 2015 – décision de principe.

5) Actes et conventions: a) acte notarié d’une adjudication publique du 28 avril 2015 de terrains constructibles situés dans la

Montée du Haut-Wangert à Differdange;b) acte de vente d’une parcelle de 2,1 ares située à Niederkorn au lieu-dit « rue St. Pierre »;c) convention pour les systèmes de collectes sélectives d’emballages avec l’asbl Valorlux;d) contrat de rivière de la Chiers – déclaration d’intention.

6) Règlements communaux: règlements temporaires de circulation.

7) Personnel communal: modifications au niveau de l’organigramme.

8) Changements au sein des commissions consultatives.

45

SÉANCE NON-PUBLIQUE

1) Personnel enseignant: propositions de réaffectation dans le cadre de la première liste des postes d’insti-tuteurs vacants de l’enseignement fondamental pour la rentrée 2015/2016.

2) Personnel communal:a) nomination provisoire d’un agent municipal;b) avancements de grade de deux fonctionnaires;c) prolongation de stage de deux fonctionnaires;d) démission d’une éducatrice graduée repris par l’État;e) démission, contrats et avenants au sein des structures d’accueil;f) résiliation d’un commun accord d’un contrat d’apprentissage.

46

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Schéine gudde Moien alleguerten. Et ass richteg schéin iech erëm all ze ge-sinn, no esou vill Wochen ouni Ge-mengerot. An dir wësst jo, deen nächsten ass de 15. Juli an engem gud-de Mount erëm eng Kéier moies um aacht Auer.

Mir maache bal alles fir eis Gemen-geréit; dat heescht, mir hunn deen elo virgeréckelt, well verschidde Leit da scho leider mussen an d’Vakanz goen, hu se mer gesot.

(Gelaachs)

Eng kleng Kommunikatioun: den Här Ulveling huet den Datum falsch op en-ger Invitatioun geschriwwen.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Ech hunn en net falsch geschriwwen, mä en ass falsch geschriwwen. Et ass fir d’Nidderkuerer Kiermes. D’Ouver-ture ass, bien entendu, freides. An et ass de 17. an net den 18., wéi hei an der Invitatioun steet. Dat war et. Mer-ci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

An eng aner Matdeelung, déi ech iech maache wëll: Dir wësst jo, wat am Moment an der Welt an och an Euro-pa fir Problemer sinn. Nämlech d’Flüchtlingsproblemer. Datt et wier-klech Leit gëtt, deenen et ganz, ganz schlecht geet. A wann een ëmmer méi Biller ze gesi kritt, gesäit een am Fong geholl, wéi grouss de Misär ka sinn. Dofir huet sech de Schäfferot d’lescht Woch mat der OLAI getraff, fir ze ku-cken, wéi d’Stad Déifferdeng och seng Verantwortung vis-à-vis vun de Flüchtlingen iwwerhuele kann.

Et geet elo einfach duer, fir ze soen, wéi schlëmm dat ass, an awer näischt dogéint ze maachen. Dann huet ee besser, et kuckt een an de Buedem an et léisst een et iwwert sech ergoen. Oder et seet een: „Mir wëllen hëllefen, och wann et net vill ass.“ Dofir hu mer eis mat der OLAI zesumme ge-traff, fir ze kucken, wéi et méiglech

wier, a schnell méiglech wier, hei an eiser Stad nach méi Flüchtlingen opze-huelen. Et ass esou, dass mir hinnen en Terrain virgeschloen hunn, wou elo nach technesch gekuckt gëtt, ob dat machbar ass.

Am Moment stinn 99 Better fir d’Flüchtlingen zur Verfügung, wou bis elo absolutt nach ni e Problem war, wou deenen hir Kanner mat eise Kan-ner hei an d’Schoul ginn. Mir sinn der Meenung, datt mer handele mussen. A mir wäerten dann déi nächst Woche kucken, ob dat méiglech ass.

Ech fannen, datt eng Stad wéi Déiffer-deng dat maache muss. Ech hoffen hei och wierklech Ënnerstëtzung vun alle Parteien a vun alle Conseilleren ze kréien. An de Schäfferot wier natier-lech frou, wann dat esou wier.

Et ass geduecht, fir eventuell do, wou se am Moment sinn — déi 99 Better an der rue de l’Hôpital —, eppes nie-wendrun ze bauen. Den Terrain gehéiert nach ëmmer dem Stat, mä mir kréien deen erëm, well mer jo en Echange fir d’Altersheim maachen. Datt gekuckt gëtt, schnell eppes dohinner ze kréien, an datt d’Flücht-lingen eriwwer plënnere kënnten.

Et ass d’Iddi opkomm, do wou se am Moment dra sinn, eventuell Studente-wunnengen ze maachen. Datt een eng gewësse Mixitéit an de Quartier kritt.

Dat ass elo emol am Schäfferot esou geschwat ginn. Et ass nach keng Déci-sioun geholl ginn. Mir hoffen domad-der awer, datt d’Unzuel vun de Better vun 99 eropgoe kënnt. Op zwëschen 130 an 150 Stéck. An dann hoffen ech, datt mer de 15. Juli scho méi wës-sen. Mä wann der dann esou eppes héiert, wësst der dat op alle Fall. Deen heite Schäfferot huet d’Initiativ geholl, esou schnell wéi méiglech ze reagéie-ren. Et ass net vill, mä et ass alt dat.

Da géife mer zum Ordre du jour kom-men.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, kann ech ep-pes dozou soen?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) se réjouit de revoir les conseillers communaux après plusieurs semaines. La prochaine séance aura lieu le 15 juillet à 8 h. Elle a été avancée, car plusieurs conseillers partiront en vacances ensuite.M.  Ulveling s’est trompé dans la date d’une invitation.

TOM ULVELING (CSV) précise que l’erreur ne vient pas de lui. L’ouverture de la kermesse de Niederkorn aura lieu le 17 et non le 18.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à la communication suivante. Elle concerne les réfugiés. Lorsqu’on regarde la télévision, on se rend compte de la misère dans laquelle vivent beaucoup de personnes.La semaine dernière, le collège échevinal a rencontré l’OLAI pour voir comment Differdange pourrait prendre ses responsabilités dans ce domaine.Il ne suffit pas de parler, il faut agir. Differdange veut accueillir plus de réfugiés. Le collège échevinal a proposé un terrain à l’OLAI. Il faudra voir, si cela est technique-ment possible.Actuellement, Differdange met 99 lits à disposition dans la rue de l’Hôpital. Les enfants des réfugiés vont à l’école avec les Differdan-geois. Il n’y a jamais eu de pro-blème. Le bourgmestre espère ob-tenir le soutien du conseil commu-nal.L’idée consiste à construire un bâti-ment à côté du centre d’accueil ac-tuel. Le terrain appartient à l’État, mais un échange est prévu dans le cadre de la maison de retraite. Le centre actuel serait transformé en logements pour étudiants.Une décision n’a pas encore été prise. L’objectif est de passer de 99 à 130 ou 150  lits. En tout cas, le collège échevinal a décidé de réagir aussi vite que possible. Au moins, les conseillers communaux sont dé-sormais au courant.

ALI RUCKERT (KPL) souhaiterait prendre la parole dans ce contexte.

47

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, et ass luewenswäert, wann ee Leit hëlleft, déi a grousse Schwieregkeete sinn an déi näischt hunn. An et ass kloer, dass eng Ge-meng eng Verantwortung huet, déi och schonn an der Vergaangenheet iwwerholl ginn ass.

Mä ech muss awer soen, datt dat awer ëmmer e batteren Nogeschmaach huet, wann een dat diskutéiert. Dat si jo Welle vu Flüchtlingen, déi vum Bal-kan oder aus Afrika kommen. Et kann ee jo net fir d’Éischt e Land bom-bardéiere goen an da Flüchtlings-stréim schafen an da muss ee kucken, dass déi ënnerkommen, souwéi dat am Balkan geschitt ass, wou d’NATO mat Ënnerstëtzung vun Europa jo och massiv bombardéiert huet a wou d’Leit fortgelaf sinn.

An déi zweet Saach: Mat Afrika ass dat genau esou. Wou Groussbritanni-en, Frankräich an aner NATO-Staten — awer och erëm mat der Ënnerstët-zung vu Lëtzebuerg — fir groussen Duerjernee gesuergt hunn a Libyen, fir do e Regime ewech ze kréien, deen hinnen net gepasst huet, deen net no der Päif vum Weste gedanzt huet. An dass da grousse Chaos entsteet. An dass erëm weider Flüchtlingsstréim entstinn.

Ech weess, dass dat net zur Kompe-tenz vun der Gemeng gehéiert, mä mer gesi jo awer, dass d’Gemeng mat de Folge vun esou enger Politik betraff ass. Ech wëll dat just hei soen. Déi Flüchtlinge komme jo net vun näischt. Do gëtt et Grënn derfir.

An et gëtt och ekonomesch Grënn, déi eben dora bestinn, dass déi afrika-nesch Länner grad vu Länner aus der EU massiv ausgebeut ginn, dass se net dat fir hir Rohstoffer bezuelt kréien, wat se misste bezuelt kréien. Dass et ganz aarm Länner sinn. An dass d’Leit dohannen och keng Méiglech-keeten hunn, fir sech ze entwéckelen. Dofir lafe se jo fort.

Et ass keen Immigrant op der Welt — oder ganz wéineg —, déi fräiwëlleg aus hire Länner fort ginn. Mä déi gi fort, well se keng aner Méiglechkeeten hunn. An ech mengen och, dass et net domat ka gedoe sinn, dass een dann einfach Immigranten oder Flüchtlin-gen ophëlt, mä et muss een dann och fir déi Bedéngunge suergen, dass se an hire Länner bleiwe kënnen.

Datselwecht hu mer mat Syrien, wou ëmmer méi Leit fortlafen. A wou dann anerer sech mat de Konsequenze mus-sen erëmschloen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Ruckert. Wéi sou oft, sinn ech net Ärer Meenung. Mä et ass awer net schlëmm. Ech fannen et wichteg, datt een awer deene Leit elo soll hëlle-fen.

Da géife mer zum Ordre du jour vun haut kommen, wat erëm e ganz flotten ass, well mer beim Punkt 2 de Réaménagement de l’entrée en ville oder du centre-ville hunn, wéi den Här Ruckert dat esou schéin d’lescht Kéier betitelt huet.

Ier ech dem Här Muller d’Wuert ginn, fir dee ganze Projet virzestellen, wëll ech awer e puer Saachen dozou soen. Déi Visioun, déi mer hei zesumme ronderëm den Dësch zënter Joren hunn — Déifferdeng versichen no vir ze bréngen — fänkt u Realitéit ze ginn. Et ass wierklech e grousst Puzz-lestéck fir eis Stad. Ech mengen, ech brauch kengem hei ze erklären, wat moies an owes lass ass, fir iwwerhaapt an Déifferdeng eranzekommen.

Souwéi och de Projet vum Contourne-ment, deen de Minister Bausch d’nächst Woch de 25. um hallwer aacht an der Chiershal wäert virstelle kommen, wou d’Ponts & Chaussées Haaptakteur vun deem Rondpoint ass, e wichtegt Puzzlestéck fir d’Entrée en centre-ville wäert sinn. Et war bis elo eng Plaz, wou een einfach laanscht gefuer ass, an op eemol war een aus Déifferdeng eraus, an et huet een net gemierkt, datt een zu Déifferdeng war.

Dir wësst och, datt Enn dës Woch de Promoteur deen neie Supermarché

Le fait de vouloir aider ceux qui n’ont rien est noble. Une commune doit prendre ses responsabilités, et celle de Differdange l’a déjà fait dans le passé.Cependant, ce type de discussions laisse un arrière-goût amer. Il est question d’un flot de réfugiés en provenance des Balkans et d’Afrique. Or on ne peut pas d’abord bombarder des pays et créer des flux comme le font l’OTAN et l’Europe, et ensuite chercher à caser les réfugiés.C’est précisément ce qui est arrivé en Libye avec le soutien du Luxem-bourg, et tout cela parce que le ré-gime refusait d’être à la botte de l’Occident. Cela n’a fait qu’engen-drer plus de chaos.Certes, les communes n’y peuvent rien, mais elles sont confrontées aux conséquences. Il y a des expli-cations à la naissance de ces flux de réfugiés. Une d’entre elles est l’ex-ploitation des pays africains par l’Europe. Ces gens ne peuvent pas s’épanouir chez eux et s’enfuient.La plupart d’entre eux ne veulent pas quitter leurs pays, mais ils n’ont pas le choix. Il ne suffit pas de les accueillir. Il faut créer les conditions leur permettant de res-ter chez eux.De plus en plus de personnes s’en-fuient de Syrie et d’autres doivent subir les conséquences de ces troubles.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que comme souvent, il ne partage pas le point de vue de M. Ruckert.Le bourgmestre passe au point  2, le réaménagement de l’entrée en ville.L’objectif du conseil communal est de faire avancer Differdange. Cette vision est en train de devenir réali-té. Chacun connaît le chaos sur les routes le matin et le soir pour en-trer dans le centre-ville.Ce réaménagement est une pièce importante du puzzle, tout comme le contournement, qui sera présenté par le ministre Bausch le 25  juin dans le Hall de la Chiers à 19 h 30.Actuellement, l’entrée en ville est un endroit par où on passe sans vraiment se rendre compte que l’on pénètre ou que l’on quitte Differ-dange.

48

À la fin de cette semaine, le promo-teur présentera le projet du super-marché qui ouvrira sur ce site. En plus, il faut que le lycée et l’école primaire ouvrent leurs portes le plus vite possible. Le centre de re-cyclage va déménager.Certes, ces travaux ont un coût, mais ils règleront de nombreux problèmes. Dans cinq ou dix ans, les élus qui feront encore partie du conseil communal seront fiers de leur décision.Differdange a besoin d’une nou-velle entrée pour devenir plus dy-namique et pour attirer plus de gens.Roberto Traversini cède la parole à M.  Muller pour les détails. Il pré-cise qu’une réunion d’information publique sera organisée. Au-jourd’hui, il est question du devis.

ERNY MULLER (LSAP) va présenter le devis relatif au réaménagement de l’entrée en ville.Il s’agit d’une étape importante dans l’évolution de Differdange vers une ville moderne avec un centre commercial, un lycée inter-national et un contournement.Le rond-point actuel sera remplacé par un carrefour régi par des feux tricolores. Le flux de lycéens ris-querait, en effet, de paralyser le tra-fic. Le collège échevinal présentera une simulation du fonctionnement du carrefour lors d’une réunion pu-blique.Les routes seront refaites, et no-tamment le boulevard Emile-Krieps à partir de l’accès au pla-teau du Funiculaire. Une troisième voie de circulation en direction de la ligne de chemin de fer sera construite. L’élargissement facilite-ra l’accès à Auchan tant pour les li-vreurs que pour les clients.En direction de Niederkorn, une troisième voie sera aménagée jusqu’au pont. La route sera reliée au parking du contournement et à l’entrée vers les hauts-fourneaux.La rue Émile-Mark sera refaite jusqu’à la connexion avec la ro-cade en face des ateliers commu-naux. Les travaux de construction de la rocade ont commencé. Une réunion d’information aura lieu dans le Hall de la Chiers.La rue Émile-Mark disposera d’une quatrième voie pour le bus avec

virstelle wäert, deen dohinner kënnt. Ausserdeem wësst der, datt den euro-päesche Lycée sou schnell wéi méig-lech wäert ufänken. Zousätzlech zum Lycée, wäert och nach eng Primär-schoul dobäikommen. Da kréie mer och endlech dee Recyclingszenter ewech, deen am Fong geholl näischt do verluer huet. Et ass ee wichtegt Puzzlestéck, fir d’Weiderentwécklung vun der Stad Déifferdeng.

Ech mengen, datt deen heite Projet, quitte datt e säi Präis huet, verschidde Problemer léise wäert. E wäert der wahrscheinlech och mat sech bréngen. Mä ech sinn der Iwwerzeegung, datt an e puer Joer — ech schwätzen elo vu fënnef bis zéng Joer — déi Leit, déi nach am Gemengerot sinn, wäerte ge-sinn, wéi wichteg déi Décisioun war, déi mer geholl hunn.

D’Stad Déifferdeng brauch eng nei Entrée. Mir sinn um richtege Wee. An elo fänke mer dann och endlech un, dat konkret um Terrain ëmzesetzen, wat mir alleguerten heibanne wëllen, nämlech nach méi eng dynamesch Stad. An datt mer ganz vill Leit op Déifferdeng unzéie wëllen.

Här Muller, ech géif Iech dann d’Wuert fir déi sämtlech Detailer vun der Kräizung ginn. Mir wäerten awer sécherlech nach eng Biergerversamm-lung maachen an de Leit eng Kéier er-klären, wéi dat alles vir sech geet. Et wäert heiansdo musse mat Komplika-tioune gerechent ginn. Mä haut geet et emol drëm, den Devis ze stëmmen.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Kollee-ginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot. Mir leeën iech haut den Devis vir, betreffend den Aar-bechten am Kader vun der Ëmgestal-tung vun der Stroosseféierung, wat déi zukünfteg Entrée en ville respektiv Entrée en centre-ville, wéi dat jo och scho gesot ginn ass, ubelaangt.

Dëst ass eng weider wichteg Etapp fir d’Neigestaltung an d’Zukunftsori-entéierung vun eiser Stad, mat der Abannung vum neien Akafszentrum, dem Auchan, an och en vue vum in-ternationale Lycée an der zukünfteger urbanistescher Neigestaltung vun dë-

sem Staddeel. An net zulescht der Ubannung un déi nei Rocade, der Um-gehungsstrooss vum Quartier Fous-bann.

Wéi der op de Pläng feststelle kënnt, verschwënnt deen aktuelle Rondpoint a gëtt duerch eng Kräizung mat Lu-uchten ersat, déi vun Achs zu Achs 15 Meter Richtung Villa Hadir oder Richtung Fousbann verluecht gëtt. Dës Kräizung ass néideg, well de spéi-deren Undrang vun de Schüler vum Zucharrêt Richtung Lycée an engem Rondpoint de Verkéier op dëser Plaz komplett lahm leeë géif. Dofir eng ge-regelt Ampelkräizung. De Schäfferot wäert am Kader vun enger ëffentle-cher Presentatioun — an den Här Bu-ergermeeschter huet dat jo gesot — iech alleguer — an och eiser Populati-oun — eng Simulatioun vum Foncti-onnéiere vun dëser Kräizung virstel-len.

Des Weidere ginn d’Stroossen ernei-ert. An zwar vum aktuellen Accès vum Funiculaire um Boulevard Emile Krieps bis zur Kräizung. Hei gëtt fir geuerdneten Accès vun de Camionen, déi den Auchan beliwweren, gesuergt. An d’Strooss Richtung Eisebunnslinn gëtt op dräi Spure verbreedert. Datsel-wecht gëllt fir d’Afahrt vun de Clien-ten an de Parking Souterrain.

Um Contournement Richtung Nidder-kuer bis bei d’Bréck gëtt ebenfalls op dräi Spueren ausgebaut a gläichzäiteg ginn d’Accèsen op de Parking Cont-ournement respektiv dem spéidere Parkhaus an och d’Zoufahrt vum Ar-celorMittalsite Héichuewen, wou mir jo de provisoresche Parking geplangt hunn, mat agebonnen. Hei ass eben-falls eng Ampelanlag geplangt.

Mir hätten dann nach d’Erneierung vun der Rue Emile Mark bis zum Uschloss vun der Rocade bei de Ge-mengenatelieren um Fousbann. Dir konnt jo feststellen, dass d’Aarbechte vun der Rocade schonn ugefaangen hunn, an den Här Buergermeeschter huet op déi Informatiounsversamm-lung higewisen an der Hall de la Chiers.

Dat Besonnescht an der Rue Emile Mark ass, dass eng extra Busspuer Richtung Zentrum bis zur sougenann-ter Gare d’échange verleeft, wou

49

une gare de chaque côté pour que les voyageurs puissent prendre le TICE, le RGTR ou le train.La route de l’autre côté du carre-four en direction du centre-ville sera aussi élargie sur trois voies jusqu’à la rue Michel-Rodange.Les frais pour ces travaux se montent à 2,4  millions d’euros HTVA. Ils seront pris en charge par l’État. Air Liquide participera à hauteur de 56  000 euros pour le déplacement des conduites.La commune est responsable des travaux souterrains pour 4,8  mil-lions d’euros TVA et honoraires in-clus.M.  Muller énumère les travaux de voiries et d’infrastructures. Ceux-ci comprennent entre autres un mur sur le boulevard Emile-Krieps en direction d’Oberkorn le long d’Au-chan du côté de la voie ferrée. Ce mur de soutènement coûte 158 000 euros. En tout, ces frais se montent à 3  195  000 euros TTC. Ils in-cluent aussi des îlots, les trottoirs et la piste cyclable en direction de Niederkorn sur le boulevard Emile-Krieps.L’échevin énumère ensuite les tra-vaux prévus pour l’évacuation des eaux pluviales dans la rue Émile-Mark et dans l’avenue de la Liber-té. Ils se chiffrent à 1,6  million TTC.Ces travaux comprennent un canal de 75  mètres pour la pluie sur le boulevard Emile-Krieps et un canal de 90 mètres de la rue Émile-Mark vers la rue Michel-Rodange.Un canal pour la pluie est égale-ment prévu sur le contournement. Il s’agit de 180 mètres en direction de Niederkorn.Enfin, un canal pour eau de pluie de 290 mètres est prévu dans la rue Émile-Mark du carrefour au collec-teur de la rocade.En tout, les frais se montent à 4,8  millions d’euros, auxquels s’ajoutent 2,8 millions financés par l’État. Dans sa totalité, le projet coûte donc 7,6 millions d’euros.Dans cette somme, il manque une déviation passant par le site de l’ancienne tour Hadir, qui permet-trait d’accélérer les travaux. Mais la décision n’a pas encore été prise. En effet, le collège échevinal est d’avis qu’il sera possible de circuler dans les deux ses dans la rue

T.I.C.E., RGTR an esou weider den Uschloss un den Zuch iwwert den Arrêt Déifferdeng Zentrum kréien. Dës Busgare ass an deenen zwou Rich-tunge geplangt.

Am Ganzen hu mir dann op der Kräi-zung an der Rue Emile Mark nieft der Villa Hadir véier Spuren, fir esou de Verkéiersfloss optimal ze gestalten.

Et bleift dann nach e klengt Stéck Strooss ënnert der Eisebunnsbréck er-duerch Richtung Zentrum bis bei d’Rue Michel Rodange, wou och op dräi Spuren ausgebaut gëtt.

Alles an allem ass de Käschtepunkt vun de Stroosseféierungen um Niveau vum ieweschte Belag 2,4 Milliounen hors TVA. Dës Käschte ginn, wéi dat üblech ass, vum Stat, dat heescht der Ponts & Chaussées, iwwerholl. Air li-quide bedeelege sech nach mat 56.000 Euro fir d’Verleeë vun hire Leitungen.

Da kéime mer awer zu deem wäitaus gréissere Brocken; dat ass bekanntlech dat, wat ënnert der Strooss läit a wou mir als Gemeng derfir zoustänneg sinn. Dir hutt en Devis virleie vu 4,8 Milliounen Euro. Do sinn d’TVA an d’Honorairë mat dran.

Wa mir iwwert de Listing vun den Aarbechte kucken, hu mer ënner Punkt 1: «Réaménagement de l’entrée en ville de Differdange», «Travaux de voiries et d’infrastructures» – part communale.

Ech géif dann op déi gréisser Chiffe-ren agoen. «Travaux préparatoires»: 133.000 Euro. «Terrassement»: 292.000 Euro. «Surfaces stabilisées», e grousse Chiffer, vun 862.000 Euro. Dann, «conduite eau potable et le gaz»: 413.000 Euro. Verschidde Ré-seauen: 123.000 Euro. An dann, «Fi-nition»: 181.000 Euro. An och speziell eng Mauer, déi néideg ass, well mer jo d’Strooss verbreederen um Boulevard Robert Krieps Richtung Uewerkuer laanscht den Auchan. Fir do méi Plaz ze maachen, musse mer op der Säit vun der Eisebunn eng Mauer bauen. Dat ass dee «Mur de soutènement», deen 158.000 Euro kascht. Dat sinn am Ganzen 2,4 Milliounen, plus 325.000 Euro Honorairen, also e Chiffer vun 3.195.000 Euro TVA abe-graff.

Selbstverständlech sinn hei d’Verkéier-sinsele mat dran, déi op deenen zwou Säite gebraucht ginn — um Boulevard Emile Krieps an och um Contourne-ment. D’Erneierung vun den Trottoi-ren. An net ze vergiessen och de Vëloswee, dee vun Uewerkuer a Rich-tung Nidderkuer verleeft.

Dann nach zum Punkt 2: «Evacuation des eaux pluviales dans la rue Emile Mark et l’avenue de la Liberté». Avenue de la Liberté: dorënner versti mer de Contournement, wéi mir en nennen. Käschtepunkt «Canalisation, Eaux usées»: 340.000 Euro. An dann Eaux pluviales: 781.000 Euro. An Ho-norairen: 132.000 Euro. Am Ganzen TVA abegraff: 1,6 Milliounen Euro.

Wat ass an dësem Deel vun Aarbechte virgesinn? E Kanal vu 75 Meter DN600 fir d’Reewaasser um Boule-vard Emile Krieps. Dann e Kanal vun 90 Meter, och DN600, fir de spéidere Reewaasseruschloss vun der Achs Richtung Rue Emile Mark bis Michel Rodange.

An datselwecht, e komplett neie Ree-waasserkanal um Contournement, wou nach kee war. Iwwerall hei feelt de Reewaasserkanal. Et ass eng Opti-oun, déi mer neierdéngs ëmmer hunn, déi Kanäl mat anzeplangen. An zwar sinn dat 180 Meter um Contourne-ment Richtung Nidderkuer. An net zulescht, e ganz grousse Reewaasser-kanal an der Rue Emile Mark vun der zukünfteger Kräizung bis un de Kol-lekter vun der Rocade. Dat sinn 290 Meter. An dës Kéier ass eng Leitung DN800 geplangt.

De Gesamtkäschtepunkt vun där gan-zer Operatioun — d’Stroosseféierun-gen, d’Kanalsystemer an esou weider — beleeft sech fir d’Gemeng op 3,1 Millioune plus 1,6 Milliounen. Dat heescht ronn: 4,8 Milliounen Euro. Fir de Stat, hat ech scho gesot, kéimen dann nach 2,8 Milliounen dobäi. Sou-dass de Projet am Ganze 7,6 Milliou-ne kascht.

An dëser Zomm steet dann nach e Montant aus, fir eng Ëmleedung iwwert de Site vum fréieren Hadir-To-wer, fir esou d’Aarbechten ze be-schleunegen. Dat ass awer nach net décidéiert. Dat gëtt mat eis zesummen diskutéiert, well mer der Meenung

50

Émile-Mark et que le projet devra être évacué le plus rapidement pos-sible.Les travaux seront réalisés en 2016-2017.Erny Muller cède la parole à M. Bertinelli.

FRED BERTINELLI (LSAP) explique que le collège échevinal a fait son possible pour que la circulation soit perturbée le moins possible. On a promis à la commune que les travaux avanceraient vite et qu’il serait possible de faire travailler deux équipes simultanément. Il s’agit d’un point névralgique et les voitures y circuleront continuellement.L’aménagement d’une route sur le site du CEPS est également prévu lorsque le chantier se trouvera sur le tronçon rue Émile-Mark et rue Michel-Rodange. Il faudra conser-ver le rond-point le plus longtemps possible.Avec M.  Liesch, l’échevin est en train de planifier la piste cyclable en direction de Niederkorn. La partie derrière les anciens ateliers est presque terminée.Le phasage n’est pas encore entiè-rement défini, mais les services communaux, Schroeder & Associés et les Ponts et Chaussées essaient de réduire les nuisances au maxi-mum. Cependant, il est d’ores et déjà évident que cela ne sera pas toujours possible. La commission de la circulation sera intégrée au projet. Elle analysera la situation à chaque fois que le chantier se dé-placera.Le collège échevinal sait que les travaux sont conséquents et que des tronçons devront occasionnel-lement être fermés. Mais il cherche-ra des solutions au fur et à mesure avec les services techniques et la commission de la circulation.Ces travaux viennent s’ajouter aux chantiers en cours et signifient un an et demi de chantiers en plus. La situation sera difficile, mais le ré-sultat devrait satisfaire tout le monde.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) constate que le vote d’aujourd’hui ouvre la voie à un projet important pour Differdange.

waren, wéi den Här Buergermeeschter och schonn aganks gesot huet, dass mer op d’mannst an der Rue Emile Mark an zwou Richtunge fuere kën-nen. An dass mer dee Projet esou schnell wéi méiglech evakuéieren.

D’Dauer vun den Aarbechten ass viraussichtlech 2016/2017. Den Här Bertinelli wäert elo nach op e puer verkéierstechnesch Froen agoen, déi dee Projet betreffen. Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Muller. Da géif den Här Bertinelli d’Wuert kréien.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Den Här Muller huet iech elo scho vill iwwert de Verkéier gezielt. Mir hunn eis hei wäit méiglech an dee Projet ageschafft, fir esou mann wéi méig-lech ze probéieren, de Verkéier opze-halen. Mir hu versprach kritt, datt déi Aarbechte schnell géife virugoen an dass souguer zwou Équippen dru schaffe kënnten, fir séier virunzekom-men. Vu datt dat jo eng nevralgesch Plaz an eiser Stad ass, soll de Verkéier andauernd fléisse kënnen.

Et ass och virgesinn, eng Strooss laanscht de CEPS lafen ze loossen, wann an der Rue Michel Rodange/Rue Emile Mark geschafft gëtt, datt d’Autoe laanscht kommen. Mer pro-béieren de Rondpoint esou laang wéi méiglech do ze halen, deen net direkt ewechzehuelen, well et jo 15 Meter méi an d’Richtung Fousbann zougeet, fir datt de Verkéier awer weiderleeft.

Den Här Liesch an ech sinn amgaan-gen ze kucken, de Vëloswee mat anze-plange vun der Bréck aus bis op Nid-derkuer. Wann een hannert den „alen Atelieren“ kucke geet, ass den Deel, deen d’Jonctioun mat Déifferdeng mécht, scho bal fäerdeg, mä dat wäer-te mer iech awer eng aner Kéier pre-sentéieren.

De Phasage vun dësen Aarbechten ass nach net ganz fäerdeg, mä mir sinn amgaangen, mat Schroeder & Asso-ciés, mat eise Büroen an der Ponts &

Chaussées ze kucken, dat nach méi ze verfeineren, fir de Leit net nach méi zouzemudde mat deem Verkéier, deen elo schonn do ass. Datt se gutt laanscht kommen an datt mer se net ze vill opzehalen, fir an de Stadkär ze kommen.

Datt dat net ëmmer méiglech ass an net ëmmer geet, ass sech jo all Mënsch bewosst. Mä mir probéiere wierklech dat esou gutt wéi méiglech ze orga-niséieren. A souguer gëtt d’Ver-kéierskommissioun mat ageschallt, wat soss net de Fall ass. Déi kuckt, all Kéiers wann eng Strooss muss opge-rappt ginn, wéi eng Méiglechkeeten een huet, dass ee laanscht kënnt, fir esou mann wéi méiglech de Verkéier opzehalen.

Wéi gesot si mer eis awer och bewosst, datt dat grouss Aarbechte sinn. Wann déi amgaange sinn, wäert och emol deen een oder deen aneren Dag mus-sen eng Strooss zougemaach an d’Au-toen ëmgeleet ginn. Mä mir bleiwen do drun. A mir wäerten eis ëmmer mat eisen technesche Servicer a mat der Verkéierskommissioun an deem Projet a Verbindung setzen, fir no Méiglechkeeten ze sichen, de Verkéier gutt laanscht ze kréien.

Dat gesot, ass dat ee ganz wichtege Projet fir eis Gemeng. Natierlech wä-erte mer mat deene villen Aarbechten an de Stroossen, déi mer elo schonn hunn, nach annerhalleft Joer weider Schantercher an eiser Gemeng hunn, wat net einfach ass. Mä wann een her-no d’Resultat huet, wäert awer all Mënsch zefridde sinn. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Bertinelli. Den Här Hob-scheit huet d’Wuert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, mam Vote vun haut maache mer de Wee fräi fir den Ufank vun engem ganz wichtege Pro-jet, wat d’Infrastruktur vun eiser Stad ugeet.

51

Le remplacement du rond-point par un carrefour avec feux trico-lores constituera un des change-ments les plus importants. Les ex-perts estiment que les carrefours permettent de fluidifier le trafic aux axes empruntés aussi par des pié-tons.Avec le lycée et le centre commer-cial, la circulation est destinée à augmenter.Les frais se montent à 4,8 millions d’euros. C’est beaucoup, mais le LSAP soutient le projet, car il fait partie d’un tout. Il ne s’agit pas uniquement de refaire quelques rues, mais de rendre Differdange plus dynamique et attractive.Il ne faut cependant pas sous-esti-mer le fait que les gens se fassent du souci. Ils en ont aussi marre de passer autant de temps dans les embouteillages. Il faut leur expli-quer pourquoi ces travaux sont né-cessaires, combien de temps ils du-reront et comment ils se déroule-ront. C’est pourquoi Pierre Hobscheit salue expressément les réunions d’information.La commune doit veiller à ce que la durée des chantiers soit la plus courte possible. M.  Bertinelli a parlé de deux équipes. Mais l’ora-teur croit savoir que l’on retiendra plutôt l’option d’une déviation du trafic vers le site de la tour Hadir. En tout cas, les inconvénients pour la population doivent être limités autant que possible.Ce qui importe, ce sont les résul-tats. La rocade soulagera le trafic. Un carrefour est mieux adapté aux conditions qu’un rond-point. Au-chan devrait dynamiser le com-merce à Differdange.Les socialistes approuveront le projet, car ils sont convaincus de son importance.

CHRISTIANE SAEUL (DP) salue le projet de réaménagement de l’entrée en ville au nom du DP, un projet d’avenir qui prend forme.La voie empruntée avec une école internationale et le plateau funicu-laire comprenant des surfaces com-merciales grandes ou artisanales est la bonne. En plus, le centre sera ac-cessible à travers des routes à trois voies.L’école internationale et le super-marché entraîneront une augmen-

Et ass hei elo schonn e puermol uge-klongen: ee vun deene gréisste Chan-gementer wäert d’Ersetze vum Rond-point duerch eng Kräizung sinn. Ex-perte soen eis jo, dass esou eng Kräi-zung fir e bessere Verkéiersfloss suerge wäert, virun allem duerch dat héicht Opkommen u Foussgänger. An ech hoffen, dass mer mat esou enger Kräi-zung de Verkéier wäerten an de Grëff kréien.

De Verkéier wäert — dat wësse mer — nach méi zouhuele mam Akafszenter, deen um Funiculaire, a mam Lycée, deen hei zu Déifferdeng geplangt sinn. An dorobber gëllt et, Déifferdeng vir-zebereeden.

De Käschtepunkt fir dat Ganzt: 4,8 Milliounen Euro. Den Här Muller huet et gesot, dat ass natierlech net näischt. An dass dat kascht, ass fir eis evident. Mä d’LSAP — dat wëll ech hei kloer soen — steet hannert dësen Investissementer, well se fir eis den Deel vun engem Ganze sinn. Et geet net just drëm, Stroosse frësch ze maa-chen oder Stroossen ze veränneren, mä et geet och drëm, Déifferdeng nei ze beliewen an Déifferdeng och fir Leit, déi op Déifferdeng kommen, nees méi attraktiv ze maachen.

Eppes mengen ech, dierfe mer als Ge-mengerot awer net ënnerschätzen, wann ee kuckt, wéi d’Verkéierssituati-oun an de leschte Wochen ass, a wann ee mat de Leit schwätzt: D’Leit maa-che sech Suergen. D’Leit hunn och e bëssen d’Flemm, well se oft vill Zäit am Stau verbréngen, well et net esou virugeet, wéi se sech dat wënschen. An da muss een de Leit erklären, fir-wat dat esou ass a firwat dat och an noer Zukunft nach wäert eng Zäit-chen esou bleiwen. Et ass jo schonn ugeklongen, dass Informatiounsver-sammlunge geplangt sinn. An ech be-gréissen dat ausdrécklech. Well nëm-men am Dialog mat de Leit, kann een hinnen erklären, firwat Aarbechte musse gemaach ginn, wéi laang dës Aarbechten daueren a wéi dës Aar-bechten och konkret wäerten oflafen.

Als Gemeng ass et, denken ech, och wichteg ze kucken, wéi een déi Aar-bechten esou kuerz wéi méiglech ge-stalte kann. Den Här Bertinelli huet et elo grad ugeschwat, dass gekuckt gouf, fir vläicht mat zwou Équippen

ze schaffen. Wann ech dat awer rich-teg verstanen hunn, gouf dës Optioun net zréckbehalen. An et gëtt éischter gekuckt, fir de Verkéier iwwert de Site vum alen Hadir-Tower ze deviéieren. Egal wéi, mengen ech, musse mer ku-cken, fir d’Inconvéniente fir eis Popu-latioun esou kleng, wéi nëmmen ier-gendwéi méiglech, ze halen. An och ze kucken, dass dee Chantier esou séier wéi et geet, iwwert d’Bühn ka goen.

D’Aarbechte si massiv an den Impakt, dee se wäerten hunn, ass och net ze ënnerschätzen. Wichteg ass awer dat, wat ënnert dem Stréch bei deem Gan-zen derbäi erauskënnt. Mat der Roca-de, déi elo ugefaange gouf ze bauen, wäerte mer de Verkéier entlaaschten. Eis Kräizung, déi de Rondpoint er-setzt, ass der Verkéierssituatioun bes-ser ugepasst. An ënnert dem Stréch, ass och den Auchan, an deem Ganzen, e wichtegt Puzzlestéck, well en hof-fentlech eiser Geschäftswelt en neie Schwong wäert ginn.

D’LSAP wäert dëse Punkt selbstver-ständlech matstëmmen, well mer vun der Richtegkeet an der Wichtegkeet vun dësen Aarbechten iwwerzeegt sinn. Ech soen iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Madame Saeul w.e.gl.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäfferot, Kolleeginnen a Kol-leegen, Dir Dammen an Dir Hären, als Demokratesch Partei begréisse mer de Réaménagement vum Agank an d’Stad Déifferdang; e grousse Projet fir d’Zukunft, dee Form hëlt. Dëse Wee ass en absolutte Must zu den zu-künftege Projeten, wéi d’international Schoul, de Plateau du funiculaire, wou gréisser kommerziell an artisanal Sur-facen hi kommen. An en neien alue-denden, dräispuregen, ganz flotten Agank, wéi mer gesot kritt hunn, an den Zentrum vun der Stad.

En vue vum Supermarché an der inter-nationaler Schoul, musse mer méi e grousst Verkéiersopkomme geréieren. E Rondpoint blockéiert deelweis den

52

tation du trafic. Or un rond-point risquerait de bloquer la circulation, car les piétons ne traverseraient pas la rue en même temps et de ma-nière ordonnée. C’est pourquoi le rond-point sera remplacé par un carrefour régi par des feux trico-lores.Christiane Saeul salue l’aménage-ment d’un couloir pour le bus dans la rue Émile-Mark.La part communale de 3,2 millions d’euros comprend la rénovation des infrastructures comme les ré-seaux, les trottoirs et la voirie. Aménagera-t-on un carrefour ou un rond-point à la sortie de la ro-cade en face du CID?La somme de 1,6  million d’euros comprend les travaux de canalisa-tion dans l’avenue de la Liberté et la rue Michel-Rodange.Il faudra veiller à limiter le chantier dans sa durée en raison de son im-pact sur la circulation.Idéalement, le chantier devrait être terminé à l’ouverture du supermar-ché en automne 2017. C’est pour-quoi l’appel d’offres devrait men-tionner le travail en deux équipes.Le DP approuvera le plan et le de-vis.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) se réjouit de la rénovation de l’entrée en ville, qui améliorera l’image de Differdange.Il constate que les honoraires constituent un septième des 2,4 millions d’euros et se demande si les frais ne pourraient pas être baissés en faisant intervenir davan-tage les ingénieurs et architectes communaux. L’État a des rentrées à travers la TVA, mais les com-munes risquent de perdre la maî-trise des prix.Le conseiller communal a remar-qué qu’il manque la liaison au ré-seau national des pistes cyclables le long de la Villa Hadir. Les cyclistes aiment emprunter le chemin le plus court et non une déviation. Par conséquent, le trottoir en direction du Fousbann doit être adapté à la situation, par exemple en aména-geant une double voie pour les cy-clistes et les piétons.La Villa Hadir fait partie du patri-moine de Differdange. Les nou-veaux bâtiments risquent de l’écra-ser. L’ombre qu’ils projetteront

Autosverkéier, well d’Foussgänger net geregelt an zesummen iwwert d’Strooss ginn. Bei enger Kräizung mat Verkéiersluuchten ass dat geregelt an och geuerdnet, woubäi den Trafic méi fléissend gëtt. Dat ass de Grond, dass de Rondpoint ewechkënnt an amplaz kënnt eng Kräizung mat Lu-uchten.

Ze begréissen ass och, dass fir den ëf-fentlechen Transport en extrae Cou-loir — dat heescht eng Busspur an d’Emile Mark — gebaut gëtt. Dëst mat Prioritéitsluucht fir de Bus.

D’Part communale am Devis vu ronn 3,2 Millioune begräift d’Erneierung vu sämtlechen Infrastrukture wéi Ré-seauen, Trottoiren a Voirie. Do wollt ech just froen: Bei der Rocade, d’Sor-tie vis-à-vis vum CID, un där am Mo-ment geschafft gëtt, kënnt do e Rond-point hin oder eng Kräizung mat Lu-uchten?

Am Präis vu ronn 1,6 Millioune si Ka-nalaarbechte an der Avenue de la Li-berté an am Ufank vun der Rue Mi-chel Rodange erof Richtung Chiers, fir d’Reewaasser separat an d’Chiers ze leeden.

Et misst ee kucken, den Zäitraum vum Chantier esou kuerz wéi méig-lech ze halen, well dat jo e groussen Impakt op eis Verkéierssituatioun huet.

Mir wäre frou, wann de Chantier, da wann de Supermarché am Hierscht 2017 seng Dieren opmécht, fäerdeg wär a proposéieren dofir auszeschrei-wen, an zwou Schichten ze schaffen.

D’DP stëmmt dësen Devis a Plang. An ech soe Merci fir d’Nolauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Madame Saeul. Här Schwacht-gen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Am Numm vun deene Gréngen, brauch ech net ze betounen, dass mer frou sinn, dass déi Zentrumsentrée elo an Ugrëff geholl gëtt; wat effektiv eist

Stadbild, eist Zentrumsbild herno ver-ännere wäert. Wat awer och d’Méig-lechkeet léisst, e ganze Koup nei Sitten ze implantéieren.

Wann ech den Devis kucken, fält mer op, dass d’Honorairen e Siwentel vun deenen 2,4 Milliounen ausmaachen. An och am Devis vum Projet d’exécu-tion vum Ofwaasser, maachen déi stolz Honorairen e groussen Deel vun de Käschten aus. Ech froe mech — dat hate mer d’lescht Kéier schonn dis-kutéiert —, wéi wäit een dat duerch eege Regie vun eisen eegenen Archi-tekten an Ingenieuren zum Deel e bës-se reduzéiere kënnt.

Wann ech weess, dass de Stat eng stolz Zomm iwwert d’TVA eranhëlt, gesinn ech herno am Total, datt déi ganz Präisentwécklung de Gemenge lues a lues riskéiert fortzelafen. Net-destotrotz, e positive Vote fir déi hei Saach.

Ech wëll awer direkt emol véier Punk-ten erausschéissen, déi an eng Bierger-versammlung gehéieren. Op de Pläng ass mer opgefall, dass eis eng Vëlos-verbindung feelt laanscht d’Villa Ha-dir vum Fousbann erop. Eng direkt Vëlosverbindung op deen nationale Réseau. De Vëlosfuerer fiert gär riicht aus, deen nootste Wee vun A op B an net ronderëm eng Deviatioun, fir op e Réseau ze kommen. Do misst een on-bedéngt an der Verkéiersplanung ku-cken, dass een deen Trottoir, dee la-anscht d’Villa Hadir féiert de Fous-bann erop, vëlogerecht gestalt. Vläicht souguer en double ligne, Vëlo a Fouss-gänger gläichzäiteg. Iwwerdeem hu mir e Patrimoine do stoen. Dat ass d’Villa Hadir. Déi huet de Moment eng ganz flott an eng schéi grouss Ter-rass. Duerch déi nei Gebailechkeeten, riskéiert déi herno erdréckt, respektiv suppriméiert, ze ginn. An deem Mas-terplang sollt ee kucken, deen néidege Sputt ze loossen.

Wat mir hei Suerge mécht — an ech hoffen, dass dat nach eng Kéier no-gereecht gëtt — ass de Schattenwurf, deen effektiv herno en Impakt op exis-téierend Infrastrukture wéi zum Bei-spill d’Villa Hadir huet – wann een d’Lieue kennt, ass et immens wichteg, dass ee kuckt wéi héich ee baut, fir op deene Plazen awer nach Luucht a Sonn ze hunn.

53

aura un impact sur les bâtiments existants. Il faudra donc faire at-tention à la hauteur des bâtisses.Le terrain actuel constitue un cou-loir vert entre le Fousbann et le centre de Differdange grâce aux plantations le long de l’ancienne tour Hadir. Ce couloir ainsi que le talus le long des CFL devraient être préservés. La planification urbaine doit intégrer toutes les zones vertes.Fränz Schwachtgen rappelle en outre qu’une partie des terres pol-luées provenant du plateau du Funiculaire ont été ensevelies sous le contournement. Il faudra en te-nir compte lors des travaux.Les plans directeurs ne sont pas en-core en exécution et peuvent être influencés. En revanche, après la pose des réseaux, il sera trop tard. Le conseiller communal voudrait que les éventuelles suggestions des habitants lors des réunions d’infor-mation soient prises en considéra-tion.

ALI RUCKERT (KPL) estime que les problèmes de circulation autour du centre sont connus. Des routes plus larges signifient plus de voitures. Par conséquent, les travaux n’amélioreront pas forcément la situation.Avant, on considérait les ronds-points comme le nec plus ultra. Du jour au lendemain, ce n’est plus le cas. Le conseiller communal se pose des questions.Il se demande aussi pourquoi la si-mulation n’a pas été présentée à la commission de la circulation, bien que le représentant communiste l’ait réclamée il y a deux mois et à nouveau hier. Le conseil communal est amené à se prononcer sur quelque chose qu’il ne voit pas.Les réunions publiques entraîne-ront sans doute des suggestions de la part des habitants. Ce point au-rait pu être reporté à une séance du conseil communal ultérieure.Le plan ne convainc pas totalement l’orateur, car il n’exclut pas que la situation reste la même malgré les sommes investies.En plus, une partie des investisse-ments profitera exclusivement à un grand groupe international. Partici-pera-t-il aux frais nécessaires au passage des camions de livraison? Ces camions ne représenteront-ils

Den aktuellen Terrain ass am Fong e Couloir vert zwëschen dem Fousbann an dem Zentrum vun Déifferdeng. Dee Couloir vert gëtt vun deene Plan-tatioune gestalt, déi laanscht de fréie-ren Hadir-Tower waren. Ech wier frou wann dee ganze Projet déi Couloirs verts respektéiere géif, respektiv nach optimiséiere géif. Och deen Talus, dee laanscht d’CFL geet, huet d’Wierkung vun engem Couloir vert vun Uewerku-er an den Zentrum. Ech sinn der Mee-nung, déi ganz Städteplanung muss déi sämtlech Gréngzone mat integréie-ren, respektiv optimiséieren.

Ech maachen nach drop opmierksam, dass mer op dem Contournement Ter-res polluées hunn, déi aus deem ale Plateau du funiculaire hierkommen. En Deel vun deene contaminéierte Biedem ass nämlech net ofgefouert, mä ënnert der Contournementsstrooss agegruewe ginn. Bei zukünftegen Ter-rassementsaarbechte muss onbedéngt dorobber opgepasst ginn. An et misste jo och Inventairen dovu bestoen.

Wéi gesot, dee Masterplang ass nach net an der Exekutioun. En ass also nach beaflossbar. Mä mer wëssen awer, wa mer Réseaue leeën, dass et dann oft ze spéit ass, fir erëm eppes drun ze änneren, respektiv Saachen nei ze iwwerdenken. Dofir wier ech frou, wann am Zuch vun de Bierger-versammlungen, déi eng oder déi aner Suggestioun nach mat op de Wee kënnt geholl ginn. Ech soen iech Mer-ci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Schwachtgen. Här Ruckert w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, et ass allgemeng be-kannt, dass mer e grousse Verkéier-sproblem an a ronderëm den Zentrum vun Déifferdeng hunn. Mä mer wës-sen och alleguer, dass nei Stroossen a méi breet Stroosse méi Autoen unzéi-en. An et ass guer net sécher, dass wann dat alles gemaach gëtt, dann de Verkéier herno méi fléissend wäert sinn.

Soss hu mer gesot kritt, den Nec plus ultra, fir de Verkéier ze regelen, wäre Rondpointen. Elo stëmmt dat net méi vun engem Dag op deen aneren. Elo mussen et Luuchte sinn, déi alles bes-ser maachen. Ech froe mech, ob dat wierklech esou ass.

Dir hutt eis elo grad gesot, et géif eng Simulatioun gemaach ginn, fir de Ver-kéier flësseg ze maachen. Wann dat esou ass, froen ech mech, firwat dann, wéi dat vun eisem Vertrieder virun zwee Méint an der Verkéierskommissi-oun gefrot ginn ass — a gëschter och erëm — déi Simulatioun net an der Verkéierskommissioun gewise ginn ass. Firwat de Gemengerot se net ge-sinn huet? Mir stëmmen elo iwwert eppes of, wou mer eis kee Bild dervu maache kënnen.

An — wéi den Här Schwachtgen elo gesot huet — komme bestëmmt nach Suggestiounen, wann ee Biergerver-sammlunge mécht. Dann hätt een déi Gemengerotssitzung och no deene Biergerversammlunge leeë kënnen. Da géife mer vläicht déi eng oder déi aner Gaffe domat verhënneren, wann do gutt Iddie kommen.

Dofir muss ech soen, dass ech meng Bedenken hunn, esou wéi dat um Plang virgesinn ass. Et ass net ausge-schloss, dass et herno op där Plaz net besser geet a mer elo vill Suen aus-ginn.

Eng zweet Saach ass: En Deel vun de-enen Infrastrukturaarbechten, déi ge-maach ginn, gi jo ausschliisslech am Interessi vun engem internationalen Handelskonzern gemaach, dee sech do nidderléisst. An ech froe mech, ob dee sech och un de Käschte bedeelegt, déi do entstinn, fir dass deem seng Cami-onen eran- an erausfuere kënnen.

An ech froe mech, ob déi Situatioun, wéi se elo virgesinn ass, dass déi Ca-mione matzen an der Strooss dréie kënnen, wierklech eng sécher Saach ass an ob een do net vläicht misst eng aner Léisung fannen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Ruckert. Här Mangen, w.e.gl.

54

pas aussi un danger lorsqu’ils tour-neront au milieu de la route?

ROBERT MANGEN (CSV) estime que les travaux autour du rond-point de la rue Émile-Mark sont nécessaires au réaménagement de l’entrée en ville et à la construction des parkings, d’Auchan, du lycée et des tours. Les conduites d’eau et d’électricité seront posées. L’eau pluviale sera canalisée de la rue Émile-Mark et de l’avenue de la Liberté vers la Chiers.Les voies pour le bus, les pistes cy-clables et les chemins piétonniers doivent tenir compte de l’accroisse-ment de la population.Le rond-point de la rue Émile-Mark sera remplacé par un carre-four avec feux tricolores.Les frais se montent à 4,8 millions d’euros répartis en deux exercices budgétaires.Il est question de deux axes princi-paux en direction du centre-ville, où des travaux se dérouleront pen-dant deux ans. Il faudra trouver une solution pour que le trafic puisse circuler dans les deux sens.La commune doit réfléchir à la meilleure façon de relier le bus, le train et le vélo autour du carrefour de la rue Émile-Mark. Le Diffbus pourrait emmener les habitants des quartiers vers les arrêts du TICE, par exemple sur le parking d’Au-chan ou le parking du contourne-ment.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime que ce dossier influencera la circulation à Differdange pendant des décennies.La circulation ne comprend pas seulement les voitures, mais aussi les piétons et les vélos. La liaison entre les différentes localités va évoluer fortement.En face de la gare, une petite place sera aménagée et le pont actuel sera élargi. Ils constitueront la liai-son entre le Fousbann et le centre de Differdange. Il deviendra beau-coup plus agréable d’entrer dans Differdange alors que pour le mo-ment, on a envie de quitter rapide-ment les lieux. Ce projet a beau-coup de potentiel.Cependant, le plan n’est pas suffi-samment détaillé. Il manque, par exemple, les camions d’Auchan et

ROBERT MANGEN (CSV):

Merci, Här Buergermeeschter. Déi vir-gestallten Aarbechten um Stroossen-netz ronderëm de Rondpoint an der rue Emile Mark sinn d’Viraussetzun-gen zum geplangte Réaménagement vun der Entrée du centre-ville, deene geplangte Parkingen, dem Auchan, dem Lycée an deenen neien Déiffer-denger Toweren. Hei ginn adequat Waasser- an Ofwaasser-, Gas- an elektresch Leitunge geluecht. Des Wei-dere gëtt d’Reewaasser vun der rue Emile Mark an der Avenue de la Li-berté an enger eegestänneger Leitung, déi zur Chiers leeft, ëmgeleet.

Déi Haaptännerunge betreffen awer de Verkéier mat separate Busspuren, Vëlosweeër a Foussgängerweeër, déi dem Zouwuess vun de Leit an dësem Quartier Rechnung droe mussen.

De Rondpoint an der rue Emile-Mark-Strooss gëtt ewechgeholl an duerch rout Luuchten ersat.

De gesamte Käschtepunkt fir dës Inf-rastrukturprojete belafe sech op 4,8 Milliounen Euro, déi op zwee Bud-getsjoren opgedeelt ginn.

Dëst sinn Haaptzoufuerstroossen zum Zentrum vun onser Stad mat Aar-bechten, déi sech iwwer zwee Joer dehnen, wou eng Léisung muss fonnt ginn, dass de Verkéier an déi zwou Richtunge fuere kann. Wéi dat, zum Beispill, hei virgeschloe ginn ass, iwwert deen eidelen Terrain vum fréie-ren Hadir-Tower.

Déi Kräizung an der Emile-Mark-Strooss gëtt een Haaptverkéiersknuet vun onser gesamter Mobilitéit. Dat heescht, mir mussen ons Gedanke maachen, wéi mir d’Bussen, den Zuch an d’Vëloe matenee verbannen. Ech kënnt mer hei virstellen, datt den Diff-bus duerch déi verschidde Quartiere fiert an d’Passagéier sammelt, fir déi vu bestëmmte Plazen op den T.I.C.E.-Réseau ze bréngen.

Déi Transitioun kënnt zum Beispill am geplangte Parking vum Auchan oder an deem geplangte Parking vum Cont-ournement stattfannen.

Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Mangen. Här Diderich w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter, léif Kolleegen a Kolleeginnen, in der Tat ass dëst e wichtegen Dossier fir eis Ge-meng. Et wäert wierklech d’Verkéiers-situatioun vun Déifferdeng beaflossen a bestëmme fir déi nächst Joren, res-pektiv Jorzéngt.

Wa mer iwwert d’Verkéierssituatioun schwätzen, schwätze mer net nëmme vun den Autoen, mä och am Sënn vun de Vëloen a Foussgänger. Interessant an deem Projet ass, dass sech déi ganz Konnexioun tëschent de verschiddene Lokalitéite staark verännere wäert, souwéi ech dat am Moment gesinn.

Et ass nach net erwähnt ginn, dass vi-run der Gare eng kleng Plaz aménagéiert gëtt — «Placette», gëtt dat hei am Dossier genannt —, wou déi Bréck, deen enke Schloff, méi breet gemaach gëtt, wouduerch ee ganz nei-en Deel entsteet an de Fousbann un den Déifferdenger Zentrum ugebonne gëtt. Soudass een dann net méi derdu-erch leeft wéi „Oh, wat sinn ech frou wann ech hei derduerch sinn“, mä dass een da gären an d’Stad eran- an erausgeet. Well dat ass am Moment leider net de Fall. Et ass e raimlecht Zesummewuesse vun Déifferdeng, wat wichteg ass, an ech an deem Pro-jet als absolutt Potential gesinn.

Allgemeng feelen am Projet awer nach eng ganz Rei Detailer — op d’mannst an deem Dossier, deen de Gemengerot kritt huet. Hei gëtt vu Camione ge-schwat, déi an den Auchan fueren. Dat steet net op de Pläng, déi ech kritt hunn.

Dat ass zwar zum Deel an de Kom-missiounen diskutéiert ginn. Mä och d’Vëlospiste sinn nach net an de Pläng verzeechent. Dat sinn einfach Detailer, déi nach feelen. A wou ech dann der-vunner ausginn, dass mer eis net doro-bber festleeën, mä dass nach ëmmer Méiglechkeete bestinn, fir Saachen ze affinéieren.

55

les pistes cyclables, même s’il en a été question dans les commissions. Le conseiller communal suppose qu’il est possible de modifier cer-tains aspects du plan.Gary Diderich regrette, en outre, que le conseil communal se pro-nonce sur le financement et le pha-sage du projet avant les réunions d’information et la présentation des simulations. Il aurait fallu in-clure la population à travers une campagne, un site internet, les ba-lades urbaines…M. Hobscheit a dit que le dialogue doit servir à fournir des explica-tions aux habitants. Mais il faut aussi fournir aux habitants les moyens de donner un feedback. Le conseiller communal espère que c’est encore possible, mais il aurait fallu s’y prendre différemment dès le départ.En général, les voies pour autobus sont courtes. Il faudrait veiller à éviter ce qui arrive au rond-point de Raemerich, où les bus appa-raissent tout à coup sans que les automobilistes ne les remarquent. Ici, au moins, il y aura des feux tri-colores.M.  Ruckert s’est demandé si des routes plus larges amélioreront la circulation. Mais ce n’est pas la seule question. Il est clair qu’un hy-permarché dans le centre-ville ne calmera pas la situation. Il faut bien l’admettre.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) demande à M.  Diderich s’il ne veut pas de l’hypermarché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) répond qu’il avait toujours été question d’un city-marché.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) n’a pas de problème avec un supermarché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) s’exclame que c’est précisément la question qu’il pose.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) demande à nouveau à M.  Diderich s’il préférerait ne pas avoir de supermarché à cet endroit.

Also ech fannen et scho bedenklech, dass mer e Vote maachen iwwert e fi-nanziellt Engagement, zu engem ge-wëssene Phasage vun deem ganze Pro-jet, an dann eréischt eng Biergerver-sammlung maachen an dann eréischt d’Simulatioune gesinn an duerno d’Resultater vun deene Simulatiounen.

An esou engem wichtege Sujet, wär et besser d’Biergerparticipatioun an de Prozess mat anzebannen, wat Déiffer-deng jo wëlles hat. Mä net nëmmen an deem heiten Dossier. Och a PAGen, wéi zum Beispill iwwert d’Résidencen. Dat hätt, menger Meenung no, missen Deel vun där ganzer Campagne sinn. Wou et en Internetsite gëtt, wou d’Leit matschwätze kënnen, wou déi Balla-des urbaines sinn, wat een hätt kënnte mat dran afléisse loossen a sollen.

Den Här Hobscheit huet gesot, et soll een an den Dialog mat de Bierger goen an dat géif heeschen, hinne Saachen ze erklären. Nee, Dialog mat Bierger heescht, et erkläert ee vläicht Saachen, mä et schaaft een och e Moyen, dass Saachen zréckkommen. An ech hof-fen, dass dat domadder gemengt ass an dass dat awer nach méiglech ass. Fir mech hätt een dat éischter an an-escht missen ugoen. Well hei setze mer scho ganz vill vollendete Tatsaachen. Nach net all. Mä ech hoffen, dass déi, déi nach net gesat goufen, nach kën-nen ausgelotet ginn.

Et stelle sech eng Rei Froen. Eng Fro betrëfft d’Busspuren. Wéi ee weess, sinn d’Busspuren ëmmer ganz kuerz ugesat virun de Luuchten. Déi hu Vir-fahrt, dat ass dat eent. Ech si kee Ver-kéiersexpert. Dat ass e Métier fir sech. Mä ech hoffen, dass een net esou eng Situatioun kritt wéi zu Raemerech am Rondpoint no der Autobunn. Do gëtt et heiansdo quokeleg mat deene Bus-ser, déi op eemol schnell do sinn an d’Autoen hu se net am Bléck. Mat de Luuchten ass dat schonn anescht wéi bei engem Rondpoint. Mä ech hoffen, dass dat wierklech eppes bréngt, well déi Busspuere jo awer ganz kuerz sinn. Dat ass eng vun de Froen, déi ech hunn.

Déi aner Froen — eng déi den Här Ruckert och opgeworf huet —, ob dat elo eng Wonnerléisung ass fir d’Stroosse méispureg ze maache mat Luuchten. Ech mengen, déi Fro léisst

sech méi wäit zéien. Et si jo net alleng d’Stroossen, déi definéieren, wéi de Verkéier verleeft. Wa mir en Hyperm-arché an den Zentrum vun Déiffer-deng setzen, dréit dat net zur Ver-kéiersberouegung bäi. Dat musse mer eis bewosst sinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Solle mer en dann net dohinner set-zen?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Nee, mä ech muss awer ....

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, ech froen Iech.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Bis elo hunn ech ëmmer vun engem City-Marché héieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hu kee Problem mat engem Super-marché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Dat ass déi Fro, déi ech opwerfen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Sidd Dir der Meenung, mir sollen en net dohinner setzen?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Nee, ech stellen elo hei Froen un Iech.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ma ech hat Iech och eng Fro gestallt.

56

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) proteste. C’est à lui de poser des questions au bourgmestre.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate qu’il vient tout juste de poser une question au conseiller communal.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) veut savoir quelles réflexions cette discussion inspire à M. Traversini.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique qu’il est content de l’implantation du supermarché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) pense que dans ce contexte, un hypermarché…

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) lui demande s’il ne veut pas d’un supermarché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) considère que quelque chose de plus petit qu’un hypermarché suffirait.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) lui demande quelle surface suffirait à son avis.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) répond que cela dépend de la vue que l’on a de la société, de la consommation et du trafic.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répète que M.  Diderich ne veut donc pas d’un hypermarché.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande à M. Traversini de ne pas l’interrompre à tout bout de champ.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) voudrait une réponse claire.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime avoir été clair.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ne trouve pas.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) juge que l’hypermarché est trop grand. Il a aussi été question d’épiceries solidaires et d’entités plus petites où les gens pourraient se rencontrer. Un hypermarché représente tout le

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Wat Dir Iech domadder geduecht hutt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech si frou, datt en dohinner kënnt, jo.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ma ech perséinlech denken, en Hyper-marché ass an dësem Kontext, wat mir ronderëm Déifferdeng hunn, ....

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Solle mer en dohinner setzen, Här Di-derich, oder net?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Nee. Ech denken e City-Marché, wéi bis elo geschwat ginn ass, géif ...

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat heescht, mir sollen en net dohin-ner setzen, sot Dir?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech hunn Iech gesot, e City-Marché — eppes méi klenges wéi en Hyperm-arché — géif duergoen. Dat ass meng Meenung.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Wéi grouss?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Dat ass eng Fro vun der Vue vun en-ger Gesellschaft, déi een huet. Ob mer ëmmer méi op Konsum setzen a Wues-stum. An domadder och Verkéiers-wuesstum kréien.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat heescht, Dir sidd der Meenung, e soll net dohinner kommen?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Här Traversini, ech hunn Iech op Är Froe geäntwert. Mä ech sinn amgaan-gen ze schwätzen. An ech géif gäre weiderschwätzen an déi Froen opwer-fen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech géif gär eng kloer Äntwert kréien.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech hunn eng kloer Äntwert ginn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech mengen net.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech denken, dee muss méi kleng aus-geluecht ginn. Hei ass och an engem anere Kontext vun Épiceries solidaires geschwat ginn, vu méi lokalen a klen-gen Entitéiten, wou d’Leit sech kënne begéinen. Ech mengen, en Hypermar-ché ass nëmmen am Géigesaz zu esou Méiglechkeeten. Wou awer elo zu Zol-wer, zum Beispill, eppes ganz flottes opgaangen ass.

Ech wëll domadder soen, et soll een d’Saachen net isoléiert a getrennt vu-nenee gesinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat mengen ech och.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

En Hypermarché oder all aner Infra-strukturen, déi ee setzt — och e Lycée —, féiert zu méi Verkéier. Domadder

57

contraire. À Soleuvre, en revanche, quelque chose de ce type a ouvert.Toutes ces structures ne peuvent pas être considérées comme isolées les unes des autres.Un hypermarché ou un lycée en-traînent plus de circulation. Mais cela ne signifie pas que le conseiller ne veuille pas d’un lycée.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) le sait bien.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) ajoute que les routes ne sont pas construites en fonction de la situation actuelle, mais d’une situation qui va s’aggraver. Par conséquent, les nouvelles infrastructures ne vont pas améliorer la situation.Gary Diderich estime qu’il faut prendre en considération le tout. Qu’on limite le nombre de rési-dences, par exemple, est une bonne chose. Mais d’autres éléments comptent.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) va répondre aux questions.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) demande la parole.Elle constate que beaucoup a déjà été dit. Mais certains autres élé-ments lui tiennent à cœur en tant que présidente de la commission des bâtisses. La commission a reçu tous les détails et elle en est contente.Comme M.  Hobscheit, Pierrette Schambourg est d’avis que le projet doit être bien planifié. Elle ne com-prend pas que le projet soit soumis au vote sans que l’on sache par où le trafic sera dévié.Les Differdangeois en ont assez du chantier dans la Grand-rue, qui oc-casionne un véritable chaos. C’est pourquoi, dans ce cas-ci, le conseil communal devrait disposer des in-formations sur la gestion du trafic avant le chantier. Il est tout de même question d’un chantier de deux ans. Le bureau d’ingénieurs aurait dû présenter une solution pour la circulation au préalable.Le rond-point sera remplacé par des feux tricolores. C’est drôle, parce qu’il y a quelques années, le rond-point était l’avancée la plus importante depuis la voiture. Quelques années plus tard, on en

soen ech elo net, dass de Lycée net soll dohinner kommen, wou e geplangt ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee. Mä dat wësse mer.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Mä et muss een ebe bedenken, mir bauen d’Stroossen aus, mä mir bauen déi net zu der bestehender Situatioun aus. Mir baue se aus zu enger Situati-oun, déi sech am Fong nach wäert ag-gravéieren. Et wäert nach méi Verkéier dohinner geleet ginn duerch déi Infra-strukturen, déi mer paralell do scha-fen. An da soll een net mengen, dass wann dat bäikënnt, et doduerch eleng wäert besser goen.

Fir d’Konklusioun ze zéien: An der Planung vun enger Stad, muss een déi dote Saache mat bedenken. Och an engem PAG, dass Résidencen zum Bei-spill reduzéiert ginn, ass ee wichtegt Element, fir dat a méi engem breede Kontext ze betruechten. Mä et sinn nach aner Elementer, déi matspillen. Ënner anerem wéi deen, deen ech er-wähnt hunn. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Diderich. Ech wëll op déi Froen äntweren, déi gestallt gi sinn, ier den Här Muller, den Här Bertinelli an den Här Liesch d’Wuert kréien.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Dierf ech nach eppes soen?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo, ganz gären, Madame Schambourg. Et freet mech.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Merci, Här Buergermeeschter, datt ech als Leschten nach d’Wuert kréien.

Et ass scho ganz vill gesot ginn. Mä et gëtt awer trotzdeem nach e puer Punkten, déi mir als Presidentin vun der Bautekommissioun ganz beson-nesch um Häerz leien. Mer kruten dee Projet ganz am Detail erkläert. Et ware flott Diskussiounen. An ech si ganz frou iwwert déi Informatiounen, déi mer kritt hunn.

Bei verschiddene Saachen, kann ech mech dem Här Hobscheit nëmmen uschléissen, nämlech, datt dat Ganzt muss immens gutt geplangt ginn. Där Meenung sinn ech och. Duerfir fannen ech et e bësse komesch, datt mer dat heiten elo stëmmen, ouni ze wëssen, wéi de Verkéier während den Aar-bechten ëmgeleet gëtt.

Et gouf geschwat vun duebele Spuren. Datt d’Strooss deviéiert gëtt. E war Rieds vu Foussgänger a vu Vëloen. Mer wëssen alleguerten, datt d’Leit ës zimlech genuch hu mat der Grouss-strooss hei zu Déifferdeng. Mir hu ge-sinn, wat fir ee Chaos entsteet. Duerfir denken ech, datt mer fir d’Éischt mus-sen déi néideg Informatiounen iwwert de Verkéiersfloss virleien hu während den Aarbechten. Well et ass ëmmerhin zwee Joer, wou do geschafft gëtt. Ech hätt et wichteg fonnt, datt am Virfeld mam Ingenieursbüro zesummen eng Léisung fonnt gi wier, fir de Verkéier während deenen zwee Joer iwwert d’Bühn ze kréien.

Et ass och geschwat ginn, datt de Rondpoint duerch Luuchte soll ersat ginn. Dat fannen ech witzeg, well vi-run zeg Jore war de Rondpoint déi neisten Errungenschaft, nodeem den éischten Auto op der Strooss gefuer ass. Deemools ass gesot ginn, dat géif all Verkéiersproblemer léisen. An elo, esou vill Joer duerno, ass dat net méi wouer a mer kommen erëm op d’Lu-uchten zréck.

Ech sinn net kompetent genuch, fir ze soen, dat eent ass gutt oder dat anert ass gutt. Mä ech denken, datt mer an zéng Joer erëm wäerte beim Rond-point sinn, well esou vill Méiglechkee-te gëtt et och net. An d’Rad gëtt eben ni nei erfonnt, just ëmmer e bëssen ëmgeännert.

Da musse mer eis dorobber baséieren, wat den Ingenieursbüro eis seet a mer mussen deene vertrauen, datt d’Situa-

58

revient aux feux tricolores. La conseillère communale n’est pas suffisamment compétente dans le domaine, mais elle est convaincue que dans dix ans, on reviendra aux ronds-points.De toute façon, la commune ne peut que faire confiance aux ingé-nieurs et croire que les feux trico-lores amélioreront la situation. Ce qui importe, c’est ce qui arrivera pendant la durée des travaux.Le projet de l’entrée en ville n’est pas nouveau. Il en existe même déjà une maquette. Ce qui est pré-senté aujourd’hui en constitue la première phase. Pierrette Scham-bourg l’approuvera donc. Elle de-mande cependant un concept de tous les bâtiments prévus, et no-tamment Auchan et le parking. Une entrée en ville doit être cohé-rente. Les éléments doivent être adaptés les uns aux autres.Deux bâtiments vont être construits. Leur architecture sera différente de la Villa Hadir, qui, elle, existe déjà. Il faudra une simu-lation 3D pour s’imaginer à quoi l’ensemble ressemblera.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère n’avoir oublié aucun autre conseiller. Il se réjouit que tout le monde soit d’avis qu’il faut faire quelque chose.Le devis doit être approuvé au-jourd’hui pour que l’appel d’offres soit lancé. Tous les échevins n’étaient pas d’accord, mais le bourgmestre a insisté pour que le projet soit présenté aujourd’hui, car les Ponts & Chaussées veulent débuter les travaux en 2016. Or il leur faut une décision de principe. Le but est d’entamer le chantier le plus vite possible.De nombreuses questions ont été posées, notamment sur la partici-pation citoyenne et sur fait qu’il faille présenter les simulations aux commissions et aux partis de l’op-position.L’orateur n’est pas d’accord lorsque certains conseillers disent que la commune construit de nou-velles routes. Il n’est pas question ici de la rocade, mais d’un carre-four, où les routes existent déjà. Il s’agit donc d’un réaménagement, dans le cadre duquel les réseaux souterrains seront refaits. Roberto

tioun verbessert gëtt, wann do Luuch-ten hi kommen. Ech ginn emol dovun aus, datt déi Aarbechten, déi ënnert der Strooss gemaach ginn, anstänneg verlafen, esou wéi dat bis elo ëmmer de Fall war. Mä wéi gesot, fir eis ass et immens wichteg ze wëssen, wat uewen op der Strooss geschitt, déi Zäit, wou geschafft gëtt.

D’Entrée de la ville ass keen neie Pro-jet. Mir schwätzen net eréischt säit gëschter dovunner. Mir schwätze scho ganz laang dovunner. Dozou ass et och emol eng Maquette ginn, wann ech mech gutt erënneren. Dat hei ass déi éischt Phas vun deem ganze Projet, wou d’Infrastruktur geluecht gëtt fir déi verschidde Gebaier, déi dohinner kommen. Duerfir hunn ech kee Prob-lem dës Aarbechten ze stëmmen.

Dat eenzegt, wat mir awer um Häerz läit, ass, datt mer emol géifen e Kon-zept kréie vun alleguerten deenen een-zelne Gebaier, déi mer elo scho pre-sentéiert kruten, wéi zum Beispill den Auchan, wéi zum Beispill d’Parkhaus. Dat sinn eenzel Projeten. Mä ech géif awer ganz gäre wëssen, wéi dat herno alles zesummen an engem Konzept ausgesäit. Well dat heiten ass wichteg. Dat ass vu jiddwerengem gesot ginn. Eng Entrée en ville muss kohärent sinn. Dat muss zesumme passen. Dat muss optesch wierklech super sinn, wann een do erakënnt.

Et ginn zwee Gebaier gebaut. Mir hunn awer nach en Drëtt — dat ass d’Villa Hadir —, wat schonn do steet. Dat huet eng aner Architektur wéi déi zwee nei Gebaier, déi geplangt sinn.

Ech fannen et immens wichteg, datt mer eng Simulatioun kréien — eng an 3D zum Beispill — fir ze kucken, wéi herno alles zesummen ausgesäit mat deene sämtleche Gebaier, déi mer wël-len hunn. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Elo kucken ech awer op meng Lëscht, ier ech ufänken. Net dass ech nach een iwwersinn. Schéin emol ze héieren, datt mer all enger Meenung sinn, datt eppes soll geschéien.

Mir stëmmen haut den Devis, datt d’Ausschreiwunge kënne lassgoen. Well ech denken, datt mer eis all eens sinn, datt mer esou schnell wéi méig-lech ufänken.

Mir waren eis am Schäfferot net eens driwwer, ob mer et haut oder an en-gem Mount op den Ordre du jour huelen. Ech hunn dunn awer drop ge-drängt, fir et haut op den Ordre du jour ze setzen, well d’Ponts & Chaus-sées mat dorunner bedeelegt ass an eventuell 2016 mat den Aarbechten unfänkt. Well et ass jo net esou, wéi wann dat no der grousser Vakanz géif geschéien. Mir hoffen, datt mer iwwerhaapt 2016 ufänke kënnen. Mä fir datt d’Ponts & Chaussées dat iwwerhaapt ka mathuelen, muss eng Décision de principe geholl ginn. An domadder ass dat haut geschitt, datt een et esou schnell wéi méiglech kann ugoen.

Et sinn e ganze Koup Froe gestallt ginn. Iwwert d’Biergerbedeelegung. Datt een d’Simulatioune weise soll an der Verkéierskommissioun, an de Ma-joritéitsparteien, an den Oppositi-ounsparteien, fir ze kucken, wéi et herno ausgesäit a firwat dee Rond-point muss ewechgeholl ginn.

Ech si mat verschiddene Saachen net d’accord. Mir maachen hei keng nei Strooss. Et ass gesot ginn, mir géifen nei Stroosse bauen. Hei handelt et sech ëm eng Strooss, déi scho besteet. Mir schwätzen hei net vum Contour-nement — an do si mer awer bestëmmt alleguerte frou, datt déi nei Strooss gebaut gëtt. Mir schwätzen hei vun enger Kräizung, wou keng nei Strooss gebaut gëtt. Se gëtt just ëmge-ännert. An an engems kënne mer al-les, wat am Buedem läit, mat frësch maachen. An ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt dat eng Léisung fir de Verkéier wäert sinn.

Et gouf och ganz vill vu Gebaier ge-schwat. Mir sinn nach net esou wäit. Et ass natierlech richteg a wichteg, datt am Virfeld an de Kommissiou-nen, respektiv heibannen, genuch dis-kutéiert gëtt.

Et ass e raimlecht Zesummewuessen. Dat huet den Här Diderich ganz rich-teg gesot. Mir kucken d’urban Weeër méi no beieneen ze bréngen.

59

Traversini est convaincu que les travaux apporteront une solution au problème du trafic.Il est encore trop tôt pour discuter des bâtiments. Mais il faut en par-ler au préalable.Roberto Traversini estime que le supermarché représente une grande opportunité pour Differdange. 18  conseillers sont contents de l’ouverture d’une surface de 14  000  m2. Cela n’empêche pas que des épiceries ouvrent dans les quartiers.

ALI RUCKERT (KPL) n’est pas d’accord.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) avait compris que pour M.  Diderich, le supermarché était trop grand.

ALI RUCKERT (KPL) voudrait savoir ce qui fait croire à M. Traversini qu’il est d’accord avec le projet.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) avait eu ce sentiment. Il s’agit donc de 17 conseillers.

ALI RUCKERT (KPL) rétorque qu’il n’est pas question de sentiments, mais de faits. C’est pourquoi il voudrait que M. Traversini réponde immédiatement à sa question.Pourquoi la commission des bâ-tisses, qui doit remettre un avis…

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) demande à M Ruckert de le laisser parler.

ALI RUCKERT (KPL) demande pourquoi la commission n’a pas reçu les simulations.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) essaie de répondre à toutes les questions.La raison pour laquelle le collège échevinal a procédé rapidement est qu’il veut lancer l’appel d’offres.Il a été question de la mise en conformité de la voie ferrée. On peut discuter de 100  000  choses. Mais on ne construira pas de nou-velles routes.

ALI RUCKERT (KPL) proteste. Il parlait d’une façon générale.

Fir mech ass dee Supermarché, deen heihinner kënnt, eng grouss Chance fir d’Stad Déifferdeng, deen extrem vill Virdeeler huet. Ech mengen, 18 Leit heibanne si frou, datt mer déi 14.000 m2 kréien. Dat verhënnert jo net, datt och kleng Épicerien an de Quartieren entstoe kënnen.

ALI RUCKERT (KPL):

Wéi kënnt Der dat behaapten?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hu gesot kritt vum Här Diderich, datt hien der Meenung wär, datt dat ze grouss wär, wat dohinner gebaut gëtt.

(Interruptioun)

Ah, ech hat geduecht, Dir wäert do-madder averstanen.

ALI RUCKERT (KPL):

Wéi kommt Der dann dorop, dass ech domat averstane wär?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hat esou e Gefill. Ech ka mech och ieren. Da sinn et der 17. Pardon, Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Gesitt Der, et geet hei net ëm Gefiller, et geet ëm konkret Virgaben, iwwert déi ee muss diskutéieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass richteg.

ALI RUCKERT (KPL):

Dofir wär ech och frou, wann Der mer direkt op meng Fro géift äntwe-ren.

Firwat ass an der Verkéierskommissi-oun, déi jo soll en Avis ofginn…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Wann Der mech géift ausschwätze loossen…

ALI RUCKERT (KPL):

Firwat déi Simulatiounen net konnte gesi ginn? Obscho se scho laang…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Ruckert, däerf ech fäerdeg schwätzen? Merci.

Et goufe Froe gestallt, an ech versi-chen op all Froen Äntwerten ze ginn.

Ech mengen, datt ech gesot hunn, fir-wat dat elo esou schnell gaangen ass. Nämlech datt mer mat der Ausschrei-wung ufänke kënnen.

Et war Rieds vun der Mise en confor-mité vun der Eisebunn. Et kann een iwwer 100.000 Saache schwätzen. Dir hutt gesot, et géif eng nei Strooss kommen. Et kënnt keng nei Strooss.

ALI RUCKERT (KPL):

Nee, dat hunn ech net gesot.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Méi Stroossen…

ALI RUCKERT (KPL):

Ech hunn am Allgemenge gesot…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Méi Stroossen heescht méi Verkéier.

60

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) dit que selon M. Ruckert, plus de routes signifient plus de trafic.

ALI RUCKERT (KPL) confirme que de nouvelles routes ou des routes plus larges entraînent plus de voitures.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que ce n’est pas le cas ici.

ALI RUCKERT (KPL) riposte que la route sera bien plus large.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) objecte qu’elle sera différente. Le rond-point disparaîtra au profit d’un carrefour avec des voies pour le bus et pour les vélos.De toute façon, le lycée est la rai-son principale pourquoi le rond-point sera supprimé, et non le su-permarché. Avec plus de 1 200 élèves, dont beaucoup vien-dront en train, un rond-point n’a pas de sens.Il faut ouvrir la ville, car pour le moment, on a l’impression que l’on ne peut y pénétrer qu’en voiture, et pas à vélo ou a pied.Mme Schambourg a posé une ques-tion sur la sortie de la rocade. On n’y construira pas de rond-point, mais un carrefour sans feux trico-lores pour le moment. Mais il est possible que les choses changent après la réunion d’information.M. Schwachtgen a parlé de la TVA. La TVA est importante, car l’État et par conséquent les citoyens en vivent. Personne n’a envie de payer la TVA, mais tout le monde veut conserver le système social.Differdange dispose d’un des sys-tèmes de transport par bus les plus performants du pays. Le collège échevinal voudrait que plus de gens utilisent le Diffbus. Celui-ci desser-vira le lycée et le centre commer-cial. Une quatrième ligne sera peut-être nécessaire. Ces décisions se-ront prises au cours des prochaines années pour essayer d’attirer plus de monde à Differdange.Il est clair que le trafic va augmen-ter à Differdange. Mais le bourg-mestre se réjouit du fait que la ville devienne dynamique. Le trafic fait peur, mais c’est une des consé-

ALI RUCKERT (KPL):

Wann een nei Stroosse baut oder méi breet Stroosse mécht, zitt dat méi Au-toen un.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mä dat maache mer hei awer net.

ALI RUCKERT (KPL):

Mä se gëtt awer méi breet.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Si gëtt aneschters. De Rondpoint kënnt op d’Säit a mir maache Busspu-ren. Dofir gëtt se méi breet. A mir hof-fen och de Vëlo dohinner ze kréien.

Et ass absolutt kee Problem, d’Simula-tioun an der Kommissioun ze weisen.

Et kënnt eng Schoul dohinner. An ech mengen, datt dat am Fong geholl de sprangende Punkt ass, firwat de Rond-point ewechgeholl gëtt. Mat engem groussen Akafszentrum hätt een de Rondpoint nach eventuell kënnte si loossen. Mä soubal ee vun 1.200 bis 1.400 Schüler schwätzt, wou der hof-fentlech ganz vill mam Zuch kommen, ass de Rondpoint net méi sënnvoll. Dat packt de Rondpoint net. Mir maachen dat haaptsächlech wéinst de Foussgänger.

Natierlech wëlle mer eis Stad vill méi grouss opmaachen, esou zou wéi se am Moment ass. Am Moment huet ee jo d’Gefill, datt een zu Déifferdang just mat engem Auto erakënnt an net mat engem Vëlo an och net ze Fouss. Dofir gëtt dee Rondpoint ewechgeholl. Et ass haaptsächlech fir de Lycée, op dee mer alleguerte waarden.

D’Madame Saeul hat eng Fro iwwert de Contournement gestallt. Dat gëtt kee Rondpoint. Dat gëtt eng Kräizung ouni Luuchten. Am Moment ass dat esou virgesinn.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Ouni Luuchten.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ouni Luuchten, elo emol. Wou no der Biergerversammlung vläicht nach ver-schidde Saache geännert ginn, wou de Minister seet, ob en domadder aver-stanen ass oder net.

Den Här Schwachtgen huet d’TVA ugeschwat. Ech si frou, datt TVA be-zuelt gëtt. Well eise Stat — a mir alle-guerten — lieft dovunner, andeems d’Leit TVA bezuelen. Ech wier natier-lech och méi frou, wann et e bësse manner wier. Et gëtt jo keen, dee se gär bezilt. Mä ech mengen, datt mer eise Sozialsystem, dee mer am Mo-ment hunn, weider hale kënnen.

Et soll een net vergiessen, datt mer ee vun deene performantste Bustranspor-ter iwwerhaapt hei am Land hunn. Esou och eisen Diffbus. Wou mer hof-fen, datt nach méi Leit deen huelen. Dee wäert virum Lycée a virum Akafszenter stoe bleiwen. Mir sinn amgaangen, ze iwwerleeën, ob mer net nach e Véierte bestellen. Mä dat alles wäert am Laf vun deenen nächs-ten zwee Joer decidéiert ginn, fir d’Leit awer nach vill méi op den Diff-bus ze kréien. An datt se net mam Auto kommen.

Et ass richteg gesot ginn: Mat allem, wat mer hei maachen, wäert méi Ver-kéier op Déifferdang kommen. Mä ech sinn awer frou, datt dat realiséiert gëtt. Ech hunn op alle Fall léiwer, et ass Bewegung an eiser Stad, wéi wann d’Leit géife ronderëm Déifferdang fue-ren a mir géifen hei mat Brieder zou-geneelt ginn. Dat ass elo net hei gesot ginn. Et ass vun Ängschte vu Verkéier geschwat ginn, mä ech mengen, wann een an eng Stad erafiert, hëlt een dat a Kaf. An et huet een d’Méiglechkeet, op den ëffentlechen Transport ëmze-klammen. Deen ass nëmmen e puer Meter ewech.

Wann ech elo eng Fro vergiess hunn ze beäntweren, ka se nach eng Kéier ge-stallt ginn. Mä ech géif gär dem Här Muller d’Wuert ginn, dass hien och op verschidde Froen agoe kann.

61

quences d’une plus grande af-fluence de gens. Il suffirait de prendre les transports en commun. Les arrêts se trouvent à quelques mètres.

ERNY MULLER (LSAP) revient sur les propos de M. Ruckert concernant les ronds-points. Actuellement, la tendance consiste à aménager des boulevards à l’intérieur des villes au lieu des ronds-points. D’un point de vue urbanistique, cela permet d’intégrer les carrefours aux alentours.À Niederkorn, le rond-point près de l’école occasionne tous les jours des problèmes aux heures de pointe. M.  Bertinelli réfléchit aux moyens d’améliorer la situation. À Differdange, la situation serait semblable, mais à plus grande échelle.En fait, il faut veiller à ce que les piétons et les automobilistes de-viennent des partenaires, alors qu’actuellement, les piétons ont toujours la priorité sur les pas-sages. Pour que cela fonctionne, il faut que tantôt les uns et tantôt les autres aient la priorité.Certains conseillers ont regretté l’absence d’un concept global, mais la commune travaille avec des par-tenaires privés et on ne peut pas tout anticiper.Il a déjà été question de la pre-mière tour jumelle. La deuxième se concrétise. Un concours d’archi-tectes sera organisé.Mais il convient d’attendre pour obtenir une image complète. Le collège échevinal présentera une maquette dès que ce sera possible.Le chantier sera suivi de près. Il sera réalisé par les Ponts et Chaus-sées, mais la commission de la cir-culation et les services techniques les aideront autant que possible.

FRED BERTINELLI (LSAP) tient à dire à M. Ruckert qu’il est surpris de ses propos concernant la commission de la circulation. En effet, cette commission n’a jamais demandé des documents à l’échevin. Autrement, elle aurait reçu ce qu’elle aurait demandé.L’échevin estime que jamais une commission de la circulation n’a été aussi bien informée que celle-ci. Elle est informée du moindre chan-

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Eng Fro betrëfft souwuel de Verkéier wéi d’urbanistesch Gestaltung. Den Här Ruckert huet haaptsächlech op d’Kräi-zung an de Rondpoint higewisen. Hautdesdaags ass et esou, dass sech d’urban Gestaltung oder d’Réckgestal-tung an de Stied ännert mat der Aféie-rung vu Boulevarden. Dat heescht, in-nerstädtesch gi kaum nach Rondpoin-te gebaut, wéi dat bis elo de Fall war. Wou fréier e Contournement war, kënnt elo eng komplett urbanistesch Abannung an e Stadbild. Dat heescht, de Charakter vun deem Contourne-ment gëtt ëmgewandelt an e Boule-vard.

Dat wat mer hei ze erwaarden hunn, ass an engem klenge Mooss datsel-wecht wéi zu Nidderkuer. Ech schwät-ze vum Rondpoint bei der Nidderkue-rer Schoul. Wou jo all Kéiers am Schoulfank a Schoulenn Chaos ass. Do wäerte mer eis och musse Gedan-ke maachen. Do schafft den Här Ber-tinelli drun, fir ze kucken, wéi mer dat verbessert kréien. Mä dat hei ass am grousse Mooss datselwecht.

Et muss gekuckt ginn, dass de Fouss-gänger an den Autosfuerer gläichbe-rechtegt Partner ginn an net wéi dat elo de Fall ass, wou de Foussgänger ëmmer op all Foussgängersträife Prio-ritéit huet. Wann ee wëllt, dass e gere-gelt Zesummeliewe stattfënnt, wou jiddweree virukënnt, muss et esou sinn, dass deen een eng Kéier Prioritéit huet an eng Kéier deen aneren. An dat wäert sech net nëmmen op déi dote Kräizung bei der Bréck beschränken, mä dat huet eng Suite Richtung Stad-zentrum. An dat muss alles eent op dat anert ofgestëmmt ginn. Doru si mer amgaangen ze schaffen.

Ech si frou, dass vill Vertrieder heiba-nnen déi Entwécklung vun där Plaz interessant fannen an dass et eisem Stadzentrum och eppes bréngt. Iwwer-haapt der ganzer Stad Déifferdeng.

Et ass bemängelt ginn, dass mer kee Gesamtkonzept virgeluecht hunn. Deem kann een net virgräifen. Dir wësst, dass privat Partner mat dra sinn haaptsächlech um Plateau du Funiculaire.

Heibannen hate mer eng Kéier vun en-gem vun den Twin Towere geschwat. Dat konkretiséiert sech elo esou lues. A säi Brudder wäerte mer an Optrag ginn. Dozou gëtt jo en Architektecon-cours organiséiert, hate mer hei kloer gesot.

Elo waarde mer emol of, wéi ee Bild sech doraus ergëtt. Da kucke mer eis herno dat Gesamtbild un. Selbstver-ständlech wäerten an deem Gesamt-bild all d’Démarchë gemaach ginn, fir dat no baussen ze weisen. Dee gesam-te Masterplang oder déi Maquette, déi d’Madame Schambourg gefrot huet.

Ech kann iech versécheren, dass mer dee Chantier esou gutt wéi méiglech suivéieren. Et ass haaptsächlech d’Ponts & Chaussées, déi sech drëms këmmert — dat hat de Buerger-meeschter jo gesot —, mä mir ën-nerstëtze si dobäi mat all eise Kräften, souwuel d’Verkéierskommissioun wéi d’bautechnesch Servicer, fir eng Hand mat unzepaken. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Muller. Här Bertinelli w.e.gl.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Fir d’Éischt wëll ech dem Här Ruckert äntweren am Kader vun der Ver-kéierskommissioun. Ech sinn elo e bësse verwonnert. Et bestoung ni eng Ufro vun der Verkéierskommissioun u mech, datt se dat gär gehat hätt. Soss hätt se dat anstandslos kritt.

Et war nach ni eng Verkéierskommis-sioun hei an der Gemeng, déi esou in-forméiert war wéi dës. Wann nëmmen eppes klenges geännert gëtt, wat emol nach net hallef sprochräif ass, gëtt si dat gewuer a gi Simulatioune gewisen. Also weess ech net, wou dat elo hier-kënnt.

ALI RUCKERT (KPL):

Ech kann Iech just soen, dass eise Ver-trieder an der Verkéierskommissioun dat gefrot huet.

62

gement et on lui montre des simu-lations.

ALI RUCKERT (KPL) assure M.  Bertinelli que le représentant communiste a demandé les documents.

FRED BERTINELLI (LSAP) estime qu’il aurait dû en faire la demande au sein de la commission.

ALI RUCKERT (KPL) réplique que c’est ce qu’il a fait, mais que les représentants de la majorité n’ont pas réagi.

FRED BERTINELLI (LSAP) n’était pas au courant.

ALI RUCKERT (KPL) rétorque qu’il y a pourtant des représentants de la majorité au sein de la commission.

FRED BERTINELLI (LSAP) se déclare surpris. Il ne comprend pas pourquoi il faudrait cacher des éléments.Mme  Schambourg a dit que les ronds-points constituaient le nec plus ultra. Mais un rond-point ne peut fonctionner que s’il n’y a pas de piétons. Le rond-point en ques-tion ne pourrait pas supporter la charge de piétons en direction du plateau du Funiculaire, et notam-ment les enfants se rendant à l’école.Le collège échevinal a vu des simu-lations sans le lycée et cela ne fonc-tionnait pas. Avec le lycée, ce serait bien pire. Il suffit de voir ce qui se passe à Esch. C’est impossible.Le conseil communal peut voir ces simulations. L’échevin ne savait pas que la commission de la circulation voulait les voir aussi.L’orateur ne comprend pas les re-marques sur le supermarché. On rencontre des Differdangeois dans les magasins de Käerjeng, Pétange ou Soleuvre, alors même qu’ils vivent dans la troisième ville du Luxembourg. Le supermarché ar-rive avec 15  ans de retard et les Differdangeois le méritent.Chacun est libre de penser que les Differdangeois doivent aller faire leurs courses ailleurs. Fred Berti-nelli estime, quant à lui, qu’ils doivent pouvoir faire leurs courses à pied ou en Diffbus. Le site est

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Dann hätt Äre Vertrieder an der Ver-kéierskommissioun solle froen. Dann hätt en dat gesinn.

ALI RUCKERT (KPL):

Et ass net drop reagéiert gi vun de Vertrieder aus der Majoritéit.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Ah, dovunner weess ech awer näischt.

ALI RUCKERT (KPL):

Et si jo awer och Är Leit, déi do sët-zen, Här Bertinelli.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Dat ass ganz komesch, well bis elo hu mer an der Verkéierskommissioun al-les gewisen. Ech wéisst net, firwat mer dat net sollte weisen.

Éischtens emol huet d’Madame Schambourg gesot, dee Rondpoint war fréier den Nec plus ultra op esou enger Kräizung. Dat war deemools och esou. Firwat gëtt et elo geännert? Ma well ee Rondpoint nëmme foncti-onnéiere kann, wa keng Foussgänger do sinn. Soubal Foussgänger mat an d’Spill kommen, fonctionnéiert e Rondpoint net. E Rondpoint foncti-onnéiert, well keng Luuchten do sinn an de Verkéier fléissend weiderfuere kann. Mä soubal Foussgänger kom-men, déngt e Rondpoint näischt. Och mat der Agglomeratioun vun der Gare. Wat ëmmer méi Foussgänger Richtung Funiculaire ginn, wat dee Rondpoint ëmmer méi Problemer kritt, fir déi gesamt Masse ze packen.

Wann déi Schoul bis steet, wou iwwer Dausend Kanner an d’Schoul ginn, déi mat Bus an Zuch kommen… Wann déi an engem Rondpoint iwwert en Zebrasträife ginn, steet dee ganze Ver-kéier. Da fiert keen Auto méi. Et ass ganz kloer, datt e Rondpoint déi dote Laascht net packt. Dat ass onméig-lech.

Dozou hu mer Simulatioune gesi mat vill manner Leit. Do war de Lycée emol nach net drop. Wann d’Schüler aus dem Lycée elo nach dobäikom-men, ass et onméiglech, datt e Rond-point an där doter Gréissenuerdnung dat packt. Mir gesi jo wéi et zu Esch ass. Stellt iech elo emol vir, et ginn zousätzlech nach Dausend Kanner iwwert dee Rondpoint. Dat ass dach onméiglech. Dat ass net machbar.

Mir weisen Iech déi Simulatioun. Mä mir ass net bekannt, dass déi Deman-de vun der Verkéierskommissioun ge-stallt ginn ass, fir dat ze gesinn. Et ass fir d’Éischt, datt ech dat héieren.

Wat de Supermarché ugeet, muss ech soen, do verstinn ech guer näischt méi. Wann een op Käerjeng oder op Péiteng an de Cactus geet oder et geet een op Zolwer an déi eenzel Geschäf-ter, begéint een iwwerall Awunner aus der Gemeng Déifferdeng. Aus der drëttgréisster Stad vum Land. Ech mengen, datt dee Supermarché scho bal 15 Joer ze spéit op Déifferdeng kënnt, datt e batter néideg ass. An datt d’Déifferdenger Leit dee méi wéi verdéngt hunn.

E Supermarché an där Gréissenuerd-nung kënnt scho bal zéng Joer ze spéit. Ech fannen et ideal, datt deen dohin-ner kënnt. Ech ka mer net virstellen, datt een dat net gutt fënnt. Wann ee léiwer huet, datt eis Bierger ausserhalb vun eiser Gemeng mussen akafe goen, ass dat jiddwerengem seng eege Mee-nung. Ech fannen, datt eng Gemeng sech de Kapp zerbrieche soll, datt hir Awunner net nëmme mam Bus oder mam Auto, mä och ze Fouss oder mat engem Diffbus Akeef maache kënnen, ouni mussen aus der Gemeng eraus ze goen. Also verstinn ech do wierklech net, wéi een doru kënnt, datt mir keen esou ee Supermarché bräichten. Mä dat muss jiddweree mat sech selwer ausmaachen. Et ass e ganz wichtege Projet fir eis Gemeng.

Wat de Chantier ugeet, hu mer gesot, datt mer eis Verkéierskommissioun vun Ufank un mat aschalten, datt de Verkéier weiderleeft, datt eis Bierger esou mann wéi méiglech ënnert deene Schantercher leiden. Mir probéieren dat zu engem Maximum ze maachen. Mä wann een doheem seng Kiche frësch mécht, muss een och een oder

63

idéal pour le projet. Comment peut-on prétendre que la ville n’a pas besoin de supermarché?Quand les travaux commenceront, la commission de la circulation de-vra veiller à ce qu’il y ait le moins de problèmes possible. Mais il est évident que les chantiers entraînent toujours des aléas.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) revient sur les propos de M. Muller. On ne peut pas influencer tous les éléments du projet, car celui-ci est réalisé en partie par des promoteurs privés. En revanche, la commune peut influencer le concours.Le conseiller communal propose de ne plus attendre et de mettre en place une base pour le concours à partir des éléments déjà dispo-nibles. Il ne faut pas se contenter de réagir au résultat du concours. La commune doit décider des as-pects qu’elle veut imposer. Certains éléments ne peuvent pas être modi-fiés, mais pour d’autres, le conseil communal et les citoyens ont cette possibilité.M.  Bertinelli a insinué que l’ora-teur ne voulait pas de supermarché. Or ce qu’il a dit, c’est qu’il y a une différence entre un city-marché et un hypermarché.L’échevin a eu raison de préciser que Differdange a 15  ans de re-tard. Il faut donc se demander si l’on peut simplement ignorer ce qui a été construit autour depuis tout ce temps. Si Differdange avait construit un hypermarché à l’époque, Belval ou Zolwereck se seraient peut-être développés diffé-remment. Mais compte tenu de la situation actuelle, un city-marché suffirait. Les hypermarchés rendent les gens dépendants de la voiture. Le concept actuel attirera des gens des communes voisines.M. Bertinelli a parlé des Differdan-geois, mais un hypermarché est destiné aussi à d’autres personnes. Ce n’est pas un problème en soi, mais il est clair que cela augmente-ra le trafic. Le conseil communal doit faire un choix.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que tous les aspects de l’entrée en ville n’ont pas encore été discutés et qu’ils ne sont pas soumis au vote aujourd’hui.

zwee Deeg an e Restaurant goen oder eppes anescht iessen. An hei ass et net anescht. Wa mer dat wëllen — an ech hu verstanen, datt all Mënsch dat wëll — muss een dat anert mat a Kaf huelen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter. Ech wollt op déi Gebaier agoen, déi den Här Muller erwähnt huet. Et si ver-schidde Saachen, déi mer vläicht net méi beaflosse kënnen, vu dass e priva-te Promoteur baut an hie Saache vir-gëtt. De Concours kënne mer jo awer beaflossen.

Ech géif virschloen, dass mer dee Concours net ofwaarden a kucken, wat herno kënnt, mä dass mer scho virdru mat deem, wat mer schonn u Puzzlestécker hunn, am Gemengerot a mat de Leit diskutéieren iwwert dat, wat mer dohinner baue wëllen, fir dem Concours eng Basis ze ginn. An doro-pshi Virschléi kréien. An dat net esou vag ze loossen a just op dat ze reagéie-ren, wat herno kënnt. Mä dass mer am Fong déi Zäit, déi mer elo nach hunn, notzen, fir ze soen, hei, dat an dat sinn déi Aspekter, déi fest sinn. Do kënne mer net dru réckele goen. Et ass e private Promoteur. Well et sinn awer Elementer, wéi dat Gebai, an och ane-rer, un deenen een nach eppes ännere kann. Dass mer eis als Gemengerot an och de Bierger d’Méiglechkeet ginn, Saachen ze änneren.

Da wollt ech just nach eng Saach kloerstellen. Den Här Bertinelli huet dat elo esou duergestallt, wéi wann ech gesot hätt, ech wéilt guer kee Su-permarché. Ech hunn däitlech ge-maach, dass et en Ënnerscheed gëtt zwësche City-Marché, wat bis elo am Gespréich war, an zwëschen Hyperm-arché. Dat ass dat eent.

Dat anert ass, dass Der selwer sot, mir sinn zéng bis 15 Joer ze spéit. Wa mer esou vill ze spéit sinn, muss ee sech iwwerleeën, ob elo nach Zäit ass, fir e Retard opzehuelen an einfach igno-

réieren, wat ronderëm geschitt ass, an net regional denken. An einfach drop beharren, mir sinn déi drëttgréisst Stad an dat steet eis zegutt.

Dat hätte mer virun 10-15 Joer sollte kréien. Do sinn ech absolutt mat Iech averstanen. Da wär um Belval vläicht eppes anescht entstanen. Da wär vlä-icht um Zolwereck eppes anescht ent-stanen. Mä elo musse mer kucke mat deem, wat mer ronderëm hunn. An do denken ech, dass en Hypermarché ze grouss geduecht ass an e City-Marché duergaange wär. Well en Hypermar-ché ass net onbedéngt geduecht, fir ze Fouss akafen ze goen. Wann Der d’Entwécklung vun eiser Gesellschaft observéiert, ass Hypermarché grad dat, wat dozou bäigedroen huet, dass mer dépendant vum Auto ginn. Den Hypermarché op der grénger Wiss, ass e grousst Konzept, wou mer d’Leit aus deenen anere Gemengen unzéie wäer-ten.

Dir schwätzt hei vun den Déifferden-ger. Mä en Hypermarché ass net gedu-echt fir just Déifferdenger. En Hyper-marché sicht sech en Einzugsgebitt, dee méi grouss ass.

Dat kënne mer wëllen, mä da wësse mer, dass mer domadder och de Ver-kéier wëllen. Dat ass dat, wat ech do-madder wollt kloerstellen. Dass mer mussen e Choix treffen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass richteg. Alles, wat Entrée de ville ass, muss nach grondleeënd du-erchdiskutéiert ginn. Dat steet haut net zum Vote.

Ech widderhuelen nach eemol, datt d’Déifferdenger Leit heimat ze Fouss akafe goe kënnen, respektiv mam Diffbus, wat am Moment net de Fall ass, well se den Auto mussen huelen, fir an d’Nopeschgemengen ze fueren.

Ech wollt dat zwar nach net erwäh-nen, well et eréischt e Freideg virge-stallt gëtt, mä mir kréien e Frëschwue-remaart an nach ganz vill aner At-traktiounen. Mir hoffen och endlech, eis fënneft Apdikt ze kréien, déi mer ewechgeholl kruten.

64

L’hypermarché permet aux Differ-dangeois d’aller faire leurs courses à pied ou en Diffbus, ce qui n’est pas possible aujourd’hui. Differ-dange aura aussi un marché de produits frais et peut-être une cin-quième pharmacie.Un centre commercial en plein centre-ville est unique au Luxem-bourg. Les Differdangeois pour-ront faire leurs courses en Diffbus de 7 h à 19 h du lundi au samedi. Le centre commercial et le carre-four sont importants.Le collège échevinal est conscient que des discussions sont néces-saires au sein de la commission. Mais le terrain n’appartient même pas encore à la commune et sur les trois bâtiments abordés, deux ne lui appartiennent pas non plus. Le seul terrain appartenant à la com-mune est celui de la Villa Hadir. Des négociations sont en cours avec les CFL pour les autres. La priorité actuellement est de termi-ner le carrefour avant que n’ouvre le lycée en 2019-2020.Le problème, ce sont les automobi-listes passant par Differdange pour aller travailler. Il faut essayer de re-cueillir les frontaliers avant la fron-tière et voir ce que peuvent appor-ter le parking de Rodange et la liai-son Michevillle. C’est ce qui permettra de résoudre les pro-blèmes.

ALI RUCKERT (KPL) pense que le projet n’a pas été bien préparé.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que c’est son droit de penser cela.

ALI RUCKERT (KPL) constate tout d’abord que Differdange n’aura pas de lycée classique comme promis, mais une école européenne. En plus, les élèves n’ont pas besoin de passer par le carrefour. Dans un projet de cette ampleur, il aurait fallu prévoir une alternative.Le collège échevinal aurait, par exemple, pu penser à un passage souterrain de la gare au lycée. En a-t-on discuté? Cela aurait-il été possible?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui.

Et ass matzen am Zentrum. Dat fënnt een op kenger anerer Plaz hei am Land, datt e groussen Akafszentrum matzen an enger Stad ass. Dat ass den Ënnerscheed. Wann d’Déifferdenger Awunner wëllen, kënne se vu moies siwe bis owes siwen Auer mam Diff-bus akafe goen. An dat vu méindes op samschdes. Dat fënnt een néierens. Dofir ass et extrem wichteg, dass mer deen Akafszentrum kréien, grad esou wéi déi Kräizung, wat haut um Ordre du jour steet.

Et ass normal, dass esou vill Froe ge-stallt ginn. De Schäfferot huet versta-nen, datt an der Kommissioun nach méi muss diskutéiert ginn. Mä et ass nach näischt décidéiert. Et gëtt ge-schwat vun Entrée en ville, mä den Terrain gehéiert eis emol nach net. Vun deenen dräi Gebaier, vun deene geschwat ginn ass, sinn der zwee, déi eis net gehéieren. Deen eenzegen Ter-rain, deen eis gehéiert, ass dee wou d’Villa Hadir drop steet. Déi aner sinn a Verhandlunge mat der CFL, fir déi iwwerhaapt emol ze kréien. Datt mer eventuell eng Gare aménagéiere kën-nen, datt mer weider Betriber kréien. A fir dat alles ënnert een Hutt ze kréi-en, ass et wichteg, Luuchten op déi Kräizung ze maachen. Datt déi Kräi-zung fäerdeg ass, wann de Lycée 2019/2020 opgeet an een herno net zwëschen 20 a 35 Minutten am Stau steet, wann een duerch Déifferdeng fiert.

Well de Problem ass net déi Kräizung. De Problem ass déi Leit, déi duerch eis Gemeng fueren, fir op d’Aarbecht ze kommen. Do si mer och amgaangen, drun ze schaffen, fir d’Frontalieren eventuell scho virun der Grenz opze-fänken. Mir sinn amgaangen, Zielun-gen ze maachen, kucken, wat de grousse Rodanger Parking an d’Liai-son Micheville bréngen. Wou mer ku-cken, fir den Duerchgangsverkéier moies an owes aneschters opzefänken. Da kréie mer ganz vill Problemer geléist, déi am Moment net geléist sinn. An dat hei ass am Fong geholl en éischte Schratt an déi Richtung, datt ee lues a lues weiderkënnt.

Den Här Ruckert nach eng Kéier, w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, virdrun hu mer e Beispill kritt, wou mir schéngt, dass dee Projet eben net richteg du-erchduecht ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo, dat ass Äert gutt Recht.

ALI RUCKERT (KPL):

Emol onofhängeg dervun, dass mer dee falsche Lycée kréien, dass mer eng Europaschoul kréien an net dee klas-sesche Lycée, deen d’Leit versprach kritt hunn, muss kee Schüler iwwert dee Rondpoint goen, wann een dee Projet duerchdenkt. A wann een esou ee grousse Projet mécht, kënnt ee jo och emol iwwer aner Alternativen no-denken.

Bei vill esou Projeten, ginn Ënnerfüh-runge gemaach. Vun der Gare ënnert der Strooss erduerch bis déi aner Säit bei de Lycée, wär zum Beispill eng Al-ternativ. Ech froe mech, ob doriwwer diskutéiert ginn ass. Ob gekuckt ginn ass, ob dat méiglech wär.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

ALI RUCKERT (KPL):

Firwat gëtt et dann net gemaach?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Well d’Stad Déifferdeng der Meenung ass, datt et net gutt ass, d’Leit ënnert de Buedem erduerch ze féieren. Datt d’Foussgänger d’Recht hunn, Luucht ze gesinn. Datt se e Recht hunn, iwwert d’Strooss ze goen. Datt ee se net muss ënnert de Buedem leeden.

An ech menge ganz éierlech, datt och wa mer eng Unterführung géife maa-chen, ganz vill Leit nawell géifen iwwert d’Strooss goen a sech net drun

65

ALI RUCKERT (KPL) demande pourquoi cette solution n’a pas été retenue.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que pour lui, les piétons ont le droit de traverser la rue et de voir la lumière du jour.En plus, tous les experts étaient d’avis que les tunnels et les ponts ne serviraient à rien et que les gens préféreraient quand même le che-min le plus court. Ici, les piétons attendent quand le feu est rouge. C’est la meilleure solution. Mais la question pourra être abordée par la commission.Les Ponts et Chaussées ne débute-ront pas les travaux avant 2016. Ils doivent encore lancer l’appel d’offres et trouver le budget. Mais la commune n’a pas de temps à perdre et doit faire en sorte que tout soit prêt quand le lycée ouvri-ra.Les commissions ont la possibilité de réagir, tout comme les citoyens dans le cadre des réunions pu-bliques.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) revient sur la question des pistes cyclables.Le collège échevinal a demandé au ministère de déclasser la piste na-tionale sur la colline et de la faire passer à travers la commune comme une artère. Bien entendu, le nouveau tracé doit être continu. M.  Bertinelli et l’orateur ont créé un groupe de travail pour voir comment les cyclistes peuvent re-joindre ces pistes à partir de leurs quartiers respectifs.Ce groupe de travail devra présen-ter un concept permettant aux gens de rouler à vélo à l’intérieur de la commune lorsque la piste nationale sera terminée. Les enfants devront pouvoir aller à l’école à vélo en empruntant des circuits spécifiques.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate qu’il avait raison quand il a parlé de 18 votes oui.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) répond qu’il n’était pas question du supermarché.

halen. Dofir hu mer och keng Bréck gemaach, fir driwwer ze goen. All Ex-pert huet gesot, et hätt kee Wäert, Brécken oder Tunnellen ze maachen, well d’Leit dee kierzte Wee sichen an iwwert d’Strooss ginn.

An hei kritt de Foussgänger Virrecht. Wann e Rout huet, waart en an da kann den Auto fueren. Ech mengen, datt dat déi richteg Léisung ass. Mä et ass awer kee Problem, datt mer an der Kommissioun nach eng Kéier iwwert alles diskutéieren.

A wéi gesot, och iwwert de Phasage. Dat leeft alles. Mir fänke leider net vi-run 2016 un, well d‘Ponts & Chaus-sées dat jo nach ausschreiwe muss. Si mussen emol kucken, datt se de Bud-get hunn. Dofir maache mer dat haut, datt et esou séier wéi méiglech viruge-et, an alles fäerdeg ass, wann de Lycée kënnt.

Et huet een d’Méiglechkeet, an de Kommissiounen an an de Biergerver-sammlungen drop ze reagéieren, wa Saachen ze ännere wären. Iwwregens maache mer dat schonn. An dat leeft ganz gutt, dat wësst Dir och, Här Di-derich, wou mer d’Bierger immens vill an de PAGe mat abannen. An dat wä-erte mer och esou weiderféieren.

Den Här Liesch huet nach d’Wuert ge-frot.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Buergermeeschter. Et war d’Fro gestallt ginn iwwert d’Vëlos-weeër, déi do sinn. Ech wollt just ku-erz dorop äntweren.

Mir hunn et fäerdeg bruecht, beim Ministère unzefroen, datt den natio-nale Vëloswee, deen iwwert de Bierg gaangen ass, deklasséiert gëtt an datt en elo, wéi eng Artère duerch eis Ge-meng leeft. Dat hu mer emol fäerdeg bruecht.

Natierlech ass et kloer, dass mer elo, wou den nationale Vëloswee matten duerch deen doten Deel vun Déiffer-deng geet, och kucken, dass deen net iergendwou op 50 Meter ënnerbrach gëtt, mä dass et eng Kontinuitéit gëtt. Dat ass evident.

Den Här Bertinelli an ech hu gëschter eis Servicer an engem Aarbechtsgrupp zesummegeruff, wou mer eis Gedan-ken driwwer gemaach hunn – mir waarden net of, bis de Stat deen natio-nale Vëloswee elo stéckelchersweis re-aliséiert, dat ass jo schonn amgaangen – wéi d’Leit sech am beschten an de-ene respektive Quartieren op deem Wee mam Vëlo déplacéiere kënnen.

An deem Aarbechtsgrupp, dee mer gëschter an d’Liewe geruff hunn, sote mer, dass mer gären ausgeschaffte Pläng hätten, Léisungen hätten, dass wann den nationale Vëloswee fäerdeg ass, e Konzept virläit, wéi d’Leit sech zu Déifferdeng mam Vëlo hin an hier bewege kënnen. An och wéi d’Kanner mam Vëlo an d’Schoul kommen, well dat erëm aner Circuite sinn, déi mus-sen opgestallt ginn. Dorunner gëtt ge-schafft. De Vëlo ass net vergiess an deem ganze Projet.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Da géife mer zum Vote kom-men.

Le conseil communal décide avec 18 voix oui et 1 abstention d‘approuver les devis et plans pour les travaux de voirie et d’infrastructure et d’évacua-tion des eaux pluviales dans le cadre du projet de réaménagement de l’Entrée en ville.

Da loung ech awer richteg mat 18.

(Gelaachs)

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Dir hutt jo elo net vum Supermarché geschwat.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, nee. Ech hu vun der Kräizung geschwat.

Mir kommen zu engem weidere wich-tegen, wann net dee wichtegste Punkt, um Ordre du jour. Zu eise Kanner,

66

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) admet qu’il était question du carrefour.Il passe à l’organisation scolaire, le point du jour le plus important et cède la parole à M.  Liesch, un échevin moderne et dynamique.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) remercie le bourgmestre et plaisante qu’il ne sait pas pourquoi il a mérité ces louanges.Il essaiera de présenter l’organisa-tion scolaire de manière claire, afin que la matière soit compréhensible pour ceux qui ne la connaissent pas bien.2  751 enfants sont inscrits pour 2015-2016. Ils seront répartis dans 186 classes. Pour ces classes, l’État offre un contingent de 6 322 heures.Oberkorn comptera 453  enfants dont 142 au cycle 1 et 311 aux cy-cles 2 à 4, le Fousbann 458 (156 et 302), le Woiwer 421 (118 et 303), Differdange  804 (235 et 569) et Niederkorn  494 (99 et 395). L’école Fousbann comprend l’an-nexe de Lasauvage avec son pré-coce et sa maison relais. Les plus petits doivent pouvoir rester à La-sauvage avant de se rendre au Fousbann.Ces chiffres sont impressionnants et inquiètent l’orateur. Differdange et Niederkorn prennent des pro-portions inadaptées.À Dudelange, les écoles ne comptent jamais plus de 400  en-fants. Georges Liesch estime que Differdange aussi doit limiter le nombre d’élèves par établissement. Un terrain a d’ailleurs été réservé au Mathendall pour une école an-nexée au campus de Differdange.Il y a aussi des terrains disponibles au Woiwer et à Differdange.En tout cas, l’idée de rendre les sites scolaires plus petits est bonne.Au cours des six dernières années, le nombre d’élèves n’a pas beau-coup évolué. Il est donc impro-bable que les chiffres s’écroulent de 300 ou 400 unités prochainement.À Differdange, les possibilités de construction sont restreintes en rai-son du reclassement du PAG. Mais il y a du potentiel à Niederkorn avec le Mathendahl et au Woiwer. Le nombre d’élèves ne va en tout cas pas baisser ces prochaines an-

der Schoulorganisatioun. Eisen dyna-meschen, moderne Schäffen huet d’Wuert.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Ech weess net, woumat ech dee Luef verdéngt hunn. Ech fäerten, et gëtt Iech eng deier; iergendwann kënnt dat zréck. Merci, Här Buergermeeschter.

Ech probéieren iech, esou gutt wéi méiglech duerch dës Schoulorgangisa-tioun ze féieren. Déi meescht vun iech heibanne si scho laang dobäi a gutt an der Matière dran. Ech probéieren et de Lieser an de Leit dobausse grad esou verständlech ze maachen, well et keng einfach Matière ass.

Ugefaange mat e puer Zuelen: Am Schouljoer 2015/2016 sinn am Mo-ment 2.751 Kanner. Dat ass an der Linn vun deem, wat mer déi lescht Jo-ren haten. Fir dat ze stemmen, hu mer 186 Klassen an eiser Gemeng. Déi Schülerzuel melle mir dem Ministère an hie seet eis en contrepartie, wivill Stonne mer accordéiert kréien. Dat ass dee berühmte Contingent. Et handelt sech hei ëm 6.322 Stonnen.

Ech ginn iech den Detail vun der Schülerzuel vun den eenzelne Sitten: Zu Uewerkuer hu mer en Total vu 453 Kanner. Dovunner 142 am Cycle 1 an 311 an de Cyclen 2 bis 4. Um Fous-bann en Total vu 458 Kanner. Am Cy-cle 1 sinn dat der 156, an de Cyclen 2 bis 4 302 Kanner. Hei ass zënter lescht Joer och Lasauvage annexéiert, wou e Précoce/Maison relais funktionéiert. Mir sinn der Meenung, dass déi Kan-ner an deem jonken Alter nach zu La-sauvage kënnen an d’Schoul goen a méi spéit eréischt op de Fousbann an déi grouss Schoul ginn. Dat éischt Joer wëlle mer se nach zu Lasauvage halen. Dat behale mer esou bäi. Um Woiwer: 421 Kanner. Dovunner 118 am Cycle 1 an an de Cyclen 2 bis 4 303. Déiffer-deng, dee gréisste Site, mat 804 Kan-ner. 235 am Cycle 1 a 569 an de Cy-clen 2 bis 4. An zu Nidderkuer: 494 Kanner. Dovunner 171 am Cycle 1 an 395 an de Cyclen 2 bis 4.

Dat sinn impressionnant Zuelen. Ze-mools déi vun Déifferdeng. Wéi ech d’lescht Joer scho gesot hat, ass dat ee

vu menge Suergekanner. Déifferdeng wéi Nidderkuer huelen Dimensiounen un, déi eigentlech net gutt sinn.

Fir e Verglach ze maachen hat ech gëschter nach en interessant Gespréich mat engem Kolleeg vun Diddeleng. Déi si scho vill méi laang op de Wee gaangen — allerdéngs historesch be-déngt —, an de Schoulen net méi wéi 400 Kanner ze hunn. Ech mengen, dat wär e Wee, deen ee misst cibléieren, fir do wou et nëmme méiglech ass, d’Zuel vun de Kanner erofzesetzen. De Schäfferot huet schonn e puer Initiati-ven an déi Richtung geholl. Mir hunn zu Nidderkuer am „Mathendall“ en Terrain reservéiert, fir eng Schoulinf-rastruktur ze bauen, déi zwar un de Campus Déifferdeng annexéiert ass, awer e Gebai fir sech ass.

Um Woiwer stinn eis och Terrainen zur Verfügung, wou ee sech iwwerleeë kënnt, eng nei Schoul ze bauen. Zu Déifferdeng, op der aler Kiercheplaz besteet d’Iddi, e Gebai ze bauen, wat un de Campus Déifferdeng annexéiert kënnt ginn, fir deen domat ze ent-laaschten.

Ech mengen, dass et e richtege Wee ass, d’Schoulsitte méi kleng ze maa-chen.

Den Diagramm, deen ech iech ausge-deelt hunn, weist dass d’Schülerzuel an de leschte sechs Joren net vill geän-nert huet. Dat heescht, dass mer net kënnen dovunner ausgoen, dass mer iergendwann hei zu Déifferdeng e rise-gen Abroch vun 300 oder 400 Kanner hätten. Dat wäert sécher net de Fall sinn.

Zu Déifferdeng selwer hu mer manner Bebauungspotential duerch d’Ëmklas-séierung vum PAG. Mä op all deenen anere Plazen — wéi Nidderkuer de Projet „Mathendall“ an um Woiwer, dee grousse Projet, dee geplangt ass — hu mer Potentialer. D’Schülerzuel wä-ert net an deenen nächste Joren dras-tesch erofgoen. Ech ginn éischter do-vun aus, dass se op deem heiten Ni-veau bleift an dass mer se esou pla-fonéiert kréien.

Mir hu beim SIGI eng Analys ugefrot — eng Aart Benchmark —, fir eis Schoule mat anere Schoulen am ganze Land ze vergläichen. Déi Analys leeft.

67

nées. Il devrait rester similaire. Le collège échevinal a demandé au SIGI de comparer les écoles de Differdange à celles des autres communes. L’échevin ne dispose pas encore des résultats, mais il peut d’ores et déjà dire que Differ-dange compte plus d’enfants par habitant que Luxembourg-ville et est probablement première dans ce classement. Il faut donc beaucoup d’infrastructures et de personnel.Georges Liesch passe au contingent. 72 enseignants et 15  éducateurs travaillent dans le cycle  1 à Differdange. Cela repré-sente 1552 heures. Dans les cycles 2 à 4, il y a 166  enseignants, soit 4021 heures.Le seuil baisse tous les ans de 10 %, mais la commune a droit à des heures hors contingent. Il s’agit notamment de projets pédago-giques pour soutenir les enfants qui n’ont pas l’appui nécessaire de leurs parents.Beaucoup d’enfants ont des pro-blèmes de comportement et d’ap-prentissage. Depuis des années, Differdange reconduit le projet dys-dys-dys. L’équipe multidiscipli-naire travaille avec les enfants souf-frant de troubles comportemen-taux. Differdange aurait besoin de plus d’heures. L’inspecteur scolaire parle du triple. Mais c’est le minis-tère qui prend la décision.La commune peut compter sur des heures hors contingent pour une série de projets et notamment l’école nature et l’école technique. L’école nature fonctionne depuis 20  ans. L’école technique connaît un beau succès. Les enfants y ap-prennent à réaliser des travaux avec leurs mains. On oublie sou-vent que l’artisanat reste important et l’école technique a son rôle à jouer dans ce contexte. Les enfants découvrent s’ils aiment travailler avec leurs mains ou pas. Autre-ment, certaines branches artisa-nales risquent de disparaître.L’escalade, l’espace et la pédagogie équestre constituent des projets plus petits pour soutenir les enfants à troubles comportementaux. En général, ces problèmes n’ont pas leur origine à l’école, mais dans l’environnement social des enfants. Les enfants jeunes ne peuvent pas s’en sortir seuls. C’est pourquoi il

Mir hunn nach keng Resultater, mä eng Donnée hunn ech, déi mech im-pressionnéiert: mir hu pro Awunner méi Kanner wéi d’Stad Lëtzebuerg. Dat heescht, mir sinn eng zimlech kannerräich Gemeng. Wat natierlech dann dozou bäidréit, dass mer vill Inf-rastrukturen, vill Leit a vill Personal brauchen an esou weider. Dat ass schonn eng impressionnant héich Zuel. Sou wéi et ausgesäit, si mir déi kannerräichst Gemeng hei zu Lëtze-buerg op d’Awunner bezunn. Wéi ge-sot de SIGI ass amgaangen, dat am Detail auszeschaffen. Esou vill zu eise Sitte mat de Kannerzuelen.

Da kommen ech op de Contingent ze schwätzen. Ech fänke mam Cycle 1 un. Do hu mer 72 Enseignanten a 15 Éducateuren, déi bei eis an der Ge-meng schaffen. Dat sinn eng ronn 1.552 Stonnen, déi mer zegutt hunn. An de Cyclen 2 bis 4 hu mer 166 Ens-eignante schaffen, déi 4.021 Stonne prestéieren.

De Seuil geet all Joer ëm 10% erof, mä mir kréien awer eng ganz Partie Saachen hors contingent. Zum Beispill Projeten, déi scho laang hei zu Déiffer-deng lafen, déi mer zousätzlech ugere-chent kréien zum Contingent, dee mer hunn. Dat sinn haaptsächlech pädago-gesch Projeten, déi deene Kanner ze-gutt kommen, déi doheem net deen néidege Réckhalt vun hiren Eltere kréien.

Et si ganz vill Kanner, déi Problemer hunn. Verhalensopfälleg Kanner mat Lernschwieregkeeten, mat Dysphasie, Dyscalculie; dofir leeft säit Joren den „Dys-Dys-Dys-Projet“. Mir sinn an enker Zesummenaarbecht mat der Équipe Multi, déi haaptsächlech pro-béiert, mat verhalensgestéierte Kanner ze schaffen, fir se erëm op déi richteg Schinn ze bréngen.

Et gëtt bäi Wäitem net genuch Ston-nen, fir déi sämtlech Dossieren, déi mer um Dësch leien hunn. An der leschter Schoulkommissioun huet den Inspekter eis nach eng Kéier virun Ae gehalen, wat do heiansdo fir kom-plizéiert Fäll optauchen a wivill Ston-nen een eigentlech derfir bräicht. Mir missten déi Stonnenzuel quasi verdräi-fachen, wa mer der Demande wéilte Rechnung droen. Mä déi Décisioun läit beim Ministère.

Wéi gesot, nieft deene Stonnen, déi am Contingent sinn, kréie mer eng ganz Partie Stonnen hors contingent. Dat si Projete wéi den «Enseignement adul-te», de „Léieratelier“, wou d’Kanner geléiert ginn, wéi ee richteg léiert. Den „Dys-Dys-Dys“, vun deem ech scho geschwat hunn.

D’Naturschoul, e Projet, deen der all heibanne kennt, funktionéiert schonn iwwer 20 Joer. Dat ass wierklech e ganz flotte Projet. Eis Technikschoul funktionéiert zwar nach net esou laang, mécht sech awer ganz gutt. Déi ass ganz vill ausgebucht an et gi flott handwierklech Aarbechte mat de Kan-ner gemaach. Ech fannen, dass dat immens wichteg ass, well mer haut an enger Gesellschaft liewen, wou oft ge-mengt gëtt, d’Kanner missten e Clas-sique- oder souguer en Unisofschloss hunn. Dobäi gëtt eigentlech vergiess, wéi wichteg d’Handwierk ass. Dat gouf an de leschten zéng Joer drama-tesch vernoléissegt. Eng Technik-schoul ass sécher nëmmen eng Minid-rëps op e waarme Steen, mä et ass awer eng wichteg Drëps.

Mir weisen de Kanner, dass ee mat sengen Hänn eppes ufänke kann. A si entdecken, ob et hinne Spaass mécht oder net. Ech hoffen, dass mer iwwert dee Wee erëm méi Leit an d’Hand-wierk kréien, well fir verschidde Gruppsparte gesäit et net gutt ass, wou et schwéier gëtt, déi um Liewen ze halen, wann net geschwënn eppes ënnerholl gëtt.

Dann hu mer nach Kloteren, Espace a Reitpädagogik. Dat si méi kleng awer och ganz wichteg Projeten. Espace a Reitpädagogik si Projeten, wou mat verhalensopfällege Kanner geschafft gëtt. D’Kanner ginn zäitweileg aus der Klass geholl an et gëtt gekuckt, wou d’Problemer hierkommen. Meeschtens entstinn déi Problemer net an der Schoul, mä duerch hiert schwéiert Ëmfeld, wat net einfach ass. A Kanner an esou engem jonken Alter kréien dat net alleng verschafft. Mir probéiere mat Spezialisten do ze hëllefen, wou et nëmme geet.

Nach e Wuert zu de Remplaçements permanents. Déi ginn zënter laangem vun der Gemeng selwer gemaach. Aner Gemenge loossen déi iwwert d’Ministèrë lafen. Doduerch hu se na-

68

faut les aider avec des spécialistes.Les remplacements permanents sont gérés par la commune depuis longtemps. D’autres communes laissent le ministère s’en occuper. Mais le collège échevinal est satis-fait du travail réalisé en interne. Ce travail est plus efficace que s’il était décentralisé.Le conseil communal dispose d’une liste de tous les projets et des heures accordées par le ministère.La commune a reçu 85  demandes de parents souhaitant envoyer leurs enfants à l’école dans une autre commune ou à l’étranger, ainsi que 34 demandes pour que des enfants de l’extérieur viennent à Differ-dange soit parce que les parents y travaillent ou parce que les grands-parents y vivent.Six enfants sont scolarisés chez eux. C’est un droit du Luxem-bourg. Ce chiffre augmente petit à petit. Il y a quelques années, il n’y en avait pas.Les enfants inscrits dans une école à Differdange peuvent partir en ex-cursion une semaine avec leur en-seignant, par exemple en Suisse en montagne. Il s’agit de destinations où les enfants ne peuvent pas tou-jours aller avec leurs parents. L’an-née dernière, 43 classes ont profité de cette offre. Differdange est une des rares communes à financer des séjours de cette envergure. C’est important. Les parents ne dé-boursent pas un seul euro pour ces colonies de vacances. Les com-munes voisines ne disposent en gé-néral pas d’une telle offre.Tous les projets sont décrits de ma-nière détaillée dans le dossier des conseillers communaux. S’il reste des questions, Georges Liesch y ré-pondra.L’échevin remercie les services pour cette organisation scolaire. La nou-velle responsable du service sco-laire a élaboré sa première organi-sation. Elle est encadrée d’une bonne équipe.L’orateur remercie aussi la commis-sion scolaire qui a collaboré de ma-nière constructive. L’ambiance y est bonne et M. Liesch aime travailler avec elle.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) constate que l’organisation scolaire est un des documents les plus

tierlech manner Aarbecht. Mir sinn awer ganz zefridde mat där Aarbecht, déi hei am Haus geleescht gëtt a wël-len dat esou bäibehalen. Dat erméig-lecht méi kuerz Weeër vun de Leit, déi ersetze ginn. Si kënne méi effikass schaffen, wéi wann et vun enger zent-raler Stell aus koordinéiert gëtt.

Am Dossier, deen der virleien hutt, fannt der all Projeten erëm vun deene Stonnen, déi mer zegutt hunn. Et ass immens wichteg, déi vum Ministère accordéiert ze kréien. Soss géif et schwiereg ginn, déi Projeten ze rea-liséieren.

Zum Schluss nach zwou Saachen. Zum engen, wivill Kanner an eis Ge-meng erakommen oder erausginn. Et ass vläicht e klengen Detail, dofir awer e ganz interessanten. Et si 85 Deman-den erakomm, fir d’Kanner an eng aner Gemeng respektiv an d’Ausland an d’Schoul ze schécken. Et ass elo keng därmoossen héich Zuel bei 2.700 Kanner, mä ëmmerhin. En Contrepar-tie si 34 Kanner, déi vun auswäerts bei eis an d’Schoul kommen, wou d’Eltere vläicht hei schaffen oder wou d’Bomi hei wunnt, wouduerch se Faci-litéiten hunn. Et ass schéin ze gesinn, dass och Kanner bei eis kommen. Véier Kanner kommen aus dem Aus-land, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, an hei zu Déifferdeng scolariséiert sinn. Dat sinn der net vill, mä et sinn alt déi.

Sechs Kanner — dat sinn der och net vill — wou d’Eltere gefrot hunn, d’Scolariséierung bei sech doheem ze maachen. Et ass e Lëtzebuerger Recht, dass ee säi Kand doheem scolariséiere kann. Dat ass eng Zuel, déi lues a lues e bëssen an d’Luucht geet. Viru fënnef oder sechs Joer hate mer där nach keng. Mëttlerweil hu mer, wéi gesot, sechs Kanner, wou d’Eltere vun deem Recht Gebrauch maachen.

Da kéim ech op d’Séjouren ze schwät-zen, wat mer eise Kanner nieft dem reng Schoulesche bidden. Déifferdeng war eng vun den éischte Gemengen, déi dat agefouert huet. D’Kanner kën-nen eng Woch mat hirem Enseignant iergendwou hi fueren an eppes erliew-en, wat se bis dohin nach net erlieft hunn. Si fueren zum Beispill an d’Schwäiz an d’Bierger; eng Destinati-oun, déi bei hiren Eltere vläicht net di-

rekt um Kalenner steet. D’lescht Schoulorganisatioun waren 43 Klas-sen, déi dovunner profitéiert hunn, anzwousch hinzefueren.

Ech soen dat, well et net onwichteg ass, well mer eng vun deene wéinege Gemenge sinn, déi iwwerhaapt Séjou-ren an där Envergure finanzéieren an och erlaben. Dat ass net vun der Hand ze weisen. Wann der ronderëm an den Nopeschgemenge frot, ass dat bei Wä-item net esou. Déi Séjoure si gratis. D’Eltere brauche keen Euro bäi-zeleeën, wann hir Kanner an d’Kolo-nie ginn. Och dat ass an den Nope-schgemengen net ëmmer de Fall.

Voilà, ech hu probéiert nieft den Zif-feren aner Saachen aus der Schoulor-ganisatioun erauszehuelen. Déi Projete sinn alleguerten detailléiert am Dos-sier beschriwwen. Wann nach deen een oder deen aneren eng Fro huet, wäert ech natierlech drop äntweren.

E ganz grousse Merci un eis Servicer, déi un der Schoulorganisatioun mat-geschafft hunn. En ausdréckleche Merci un eis nei Responsabel, wat eng Feuertaufe gemaach huet; seng éischt Schoulorganisatioun selwer opgestallt huet. Et ass eng gutt Équipe, wou et encadréiert ass.

Och e grousse Merci un d’Schoulkom-missioun, déi mer déi lescht Woche méi dacks gesinn hunn, déi konstruk-tiv matgeschafft huet. Et ass eng ganz gutt Ambiance an et komme vill posi-tiv Elementer op d’Tapéit. Et mécht richteg Freed, an där Kommissioun matzeschaffen. En décke Merci fir hi-ren Input an dëser Schoulorganisati-oun. An ech soen iech Merci fir d’No-lauschteren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Georges Liesch. Den Här Hobscheit w.e.gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, d’Schoulorgani-satioun ass eent vun de wichtegsten Dokumenter, mat deem mir eis am Gemengerot d’Joer iwwer beschäfte-

69

importants que le conseil communal ait à traiter au cours de l’année. Il fixe le cadre pour le fonctionnement de l’école de Differdange et donc aussi pour l’avenir des enfants.Pour commencer, Pierre Hobscheit tient à remercier tous les acteurs, et en particulier les enseignants et les éducateurs, qui sont confrontés tous les jours à de nouveaux défis. Un merci aussi au service scolaire qui veille à ce que les écoles fonc-tionnent au jour le jour. Un merci enfin à la commission scolaire qui a contribué à la réalisation du do-cument.Differdange compte 2751  enfants dans 186  classes. Ces chiffres dé-montrent que la commune doit continuer à investir dans les in-frastructures scolaires. Le socialiste espère que les projets annoncés par M. Liesch prendront forme.À la page 36, il est question de pa-rents ne réagissant pas aux cour-riers. A-t-on effectué un suivi de ce problème?La réalisation d’une organisation scolaire n’est pas chose facile. La composition des classes joue un rôle important. Des effectifs plus importants permettraient d’affecter les enseignants à d’autres tâches. Mais d’un autre côté, l’accompa-gnement est plus aisé si les classes sont petites.Des classes plus petites entraînent un besoin en infrastructures, qui doivent être adaptées à l’accroisse-ment de la population. La même chose est vraie pour les maisons re-lais.L’organisation scolaire doit tenir compte des besoins des élèves. Il faut donc saluer des mesures comme l’enseignement à deux ou en équipes et l’interclasse.Les enfants souffrant de difficultés d’apprentissage doivent être enca-drés. Aucun d’entre eux ne doit être oublié. Un accompagnement ciblé leur permet de suivre le par-cours scolaire de manière optimale.Malheureusement, l’organisation scolaire signale que le nombre d’enfants à troubles comportemen-taux a augmenté. Cela fait peur. Ces enfants doivent être encadrés de manière adéquate.Differdange compte de nom-breuses offres à côté de l’enseigne-ment classique et notamment

gen. Mat dësem Dokument setze mer de Kader fir de Fonctionnement vun eise Schoulen an domadder och, méi oder manner direkt, an d’Zukunft vun eisen Déifferdenger Schoulkanner.

Ier ech am Detail op d’Schouljoer 2015/2016 aginn, wëll ech verschidde-nen Akteure Merci soen. Virop dem Léierpersonal an den Éducateuren, déi an eise Schoule keng einfach Aufgab hunn. E grousse Merci geet och un eise Schoulservice hei op der Gemeng. Dee muss derfir suergen, dass de Fon-ctionnement vun eise Schoulen Dag fir Dag garantéiert ass. Merci soen ech vun dëser Plaz aus alle Memberen aus der Schoulkommissioun, déi dëst Do-kument, iwwert dat mer haut dis-kutéieren, letztendlech mat opgestallt hunn.

Den Här Liesch huet beandrockend Zuele genannt. 2.751 Kanner ginn a ronn 186 Klassen an d’Schoul. Dës Zuele weise virun allem, dass mer an den nächste Jore weider an d’Schoul-infrastruktur an domat an d’Zukunft vun eise Kanner investéiere mussen. Op d’Infrastruktur wäert ech e bësse méi spéit agoen. Ech si frou, dass den Här Liesch e puer Projeten opgezielt huet, déi geplangt sinn. Ech hoffen, dass déi Projeten ëmgesat kënne ginn.

Zu den Zuelen hätt ech eng Fro un den zoustännege Schäffen. Op Säit 14 steet am Dokument: „36 enfants, dont les parents n’ont pas réagi aux deux courriers“. Et géif mech nawell inter-esséieren, ob an iergendenger Form e Suivi gemaach gëtt a gekuckt gëtt, fir-wat d’Elteren et net fir néideg fannen, op de Courrier ze reagéieren.

Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, d’Opstelle vun esou enger Schoulorganisatioun ass mat Sécher-heet keen einfachen Exercice. Dat fänkt scho bei der Zesummesetzung vun de Klassen un an dobäi spillt na-tierlech virun allem d’Gréisst vun de Klassen eng wichteg Roll. Mat e bësse méi grousse Klassen kënnt ee sécher-lech Enseignanten „aspueren“, déi een da fir aner Aufgaben eventuell asetze kënnt. Op där anerer Säit, garantéiere méi kleng Klassen, dass een d’Schüler besser betreie kann, wat fir eis als LSAP wichteg ass.

De Wonsch no klenge Klasse stellt een natierlech virun Erausfuerderungen, wat d’Infrastruktur ugeet. Hei musse mer probéieren, schrëtt ze hale mat der demografescher Entwécklung vun eiser Stad. Eis Schoulgebaier mussen esou gebaut ginn, dass se dem Popula-tiounswuesstum gerecht ginn. Dat gëllt d’ailleurs och fir d’Maison Relai-sen, op déi ech méi spéit ze schwätze kommen.

D’Schoul, Dir Dammen an Dir Hären, steet net nëmmen hei zu Déifferdeng virun ëmmer neien Erausfuerderun-gen. Dat weist sech och an der Schou-lorganisatioun, wou een de verschid-dene Besoine vun eise Schülerinnen a Schüler Rechnung droe muss. Déi ver-schidde Mesuren wéi den Teamtea-ching, den Enseignement à deux oder och den Interclasses begréissen ech duerfir ausdrécklech.

Dat nämlecht gëllt natierlech och a be-sonnesch fir den Encadrement vun de-ene Kanner, déi ënner spezifesche Léierschwieregkeeten, wéi zum Bei-spill enger Dyslexie oder Dyscalculie, leiden. Ech wëll ënnersträichen, dass mir keent vun deene Kanner lénks lei-en dierfe loossen. Duerch eng geziilte Betreiung, kréie si d’Méiglechkeet, de schoulesche Parcours optimal ze du-erchlafen. Ech begréissen, dass een op hir spezifesch Besoinen ageet. Alles anescht wier net gutt a géif si net wei-derbréngen.

Suerge mécht mer allerdéngs, wann ech op Säit 35 esou Sätz liesen, wéi: «Le nombre des élèves à troubles com-portementaux a augmenté». Dat ass eng Wourecht, déi net nei ass, mä en-gem awer dach Angscht mécht. Déi Kanner mussen adequat encadréiert ginn, dass se en erfollegräiche schou-lesche Wee beschreide kënnen.

Besonnesch Stäerkte vun eise Schoule sinn déi speziell Offeren, déi et nie-went dem „klasseschen Enseigne-ment“ gëtt. Zum Beispill d’Natur-schoul. Dat ass zanter Jorzéngten eng Success Story. Houfreg mécht een na-tierlech, wann ee gesäit, dass eis Nopeschgemenge fläisseg op esou Of-feren zréckgräifen.

Datselwecht gëllt fir eis Technikschoul — den Här Liesch huet et gesot —, déi et nach net esou laang gëtt, mä déi

70

l’école nature, qui est un succès et dont Differdange peut être fière.L’école technique est plus jeune, mais elle est importante, car elle at-tire l’attention des enfants sur l’ar-tisanat.L’organisation scolaire parle égale-ment des nouvelles technologies de la communication. Chaque salle peut être équipée de trois ordina-teurs. Combien y en a-t-il en tout dans la commune?Les écoles disposent d’un certain budget pour organiser des manifes-tations culturelles. Plusieurs activi-tés sont destinées à promouvoir la lecture, comme le club de lecture ou la nuit de la lecture.Le sport et la natation sont tout aussi importants. Les enfants doivent pouvoir se défouler pour contrebalancer le temps passé assis à étudier. L’encadrement doit être optimal.Il faut familiariser les enfants avec les principes de la démocratie. Pierre Hobscheit salue explicite-ment des projets comme le conseil communal des enfants.Une bonne école ne peut fonction-ner que grâce à un personnel effi-cace. Les nombreuses offres ne sont possibles que si les ensei-gnants et les éducateurs sont moti-vés. Le conseiller communal les re-mercie.Le contingent a reculé légèrement et cela va continuer. L’orateur es-père que cela n’aura pas de consé-quences négatives sur l’apprentis-sage. Les heures accordées hors contingent sont importantes.Aller à l’école ne signifie pas uni-quement apprendre de 8 h à 12, 13 ou 16 h. L’accompagnement est né-cessaire et les maisons relais jouent un rôle essentiel. La collaboration doit donc être garantie entre l’école et les maisons relais. De petits pro-blèmes de communication suffisent parfois à mettre à mal une collabo-ration efficace. En tout cas, les mai-sons relais ont besoin d’infrastruc-tures adéquates dans toutes les lo-calités.Pierre Hobscheit estime avoir passé en revue les points les plus impor-tants. L’organisation scolaire constitue la base pour que l’école puisse jouer son rôle pédagogique, social et sociétal.

awer schonn eng wichteg Roll an eiser Schoul spillt, eben och fir d’Kanner op d’Wichtegkeet vum Handwierk op-mierksam ze maachen.

Op der Säit 41 vum Dokument, geet Rieds vun den neien Technologien an der Kommunikatioun. Do steet: «Chaque salle de classe peut être équipée jusqu’à concurrence de trois ordinateurs. Cette installation ne pourra se faire que dans les limites budgétaires». Hei géif mech interes-séieren, wou mer dru sinn? Oder an-escht gefrot: Wivill Computere gëtt et effektiv an de Klassesäll uechtert d’Gemeng?

Zwee Aspekter, déi an der Schoul och net dierfen ze kuerz kommen, sinn d’Kultur an de Sport. Am Beräich vun der Kultur, ass et flott, dass eng ge-wëssen Zomm zur Verfügung steet, fir kulturell Evenementer ze organiséie-ren. Begréissenswäert ass, aus eiser Siicht, dass eng ganz Rëtsch Aktivitéi-te fir eis Butzen organiséiert ginn, wou se zum Liesen animéiert ginn. Ech denken hei un d’Liesnuechten, de Vir-liesconcours oder de Liesclub.

Grad esou wichteg schéngt mer de Sport, sief et am Turnsall oder an der Schwämm. D’Kanner mussen d’Méig-lechkeet kréien, sech ze defouléieren, als Ausgläich zu deene Stonnen, wou se an der Schoul roueg an hirer Bänk sëtze mussen. Och hei versteet sech en optimaalt Encadrement.

Ausserdeem ass et wichteg, déi Jonk esou fréi wéi méiglech mat de Prinzi-pie vun enger Demokratie vertraut ze maachen. Hei begréissen ech aus-drécklech Projete wéi de Kannerge-mengerot. Dat erméiglecht de Kanner, sech fréi genuch fir eng Saach anzeset-zen.

Dir Dammen, Dir Hären, eng gutt Schoul fonctionnéiert nëmme mat guddem Personal. Dat hu mer hei zu Déifferdeng. Ech hoffen, dass dat och weiderhin esou bleift. Déi villfälteg Offer an eise Schoulen ass nëmmen da méiglech, wa mer op motivéiert Léier-innen a Schoulmeeschteren, Éducat-ricen an Éducateuren zréckgräife kën-nen. Hinne jiddefalls vun dëser Plaz aus nach eemol en décke Merci.

Ouni e grousse Spezialist am Thema Contingent ze sinn, hunn ech mer soe gelooss, dass de Seuil liicht zréckgeet, an d’Tendenz déi ass, dass en nach weider erofgoe wäert. Ech hoffen, dat huet mëttel- bis laangfristeg keng ne-gativ Konsequenzen op den Enseigne-ment. Ech sinn awer frou ze héieren, dass mer ganz vill Stonnen hors cont-ingent zur Verfügung gestallt kréien, wat eis natierlech dann erëm nei Méig-lechkeete gëtt.

Dir Dammen, Dir Hären, zu der Schoul gehéiert vill méi wéi vu moies aacht bis mëttes 12, 13 oder 16 Auer ze léieren. D’Betreiung vun de Kanner gëtt ëmmer méi noutwendeg, wou d’Maisons Relaisen eng grouss Roll spillen. D’Zesummenaarbecht mat der Schoul muss klappen, dass eng opti-mal Betreiung garantéiert ass. Villes ass an deem Beräich scho geschitt. Wann ee mat de Leit um Terrain schwätzt, entgeet engem awer net, dass nach Sputt no uewen ass. Heians-do bestinn einfach nëmme banal Kommunikatiounsproblemer, déi eng effikass Zesummenaarbecht verhënne-ren. Generell ass et wichteg, dass mer de Maison Relais an allen Uertschaf-ten adequat Infrastrukturen zur Ver-fügung stellen, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn.

Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, et gëtt sécherlech nach munches ze soen. Ech mengen, ech sinn awer op déi wichtegst Aspekter agaangen. Mat der Schoulorganisati-oun leeë mer de Grondsteen, dass eis Schoulen am nächste Schouljoer wei-derhin hirer pädagogescher, sozialer a gesellschaftlecher Roll gerecht kënne ginn. Am Numm vun der LSAP, wëll ech nach eemol alle bedeelegten Ak-teuren e grousse Merci soen. Mir stëmmen dësen Text selbstverständ-lech mat.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Hobscheit. Här Bürger Dir hutt d’Wuert.

PASCAL BÜRGER (DP):

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen an Dir Häre Conseilleren,

71

Le conseiller communal remercie tous les acteurs au nom du LSAP.

PASCAL BÜRGER (DP) ne voit pas, dans les grandes lignes, de nouveautés dans l’organisation scolaire  2015-2016 par rapport aux années précédentes. Elle a été élaborée par les autorités communales et les acteurs sur le terrain. Pascal Bürger remercie les enseignants, les éducateurs, le service scolaire et la commission scolaire.L’avis de la commission est parti-culièrement court, ce qui montre qu’il y a peu de nouveautés. Il faut pourtant tenir compte des défis oc-casionnés par le développement dé-mographique et social.En 2015-2016, il y aura une aug-mentation de six élèves par rapport à l’année précédente contre sept en 2014-2015. Les enfants ont besoin de classes et d’un encadrement qualifié.Il faut penser à recruter du person-nel et à construire des classes. Mais cela signifie dépenser plus.Les démocrates saluent l’offre va-riée en activités périscolaires et en mesures comme l’appui pédago-gique, l’étude surveillée, le sport, le conseil communal pour enfants, le club de lecture, les vacances loisirs, etc. Le conseiller communal sou-ligne l’ouverture du théâtre de ma-rionnettes à Lasauvage.Les enfants sont le futur d’une so-ciété. Il est donc nécessaire de faire des réformes en dialoguant avec les acteurs sur le terrain. Une réforme scolaire ne peut se faire qu’avec le consentement de tous les acteurs même si à la fin, les hommes poli-tiques doivent prendre leurs res-ponsabilités. Il faut maintenir une distance critique pour le bien-être des enfants.Lors de la dernière organisation, il avait été décidé de faire collaborer plusieurs classes du précoce avec les maisons relais. Cette idée a été conservée et même développée pour 2015-2016. Les objectifs ont-ils été atteints? A-t-on procédé à une évaluation?L’année dernière, les démocrates s’étaient inquiétés du réaménage-ment des pauses. Les pauses de l’après-midi avaient été supprimées au profit de pauses plus longues le

léif Vertrieder vun der Press, Dir Dammen an Dir Häre vum Public, d’Schoulorganisatioun 2015/2016 weist a senge grousse Linne keng Nei-erunge par rapport zu den Organisati-ounen aus deene leschte Joren op. Se ass, wéi ëmmer, entstanen an enker Zesummenaarbecht tëschent de Ge-mengenautoritéiten an deenen eenzel-nen Akteure vum Terrain. Dofir er-laabt et, an eiser aller Numm, den Enseignanten an Enseignanteën, den Éducateuren an den Éducatricen, dem Service scolaire an och de Membere vun der Schoulkommissioun, e grous-se Merci auszespriechen – ech hoffen, ech hu kee vergiess – fir hir Aarbecht an hiren Asaz am Déngscht vun eise Schoulkanner.

Eis fält op, dass den Avis vun der Schoulkommissioun dëst Joer zimlech kuerz a knapp gefaasst ass. Wat sécherlech bedeit, dass et an der Schoulorganisatioun 2015/2016 nä-ischt ze beanstanden an och wéineg Neies gëtt.

Et komme grouss Erausfuerderungen op d’Schoulpersonal an d’politesch Responsabel duer, fir der demografe-scher an der sozialer Evolutioun vun eiser Gesellschaft Rechnung ze droen. Op där enger Säit kommen all Joer eng Rei vun neie Klasse bäi. Esouwuel am Précoce wéi och am Fondamental mécht dat fir d’Schouljoer 2015/2016 sechs Unitéiten aus, wou et der an der leschter Schoulorganisatioun nach siwe waren. Déi Kanner brauche Klas-sesäll an e qualifizéiert Encadrement.

Mir mussen iwwer nei Schoulraim an en Engagement vu Schoulpersonal no-denken. Wéi aus dem Dossier erausze-liesen ass, ass dëst envisagéiert. Glä-ichzäiteg bedeit et e finanziellen Opwand.

D’DP begréisst dat breetgefächert Ugebuet un zousätzleche périschoule-schen Aktivitéiten a Mesuren an eiser Gemeng. Wéi, zum Beispill, den Appui pédagogique och ausserhalb vun de Schoulstonnen, d’Études surveillées, sozio-éducativ Aktivitéiten, Sport, de Kannergemengerot, de Liesclub, Va-cances loisirs… Ech ginn net an den Detail. Dat fënnt een alles am Dossier erëm. Ech wëll awer och déi Mari-onnettespektakelen zu Lasauvage an der Poppespënnchen ervirsträichen,

déi zanter Juni 2015 organiséiert ginn. Dat ass eng ganz flott Initiativ.

Egal wéi kritesch oder positiv jiddwer eenzelnen, d’Evolutioun vun eiser Ge-sellschaft betruecht, d’Kanner sinn d’Basis vun eiser Gesellschaft an d’Zukunft. Dofir ass et eng politesch Nécessitéit, nei schoulpolitesch Refor-men a Mesuren unzegoen an un éisch-ter Stell den Dialog mat den Akteuren um Terrain ze sichen. Well ech ee vun deenen Akteure sinn, weess ech, dass dat net ëmmer de Fall ass. Dat wollt ech eng Kéier op dëser Plaz ënnersträi-chen. Et ass wichteg, dass eng Schoul-reform am Konsens mat allen Akteure geschitt. Finalement ass et un der Poli-tik, Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Ech hoffen, dass se awer déi ugestrief-te Reforme mat der néideger krite-scher Distanz upeekt an am Wuel vun eise Kanner.

Am leschte Schouljoer 2014/2015, koumen Neierungen am Kader vun der Schoulorganisatioun, wou ver-schidde Klassen aus dem Précoce mat de Maison Relaisen zesummeschafft hunn, fir d’Kanner op pädagoge-schem, relationellem a sozialem Plang besser ze encadréieren. Am Dossier gesi mer, dass dat fir dat nächst Schouljoer bäibehalen, esouguer punktuell erweidert a changéiert gëtt. Dofir e puer Froen un den zoustänne-ge Schäffen: Léisst sech doraus schléis-sen, dass dës Neierung déi ugestrieften Ziler erreecht huet? A gouf an deem Kontext eng Evaluatioun virgeholl?

Ebenfalls an der leschter Schoulorga-nisatioun, hate mir als Demokratesch Partei eis Bedenken zu der Ëmmo-deléierung vun de Pausen ausgedréckt. Deemools haten d’Enseignanten eng Demande gemaach, fir d’Nomëtte-spaus vu méindes, mëttwochs a freides ewechzehuelen a bei der Moiespaus jeeweils fënnef Minutte bäizefügen. D’Skepsis vun eiser Säit war ubruecht, well mer waren a sinn nach ëmmer der Meenung, dass et wichteg ass, dass d’Kanner hirem Bewegungsdrang a regelméissege Pausenofstänn nogoen däerfen. A mer fäerten, dass eventuell duerch dës nei Pauseregelung, d’Kom-portementsproblemer vun de Kanner zouhuele wäerten. Dat ass sécherlech net wënschenswäert. Duerfir eis Froen: Ass eng Evaluatioun gemaach ginn, betreffend den Auswierkunge

72

matin. Or il est important que les enfants puissent bouger suffisam-ment et régulièrement. Autrement, les risques de troubles comporte-mentaux augmentent. Y a-t-il eu des évaluations? Qu’en pensent les principaux concernés?Sans vouloir créer une relation de cause à effet, Pascal Bürger constate que les problèmes de com-portement ont augmenté alors même qu’il existe de nombreux projets visant à les combattre. Les démocrates estiment que des pro-jets innovants sont nécessaires en matière d’exercice physique, car le manque d’exercice est une des principales causes de problèmes comportementaux. Les enfants n’y peuvent rien, mais les nombreux divertissements digitaux les em-pêchent de remplir leurs besoins en exercice. Les statistiques démontrent que si les enfants bougent cinq minutes toutes les heures, ils peuvent tra-vailler et se concentrer de manière plus efficace. Il faut des projets sur le plan communal.La violence augmente dans les écoles. Il faut donc poursuivre le travail entamé, mais aussi chercher de nouvelles voies. Les éducateurs, les psychologues et les maisons re-lais jouent un rôle important.Les problèmes ne sont pas les mêmes dans tous les quartiers et les plans de réussite scolaire varient en conséquence. Les PRS permettent aux responsables politiques de re-connaître les problèmes et de cher-cher des solutions. Des investisse-ments sont nécessaires.Les démocrates ont constaté qu’il n’y a pas d’offre dys-dys-dys à Oberkorn. Pourquoi?Le ministère a accordé 13  postes pour gérer les remplacements. Est-ce suffisant? Qu’en est-il de l’ab-sentéisme du personnel scolaire?Les cours intégrés en langue mater-nelle n’ont pas été reconduits. L’année dernière, ils n’avaient fonc-tionné qu’au Fousbann. N’y avait-il pas de demandes?Le DP soutient l’organisation sco-laire, car elle se situe dans la lignée de ce qui a été fait auparavant. Mais les défis sont destinés à aug-menter au cours des prochaines an-nées. Les démocrates sont disposés à proposer leurs idées.

vun dëser neier Regelung op d’Verhale vun eise Schoulkanner? Wat sinn déi jeeweileg Aussoen?

Mir wëllen hei kee Cause à effet hier-stellen, mä wéi aus dem Dossier ervir-geet, geet d’Zuel vun de Schüler mat Komportementsproblemer an d’Luucht, obwuel ganz vill Offeren ugebuede ginn a Projete lafen, fir dëse Problemer entgéinzewierken. Als De-mokratesch Partei denke mer, dass op kommunaler Ebene méi innovativ Pro-jeten am Beräich vun der Bewegung sollten ugebuede ginn. Bewegungs-mangel ass ee vun den Haaptproble-mer vun eise Kanner a ganz vill aner Opfällegkeeten hänken domadder ze-summen. Et ass net de Kanner hir Schold, dass dat esou ass. Mä mat de-ene sëllechen Ugebueter u medialen Divertissementer — et schwätzt ee vu ‚digital natives’ — erfëlle se, onge-wollt, net méi hir natierlech Bedürf-nisser.

An deem Sënn weise mir op eng Sta-tistik hin, déi seet, dass, wann an all Stonn fënnef Minutte Bewegungsun-terrecht agefouert gëtt, d’Kanner éischter bereet sinn, matzeschaffen, sech besser konzentréiere kënnen an doduerch automatesch besser Resulta-ter kréien. Dat menge mir mat neien innovative Projeten op kommunaler Ebene.

Dass d’Gewalt an de Schoulen zouhëlt, ass erschreckend. Duerfir musse mir op deem ageschloene Wee weidergoe mat der Struktur Espace, awer och permanent no neie Weeër si-chen. Do spillen d’Éducateuren, d’Psy-chologen an d’Maison Relais eng wichteg Roll. Mir sinn och der Mee-nung, dass déi Jugendlech adequat en-cadréiert musse ginn

Dass d’Problemer net an alle Schoulen an an alle Quartieren déiselwecht sinn, gesi mir an de PRSen, de Plans de réussite scolaire. Um Fousbann zu Uewerkuer an um Woiwer, sinn déi prioritär Ziler: den Apprentissage vun de Sproochen, d’Lektür an d’Mediati-oun. Zu Déifferdeng an zu Nidderku-er sinn et éischter d’Verbesserung vum Schoulklima, d’Gestioun vu Konflik-ter an d’Mediatioun.

D’PRSe sinn e wichtegt Instrument fir déi politesch Responsabel, well se erla-

ben, d’Problemer ze erkennen. Deem-no soll no Léisunge gesicht ginn, fir d’Leit um Terrain ze ënnerstëtzen. Et féiert kee Wee laanscht, noutwendeg Investissementer an d’Infrastrukturen déi de Besoine vun de Kanner ent-spriechen.

D’DP huet nach e puer Froen zu ver-schiddene Punkten, wouriwwer eis den zoustännege Schäffen opkläre kënnt. Eis ass opgefall, dass zu Uewer-kuer keng Dys-Dys-Dys-Offer besteet. Gouf et keng Demande oder gouf den Appui verlagert?

Bei de Remplaçementer, déi vum ge-mengeneegene Service scolaire géréiert ginn, goufen 13 Poste vum Ministère accordéiert, fir haaptsächlech d’Congés de longue durée opzefänken. Ass dat ausräichend?

A wéi gesäit den Taux d’absentéisme beim Schoulpersonal aus?

D’Cours intégrés an der Langue ma-ternelle ginn net méi fir d’Schouljoer 2015/2016 ugebueden, well déi Offer am leschte Schouljoer just um Fous-bann gegraff hat. Hätt déi Offer net kënnte weidergefouert ginn oder wa-ren net méi Demanden do?

D’Demokratesch Partei kann de virlei-enden Dossier vun der Schoulorgani-satioun 2015/2016 an de grousse Lin-ne matdroen, well en eng Kontinuitéit par rapport zu de Jore virdru bedeit. Dofir wäerte mir mat Jo stëmmen.

Mir wëllen awer nach eng Kéier aus-drécklech drop hiweisen, dass an de-enen nächste Joren eng grouss Unzuel un Erausfuerderungen op eis Gemeng zoukomme wäerten, wat d’Schoulor-ganisatioun ubelaangt. Mir si gäre bereet, mat Ureegungen an Iddien eis Bäiträg ze leeschten. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Bürger. Wann een Uree-gungen huet, kann een déi roueg an d’Schoulorganisatioun bréngen. Et brauch een net ze waarden, bis an en-gem Gemengerot driwwer ofgestëmmt gëtt, well et dann ze spéit ass. Nei Id-dien an Ureegungen iwwert d’ganzt

73

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) suggère à M.  Bürger de faire ses propositions au cours de l’année. Car s’il attend la séance de présentation de l’organisation scolaire, il sera trop tard.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) n’a plus grand-chose à dire et ne peut que s’associer aux propos précédents.M. Bürger a dit qu’il n’y a que peu de nouveautés. Mais l’organisation scolaire de Differdange est excel-lente. Au cours des 20 ou 30  der-nières années, l’école est devenue plus démocratique. À en juger par les articles de journaux, les autres communes ont bien plus de diffi-cultés.Le conseiller communal s’est ren-seigné auprès de la commission scolaire et a appris que tout s’est bien passé malgré un nouvel éche-vin à l’enseignement et un nouveau responsable du service scolaire. Il faut donc louer toute l’équipe pour son travail.L’organisation est plus complète d’année en année et tient compte de la plupart des besoins des en-fants. Toutefois, l’inspectorat de-mande plus d’heures pour s’occu-per d’enfants nécessitant un ac-compagnement constant. Mais il est difficile d’en obtenir du minis-tère.En outre, il manque une soixan-taine d’enseignants à Differdange.Les cours intégrés ont été suppri-més et les cours externes créés. C’est regrettable, car cela repré-sente des cours en dehors des heures scolaires.Qu’en est-il de l’organisation en cas de force majeure? L’année der-nière, il y a eu un incendie à Lon-glaville. Comment cela fonctionne-t-il?La fête sportive internationale est organisée depuis 40  ans. Le béné-volat y joue un rôle important. L’orateur félicite les personnes en-gagées.L’école nature et l’école technique sont développées tous les ans.Fränz Schwachtgen voudrait que la commune soit plus active en ce qui concerne les colonies. Il faudrait développer des sites. Les enfants doivent visiter d’autres régions et pays. Peut-être pourrait-on réaliser

Joer géife sécherlech zu engem gudden Dialog bäidroen. Här Schwachtgen, w.e.gl.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Als drëtte Spriecher eppes Neies zur Schoulorganisatioun ze soen, ass schwéier. déi gréng kënne sech enger ganzer Partie Äusserungen uschléis-sen.

Den Här Bürger huet gesot, et wär net vill Neits an eiser Schoulorganisatioun fir d’nächst Joer. Dorop äntweren ech: Mir sinn top an eiser Schoulorganisa-tioun. A mer waren déi lescht Joren och schonn top a puncto Léierperso-nal. An de leschten 20 oder 30 Joer hu mer d’Schoul hei zu Déifferdeng méi demokratesch opgebaut. Zesumme mam Léierpersonal, der Gemeng an de staatlechen Autoritéiten.

Wann een de Berichter aus der Press iwwert d’Schoulorganisatiounen aus anere Gemenge gleewen däerf, hunn déi vill méi Problemer an Diskussiou-ne wéi mir.

Wéi ech bei eise Vertrieder aus der Schoulkommissioun nogefrot hat, wéi si dat neit Schouljoer beuerteelen, ass mer gesot ginn: „Trotzdeem, dass et déi éischt Schoulorganisatioun vun der Madame Falbo an hirer Équipe war, trotzdeem dass mer en neie Schäffen hunn, dee sech ëm d’Schoul këmmert, ass alles an enger roueger Atmosphär ofgelaf“. Also Harmonie am Ganzen. A konstruktiv Gespréi-cher am Besonneschen. Dofir ass déi ganz Équipe ze luewe fir déi Aarbecht, déi si geleescht huet.

All déi Virlagen, déi mer fir d’Schou-lorganisatioun kréien, complétéiere sech vu Joer zu Joer a mer ginn op déi allermeeschte Besoine vun eise Kanner an. Et bestinn natierlech ponctuell Schwieregkeeten an Diskussiouns-punkten. Den Inspektorat seet zum Beispill dass verschidde Kanner eng Rundumbetreiung bräichten an dass dat schwéier wär, an der Klass selwer ze maachen. Dofir bräicht ee méi Stonnen. A méi Stonne kritt een awer erëm net esou einfach vum Ministère accordéiert. Dat ass ee Punkt.

En anere Punkt ass, dass mer nach ëmmer e Mangel u Léierpersonal hunn. Vu 6.322 attribuéiert Leçonen, ginn aktuell nëmme 4.970 affectéiert.

Dat ass e Manktum vun 1.352 Ston-nen, wat ausseet, dass ongeféier 60 Léierpersounen an eiser Gemeng fee-len. De Mangel u Léierpersonal ass nach net behuewen.

D’Cours intégrés goufen ofgeschaf a Cours externes agefouert. Dat fannen ech bedauerlech, well et en Zousaz u Stonne bedeit, wou d’Kanner ausser-halb der Schoulzäit mussen higoen.

Ech hu mer Gedanken iwwert de Plan d’intervention gemaach — méi prezis iwwert d’Organisatioun en cas de force majeure. D’lescht Joer koum et zu Longlaville zu engem Groussbrand. Wéi fonctionnéiert de Warnsystem an eise Schoulen, wa wierklech en toxe-schen Alarm wär? Wéi komme mer un d’Léierpersonal an un d’Kanner, fir se an Noutsituatiounen ze warnen?

Ech wëll d’Fête sportive erëm eng Kéier ervirhiewen. Déi Fête sportive internationale fonctionnéiert zënter méi wéi 40 Joer. Et ass eng vun de-enen eenzege Plazen am Léierberäich, wou de Bénévolat eng grouss Roll spillt. Ech wëll all deene Leit félicitéie-ren, déi dat nach ëmmer maachen.

École nature an Technikschoul sinn eis Vorzeigeprojeten, déi all Joers aus-gebaut ginn.

Ech hätt e puer Remarquen zu de Sé-jouren ze maachen — zu der Colonie scolaire. Ech géif virschloen als Ge-meng mat eranzeklammen. Méi aktiv ze ginn. Méi eng Participatioun an der Gestioun. Hëllefen, verschidde Sitten opzebauen, wou mer selwer Locataire wieren. Et ass wichteg, iwwert d’Regi-oun erauszegoen, dass d’Kanner aner Länner a verschidde Géigende ken-neléieren. An deem Kontext géif ech et gutt fannen, erëm iwwert d’Konzept vun de Villes jumelées nozedenken, wat den Austausch vu Schüler ubela-angt. Ech sinn der Meenung, mer soll-ten d’Konzept vun de Villes jumelées an d’Erzéiung mat abezéien.

Zum Schoulwee: Et gëtt däitlech ge-maach, dass mer de Courage missten hunn, fir doranner virunzekommen.

74

un projet avec les villes jumelées.Pour ce qui est du chemin de l’école, il faut faire des progrès. Plusieurs solutions ont été propo-sées lors de la conférence avec le ministre Bausch. La coupe scolaire montre tous les ans que certains enfants ont du mal à rouler à vélo. Il faudrait le leur apprendre. Autre-ment, des situations dangereuses peuvent se créer. Un projet est pos-sible avec le CIGL.Le règlement de permutation du personnel scolaire contribue aussi à plus de démocratie. Il a occasionné beaucoup de débats au cours des dernières années. Mais il est juste et la commune le soutient.Fränz Schwachtgen estime que les enseignants motivés ont besoin de reconnaissance et de calme. Leur travail ne peut pas être comparé à 40  heures dans un bureau, pour-tant ils travaillent 40  heures ou même plus. La population peut être tranquille: un enseignant tra-vaille beaucoup pour son salaire.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) explique que pour ceux qui sont conseillers communaux depuis longtemps, il est difficile de dire de nouvelles choses sur l’organisation scolaire. L’ampleur du dossier démontre l’engagement de la commune de Differdange dans ce domaine.La page  17 stipule que certains postes ne seront déclarés vacants qu’en 2015-2016. Le conseiller communal suppose qu’il s’agit d’une erreur.À la page 34, il est question du mi-nistère de la Famille. Or c’est dé-sormais le ministère de l’Éducation nationale qui est responsable des maisons relais. Il s’agit d’un détail qui s’explique sans doute par l’am-pleur du dossier. Il ne faut pas faire semblant que l’organisation sco-laire n’a pas évolué. Au contraire: beaucoup a été fait, notamment dans l’évaluation des PRS.L’orateur remercie à son tour tous ceux qui ont collaboré au dossier. On peut se demander pourquoi ces remerciements, car on pourrait aussi bien remercier tous les bu-reaux d’études à chaque projet. Mais l’ampleur du travail est ex-ceptionnelle et mérite reconnais-sance.

An der Konferenz mam Minister Bausch, déi am Ale Stadhaus stattfonnt hat, goufen eng Partie Solutiounen zu engem Verkéierskonzept opgezeechent, fir de Fousswee an de Vëloswee méi sécher ze maachen. Bei der Coupe sco-laire stellt sech all Joer eraus, dass ver-schidde Kanner Problemer hu mam Vëlofueren. Et kënnt ee vläicht an en-gem Éducation-physiques-Cours oder an engem Technikcours de Kanner d’Handhabung vum Vëlo bäibréngen. Well bei der Coupe scolaire gesäit een, dass dat net ëmmer klappt an herno fuere se op engem Parcours, wou se mam reguläre Verkéier konfrontéiert ginn. An da kënnt et heiansdo zu dro-lege Situatiounen. Vläicht kënnt de Cigl mam Projet Vëlo dozou bäidroen, déi Situatioun ze verbesseren.

Ech gesinn, dass herno iwwert de Règlement de permutation vum Léier-personal ofgestëmmt gëtt. Déi Rege-lung dréit och zur Demokratie vum Unterrecht bäi. Den Historique aus de leschten 30 oder 40 Joer kennen ech ganz gutt. Dat huet nach all Joers zu Problemer a Streidereie gefouert. Dee Règlement de permutation ass elo offi-ziell vun der Gemeng ugeholl a mir stinn hannert deem. Et besteet keen Zweifel un der Richtegkeet vun esou engem Reglement, duerch dat mer déi néideg Rou a Fridden an den Enseig-nement kréien.

Ech wëll kuerz op den Enseignantsbe-ruff agoen, well en dacks an der Kri-tik steet an déi lescht Zäit vill Streide-reien an Diskussioune mam Ministère opkommen. Ech mengen, dass e moti-véierten Enseignant grad Rou an Un-erkennung brauch fir déi Aarbecht, déi e leescht. Deem säi Beruff ass net mat enger 40-Stonnen-Tâche an engem Büro ze vergläichen, mä hien huet trotzdeem awer eng 40-Stonnen-Tâche — esouguer au-delà. Well e motivéier-ten an en engagéierten Enseignant huet vill Aarbecht. Fir d’Populatioun dobaussen ze berouegen: Dee schafft ganz haart fir seng Suen an am besch-te Sënn vun de Kanner. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Schwachtgen. Här Dide-rich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Traversini. Wéi den Här Liesch scho gesot huet, fir déi, déi scho méi laang am Gemengerot sinn, gëtt et all Joers méi en Challenge, ep-pes zu der Schoulorganisatioun ze soen, well déi se gutt kennen. Iwwert d’Joren ass doraus en décken Dossier ginn, wou eng ganz Rei Saachen zu Déifferdeng opgebaut goufen. Dat weist, wéi engagéiert mer an deem Thema sinn.

Ech wollt just zwee Detailer opwerfen. Op der Säit 17 steet: «Certains postes ne seront déclarés vacants que pour l’année scolaire 2015/2016». Ech men-gen, do ass e Feeler ënnerlaf.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Op wéi enger Säit?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Säit 17, ënnen, kuerz iwwert dem Punkt 1.8, fir d’Posten, déi ausgeschri-wwe ginn.

Dat anert ass: Säit 34 gëtt nach de MIFA erwähnt. Mëttlerweil si mer beim Ministère de l’Éducation natio-nale ukomm, fir d’Maisons Relais. Et ass just e klengen Detail. Dat kënnt dohier, datt et e groussen Dossier ass.

Et däerf een elo net maachen, wéi wann an der Schoulorganisatioun näischt geschitt wär. Et ass souguer ganz vill geschitt — zum Deel och an der Evaluatioun vun de PRSen, wat wichteg ass.

Et kann ee sech froen, firwat de Leit ëmmer vill Mercien ausgedréckt ginn, déi un de Projete schaffen. Ech schléis-se mech deenen un. Mir soen elo net bei all Dossier dem Bureau d’étude Merci, dass en dat an dat gemaach huet oder Merci deem an deem, dass en dat an dat gemaach huet. Mä déi Mercie kommen, well vill Aarbecht geleescht gëtt vu ville Leit. Dofir ass et wichteg, déi Reconnaissance ausze-schwätzen. All déi Projeten, wéi Na-turschoul, Technikschoul, Art à l’éco-le, Liesungen, Kannergemengerot oder Reitpädagogik entstinn aus engem

75

Des projets comme l’école nature, l’école technique, l’art à l’école, les lectures ou le conseil communal pour enfants ne sont possibles que grâce à l’engagement de ces per-sonnes. Ce ne sont pas des idées dictées par les responsables. Le défi consiste cependant à intégrer ces activités dans la vie scolaire quoti-dienne. Les enseignants doivent contribuer à l’apprentissage cultu-rel, écologique et créatif. Or tous les enseignants n’y mettent pas la même passion et les mêmes efforts. À l’école technique, par exemple, les enfants participent aux activités et les enseignants reçoivent des conseils sur la façon de mettre les éléments en pratique pendant les cours.L’année dernière, il avait été dit que l’Espace manquait de person-nel et il avait été question de dé-centralisation. Qu’en est-il? Le dossier n’est pas clair.L’organisation scolaire souligne l’efficacité de la pédagogie équestre. Pourquoi alors ne déve-loppe-t-on pas cette activité? Cela permettrait de réduire les situations où il faut sortir les enfants de leurs classes.À Differdange, on peut aussi opter pour l’école Waldorf, qui obtient de bons résultats avec des enfants rencontrant des difficultés à l’école. L’école publique devrait peut-être s’inspirer de ces méthodes pour que tous les enfants en profitent. Dans la pratique, ce n’est malheu-reusement pas le cas. Certains en-fants sont surmenés tandis que l’on n’en demande pas suffisamment à d’autres, qui s’ennuient au bout de quelques leçons.Il existe évidemment aussi ceux qui proviennent de familles défavori-sées, mais qui ont de grandes capa-cités. Il faut donc essayer de s’oc-cuper des enfants individuellement avant de recourir à des médica-ments.Pour cela, il faut suffisamment d’enseignants et la bonne approche pédagogique. Les ressources seules ne suffisent pas.Le thème de l’école écologique a totalement disparu du dossier. Le soir, quand il passe devant les écoles, Gary Diderich constate par-fois que les lumières et les ordina-teurs sont allumés. Il se peut que

staarken Engagement vun de Leit, dem Wëlle Saachen anescht ze maa-chen, besser ze maachen, méi op d’Be-soinen anzegoen. Dat si keng Iddien, déi vun uewe kommen, mä déi vun de Leit selwer kommen. An et ass wich-teg, dass dat vun eis unerkannt gëtt.

Den Défi ass awer, déi verschidden Approchen oder extra Aktivitéiten an den Alldag vun der Schoulgemein-schaft ze integréieren.

Déi verschidden Aarbechte sollen net nëmmen an der Technikschoul, an der Naturschoul, am Art à l’école oder am Kannergemengerot gemaach ginn, mä et ass och wichteg, dass dat an der Schoul geschitt. Dass d’Enseignante sech grad esou dorëms këmmeren, en vue vun der Naturerzéiung, der Krea-tivitéitserzéiung an der Kulturfërde-rung. Dat ass en Défi, deen ëmmer erëm bleift. Et ass net all Enseignant, deen déi nämlecht Passioun an déisel-wecht Approche huet a sech déi néideg Méi gëtt, sech an déi Saachen eranze-schaffen. An der Technikschoul maa-chen net nëmmen d’Kanner Aktivitéi-ten, mä d’Enseignante kréien och Tuyaue mat op de Wee, fir déi Fërde-rung an hir Alldagsaarbecht ze integ-réieren.

Ech hätt zwou Froen zum Espace. D’lescht Joer gouf sech beklot, et wär net genuch Personal do. Zum Deel gouf vun Dezentraliséierung geschwat. Ech wollt nofroen, ob d’Personal ver-stäerkt ginn ass. Dat geet net kloer aus dem Dossier ervir. Gëtt et nach ëmmer Iwwerleeungen, méi Struktu-ren ze schafen?

D’Reitpädagogik wëll ech besonnesch ervirhiewen. Dat schéngt eng effikass Method ze sinn. Am Dossier steet de Saz: «Pour ces élèves, un changement fondamental dans leur comportement a pu être constaté pour toutes les leçons de pédagogie équestres, mais également dans leur comportement en général».

E Saz, dee mer net bei all Projet stoen hunn. Och net am Espace. Et geet Rieds vu fënnef Schüler, déi dovunner profitéieren. Dofir meng Fro: Wann eppes esou gutt gräift, firwat gëtt et dann net vill méi agesat? D’Reitpäda-gogik wär eng gutt pädagogesch Al-ternativ, déi d’Eraushuele vun de Kan-

ner aus de Klassen op e Minimum re-duzéiert géif. Mä dat ass net ëmmer ze evitéieren.

Zu Déifferdeng hu mer nach aner päd-agogesch Methoden. Zum Beispill d’Waldorfschoul. Do sinn zum Deel Kanner, déi aus ëffentleche Schoulen erausgeholl goufen, well se negativ op-gefall waren, hir Eltere se an déi Schoul geschéckt hunn an et an där Schoul op eemol klappt. An anere Ge-mengen ass dat anscheinend och esou. Dat weist, dass déi Aart a Weis, Schoul ze halen, bei de Kanner gutt ukënnt; wou de Rhythmus vläicht e ganz aneren ass. D’ëffentlech Schoul misst dat considéréieren a sech un de-ene Methoden inspiréieren, dass all Schüler dovunner profitéiere kéint an individuell op en agaange kéint ginn. Wat an der Praxis leider net ëmmer de Fall ass.

Engersäits gëtt et Kanner, déi iwwer-fuerdert sinn. Anerer sinn ënnerfuer-det. Dat ass net an alle Klassen de Fall, mä ech héieren ëmmer nees vu Schüler, déi eng Matière schonn no zwou Wochen assimiléiert hunn a sech da véier Woche langweilen. Dann ass et ze verstoen, dass déi sech net méi konzentréieren an déi aner Kanner mat oflenken.

Et sinn natierlech och Kanner drën-ner, déi en anere sozialen Hanner-grond hunn an aus sozial benodeeleg-te Famillje kommen, déi awer immens Capacitéiten opweisen, deenen hir Problemer medizinesch behandelt ginn. Wann ee méi individuell op déi Kanner agoe géif, bräichte se vläicht net onbedéngt op Medikamenter oder en Espace zréckzegräifen.

Dofir brauch een dann awer genuch Léierpersonal an déi néideg Approche. Et ass net nëmmen eng Fro vu Res-sourcen, vu Stonnen – dat och –, mä eben och vun der pädagogescher Approche.

Een Dossier, dee mat der Zäit ëmmer méi dënn ginn ass an elo guer net méi do ass, ass d’Thema ëmweltfrëndlech Schoul. Dee Projet ass net dran. Ech kommen awer drop ze schwätzen. Et ass heiansdo de Fall, wann een owes laanscht d’Schoule geet, dass Compu-teren oder Luuchten an de Säll uge-looss ginn. Dofir ass vläicht d’Botz-

76

les femmes de ménage en soient la cause. Mais où en est ce projet?L’effectif des classes est positif. Ce-pendant, un des tableaux indique une moyenne générale de 20,3  élèves pour le cycle  3 alors que la moyenne par bâtiment est de 15 ou 16  élèves. Ce doit être une erreur.Le collège échevinal vise à ouvrir des sites scolaires plus petits. C’est une bonne chose.Où en est le projet de l’école à plein temps?Qu’en est-il du projet des nouvelles cours de récréation auquel les en-fants et les parents devaient partici-per?Les plans de réussite scolaire et l’enseignement à deux sont définis de manière plus claire. Un bilan est-il prévu pour l’année pro-chaine? Y aura-t-il des adapta-tions?Les enseignants peuvent générale-ment choisir leurs propres forma-tions. Des propositions avaient été faites dans ce contexte l’année der-nière. Où en est-on?Certains élèves d’autres communes viennent à Differdange et d’autres partent. Y a-t-il des chiffres précis?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que les chiffres sont dans le dossier.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) a entendu dire qu’un peu partout dans le pays, l’accès aux cours de récréation a été limité aux parents. Pourquoi? Est-ce le cas partout à Differdange? Une telle barrière serait regrettable.Qu’en est-il de l’école européenne? Ce doit être une école primaire. Comment sera-t-elle organisée? Est-elle destinée uniquement aux Differdangeois?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que M. Diderich a posé beaucoup de questions même s’il s’agit de sa quatrième organisation scolaire.

ALI RUCKERT (KPL) rappelle que selon un conseiller de la majorité, l’organisation scolaire serait excellente. Tout de suite après, il a regretté le manque de personnel. Dans ce cas, l’organisation ne peut

personal verantwortlech. Ech wollt nofroen, ob do eppes ënnerholl gëtt. Wat ass zënterhier geschitt?

Den Effektiv vun de Klassen ass ganz positiv. An der Tabell steet awer eng komesch Rechnung. Se weist en Du-erchschnëtt vun 20,3 Schüler am Cyc-le 3. Dat ass bestëmmt e Feeler. Well an alle Schoulen hu mer en Duerch-schnëtt vu 15 oder 16 Schüler. Da kënne mer net op e Cumul vun 20,3 kommen.

Ze begréissen ass, dass de Schäfferot méi kleng Schoulsitte viséiert. Dat muss d’Zil sinn. Et freet mech, dass Iwwerleeungen an déi Richtung geholl ginn.

Ech wollt emol nofroen, wou d’Ganz-daagsbildungsstruktur drun ass? Wéi wäit sinn déi Aarbechten?

Eng aner Fro hätt ech zu der Neige-staltung vun de Schoulhäff, wou d’Kanner, d’Elteren an d’Enseignantë mat participéieren. Gëtt et do nei Ele-menter? Sinn déi Projeten ënnerwee?

D’Plans de réussite scolaire an den Enseignement à deux, déi an dësem Dossier méi kloer gefaasst gi sinn, sinn ausdrécklech ze begréissen. Meng Froen dozou sinn: Gëtt e Suivi ge-maach, wou een d’nächst Joer e Bilan zéie kann, wat dat bruecht huet? A kommen nach weider Adaptatiounen?

Eppes, wat net ugeschwat ginn ass, ass d’Formatioun vum Léierpersonal. Oft verlafen déi no de Preferenze vun den eenzelnen Enseignanten. D’lescht Joer gouf e Virschlag gemaach, wéi een domadder ëmgeet. Si Formatioune virgesinn?

Et ass gesot ginn, dass Kanner aus an-ere Gemenge bei eis kommen an aus eiser Gemeng an anerer ginn. Gëtt et Chiffere vun den Déplacementer zwë-schen de Lokalitéiten? Et wär interes-sant, gewuer ze ginn, aus wat fir en-gen Ursaachen dat geschitt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat steet am Dossier.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Dann hätt ech eng Fro, wat de Kon-takt vun den Elteren an den Enseig-nanten ubelaangt. Ech hu matkritt, dass net nëmmen hei, mä uechtert d’ganzt Land, ëmmer méi d’Regel op-kënnt, wou den Elteren den Zougang zu de Schoulhäff limitéiert gëtt. Dat heescht, dass d’Eltere baussent dem Schoulhaff bleiwe mussen. Ech géif dat bedaueren, wann dat systematesch esou wär, virun allem fir déi kleng Kanner aus dem Précoce oder aus der Spillschoul. Dass déi quasi eng Barriè-re gemaach kréien. Wat sinn d’Grënn fir déi Regelung, déi ëmmer méi op-kënnt? Ass dat op alle Sitten zu Déif-ferdeng de Fall oder just op vereenzel-ter?

Zulescht hätt ech e puer Froen zu der Europaschoul. Dat soll jo eng Primär-schoul ginn. Wéi gëtt déi Schoul orga-niséiert? Ass déi just fir Déifferdenger Kanner oder och fir Kanner aus anere Gemenge geduecht a wien décidéiert doriwwer? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Diderich. Och wann et schonn Är véiert Schoulorganisatioun ass, hutt Der nach vill Froen. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, virdrun huet e Vertrie-der aus der Majoritéit gesot, eis Schoulorganisatioun wär top. An am selwechten Otemzuch sot en, mir hät-ten awer e Mangel u Léierpersonal. Bei deem „Top“, feelt fir mech awer nach e bëssen, well wann et e Mangel u Léierpersonal gëtt, kann dat net esou top sinn.

De Schäffe Liesch sot am Zesummen-hang mat de pädagogesche Projeten, mer hätte bei Wäitem net genuch Stonnen a se missten am Fong verdräi-facht gi bei verschiddene Projeten. Do feelt also nach muenches. Ech ginn net op all Froen an. Et si scho vill Aspek-ter beliicht ginn. Ech wëll mech och deene Mercien uschléissen, déi hei ge-sot gi sinn.

77

pas être excellente. M. Liesch a dit que pour les projets pédagogiques, il faudrait tripler le nombre d’heures. Il y a donc des manques.Ali Ruckert s’associe aux remercie-ments exprimés par les autres ora-teurs.L’évolution de l’école technique est une bonne chose. Il faut faire dé-couvrir l’artisanat aux enfants.M.  Liesch a aussi dit que certains projets sont organisés dans les li-mites budgétaires. C’est regret-table, car de cette façon, l’école n’offrira jamais les mêmes chances à tous. Pourtant il y a de l’argent pour construire des avions mili-taires de 200 millions d’euros.(Rires)Ali Ruckert constate que les en-fants ne rigolent pas quand ils n’ont pas d’enseignant. Pour ré-soudre ce problème, il faut de l’argent. Mais le gouvernement fait des économies dans le domaine de l’éducation.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) précise que sa remarque sur les limites budgétaires concernait uniquement les séjours.

ALI RUCKERT (KPL) le sait bien.Il répète qu’il n’y a pas d’égalité des chances à l’école. En effet, à Differdange, la moyenne des en-fants quittant l’école sans qualifica-tions est plus élevée qu’ailleurs. Il ne suffit pas d’organiser l’école. Il faut voir ce qu’il en ressort.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) signale que M.  Ruckert est pourtant contraire à l’école européenne.

ALI RUCKERT (KPL) ne voit pas le rapport. C’est une école pour les enfants des managers étrangers.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que c’est faux, mais que même ces enfants-là ont le droit d’aller à l’école.

ALI RUCKERT (KPL) réplique que seule une partie des Differdangeois pourra y aller. Pourtant, on avait promis un lycée classique à Differdange. Voilà la réalité.M.  Traversini a beau être content, il n’y a pas d’égalité des chances et

Ech fannen dat eng positiv Entwéck-lung an der Technikschoul, déi den Här Liesch ervirgehuewen huet, fir d’Kanner mam Handwierk vertraut ze maachen a se dofir ze interesséieren.

En huet awer ausserdeem e Saz gesot, deen engem ze denke gëtt: Verschidde Projete géifen «dans les limites budgé-taires» organiséiert ginn. Dat ass nä-ischt Neits, mä dat ass awer be-denklech, well domat kréie mer keng Schoul vun der Chancëgläichheet. Soulaang Suen do si fir e Militärfliger vun 200 Milliounen Euro ze be-zuelen…

(Gelaachs)

…Déifferdeng awer net genuch – dir kënnt roueg laachen…

(Ënnerbriechung)

D’Kanner laachen net, wa se kee Schoulmeeschter hunn! Wann Déiffer-deng net genuch Schoulmeeschteren huet, ass dat e Problem. Dee léist een nëmmen, wann een der Schoulorgani-satioun zu Déifferdeng wéi och an an-ere Gemenge genuch Suen zur Verfü-gung stellt. An dat ass offensichtlech net de Fall mat där Spuerpolitik, déi d’Regierung am Éducatiounsberäich mécht.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Mir schwätzen hei just vun de Séjou-ren, gell.

ALI RUCKERT (KPL):

Jo. Ech hunn dat och esou verstanen.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Ech war mer net ganz sécher.

ALI RUCKERT (KPL):

Ech hu gesot, mer hu keng Schoul vun der Chancëgläichheet. Dat gesäit een dorun, dass zu Déifferdeng am Ver-glach mat anere Gemengen iwwerdu-erchschnëttlech vill Kanner d’Schoul

ouni Qualifikatioun verloossen. Et misst ee sech vläicht och emol d’Fro stellen, wéi een doranner weiderkënnt. Well wichteg ass jo net, wéi een d’Schoul organiséiert, mä wat herno dobäi erauskënnt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dofir ass d’Europaschoul esou wich-teg, wou Dir dogéint sidd.

ALI RUCKERT (KPL):

Firwat schwätzt Der elo vun der Euro-paschoul? D’Europaschoul ass ge-maach fir d’Kanner vun auslännesche Manager…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ass net wouer.

ALI RUCKERT (KPL):

… déi op Lëtzebuerg kommen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Och fir déi Kanner. Déi Kanner hunn dat Recht grad esou wéi eis.

ALI RUCKERT (KPL):

An nëmmen een Deel vun den Déiffer-denger Kanner däerfen dohinner goen. Mä dat Verspriechen, dass Déiffer-deng e klassesche Lycée kréie géif, ass net agehale ginn. Dat ass d’Realitéit.

Dir kënnt esou frou sinn, wéi Dir wëllt. Op alle Fall hu mer keng Ent-wécklung, déi a Richtung Chancëglä-ichheet geet. An et stellt een haut nach ëmmer fest, dass sech e groussen Deel vu Kanner aus Aarbechterfamillen net weiderentwéckele kënne mat deem System, dee mer hei hunn. Do kënnen nach esou vill Plooschteren op en hël-zent Been gepecht ginn. Dat ännert näischt dorun.

78

les enfants issus de milieux ou-vriers ne peuvent pas s’en sortir. C’est comme mettre des sparadraps sur une jambe de bois.Il faudrait une école polytechnique globale inspirée de la RDA comme en Finlande ou en Suède. Les en-fants issus de milieux défavorisés y ont leurs chances.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) n’est pas sûr d’avoir compris. M.  Ruckert a-t-il mentionné la RDA?

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) confirme.

ROBERT MANGEN (CSV) s’associe à son tour aux remerciements.Certaines classes ne comportent que 12 ou 13  élèves. Il faut donc plus de salles et de personnel. Il faudrait se baser sur les variations démographiques pour mieux esti-mer les besoins en nouveaux éta-blissements.Réalise-t-on un suivi des projets comme le dys-dys-dys? Qu’en est-il du taux de réussite scolaire?

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) constate que beaucoup de ques-tions ont été posées. Il va y ré-pondre l’une après l’autre en espé-rant ne rien oublier.La commune demande par écrit aux parents s’ils souhaitent inscrire leurs enfants au précoce, ce qui n’est pas obligatoire. Certains ne répondent pas à la lettre. Tôt ou tard, les inscriptions sont clôturées. Cependant, il est toujours possible d’inscrire les enfants en cours d’an-née à condition qu’il reste des places. Mais ce n’est plus un droit des parents et la commune ne crée pas de classes supplémentaires à moins d’une demande énorme. Malheureusement, les parents ont souvent tendance à ne pas ré-pondre aux lettres. C’est la même chose dans le cas des maisons re-lais.M. Hobscheit a aussi posé la ques-tion des ordinateurs dans les écoles. Il y en a quelque 500. Cela représente 3  ordinateurs par salle en moyenne, mais dans le présco-laire, il y en a plutôt un ou deux.La question des ordinateurs avait

Wichteg wär et, wa mer eng polytech-nesch Gesamtschoul hätte vun der Chancëgläichheet, wéi dat zum Bei-spill am Norde vun Europa a Finn-land an a Schweden funktionéiert, déi sech wäitgehend dem Schoulmodell vun der DDR inspiréiert hunn. Wou sech erausstellt, dass och Kanner aus mannerbemëttelte soziale Kreesser an der Schoul weiderkommen. Dat ass bei eis leider net ëmmer de Fall.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

DDR? Hunn ech dat richteg héieren? DDR?

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Jo.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Mangen, w.e.gl.

ROBERT MANGEN (CSV):

Ech hale mech kuerz, Här Buerger-meeschter. Ech schléisse mech och de Mercie vun de Virriedner un.

Ech wollt just zwou Bemierkunge maachen. Et ass ons opgefall, datt a munche Klassen eng relativ kleng Un-zuel u Schüler — zwëschen 10 an 13 — besteet. Dëst bedeit fir ons Gemeng awer eng Méiausgab a puncto Perso-nal a Raimlechkeeten. Et wär vläicht sënnvoll, sech an Zukunft op eng ge-wësse Schülerzuel ze begrenze mat Be-rücksichtegung op déi méiglech demo-grafesch Variatiounen. Da kënnt een d’Raimlechkeete besser plangen a ge-sinn, ob nei Schoulgebaier néideg wä-ren oder net.

Ech wollt froen, ob et e Suivi an de Bewäertunge gëtt vun deene verschid-dene Projete wéi zum Beispill vum Dys-Dys-Dys? A wéi gesäit et mam Taux de réussite scolaire aus? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Mangen. Här Liesch, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Merci. Dat waren elo vill Froen. Ech hoffen, dass ech keng vergiessen. Wann dat de Fall wär, stellt se nach eng Kéier. Ech beäntwere se der Rei no, souwéi ech se hei opgeschriwwen hunn.

Fir d’Éischt zum Här Hobscheit. Dir hat d’Fro gestallt vun deene 36 Leit, déi net op d’Inscriptioune geäntwert haten. Dat ass effektiv e Problem. Mir schreiwen d’Leit un, ob se hir Kanner an de Précoce aschreiwe wëllen oder net, wat jo net obligatoresch ass. Da sinn eng Partie Leit, déi äntweren, an eng Rëtsch Leit, déi eis iwwerhaapt net äntweren. Déi Zuel ass an de leschte Joren allerdéngs eropgaangen. Natierlech gëtt et iergendwann clôturéiert, wou mer den Deckel drop maachen a soen, d’Zäit wier iwwer-schratt.

Et besteet awer nach d’Méiglechkeet während dem Joer, wann een en Ter-min verpasst huet, an et sinn nach Pla-ze fräi, fir seng Kanner opsetzen ze loossen. Mä et ass dann awer keen Droit méi. Mir maachen net extra eng Klass op, ausser et bestéing eng riseg Demande. Dat ass e generellt Pheno-men — an net nëmmen hei an der Ge-meng—, dass wann Elteren ugeschri-wwe ginn, ee kee Feedback kritt. Dat wäerte mer am nächste Gemengerot erëm gesinn, wann et ëm d’Maison Relaise geet. Do ass et leider net an-eschters.

Dir hat d’Fro gestallt vun de Compu-teren an eise Schoulen. Et sinn der eng ronn 500. Neelt mech elo net op déi genau Zuel fest. Et sinn an der Regel dräi PCe pro Klassesall. Am Préscolai-re ass et éischter een, respektiv zwee.

Virun e puer Joer hate mer hei am Ge-mengerot d’Diskussioun, op wivill mer sollten hi steieren. Et goufen deemools dräi Modeller opgezeechent. Ee Modell war, fir d’Zuel vun de Computeren an de Klassesäll eropze-

79

été abordée il y a quelques années. Le choix se situait entre équiper les salles de plus d’ordinateurs, créer des salles d’informatique ou opter pour des «Eduzenter». C’est cette solution qui a été choisie. Il s’agit d’ordinateurs mobiles que les salles de classe peuvent louer. Un délégué à l’informatique gère le stock. Les éducateurs peuvent réserver un «Eduzenter» pour une matinée ou plus. Le centre comprend un beamer et une imprimante.M. Hobscheit a abordé la question de la communication entre les écoles et les maisons relais. Il est nécessaire de beaucoup discuter et de coordonner. C’est ce qui est pra-tiqué à Niederkorn et au Woiwer.Selon le ministère, l’école et la mai-son relais doivent exister sous un même toit. Des discussions sont en cours et des questions d’ordre pra-tique se posent. Au Woiwer, par exemple, le précoce a déménagé dans la maison relais et le person-nel se demandait s’il pouvait redé-corer les salles, emmener les meubles, etc. Il faut donc trouver des compromis et des solutions. Or ceci n’est pas possible si le collège échevinal donne des ordres.Le dys-dys-dys manque de clients à Oberkorn. Le collège échevinal ne sait pas pourquoi les enfants ne profitent pas de l’offre. Si quelque chose changeait, les enfants pour-raient être envoyés à Differdange. Pour le moment, aucun poste n’est prévu à Oberkorn.Les remplacements permanents servent en cas de congés de mala-die, de congés parentaux, etc. En revanche, les maladies et les ab-sences imprévues ne sont pas concernées. Les remplacements permanents sont gérés par la com-mune, car cela permet de gagner du temps.L’année dernière, il était pertinent d’organiser des cours intégrés au Fousbann, mais pas cette année. A priori, une année sur deux devrait suffire. Le collège échevinal met ce-pendant des salles à disposition sur les sites où il y a une demande. M.  Schwachtgen a dit ne pas ap-précier les cours en parallèle. Mais il s’agit d’une décision des parents. La commune ne fait que mettre des salles professionnelles à disposi-tion.

setzen. En anere Modell war, fir Infor-matikssäll an de Schoulen anzeféieren. A mir haten eis deemools fir déi drëtt Solutioun entscheet. Dat sinn déi sou-genannten „Éduzenteren“. Dat si Lap-toppen, déi de Klassen zur Verfügung stinn, déi mobil sinn an déi am Gebai gelount kënne ginn. Do gëtt et en in-terne Kalenner. Mir hunn en Délégué à l’informatique, deen dat géréiert. Den Éducateur kann den Éduzenter fir ee Moie reservéieren. Oder méi laang, wann e wëll. Do ass e Beamer an e Printer dran. En ass mat allem ausge-statt. Dat funktionéiert ganz gutt. Et gëtt ganz gutt ugeholl. Ech mengen, dat war eng gutt Léisung fir eis Schou-len.

Dann hat Der gefrot, wéi d’Schoulen an d’Maison Relais zesummeschaffen, a sot, dass d’Kommunikatioun ganz wichteg wär. Do hutt Der absolutt recht. Dat sinn zwee Systemer, déi ëm-mer parallell gelaf sinn an elo zesum-mefanne sollen. Dat ass natierlech nëmme méiglech, andeem ee ganz vill mateneen diskutéiert a koordinéiert. Dat gëtt esou zu Nidderkuer an um Woiwer an deenen neie Gebaier prak-tizéiert.

Mir krute vum Ministère d’Virschrëft, dass d’Schoul an d’Maison Relais ën-nert engem Daach solle funktionéie-ren. Am Moment si mer nach a Ver-handlungen, wou konstruktiv Ge-spréicher gefouert ginn. D’Leit si bereet matzeschaffen. Et tauchen e puer kleng praktesch Froen op säitens den Éducateuren, well de Précoce um Woiwer an d’Maison Relais eriwwer plënnert, wéi: Däerf ech mäi Miwwel mathuelen? Däerf ech als Enseignant mäi Sall nach selwer gestalten? Ass dat iwwerhaapt nach mäi Sall? An d’Éducateuren aus der Maison Relais äntweren dann: Jo, mä mir hu jo awer och nach Maison Relais dran. An da muss ee sech treffen. Do gëtt et elo ganz konkret. Et muss ee sech säin Terrain ofstiechen.

Et bleift nach ganz vill ze maachen. Däers si mer eis bewosst. Mir ginn awer net mat der Briechstaang vir. Ech sinn e verwennte Verfechter der-vun, dass d’Leit Léisunge fanne mus-sen. Déi fënnt een net, wann een dat vun uewen erof décidéiert.

Et koume Froe vum Här Bürger iwwert den Dys-Dys-Dys. Zu Uewer-kuer hu mer effektiv e Manktem u Clientèle. Firwat net vill Kanner vun där Offer Gebrauch maachen, wësse mer net. Wa sech dat op eemol géif änneren, misste mer déi Kanner even-tuell op Déifferdeng schécken oder de Moment selwer kucken, eng Léisung ze fannen. Déi Kanner wäerte sécher net am Reen stoe gelooss ginn. Mir wäerten da selbstverständlech reagéie-ren. Mä am Moment ass net virge-sinn, e Posten zu Uewerkuer ze beset-zen.

D’Remplaçements permanents: do war gefrot ginn, ob déi Zuel duergeet. Déi ginn agesat bei längerem Ausfale vum Schoulpersonal, wéi zum Beispill bei de Congés de maladie, Congés de maternité a Congés parentaux, wou mer wëssen, dass déi eng laang Zäit feelen. Esou kréie mer dat couvréiert. Wat mer awer net couvréiert kréien — oder ganz wéineg — sinn déi Saachen, déi spontan virkommen, wa plëtzlech en Éducateur krank gëtt oder soss ep-pes dertëschent kënnt. Mir hunn eng zimlech grouss Lëscht vun Ersetzer, déi mer uruffe kënnen. Et ass e Virde-el, dass mer dat hei op der Gemeng maachen, well mer déi Leit all kennen. Et sinn Déifferdenger Leit. Se brau-chen net wäit ze fueren. Mer kënne schnell reagéieren. Moies ab hallwer siwe sinn eis Büroen op, wou mer se kënnen erreechen.

Da war eng Fro gestallt ginn zu de Cours intégrés um Fousbann. D’lescht Joer hat dat nach Sënn gemaach. Et ass dat agetratt, wat mer virausgesot haten. Mir kréien do Lächer. Dat heescht, dass et ee Joer funktionéiert, dat anert Joer erëm net an esou virun. Et huet an eisen Ae kee Wäert, e Fléckteppech draus ze maachen. Mir stellen awer Raimlechkeeten zur Ver-fügung op deene Sitten, wou et gefrot ass. Den Här Schwachtgen sot, dass hien déi Cours en parallèle net esou gutt fënnt. Mä do läit jo d’Responsa-bilitéit bei den Elteren. Mir stellen als Gemeng just Raimlechkeeten, déi pro-fessionell ausgeriicht sinn, zur Verfü-gung. D’Elteren décidéieren, ob se hir Kanner an déi Course schécken oder net.

Et war nach e grousse Plädoyer vum Här Bürger iwwert de Manktum u

80

M. Bürger s’est lancé dans un plai-doyer en faveur de l’exercice phy-sique. C’est un expert en la matière et Georges Liesch lui donne entiè-rement raison. À Differdange, la mise en conformité de la cage d’es-calier est en cours. Une salle de dé-foulement y sera aménagée tout comme dans les maisons relais.Bientôt, tous les sites disposeront de telles salles. Ainsi, les enfants n’auront pas à prendre le bus pour se rendre dans la salle de gymnas-tique. Ils pourront y faire quelques exercices pendant un quart d’heure, lorsqu’ils n’arriveront vraiment plus à se concentrer.L’airtramp constitue aussi une so-lution, mais une réservation est né-cessaire.L’année dernière, il a été décidé de supprimer une des pauses. Le col-lège échevinal n’a pas demandé de feedback quant aux effets. Mais les enfants, les enseignants et la com-mission scolaire ne se sont pas plaints. Cela ne signifie pas forcé-ment que la décision était la bonne, mais l’échevin n’a pas d’autres in-formations.Il passe aux questions de M. Schwachtgen. Deux fois par an, les écoles organisent un exercice d’évacuation sous la direction des pompiers. Un rapport est ensuite établi.Il n’existe pas de procédure écrite pour ce qui est arrivé à Longlaville. Mais on pourrait prévoir un exer-cice en cas d’incendie dans une zone industrielle avec un nuage toxique se dirigeant vers Differ-dange. Rien d’officiel n’est prévu pour le moment.En ce qui concerne le «séchere Schoulwee», la commission sco-laire et la commission de l’enfance travaillent sur un aménagement adapté des chemins afin que les en-fants puissent se rendre à l’école à vélo. Les écoles disposeront d’abris pour vélos.Aller à l’école à pied n’est pas la même chose que d’y aller à vélo. Un carrefour qui peut se révéler dangereux pour un cycliste ne l’est pas pour un piéton. Il s’agit donc d’identifier les meilleurs trajets pour aller à l’école des différents quartiers jusqu’à l’établissement.M.  Diderich a posé toute une série de questions. Mais il n’est plus là.

Bewegung. Dir sidd dee richtege Mann, den Expert, fir dat ze soen. Ech si keen Expert, mä ech ginn Iech 100% recht, dass mer an eise Schoule ganz sécher méi Bewegung musse mat abauen. Zu Déifferdeng gëtt d’Mise en conformité vum Trapenhaus gemaach. Et gëtt eng Salle de défoulement in-stalléiert. Dat gëtt elo kee groussen Turnsall, mä et gëtt einfach e Raum; wou se sech bewege kënnen. Och an de Maison Relaise sinn där virgesinn.

Lues a lues gräift alles aneneen, sou-dass mer op all Sitten an all Infra-strukturen esou Bewegungsraim hunn. D’Philosophie ass déi, dass een net all Kéiers de Bus huele muss, fir zum Beispill bis an en Turnsall ze fue-ren, alles araume muss an déi richteg Tenue dobäi muss hunn. Déi Säll stinn engem direkt zur Verfügung, wann d’Kanner fir näischt méi ze begeesch-tere sinn a sech fir eng Véirelstonn be-wege wëllen, fir de Kapp fräi ze kréi-en. Do hutt Der honnertprozenteg recht.

Airtramp ass och eng Optioun, mä dann huet een erëm en Déplacement an d’Reservatioun ass méi schwiereg.

Dann hat Der eng Fro zu der Paus, wou d’lescht Joer an der Schoulorga-nisatioun décidéiert ginn ass, dass déi ewechfale géif. Ob mer do Kenntnisser hätten. Soe mer emol esou: mir hunn net explizit no engem Feedback gefrot. Op där anerer Säit koumen awer och keng Reklamatiounen aus dem Kan-nergemengerot, aus dem Comité des Enseignants oder aus der Schoulkom-missioun. Dat léisst elo net direkt drop schléissen, dass et dann och gutt soll gewiescht sinn. Ech kann Iech lei-der net méi Informatioune ginn. Mä weder vun de Kanner nach vun den Enseignanten oder vun den Eltere si Reklamatioune komm.

Ech mengen, ech hätt dem Här Bürger seng Froe souwäit beäntwert. Ass et esou?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Da kommen ech bei den Här Schwachtgen. Dir hat eng Fro iwwert de Warnsystem. Do ass et esou, dass mer zweemol am Joer e Feierexercice maachen ënnert der Leedung vun de Pompjeeën, wou och Rapporten er-stallt ginn, wéi dat ofleeft, ob alles klappt an ob dat Ganzt funktionéiert. Wou gekuckt gëtt, wéi een e Gebai evakuéiert am Fall vun engem Inci-dent.

Zu deem Virfall zu Longlaville vun där Dampwollék, déi riskéiert hat, op Déifferdeng ze steieren, hu mer keng geschriwwe Prozedur. Dat wär awer en Exercice, deen ee sech eng Kéier mat de Pompjeeën duerch de Kapp goe loosse sollt, wat ee maache géif, wann et effektiv an enger Zone industrielle zu engem Brand mat gëftege Gase komme géif. A wann déi Wollek op e Schoulsite géif histeieren, wou mer d’Kanner evakuéiere géifen. Dat ass eng Hausaufgab, där mer eis sollen unhuelen. An der geschriwwener Pro-zedur hu mer jiddefalls näischt.

De Projet séchere Schoulwee a séchere Vëloswee, hat Der ugeschwat. Mir hunn eis deem Thema ugeholl. An der Schoul- an an der Kannerkommissi-oun si mer konkret amgaangen, dorunner ze schaffen, wéi mer d’Wëeer vëlogerecht aménagéieren. Dass d’Kanner mam Vëlo an d’Schoul fuere kënnen. Déi sämtlech Schoule kréien e Vëlosënnerdaach.

Mir sinn amgaange Pläng iwwert déi verschidde Weeër auszeschaffen. E Vëloswee ass net forcément datsel-wecht wéi e Fousswee. Mam Vëlo kann ee säi Kand méi wäit fuere loos-sen, fir eng geféierlech Kräizung ze evitéieren, déi fir e Foussgänger awer ok wier. An deem Kontext schaffe mer drun, Weeër ze identifizéieren, wéi d’Kanner vum Quartier X am séchers-ten an d’Schoul kommen. Ob ze Fouss oder mam Vëlo.

Da koumen eng ganz Partie Froe vum Här Diderich. Ech hoffen, dass ech elo keng vergiessen. Dir hat Froen iwwert den Espace, d’Opstockung vum Perso-nal an d’Dezentralisatioun.

Ah, hien ass net méi do.

81

Il devra donc lire les réponses dans le bulletin analytique.Le personnel de l’Espace est fourni par le ministère. En théorie, la commune pourrait demander da-vantage d’heures, mais elle en a be-soin aussi hors contingent. Sa marge est donc limitée. Dans la pratique, elle n’a pas vraiment be-soin de plus de personnel. Car s’il y a un problème avec un enfant, les éducateurs discutent avec lui en privé et le calment. L’Espace n’in-tervient que si c’est absolument né-cessaire. Car comme l’a dit M. Di-derich, il faut éviter de sortir les enfants de leur classe.L’Espace dispose de locaux au pre-mier étage à Niederkorn. Il ac-cueille au maximum cinq enfants. Une décentralisation n’est pas vrai-ment nécessaire.M.  Diderich a demandé pourquoi l’offre en pédagogie équestre n’est pas importante. En quelque sorte, il a répondu à sa propre question: ce projet repose sur la motivation d’une enseignante, qui dispose d’une formation et d’expérience. Il faudrait donc trouver plus de gens qualifiés, mais pour le moment, il n’y en a pas à Differdange.Le problème est identique pour le mur d’escalade: un seul enseignant a les brevets nécessaires pour assu-rer l’activité. La seule chose que le collège échevinal peut faire, c’est de demander aux autres enseignants de se former. Mais ce ne sera pas facile.L’enseignement à plein temps constitue une bonne idée. Mais le collège échevinal ne le considère pas comme une priorité. La priori-té est de construire plus d’in-frastructures et de limiter la taille des campus.Les cours de récréation doivent être réaménagées. Le conseil com-munal des enfants s’est intéressé à la question et a fait des sugges-tions. Un groupe de travail a élabo-ré un concept. Georges Liesch le présentera au conseil communal des enfants. Ceux-ci sont les princi-paux intéressés. Ils doivent donc donner leur avis. Ensuite, le collège échevinal verra si financièrement le projet est réalisable.L’échevin est d’avis que la décision doit être prise sur le terrain par les enfants, même si cela prend plus de

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Nee, hien ass net do.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Da muss en dat eben noliesen.

Et ass esou: d’Personal vum Espace kréie mer vum Ministère zougedeelt. Mir kënnten natierlech méi Stonne re-klaméieren. Mä mir hu jo och Saachen hors contingent. A mir wëssen, wéi schwéier et ass, zousätzlech Stonnen ze kréien. Dat heescht, méi Personal hu mer net. An der Praxis, muss ech och soen, brauche mer net onbedéngt méi Personal, well dat, wat mer hunn, verfügbar ass. Wann zum Beispill e Problem mat engem Kand ass, si si déi éischt, déi sech ëm et këmmeren. Se gi mat em op de Gank, schwätze mat em a maachen e Suivi. Dat heescht, d’Éducateure sinn am Fong d’Pomp-jeeë vun de Schüler.

Den Espace gëtt nëmmen dann age-schallt, wann et guer net méi geet. An do ginn ech dem Här Diderich recht, dass et net gutt ass, e Kand aus enger Klass erauszehuelen. Dat sollt wier-klech esou mann wéi méiglech ge-maach ginn. Et gëtt just gemaach, wann iwwerhaapt näischt méi geet.

Den Espace war vun der Lag hier net ideal, wéi d’Leit zu Nidderkuer dra souzen. Dat war net gutt. Mir hunn hinnen um éischte Stack Raimlechkee-ten ageriicht. Et ass awer nach ëmmer d’Zentralstatioun. Wann een d’Chiffe-re kuckt, schwätze mer hei vu maxi-mal fënnef Kanner, déi an den Espace kommen. Ech géif net mengen, dass eng Dezentraliséierung onbedéngt Sënn mécht.

Bei der Reitpädagogik, hat den Här Diderich gefrot, firwat mer net méi Stonnen hunn, wann de Projet dach e grousse Succès ass. Hien huet déi Fro u sech scho selwer beäntwert. Vill Projeten hei an der Gemeng lafen, well d’Enseignanten éischtens emol moti-véiert sinn an zweetens selwer Iddie mat erabréngen. A grad dëse Projet lieft vun esou enger Enseignante. Déi huet selwer Päerd. Se kennt sech do-ranner gutt aus. Se huet Erfahrung.

Dat sinn d’Viraussetzungen, fir mat de Kanner esou Projeten ze realiséieren. Si huet eng extra Ausbildung, fir mat schwéiererzéibaren oder verhalensge-stéierte Kanner mat de Päerd eppes ze maachen. A si huet eben net méi Ston-nen zur Verfügung. D’Léisung wär ei-gentlech, dass mer méi Leit fanne géi-fen, déi déiselwecht Qualifikatioun an déiselwecht Viraussetzungen hätten, mä där hu mer keng an eiser Gemeng.

En ähnleche Problem hu mer bei der Kloterwand, wou mer leider och nëm-men ee Schoulmeeschter hunn, deen all Breveten huet an deen dee Projet assuréiere kann. Mir kënne se net aus dem Stee klappen. Mir kënne just en Appel un eis Enseignantë maachen, sech an déi jeeweileg Matière anze-ginn. Mä dat wäert net esou einfach ginn.

Dann hat hien eng Fro iwwert d’Ganzdaagsbildungsstruktur. Wou mer do dru sinn. Dat hat ech d’lescht Joer schonn op dëser Plaz gesot. Et ass eng gutt Iddi an e flott pädagogescht Konzept, mä am Moment ass näischt prioritär virgesinn. Eis Prioritéit ass nei Infrastrukturen ze bauen an d’Campusse méi kleng ze maachen, fir déi ze entlaaschten. An déi Richtung musse mer goen.

Hien hat och gefrot, wéi et mat de Schoulhäff ausgesäit. Déi sollten zum Deel frësch gemaach ginn. Ech hat an de Schoulcomitéen de Wonsch geäus-sert, sech doriwwer Gedanken ze maachen. Am Kannergemengerot gou-fe sech scho Gedanke gemaach. Do ware ganz flott Suggestiounen dobäi. Virun zwou Woche krut ech e Mail vum Aarbechtsgrupp, wéi d’Schoulh-äff zu Déifferdeng ausgesi sollen. Ech huelen déi mat an de Kannergemenge-rot, dass déi sech och domadder be-faasse kënnen. Si si jo déi éischt, déi vun de Schoulhäff betraff sinn. Deene musse se gefalen. Da musse mer ku-cken, ob dat budgetär machbar ass.

Dat leeft alles. Mä och hei sinn ech der Meenung, dass et vun ënne kom-me soll. Virun allem vun de Kanner. Dass et net vun uewen erof décidéiert gëtt. Dat ass kee gudde Wee. Et dauert vläicht e bësse méi laang, mä et ass am Sënn vum Demokratieverständnis.

82

temps. Il s’agit d’une façon d’agir démocratique.L’école européenne n’est pas seule-ment un lycée, mais aussi une école primaire. 50  % des élèves seront Differdangeois. Il est donc faux de dire qu’ils viendront tous de l’exté-rieur.Les critères de sélection ne sont pas encore fixés. Le collège échevinal attend des réponses du ministère. Il espère que la commission qui ana-lysera les dossiers comprendra un représentant de la commune. Cela ne signifie pas que la commission ne ferait pas bien son travail, mais il y va de la transparence pour les citoyens. Le ministère réfléchit à la question.En ce qui concerne les remarques de M.  Ruckert sur l’école euro-péenne, les chiffres montrent qu’il a tort. Car un lycée classique ne se-rait pas adapté aux Differdangeois. Il serait impossible de le remplir. C’est dommage, mais c’est la réali-té.On aurait pu discuter d’un lycée technique. Mais un lycée classique serait moins adapté qu’une école européenne.M.  Mangen a dit que les effectifs ont baissé par rapport à l’année dernière. Mais réduire le nombre de classes ne reviendrait pas néces-sairement moins cher. Differdange compte 2758  élèves et reçoit des heures de la part du ministère. Le collège échevinal pourrait deman-der à réduire le contingent. Mais ce serait un suicide politique après avoir essayé pendant des années de le maintenir. Les heures sont accor-dées par le ministère et la com-mune prend un tiers des frais à sa charge. Cela ne reviendrait donc pas moins cher à la commune.Si l’on augmente le nombre d’élèves par classe, cela permettrait de libérer des locaux. Il ne faudrait peut-être pas construire de nou-veaux établissements. Mais cela ne changerait rien au fait qu’il y a trop d’élèves à Differdange. Pour reprendre l’expression de M.  Ruc-kert, augmenter la moyenne d’élèves par classe ne constituerait qu’un sparadrap sur une jambe de bois.

TOM ULVELING (CSV) rappelle qu’il a été question d’un échange

Europaschoul war e Sujet vum Här Diderich a vum Här Ruckert. Europa-schoul ass jo net nëmme Lycée, mä eben och Primärunterrecht. Do hu mer d’Zouso, dass 50% vun den Déif-ferdenger Kanner vun där Offer pro-fitéiere kënnen. Et ass also net esou, dass nëmme Kanner vu bausse kom-men. Mä 50% si garantéiert fir eis Déifferdenger Kanner.

Do si mer nach an den Diskussiounen, wéi d’Kritären ausgesinn a wéi déi Selektioun gemaach gëtt. Do hätte mer nach gär méi Kloerheet. A mir waarden nach op Äntwerte vum Mi-nistère, wéi dat genau fonctionnéiert. Eise Wonsch war — dat wëll ech net verstoppen —, dass an där Kommissi-oun, déi déi Dossieren analyséieren, e Vertrieder vun eiser Gemeng dobäi ass, wann déi Selektioun gemaach gëtt. Ech wëll kengem ënnerstellen, dat net anstänneg ze maachen, mä et ass am Sënn vun der Transparenz fir d’Bierger dobaussen. E Vertrieder kann herno soen, wéi dat ofgelaf ass. Dat gouf net direkt vun hinne re-fuséiert. Si hunn dat mat op de Wee geholl. A mir waarden op eng Änt-wert.

Zu der Europaschoul, wat den Här Ruckert ugeschwat huet, ginn ech net laang drop an. Ech soe just meng Me-enung. Wann Der d’Zuele kenne géift, wivill Schüler mer hei zu Déifferdeng hunn, déi vun engem klassesche Lycée profitéiere géifen, hätte mer genau dat gemaach, wat Dir virdru gesot hutt. Dann hätte mer nëmmen e Lycée kritt fir Kanner, déi net vun Déifferdeng wären. Mir hätten nimools e klasse-sche Lycée gefëllt kritt mat eise Kan-ner. Dat ass schued, mä et ass d’Rea-litéit.

En technesche Lycée hätt vläicht bes-ser gepasst. Doriwwer léisst sech dis-kutéieren. Mä ech fannen, dass dat, wat mer elo kréien, vill besser ad-aptéiert ass wéi e klassesche Lycée.

Da kommen ech bei den Här Mangen. Dir hat d’Moyennen ugeschwat. Dass déi ze déif wären. Par rapport zum leschte Joer si se e bëssen erofgaangen. Dat ass wouer. Et ass awer falsch, ze mengen, dass dat méi bëlleg gëtt. Mir hunn 2.758 Schüler an der Gemeng. Dofir kréie mer Stonne vum Ministè-re. Mir kënnten dem Ministère elo

soen, mir wëllen déi Stonnen net. Mir ginn iech 2.000 Stonnen zréck, well dat eis ze deier gëtt. Ech mengen, dass dat awer e politesche Selbstmord wär, wa mer dat maache géifen. Zemools well mer eis jorelaang dofir agesat hunn, dass dee Contingent net däerf erofgesat ginn a mer vill Stonnen hors contingent kréien. Also gëtt et eis de facto net méi bëlleg. Mir kréien déi Stonne vum Ministère. Mir bedeele-gen eis mat 33% un deene Fraisen. Dat ass kloer. Mä mir hu se gefrot. A wa mer d’Klassen opstocken op 15, 16, 17 oder 18, gëtt et net méi bëlleg. Well d’Stonne sinn ëmmer nach ze prestéieren.

Manner Klassesäll: Do kann een na-tierlech soen, wann een d’Moyenne eropsetzt, huet ee manner Klassesäll. Heescht awer nach ëmmer net, dass och de Problem vun der héijer Kan-nerzuel geléist ass. Wann ech 800 Kanner zu Déifferdeng hunn an ech pferchen déi elo a manner Klassesäll, hunn ech näischt geschafft. Dann hunn ech zwar d’Klassesäll eidel an deem Gebai oder ech brauch vläicht keen neit ze bauen, mä dann hunn ech mäi Problem net geléist. Nämlech deen, dass de Site Déifferdeng mat 800 Kanner einfach enorm ze vill grouss ass. Ech mengen, dass mer mat enger Moyennenunhiewung just eng Plooschter op en hëlzent Been — dee Begrëff iwwerhuelen ech dann emol — maachen, awer soss weider näischt erreechen.

Ech mengen, ech hätt d’Froen all be-äntwert.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat war perfekt. Mir géifen zum Vote kommen. Pardon, den Här Ulveling huet d’Wuert.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, den Här Schwachtgen hat de Jumelage uge-schwat. Ob een net e Schüleraustausch maache sollt. Net méi spéit wéi virun zwee Deeg, hat ech op Ahlen geschri-wwen, wou ech gefrot hunn, fir mat Responsabelen ze schwätzen, fir ze ku-

83

d’élèves avec les villes jumelées. Il y a quelques jours, l’échevin a proposé cette idée à Ahlen.En tant qu’échevin à la culture, Tom Ulveling souhaiterait que les classes visitent plus souvent les ex-positions que la Ville organise. La bibliothèque est bien fréquentée, mais les expositions le sont moins.4 000 plantes vivaces ont été plan-tées dans le parc Edmond-Dune. Les classes pourront en profiter. Les personnes intéressées doivent contacter les services communaux.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à l’état des restants. Certaines factures n’ont pas encore été réglées ou ont été envoyées en retard. Il s’agit en grande partie de factures à des entreprises et des loyers.L’état des restants se monte à 638  000 euros. La somme est moins élevée que l’année dernière de 200 000 euros, mais plus élevée qu’il y a deux ans. Une liste des entreprises en ques-tion est disponible au secrétariat. Les conseillers communaux peuvent la consulter. L’année der-nière, il avait fait circuler le dossier dans la salle, mais on ne le lui avait pas rendu.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) estime que plus d’un demi-million d’euros constitue une somme considérable. Le conseiller voudrait savoir si proportionnellement, il y a plus d’entreprises qui doivent de l’argent à la commune que des particuliers.Qu’entreprend la commune pour récupérer cet argent? Comment cela s’est-il passé les autres années? Est-il plausible que la commune ré-cupère cette somme?Le LSAP approuvera l’état des res-tants.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) explique à M. Liesch qu’il a entendu ses explications de tout à l’heure.

cken, wéi een dat organiséiere kënnt. Den Här Liesch ass och begeeschtert vun där Iddi.

Dat anert, wat ech nach soe wëll: Et géif mech freeën als responsabele Kul-turschäffen, wann eis Klassen déi Ex-positiounen, déi mer organiséieren, verstäerkt kucke goe géifen. Aus esou enger Expo kann een Ureegunge kréi-en am artistesche Beräich, Projeten ze maachen. Eis Bibliothéik, muss ech soen, ass gutt besicht vun de Schoul-klassen. Ech wär frou, wann dat och mat den Expositiounen esou wär.

An am Parc Dune goufen an de lesch-ten Deeg 4.000 Staude gesat. Och do-vunner kënne Schoulklassen an Zu-kunft profitéieren. Déi, déi interes-séiert sinn, kënne sech un eis Servicer wenden, fir Féierunge gemaach ze kréien. Wann dat emol bis gewuess an an der Bléi ass, wär dat eng ganz flott Approche, fir eise Kanner d’Natur méi no ze bréngen.

Dat war dat, wat ech soe wollt. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Da komme mer zum Vote. A + B ze-summen. Se si jo och esou diskutéiert ginn.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver l’organisation sco-laire pour l’année 2015-2016.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le règlement d’oc-cupation des postes d’instituteur.

Da géife mer zum véierte Punkt kom-men, de Restanten-État. Dat gëtt all Joers gemaach. Eise Ressort clôturéiert d’Joer 2014. Do si Rech-nungen, déi nach opstinn, déi net be-zuelt goufen, respektiv méi spéit ge-schéckt goufen. A mer hunn den De-kont gemaach.

Dir gesitt, et ass en décke Chiffer vu 638.000 Euro. Et sinn eng 200.000 Euro manner wéi d’lescht Joer, mä 200.000 méi wéi d’Joer virdrun. Déi

héich Zomme si meeschtens Rechnun-ge vun de Betriber, déi nach opstinn. A wat och ass, ass datt nach e ganze Koup Loyeren opstinn, déi d’Stad Déifferdeng zegutt huet. Dat war an de leschte Joren net de Fall.

Mir hunn dee ganzen Dossier, mat den Nimm, vun de Betriber erausge-print. Ech hat iech deen d’lescht Joer ausgedeelt an no der Sitzung krut ech en net méi erëm. Dofir hunn ech déi ganz Aarbecht nach eng Kéier ge-maach, mä e läit am Sekretariat. Selbstverständlech kann all Conseiller dohinner goen a kucken, wien nach Rechnungen opstoen huet. Dofir de-elen ech en dann haut och net aus.

Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech hale mech ganz kuerz. Déi Zomm vun iwwert enger hallwer Millioun Euro, déi Der eis elo hei presentéiert hutt, ass e be-androckende Montant. Prinzipiell géif mech interesséieren: ass et nach ëm-mer esou, dass d’Verhältnis vun de Betriber, déi der Gemeng Sue schëlle-gen, méi grouss ass wéi vun de Privat-leit?

Wéi geet d’Gemeng konkret vir, fir déi Suen eranzekréien? Wat sinn d’Erfah-rungen aus de leschte Joren? Ass et iwwerhaapt méiglech, besteet Hoff-nung, déi 570.000 Euro nach ze kréi-en oder ass dat quasi eng Saach vun der Onméiglechkeet?

Mir wäerten als LSAP dee Restan-ten-Etat, wéi en hei virläit, matstëm-men an der Hoffnung, dass mer e Ma-ximum vun deene Suen zréckkréien. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Traversini. Ech hunn Iech gutt nogelauschtert, Här Liesch. Elo ass hien net méi do. Ech war just bis

84

Il était juste sorti brièvement pour regarder le dossier. Celui-ci est tel-lement vaste qu’il est difficile d’analyser l’équilibre entre les en-treprises et les particuliers. Mais il semblerait que ce soient les entre-prises qui doivent la plus grande part à la commune. Comme l’a dit M. Traversini, les loyers jouent aus-si un rôle. Parfois, ces sommes peuvent atteindre 20  000 euros. Certaines personnes ont déménagé ou des entreprises ont fait faillite.Une partie des entreprises qui de-vaient de l’argent l’année dernière sont rentrées dans les rangs. Ce n’était pas toujours le cas les autres années. Ces efforts sont impor-tants.L’année dernière, M.  Traversini avait distribué des graphiques et un Top 30 des entreprises qui devaient de l’argent. Cela représente du tra-vail, mais aide grandement les conseillers communaux. En outre, Gary Diderich n’a pas reçu de dos-sier.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que l’année dernière, il avait fait circuler le dossier complet. Mais pas cette année.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) comprend mieux pourquoi il n’a pas pu l’emporter.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que tout à l’heure, M.  Liesch a répondu à toutes les questions de M. Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) répond qu’il a entendu.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) confirme que le montant est important. L’année dernière, la commune en a récupéré une large partie.La Ville de Differdange essaie de payer ses factures le plus vite pos-sible, car les entreprises et les arti-sans ont besoin de cet argent. De la même manière, le bourgmestre voudrait que la commune touche l’argent auquel elle a droit.(Vote)

an d’Sekretariat mer deen Dossier ukucken. Ech hat awer alles matkritt, wat Der gesot hat, just fir dat ze erklä-ren. Wéi gesot, ech hu mer en Abléck verschaf. Et ass natierlech schwéier an deem Tëlefonsbuch en Iwwerbléck ze kréien, wéi den Équiliber zwëschen Entreprisen an eenzelne Leit ass. Mä et ass awer zimlech ersichtlech, dass et éischter d’Entreprisë sinn, déi déi déck Montanten ausmaachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Richteg.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech konfirméieren dem Här Traversini seng Ausso, dass d’Loyeren och eng Roll spillen. Do hues de heiansdo Montante vun 20.000 Euro. Et sinn awer och Leit dobäi, déi geplënnert sinn oder Entreprisen, déi an der Fail-lite sinn.

Wat ech begréissen, ass, dass verschid-den Entreprisen, déi d’lescht an d’vir-lescht Joer mat héije Restanten opge-fall waren, dës Kéier net méi opgefall sinn. Dat heescht do schéngt eppes ge-schitt ze sinn. Dat war virdrun an-scheinend anescht gehandhaabt ginn. Ech fannen et gutt, dass an deem Sënn Efforte gemaach goufen.

Wat mech elo wonnert, Här Traversi-ni, d’lescht Joer hat Dir Grafike virge-luecht an et wär flott wann een déi all Joers hätt. Dir hat déi Top 30 erausla-fe gelooss. Dat ass natierlech Aar-becht, mä dat géif am Gemengerot awer méi aussoen, wéi den ABC du-erchzegoen.

En Dossier hunn ech nach net hei am Sall gesinn. Ech weess elo net, wat Der domadder gemengt hutt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat heescht, deen ass nach net bis déi-säit komm.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Wat gelift?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech hat en d’lescht Joer ronderëm-ginn. Dee kompletten Dossier.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Okay, dann ass en net emol bis bei mech komm. Ma da verstinn ech fir-wat ech en net duerchkucken a mat heihinner brénge konnt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci och. Den Här Liesch hat vir-drun op all Är Froe geäntwert. Dir kënnt dat herno alles noliesen.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech hunn dat héieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ah okay. Et ass effektiv e grousse Montant, deen opsteet. Vun deem Montant, deen d’lescht Joer dra sto-ung, krute mer dat meescht eran. Na-tierlech setze mer alles drun, déi Suen eranzekréien.

Mir versichen och eis Rechnungen esou séier et geet ze bezuelen. Ech fan-nen et grad esou wichteg, datt déi kleng Entreprisen an d’Handwierker esou schnell wéi méiglech bezuelt ginn, well déi hir Suen och brauchen. Ech hätt gären, dass och mir eis Sue kréien.

Da kënnte mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver l’état des restants pour l’exercie 2014 et les décharges accordées.

85

Roberto Traversini passe aux avis de recettes.(Vote)Roberto Traversini passe à un em-prunt, car les factures doivent être payées le plus rapidement possible.Les finances communales sont en bonne santé, de sorte que le collège échevinal n’a probablement pas be-soin de contracter un emprunt. Ce-pendant, il est trop pour en être sûr et c’est pourquoi la commune de-mandera un prêt de 10  millions d’euros. Un appel d’offres sera lan-cé.

MARTINE GOERGEN (DP) souhaiterait obtenir quelques informations pour prendre une décision. Le collège échevinal demande au conseil communal de prendre une décision de principe pour un prêt de 10  millions d’euros. Le bud-get  2015 prévoyait ce prêt afin d’équilibrer le budget si nécessaire et en fonction des subsides à venir et des recettes en provenance de l’État.Pourquoi le collège échevinal a-t-il finalement décidé de contracter cet emprunt? Pourquoi n’attend-il pas de connaître le montant dont il a besoin? Car la somme réelle est destinée à baisser.Le bourgmestre dispose-t-il du dé-compte de l’impôt commercial et des fonds communaux? Sont-ils moins élevés que prévu? Qu’en est-il des subsides? Quand seront-ils versés? Est-ce la raison pour la-quelle il faut un emprunt?Il est étonnant que les dépenses ex-traordinaires aient baissé par rap-port à 2011, 2012 et 2013, mais qu’un emprunt reste nécessaire. La conseillère essaie de comprendre ce qui se passe.

ALI RUCKERT (KPL) rappelle qu’il est question d’un emprunt de 10  millions d’euros. Le collège échevinal pourrait-il dire clairement à quels projets il est destiné?La commune a déjà des prêts en cours et une ligne de crédit de 27 millions.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise qu’il s’agit de 21 millions d’euros.

Dann d’Avis de recettes. Dat ass dat Blat hannendrun. Dat si Suen, déi mer am Laf vum Joer erakritt hunn, wou keng Tax drop ass. Dofir musse mer déi och separat stëmmen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver les avis et titres de recettes de l’exercice 2014.

Merci. De Punkt C ass en Emprunt. Wa Facturen opstinn, soll een déi och esou schnell wéi méiglech bezuelen. Eis Finanze gesinn am Moment gutt aus, wat weist, dass mer gutt schaffen. Soudass mer de Budget wahrschein-lech anhale kënnen a keen Emprunt ze maache bräichten. Mä dat kann een elo am Juli natierlech nach net viraus-gesinn. Dofir hu mer d’Décisioun ge-holl, en Emprunt opzehuelen am Fall wou mer e brauche géifen. Mir géifen déi 10 Milliounen, déi am Budget stinn, och ausschreiwen.

Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP):

Merci. Léif Frënn aus dem Schäffen- a Gemengerot, léif Vertrieder vun der Press, léif Leit, erlaabt mer, dass ech zu dësem Punkt e puer Renseignemen-ter froen, fir déi Décisioun e bësse bes-ser novollzéien ze kënnen. Mir géifen hei mat eisem Vote eng Décision de principe huelen iwwert d’Ophuele vun engem Emprunt, dee sech op 10 Milli-oune belafe géif. Ech géif gären an deem Kontext virliesen, wat zu deem Punkt am Budget stoung, wéi mer en am Dezember 2014 virgeluecht kru-ten. Ech zitéieren d’Erklärung zu deem Punkt: «Emprunt visant à équi-librer le budget 2014/2015, qui di-minuera au cours de l’exercice en fon-ction des promesses des subsides à ve-nir», souwéi den Här Buergermeesch-ter dat och elo erkläert huet. An do sinn dann och déi Projeten opgelëscht, wou e Subsid versprach gëtt an «res-pectivement en fonction des plus-valu-es en ICC et FCDF».

Ech hätt e puer Froen ze stellen: Wat huet dozou gefouert, datt deen Em-prunt, deen u sech eigentlech am Bud-get ageschriwwen ass, fir en ze équili-bréieren, elo tatsächlech opgeholl gëtt?

Firwat huele mer d’Décisioun, dass mer e ganz ophuelen an net vläicht of-waarden, bis mer tatsächlech e Mon-tant hunn, wou mer wëssen, dass mer en ophuele mussen? Mir gi jo dovun-ner aus, dass de Montant erofgeet. Dofir fannen ech et net gutt, wann ech fir 10 Milliounen en Accord gi muss, mä net weess, wéi herno de reelle Montant ass.

Da géif et mech interesséieren, ob Dir schonn en Dekont vun den Impôts commerciaux a vun de Fonds commu-naux hutt. Déi missten dee Moment scho virleien. Dorun ass och dee Mon-tant gebonnen. Ass dat esou vill man-ner, wéi virgesi war? Wéi gesäit et mat de Subsiden aus? Hutt Der do schonn Zousoen? Wësst Der, wéini déi ukom-men? Musst Der dofir den Emprunt elo maachen, bezéiungsweis ausschrei-wen?

Ech fannen et och e bësse verwonner-lech, dass eis Dépenses extraordinai-res erofgaange si vis-à-vis vun 2011, 2012 an 2013, well mer manner a grouss Projeten investéieren a mir elo awer en Emprunt ophuele mussen, wat mer virdrun net esou an där Envergu-re hu musse maachen. Mir stellen eis déi Froen. Vläicht kann ech dat besser novollzéien, wann ech déi néideg In-formatioune kréien. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, mer schwätze vun en-gem Emprunt vun 10 Milliounen Euro. Ech géif et wichteg fannen, wann de Schäfferot ganz kloer soe géif, fir wéi eng konkret Projeten en deen Emprunt ophuele geet. Mir hu jo schonn eng Rei Prête lafen. Mer kën-nen, souwäit ech dat iwwerblécken, bis 27 Milliounen Euro an de Keller goen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

21.

86

ALI RUCKERT (KPL) a appris lors d’une séance de la commission des finances que 13  millions sont engagés. Il reste donc de la marge. Pourquoi un emprunt est-il nécessaire?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) a cru comprendre dans un entretien avec un membre de la commission des finances qu’un emprunt est plus intéressant que la ligne de crédit du point de vue des taux d’intérêt.Une ligne de crédit sert normale-ment à régler des besoins tempo-raires. Or celle de Differdange est continuellement dans le rouge. La question d’un emprunt se pose donc.Un emprunt rend la situation fi-nancière de la commune plus trans-parente, tandis qu’une ligne de cré-dit constitue un endettement caché.D’un autre côté, il faut voir com-bien de subsides seront versés à la commune au cours des prochains mois. Autrement, la commune risque de se retrouver avec un sur-plus d’argent avec un prêt de 10  millions d’un côté et plusieurs autres millions d’euros de l’autre.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) s’exclame que ce serait bien.Il est clair que le collège échevinal ne contractera pas l’emprunt s’il a besoin de trois ou quatre millions.Les subsides attendus sont nom-breux. Des ventes de terrains sont aussi prévues. L’emprunt doit ser-vir à équilibrer le budget  2015. Il peut servir à la construction d’im-meubles, de routes… Bref, à tout ce qui se trouve dans le budget ex-traordinaire.Le collège échevinal s’attend à plus de rentrées d’argent qu’initiale-ment prévu. Mais le bourgmestre estime qu’un budget doit être aussi réaliste que possible. Par consé-quent, seules les recettes certaines doivent y figurer. Et cela, même s’il faut prévoir un emprunt.La ligne de crédit de la Ville de Differdange est constamment éle-vée. En principe, elle doit servir à financer les revenus de l’année pré-cédente qui n’ont pas encore été perçus, parce que l’État n’a pas versé les sommes promises. L’ora-teur est du même avis que M. Di-

ALI RUCKERT (KPL):

Wann ech mech richteg erënneren, war an der leschter Finanzkommissi-oun vun 13 Milliounen Euro Rieds, wou mer dee Moment stoungen. Do ass also nach e grousse Sputt vu wäit iwwer 10 Milliounen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

ALI RUCKERT (KPL):

Firwat dann elo deen Emprunt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech wollt och e puer Saachen nofroen. Souwéi ech dat vun eisem Vertrieder an der Finanzkommissioun verstanen hunn, ass d’Iddi bei där Saach — well mer relativ permanent an der Ligne de crédit an engem déiwe Minus si vun ëm déi 10 Milliounen –, dass en Em-prunt vun den Zënsen hier méi inter-essant ass.

Eng Ligne de crédit ass jo u sech gedu-echt, fir temporär eppes auszegläi-chen. Wann een observéiert, dass een an der Ligne de crédit permanent an där doter Héicht am Keller ass, stellt sech d’Fro, ob en Emprunt dofir do ass. An ob een domadder aus der Lig-ne de crédit punktuell erauskënnt.

De Virdeel vum Emprunt ass, dass dat méi eng transparent Finanzsituatioun ass, wou d’Verschëldung vun der Ge-meng méi kloer ass. Eng Ligne de cré-dit ass e bëssen eng verstoppte Ver-schëldung, wéi dat hei och zum Deel schonn ugeprangert gouf.

Dat setzt awer elo viraus, dass net op eemol an deenen nächste Méint grouss Subsiden a Milliounenhéicht kommen. Dozou meng Froen: Wat steet vu Sub-siden aus? Riskéiere mer net op eemol op där enger Säit en 10-Millioune-Prêt

gemaach ze hunn an op där anerer Säit X Millioune Subsiden ze kréie fir Projeten, déi an der Vergaangenheet realiséiert goufen an op eemol si mer am Plus?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat wär schéin.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Voilà, dat sinn déi ganz Froen, déi ech Iech stelle wollt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Wa keng Froe méi sinn, klären ech iech iwwert d’Finanze vun der Stad Déifferdeng op. Deen Emprunt, dee mer haut froen, fir ze stëmmen, wäerte mer selbstverständlech net ophuelen, wa mer dräi oder véier Mil-lioune brauchen.

Et si ganz vill Subsiden, déi fir dëst Joer virgesi sinn? An och ganz vill Ventë vun Terrainen. Duerno komme mer zu engem Akt, wou mer och nach Suen erakréien.

Den Emprunt ass virgesinn, fir datt den Déifferdenger Budget 2015 eng Nulloperatioun ass. Do si Baute mat dran. Do sinn e ganze Koup Stroossen dran. Fir alles dat, wat am Extraordi-nären ass, ze maachen. Dat war scho ganz kloer gesot ginn.

Mir si wierklech amgaangen, gutt ze schaffen, well mer verschidde Saache méi erakréie wäerten, wéi mer gedu-echt haten. Ech sinn der Meenung, e Budget soll esou realistesch opgestallt sinn, datt een Zuelen draschreift, wou een och sécher ass, déi ze kréien. An net e Budget opstelle mat Zuelen, wou ee keen Emprunt opzehuele bräicht. Dat sinn zwou verschidden Usiichte vu Budget. Eis Ligne de crédit ass per-manent héich. Eng Ligne de crédit soll am Fong dat opfänke vum Joer vir-drun, wat een nach net erakritt huet. An ech sinn därselwechter Meenung, wéi den Här Diderich, datt wann d’Stad Déifferdeng Sue brauch, dat duerch de Gemengerot goe soll, wou

87

derich: si Differdange a besoin d’argent, le conseil communal doit donner son approbation. Il y va de la transparence des finances com-munales. Il est juste que les em-prunts doivent passer par le conseil communal.Le prêt doit servir à financer les projets. Bien entendu, le collège échevinal ne contractera pas un prêt de 10  millions s’il n’en faut que 4.Lorsqu’on regarde les investisse-ments dans le contournement, dont il a été question tout à l’heure, les écoles, les maisons relais et les in-frastructures routières, il est pro-bable qu’il faudra un emprunt l’an-née prochaine et les années sui-vantes. Il reste de la marge de manœuvre, mais Roberto Traversi-ni est incroyablement avare et veut faire en sorte que Differdange puisse continuer à fonctionner comme il faut au cours des 10 ou 20 prochaines années.En tout cas, un emprunt est plus transparent qu’une ligne de crédit.

ROBERT MANGEN (CSV) constate que la commune n’a pas encore reçu des subsides de l’État à hauteur de 8 millions d’euros. C’est ce qui explique en partie que les chiffres soient dans le rouge. L’État doit trouver une solution pour améliorer les finances communales sans que celles-ci doivent emprunter de l’argent. Il s’agit d’un problème national.

MARTINE GOERGEN (DP) demande si le bourgmestre ne connaît pas le montant des recettes provenant de l’impôt commercial et des fonds communaux.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui, mais qu’il n’a pas les chiffres en tête. La tendance est à la hausse.Au cours des dernières années, la commune a emprunté des sommes énormes. Les niveaux de 2010, 2011, 2012 et 2013 ne seront plus atteints à moyen terme. À l’époque, les recettes étaient très importantes aussi. Actuellement, les niveaux sont plus normaux. (Vote)Roberto Traversini passe au point suivant et demande à M. Meisch et

jiddweree seng Meenung dozou soe kann, ob en et gutt oder net gutt fënnt.

Ech sinn der Meenung, datt eng Ligne de crédit am Fong den éischten Drëttel vum Joer virdrun decke soll, well een do d’Sue vum Stat nach net huet. Dat ass eng Transparenz vun de Finanzen an dat ass meng Usiicht, wéi een d’Ge-mengefinanze féiere soll. Datt een do-fir och soll an de Gemengerot kom-men, fir en Emprunt opzehuelen. Dat fannen ech méi richteg.

Déi Sue gi gebraucht fir eis Projeten. Net méi an net manner. An ech wier frou, wa mer den Emprunt ophuele kënnten. Natierlech ass et esou, dass wa mer am Laf vum Joer 4 oder 5 Millioune brauchen, keen Emprunt vun 10 Milliounen ophuelen, och wa mer bis op déi Héicht goe kënnten. Dat ass kloer.

Et goufe vill Froen zum Budget ge-stallt. Mir sinn och amgaangen, iwwert d’Joer 2016 ze kucken.

Mä wa mer alleng schonn nëmmen den Devis vum Contournement — den éischte Punkt haut um Ordre du jour — huelen, wou mer Ëmbauaarbechten an Héicht vu 4,6 Milliounen hunn, plus d’Schoulen, d’Maison Relaisen an déi sämtlech Stroosseninfrastruk-turen, wäerte mer och d’nächst Joer a wahrscheinlech och déi Joren duerno net laanscht en Emprunt kommen. Mir hunn nach Sputt, mä gleeft mer, ech si schrecklech knéckeg an ech ver-siche wierklech, eis Gemengefinanzen esou gesond ze halen, datt d’Stad Déifferdeng sech déi nächst 10, 15 oder 20 Joer ëm déi primordial Saache këmmere kann, fir déi se do ass.

An et ass méi transparent iwwer en Emprunt ze fuere wéi iwwer Lignes de crédits. Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV):

De Problem ass jo och deen, dass d’Gemeng d’Sue vum Stat nach net kritt huet, déi ons zoustinn. Et stinn zum Beispill nach 8 Milliounen Euro Subside vu Projeten aus, déi mir ze-gutt hunn. Dat muss een och soen. Dofir komme mir deelweis an de Kel-ler a mussen awer déi lafend Ausgabe

bezuele wéi, zum Beispill, d’Betriber. Datt déi net och a Schwieregkeete ge-roden. Ech soe scho säit Joren, datt vum Zentralstat aus gekuckt eng Léi-sung fonnt muss ginn, wéi d’Finanzsi-tuatioun vun de Gemenge ka verbes-sert ginn, ouni datt se Sue léine goe mussen. Dat ass net nëmmen e Prob-lem vun der Gemeng, mä landeswäit.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP):

Dat heescht, Dir wësst elo nach net, wat vun Impôts commerciaux a Fonds communaux erakënnt? Hutt Der nach keng Ofrechnung vun 2014?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dach, mir hu se. Dir kritt d’Zifferen herno mat. Ech hu se nämlech elo net am Kapp.

Den Ofschloss ass gemaach. D’Ten-denz weist no uewen, mä mir kommen awer net laanscht en Emprunt. Wéi der wësst, goufen an de leschte Jore wierklech ganz grouss Emprunten op-geholl. Op déi Niveaue vun 2010, 2011, 2012 an 2013 wäerte mer sou-bal net méi kommen. Do hate mer enorm vill Geld erakritt. Mir wäerten op een normalen Niveau kommen. Mä déi Emprunte sinn eng Investitioun an déi sämtlech Schoulen, Maison Relais a Stroosseninfrastrukturen. Also fir dat alles ze realiséieren, wat fir eis awer eng Prioritéit ass. Dir kritt na-tierlech déi Chifferen.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide avec 18 voix oui et 1 abstention d’autoriser le collège échevinal à contracter l’em-prunt inscrit au budget de l’exercice 2015.

Da géife mer zum fënnefte Punkt kommen. An da missten zwee Leit — den Här Meisch an d’Madame Goer-

88

à Mme Goergen de quitter la salle.Deux terrains ont été vendus aux enchères. M.  Muller a veillé à ce que les choses se déroulent correc-tement. Les enchères ont été rem-portées par Michel Meisch et Mar-tine Goergen.

JOS GLAUDEN (DP) rappelle qu’un des deux terrains n’a pas été vendu. Qu’en fera-t-on?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique qu’une famille était intéressée aux deux terrains. Mais le collège échevinal privilégiait une famille par terrain. Des négociations sont en cours avec le notaire.

ERNY MULLER (LSAP) ajoute que pour le collège échevinal, les personnes qui achètent le terrain devront aussi habiter sur place.Ce qui change, c’est que la vente aux enchères est remplacée par une offre. Les personnes intéressées de-vront faire une offre d’au moins 25 000 euros pour le terrain au no-taire ou la commune.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante que l’heureuse propriétaire pour revenir dans la salle.(Rires)Roberto Traversini passe à un acte concernant les écoles et les maisons relais à Niederkorn.(Problèmes de son pendant quelques minutes)

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) propose de s’engager dans un contrat de rivière avec les communes voisines concernant la Chiers. Celle-ci a sa source à Differdange. Mais sa qualité se dégrade ensuite fortement. La commune essaie depuis des années d’améliorer la situation. D’où l’idée de créer une communauté de rivière comme il en existe au Luxembourg. Cela permettra d’avoir plus de poids dans les négociations avec les ministères. Le but est aussi d’entrer en contact avec les communes françaises et belges situées en bordure de la Chiers. Il y a un an, on avait constaté une fuite due au manque de collaboration entre les

gen — de Sall verloossen. Hei ass ep-pes, wou mer Suen erakréien. An da musst dir de Sall verloossen.

Et ass esou: Mir haten zwee Terrainen ze versteeën. Déi Stee hat och statt-fonnt. Den Här Muller Erny war prä-sent, fir ze kucken, datt alles ofgelaf war, wéi et sollt. An et war alles rich-teg gelaf. D’Stee war du vum Här Meisch Michel a vun der Madame Goergen Martine gewonne ginn. Do-fir ass et kloer, datt déi zwou Persou-nen de Sall bei dësem Vote verloosse mussen.

JOS GLAUDEN (DP):

Ech hunn dozou just eng Fro. Et goufe jo zwee Terraine versteet. Een Terrain ass net iwwergaangen. Wat geschitt elo mat deem Terrain?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et war eng Famill un deenen zwee Terrainen interesséiert. Do hu mir awer gesot, mir hätte gär zwou Fa-millje fir déi Terrainen. Also eng Fa-mill fir een Terrain. Mir sinn a Ver-handlunge mam Notaire. Den Här Muller kann Iech méi genee drop änt-weren.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Mir kënnte jo elo erëm komplett vu vir ufänken. Mir sinn eis intern eens, dass d’Prozedur déiselwecht bleiwe soll. Et solle Leit deen Terrain kréien, déi dann och selwer dra wunne ginn.

Dat heescht, mir loossen dat Ganzt wéi et war. Mä amplaz vun enger Stee géife mer op de Wee vun enger Offer goen. Mir klären dat am Moment mam Notaire. Mir géifen et ausschrei-wen a soen: Gitt eng Offer eran ent-weder beim Notaire oder hei op der Gemeng. D’Mise ass 25.000 Euro. Ënnendrënner geet et net. Et wäert esou séier wéi méiglech geschéien.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Kënnte mer zur Ofstëmmung kom-men?

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver l’acte notarié d’une adjudication publique du 28 avril 2015 de terrains constructibles situés dans la montée du Haut-Wan-gert à Differdange.

Et kann een déi glécklech Proprie-tairin erëm siche goen.

(Gelaachs)

An dann ass zu Nidderkuer en Akt, dee mer fir eis Schoulen a Maisons Relais brauchen.

(Problèmes de son pendant quelques minutes)

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver l’acte de vente d’une parcelle de 2,10 ares située à Niederkorn au lieu-dit rue Saint-Pierre.

Le conseil communal décide avec 17 voix oui et 1 voix non d’approuver la convention pour les systèmes de col-lectes sélectives d’emballages avec l’ASBL Valorlux.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG):

Et ass esou, dass mer eng Flosspart-nerschaft mat eisen Nopeschgemenge gegrënnt hunn. All déi, déi no un der Kor dru sinn. D’Zil ass ganz kloer als Gemenge méi enk zesummenzeschaf-fen, wat de Floss betrëfft.

D’Déifferdenger kenne jo alleguerten d’Kor. Dir wësst, dass se hei an der Gemeng entspréngt. Do ass se nach re-lativ gutt. Mä se gëtt awer séier zu en-gem Floss, deen, wéi am Text steet, «fortement modifié» ass, dat heescht wierklech industriellt Ofwaasser ass. D’Kanalisatioun leeft och eran.

Mir schaffe scho säit Joren drun, fir déi Situatioun ze verbesseren. An d’Id-di vun esou enger Flossgemeinschaft, déi et och fir aner Flëss hei zu Lëtze-buerg gëtt, ass virop, fir méi staark

89

communes. Le partenariat devrait empêcher ce type de problèmes.La Chiers est le seul fleuve du Luxembourg à aboutir dans la Meuse.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) constate qu’un fleuve ne connaît pas de frontières. Il est donc important que les communes s’unissent pour régler les problèmes et améliorer la qualité de la Chiers.Le texte parle de déclaration d’in-tention. Le conseiller communal espère qu’il y aura aussi des actions concrètes.D’une manière générale, le LSAP salue la collaboration.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) rassure M. Hobscheit: il y a déjà du concret. Une réunion a eu lieu à Roeser au cours de laquelle les ministres responsables ont fourni aux communes des explications concernant la qualité de l’eau et des berges.Jusqu’à présent, le Luxembourg ne s’est jamais intéressé à la Chiers, mais uniquement aux autres fleuves. Or la Chiers est classée «heavily modified», car elle est en contact avec des industries. Il reste du travail à faire concernant la ca-nalisation des eaux sales.Il y a urgence. Dans les années 90, le Luxembourg avait décidé de net-toyer ses rivières jusqu’en 2015. Mais rien n’a été fait. Deux nou-veaux programmes sont prévus de 2015 à 2021 et de 2021 à 2027.Le même texte sera soumis aux quatre conseils communaux concernés. Les communes et leurs populations ont jusqu’à septembre pour remettre un avis sur une ébauche de 400 pages autour de la qualité des rivières. La Chiers n’y est pratiquement pas mentionnée et aucune mesure n’est prévue à Differdange. Entre-temps, Differ-dange a 13 revendications.Les subsides dépendent des me-sures qui sont prises. C’est pour-quoi il est important que les partis politiques et les citoyens fassent des suggestions et contactent la commune s’ils ont des doléances.Fränz Schwachtgen ajoute que la Chiers compte treize sources qu’il énumère. De son point de vue, le partenariat doit être transfrontalier,

vis-à-vis vun de Ministèren optrieden ze kënnen. Awer och fir iwwert d’Grenz ewech mat den Nopeschge-mengen aus der Belsch an aus Fran-kräich, déi um Floss leien, Kontakt opzehuelen, fir en Austausch ze hunn.

Dir erënnert iech vläicht nach, wéi mer virun engem gudde Joer dee Prob-lem haten, dass Waasser an d’Kor ge-leet gouf, wat net hätt sollen dohinner geleet ginn. Do hate mer festgestallt, dass mer e Lach hätten, well mer als Gemengen net zesummegeschafft hunn an awer deeselwechte Problem haten. Esou ass d’Iddi vun enger Flos-spartnerschaft entstanen, fir zesum-men den Zoustand vun der Kor ze verbesseren. Wéi der wësst, ass et deen eenzege Floss hei zu Lëtzebuerg, deen an d’Meuse leeft an net wéi all déi aner eriwwer an Däitschland. Dat ass schonn eng Partikularitéit, déi mer hei hunn. Et ass derwäert, dass mer eis dofir asetzen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Liesch. Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären. Ech wëll just soen, dass mir dat hei begréissen. E Floss kennt keng Grenze vu kenger Gemeng. Duerfir ass et wichteg, dass sech déi Gemengen zesummendinn an zesumme kucken, wéi een d’Problemer an de Grëff kréie kann, fir am Sënn vun der Qualitéit vun der Chiers ze-summenzeschaffen. Et ass eng Décla-ration d’intention, heescht et am Text. Dat kléngt e bëssen esou wéi: Mir huelen eis et emol vir. Ech hoffen, dass wierklech konkret eppes geschitt an dass sech déi véier Gemengen zesum-mendinn, fir no Léisungen ze sichen.

Prinzipiell wëll ech awer betounen, dass mir dat hei als LSAP ausdréck-lech begréissen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Här Schwachtgen w.e.gl.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Fir op dem Här Hobscheit seng Sugge-stioun — ech hoffen, dass eppes ge-schitt — ze äntweren: dat ass schonn amgaangen ze geschéien. Mir haten eng Tagung zu Réiser, wou déi verant-wortlech Ministèren d’Gemengen in-forméiert hunn, wéi et elo weidergeet mat eiser Flosslandschaft an der Ge-sondheet vun eise Flëss. Net nëmmen d’Qualitéit vum Waasser, mä och d’Qualitéit vun de Bergen an d’Qua-litéit vum Biotopwaasser.

Bis elo gouf hei am Land ëmmer nëm-men no deenen anere Flëss gekuckt. D’Chiers, eis Kor, huet am Fong eng Randroll gespillt, well mer ze kleng sinn. An eise Floss ass als ‚heavily mo-dified’ agestuft, well en op e puer Pla-ze mat der Industrie a Kontakt kënnt. Mer sinn och nach ëmmer net fäerdeg mat der Leedung vum Knaschtwaas-ser an d’Chiers. Dat ass nach net an der Rei.

Mir hunn déi Délcaration d’intention ausgeschafft, well et dréngend ass. Zënter de fréieren 90er Joren, sollt am Lëtzebuerger Land ugefaange ginn, d’Flëss propper ze kréien. Do ware Programmer erstallt gi mat enger Dau-er bis 2015. Mä zënterdeem ass awer net ganz vill geschitt an och net mat der Chiers. Elo leeft en neie Pro-gramm vun 2015 bis 2021 an en zweete Programm vun 2021 bis 2027. Bis dohi misste laut EU-Recht all eis Flëss propper sinn. De facto misste se et haut scho sinn. Dofir presséiert et elo.

Déi véier Gemengeréit hunn deesel-wechten Text um Dësch leien. D’Po-pulatioun an d’Gemengen hunn elo Zäit bis September, en Avis eranze-ginn zu enger Ebauche vu 400 Säiten iwwert den Zoustand vun eise Flëss. Et muss ee leider soen, dass d’Chiers doranner kaum virkënnt. Op Déiffer-denger Terrain ass keng eng Mesure. Déi meescht Mesurë sinn op Käerjen-ger an op Péitenger Terrain. Schonn d’lescht Woch souze mer zesummen. Mir hunn aus där „guer kenger Re-vendikatioun, fir den Terrain Déiffer-deng“ der schonn emol 13 gemaach. Dat heescht, mir hunn eis Chiers Me-ter no Meter gekuckt a festgestallt, datt een op verschidde Plazen eppes kéint maachen.

90

car la Chiers aboutit dans la Meuse à Sedan.Des programmes sont en cours et chacun peut collaborer.

ARTHUR WINTRINGER (DP) ne peut que s’associer à ce que vient d’expliquer M. Schwachtgen.Le DP souhaite des cours d’eau propres dans les communes. Il sa-lue donc le partenariat avec les communes de Käerjeng, Pétange et Sanem pour protéger la Chiers.Il ne s’agit pas de réinventer la roue puisqu’il existe déjà cinq par-tenariats des rivières dans le pays. Esch-sur-Alzette, par exemple, a si-gné un contrat avec Sanem, Schif-flange, Bettembourg et Roeser en 1912. Le 22  mars est la Journée mondiale de l’eau.La Chiers prend sa source à une hauteur de 318  mètres et s’écoule dans la Meuse 112 kilomètres plus loin. Elle est mise en danger par les entreprises, mais aussi en raison de l’accroissement de la population. C’est pourquoi il est nécessaire de procéder à des contrôles de qualité plus souvent et à divers endroits.Differdange peut compter sur le soutien du SIACH, du biomonito-ring et de l’Administration des eaux. Le DP approuvera la décla-ration d’intention.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au point  6, la circulation.

FRED BERTINELLI (LSAP) annonce des barrages pour quelques jours en raison de chantiers dans la rue Sidney-Thomas, la rue Pierre-Martin, la rue Pierre-Dupong et la rue de la Fontaine.La situation dans la rue de la Gare à Oberkorn est plus complexe. La route est barrée depuis le 5  juin jusqu’à fin juillet.

Wa mer dat net eraginn, kréie mer och keng Subsiden an den nächste Joren derfir, wa mer keng Mesuren huelen. Dofir ass et ganz wichteg. An deem Sënn maachen ech en Appel un all d’Parteien, un d’Vertrieder aus der Ëmweltkommissioun, awer och un eis Bierger, eis hir Suggestiounen eranze-ginn, déi hei op der Gemeng ze mel-len, wa se Kenntnis vu Gegebenheeten hunn, déi ronderëm d’Chiers sinn.

Et wär dohier vläicht gutt ze wëssen, dass eis Chiers 13 Quellen huet. Et gëtt eng Kalekerbaach, e Bëschendall, eng Réierbaach, eng Mierbaach, eng Maragold, bis op d’Grenz. An eng Flosspartnerschaft soll transfrontalier sinn, well mer iwwert eng Chiers schwätzen, déi bis an d’Meuse leet. Bis op Sedan. Dass mer mat de Belsch a mat de Fransousen intensiv zesumme-schaffen. Net ze vergiessen eng Cros-nière hunn. Eng Réierbaach zu Lasau-vage, déi en Affluent ass mat all senge klenge Quellbäch, déi zu Longlaville bei Lonkech an d’Chiers iwwerleeft.

Déi Programmer lafen. A jiddwereen ass bereet do aktiv matzeschaffen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Wintringer, w.e.gl.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, léif Frënn aus dem Gemen-gerot, ech ka mech dem Här Schwachtgen hei nëmmen uschléissen.

Hien huet elo scho villes gesot, wat ech och soe wollt. Mä trotzdeem wëll ech e puer Wuert doriwwer verléieren. Och d’DP ass fir e proppere Waasser-laf an eise Gemengen. Dass Déiffer-deng elo endlech op de Wee vun enger Flosspartnerschaft mat de Gemenge Suessem, Käerjeng a Péiteng geet, fir eis Kor an all déi Quellen, déi a se fléissen, ze schützen, ass nëmmen ze begréissen.

Hei gëtt d’Rad net nei erfonnt. Fënnef Gemengen am Land hu schonn eng Flosspartnerschaft gegrënnt a si ganz aktiv, fir d’Flëss ze schützen. D’Ge-

meng Esch huet zum Beispill mat de Gemenge Suessem, Schëffleng, Beete-buerg a Réiser 1912 schonn esou e Kontrakt ënnerschriwwen. Den 22. Mäerz ass esouguer e Weltwaasserd-ag, wou weltwäit all Joer Veranstal-tungen zum Thema Waasser stattfan-nen.

Eis Kor, déi an enger Héicht vun 318 Meter entspréngt, no 112 Kilometer an d’Meuse leeft an ënnerwee nach vu villen anere Quelle gespeist gëtt — oder vu Firme wéi ArcelorMittal be-notzt gëtt — ass a Gefor. Och eis Be-vëlkerung, déi ëmmer méi grouss gëtt, dréit dozou bäi. Dofir wier et gutt, wann eis Kor méi oft, besser an op vil-le Plaze kontrolléiert géif ginn.

Ech si frou, dass de SIACH an de Bio-monitoring eis hei zur Säit stinn. Dat Ganzt gëtt och nach vun dem Waass-erwirtschaftsamt finanziell ën-nerstëtzt. D’DP stëmmt dës Déclarati-on d’intention natierlech mat.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Da kënnte mer zum Vote kom-men.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver le contrat de ri-vière de la Chiers.

Punkt sechs ass iwwert de Verkéier. D’Règlements temporaires. Här Berti-nelli Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Dir Dammen an Dir Hären, Här Bu-ergermeeschter, mir hu wéi esou dacks Aarbechten, wou Stroosse gespaart musse ginn. Dat ass awer net méi wéi zwee oder dräi Deeg. Heiansdo vläicht just fir een Dag. Et handelt sech ëm folgend Stroossen: d’Rue Sidney Tho-mas, d’Rue Pierre Martin, d’Rue Pier-re Dupong an d’Rue de la Fontaine. Et si gréisstendeels Aarbechten un den Haiser, déi gemaach ginn.

Wat eis e bësse méi rose mécht, ass d’Situatioun, déi mer de Moment an der Rue de la Gare zu Uewerkuer

91

Le Diffbus ne dessert pas non plus la gare en raison de la sortie du chemin piétonnier en plein milieu de la route. Le propriétaire du ter-rain était censé vendre celui-ci aux CFL. Mais ils n’ont pas trouvé d’accord. Par conséquent, le Diff-bus ne peut plus circuler jusqu’au terrain Luna. Les habitants du quartier doivent marcher jusqu’à l’arrêt de bus près de l’agriculteur. Le collège échevinal attend avec impatience la fin de ce chantier.La commune n’y peut rien. Les né-gociations entre les CFL et les pro-priétaires semblaient avoir échoué. Mais entre-temps, les discussions ont repris.Fred Bertinelli passe au règlement de la Fête nationale. En raison des nombreux chantiers, le collège échevinal a cherché une solution pour que les festivités se passent bien.Des panneaux à la sortie de l’auto-route indiqueront aux automobi-listes en direction du Fousbann de passer par Oberkorn au lieu du centre-ville. Le stationnement sera interdit dans la rue de la Mon-tagne.À Niederkorn, les automobilistes en direction de la France passeront par la colline.La rue Kennedy sera fermée au tra-fic pour éviter tout incident en rai-son du nombre important de pié-tons. La rue Henri-Dunant et la partie supérieure de la rue de la Montagne seront aussi fermées.Fred Bertinelli passe à la réaction des gens face aux chantiers. Les CFL voulaient réaliser des travaux la semaine de la Pentecôte à la bar-rière. La commune leur a demandé de travailler à deux équipes pour que les travaux avancent plus vite. Finalement, les CFL ont accepté et le chantier a été bouclé en trois jours.Les habitants ne s’en rendent pas toujours compte, mais la commune fait son possible pour éviter de per-turber le trafic.(Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à l’organigramme pour de petites modifications d’importance.

hunn. Dee Passage fir iwwert d’Barriè-re. Do kënnt en ënnerierdesche Fouss-wee hin. Déi Strooss wäert praktesch ee ganze Mount vum 5.6.2015 bis Enn Juli zou sinn.

Den Diffbus wäert och net an den Ue-werkuerer Quartier bis bei d’Gare fue-ren, well matzen an der Strooss d’Sor-tie vun deem Foussgängerwee ass. Deemools sollt d’CFL en Arrangement mat deem éischte Proprietaire vun der Rue de la Gare maachen, dee säin Ter-rain un d’CFL verkafe sollt. Mä si si sech net ënnerteneen eens ginn. Sou-datt den Diffbus net bis erop bei de Lunasterrain fiert an d’Leit aus deem Quartier ofhëlt. D’Leit sinn da gebie-den, bis bei d’Héicht vum Bauer ze goen, wou deen nächsten Arrêt vum Diffbus ass. Mir sinn natierlech net frou doriwwer. Mir hunn no enger So-lutioun gesicht, mä et war keng Méig-lechkeet do, fir den Diffbus anescht an de Quartier eranzekréien. Mer hoffen, datt dee Mount schnell eriwwergeet, datt mer den Diffbus erëm fuere loos-se kënnen.

Et war näischt, wat d’Gemeng an der Hand hat. Dat war eppes, wat net richteg geklappt hat zwëschen der CFL an dem Proprietaire vun deem Terrain. Mä mëttlerweil hunn ech awer héieren, datt erëm Gespréicher opgeholl goufen. Et wär fir d’Gemeng enorm wichteg, datt d’Situatioun an deem Quartier vläicht ka remediéiert ginn.

Dann nach eng wichteg Saach fir d’Leit alleguerten dobaussen. Dat ass d’Reglement fir Nationalfeierdag. Vu datt mer eng schlecht Situatioun am Verkéier hunn a vill Stroossen, an de-ene geschafft gëtt, hu mer eis am Vir-feld de Kapp zerbrach, wéi mer Natio-nalfeierdag, wou esou vill Leit do-bausse sinn a vill Fester an de Stroosse sinn, eenegermoosse reibungslos iwwert d’Bühn kréien.

Soudass mer décidéiert hunn um Rondpoint, wann ee vun der Auto-bunn erof op de Fousbann kënnt, schonn unzeweisen, fir iwwer Uewer-kuer ze fueren an net duerch den Zen-trum, fir eben de Verkéier wäit méig-lech do erauszehalen. An der Rue de la Montagne kënnt dann e Parkverbuet. Zu Nidderkuer um Rondpoint setze mer e Schëld, wou de Verkéier iwwert

de Bierg geleet gëtt, fir a Frankräich ze kommen, fir net duerch den Déiffer-denger Zentrum ze fueren.

D’Rue Kennedy gëtt och zougemaach — dir wësst, wivill Leit sech op der Maartplaz fir Nationalfeierdag opha-len —, fir kee Geforepunkt ze hunn, datt kengem eppes geschéie soll. D’Rue Henri Dunant an den iewesch-ten Deel vun der Rue de la Montagne si weider Stroossen, déi zou sinn. Da wësst der alleguerte Bescheed fir Nati-onalfeierdag.

Da wéilt ech nach eppes iwwert dat, wat d’Leit dobaussen denken, soen. Et war jo esou, dass mir vun der CFL ge-sot kruten, si géife fir Päischten eng Woch un der Barrière schaffen. Doro-pshin hate mir d’CFL op d’Gemeng geruff an hinne proposéiert an Due-belschichten ze schaffen, fir déi Aar-bechten esou séier wéi méiglech fäer-deg ze kréien.

Dat wësse vläicht net vill Leit dobaus-sen, mä mir ginn eis wierklech im-mens vill Méi, fir de Beruffstrafic esou mann wéi méiglech ze stéieren a Stroossen zouzemaachen a mat den Aarbechte séier virunzekommen. Mir wësse jo, wat am Trafic lass ass. Déi Aarbechte vun der CFL waren an dräi Deeg ofgeschloss, well se eis dee Gefa-le gemaach haten an Duebelschichte geschafft haten. Dofir wëll ech vun dëser Plaz aus der CFL eng Kéier en extrae Merci soen, datt se eis esou ent-géintkomm waren an et iwwert deen dote Wee gemaach hunn.

Dat wier u sech alles vum Verkéier an de Reglementer. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Da komme mer zum Vote.

Le conseil communal approuve à l’unanimité les règlements tempo-raires de circulation.

Da komme mer zum siwente Punkt, dem Organigramm. Et si ganz kleng Ännerungen, déi awer net onwichteg sinn haaptsächlech am Département technique. Et gëtt kee Poste bäigesat,

92

mä ëmbenannt. Mir sichen en Archi-tekt. Mir haten am Organigramm een Techniker stoen, mä elo kënnt en Ar-chitekt dran. An och eng hallef Tâche am Biergeramt.

Dat anert sinn alles Verschiebungen. Zum Beispill Personal, dat an de Schoulservice oder an de Service technique eriwwer wiesselt.

Dat, wat nei ass, ass just deen hallwe Posten am Biergeramt, well mer do ganz vill Aarbecht hunn. Mir wëllen net, datt d’Leit ze vill laang waarde mussen. Soss ass näischt Neits an deem Organigramm, deen iech hei vir-läit. Hannendru fannt der sämtlech Explikatiounen dozou.

Den Här Meisch.

MARCEL MEISCH (DP):

Ech hätt just eng Fro ze stellen. Mir schafen en neie Poste d’architecte. Mir hu jo awer een Architekt. Firwat muss elo nach ee bäigesat ginn? Dat gëtt jo awer vill méi deier wéi en Agent technique? Wat waren d’Iwwerleeun-gen?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech ginn dem Här Muller d’Wuert, dem responsabele Schäffe vum Dépar-tement technique.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Merci, Här Buergermeeschter. Et ass esou, Här Meisch, datt mir e Profil vun engem Agent technique ausge-schriwwen haten. Dat hätt awer grad esou gutt en Ingénieur technicien oder en Ingenieur en génie civil kënne sinn. Mir haten eis do net limitéiert. Mir haten awer speziell drop higewisen, dass mer am Beräich PAG/PAP e qua-lifizéierte Mataarbechter bräichten. Bis op eng Kandidatur hate mer zu deem gesichte Profil awer keng Satis-faktioun kritt.

Duerfir wollte mer dat ëmklasséieren, well mer wierklech onbedéngt am Domän vum Architekt Hëllef brau-chen. Souwuel vun der Qualifikatioun

wéi vun der Expérience professionnel-le misste mer op een zréckgräife kën-nen, deen an deem Beräich doheem wär. Et wär och zimlech dréngend.

MARCEL MEISCH (DP):

Heescht dat, dass Der dee Kandidat huelt, deen Der erausgesicht hutt?

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Nee.

MARCEL MEISCH (DP):

Oder gëtt et frësch ausgeschriwwen?

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Mir schreiwen dat frësch aus. Nodeem mer driwwer ofgestëmmt hunn, schreiwe mer et frësch aus.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et ass wéinstens transparent. Déi Plaz gëtt nach eng Kéier an d’Zeitung aus-geschriwwen. Et koume praktesch keng Kandidature vun Architekten eran, vläicht well et méi polyvalent ausgeschriwwe war. Dofir wäerte mer et nach eng Kéier ausschreiwen. Déi Annonce wäert dann och schonn e Samschdeg an der Zeitung stoen. Wa keng Froe méi wären…

Dach, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Normalerweis läit beim Organigramm en Avis vun der Personaldelegatioun vir. Déi bemängele jo oft, datt se dat ze spéit kréien. Elo läit guer näischt dobäi. Hu si dat net kritt? Oder hu si dat ze spéit kritt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Déi sinn a Kenntnis. Mä well dat esou global gehale war, huet eis den Inne-ministère drop opmierksam gemaach:

Le collège échevinal recherche un architecte pour le département technique. Le poste existe déjà, mais l’organigramme prévoyait un technicien.Pour le reste, il s’agit de mutations.Une demi-tâche est créée au Bier-geramt en raison de la masse de travail. La commune ne veut pas faire attendre les gens.

MARCEL MEISCH (DP) constate qu’un poste d’architecte est créé. Pourquoi, alors que la commune en a déjà un? Cela revient plus cher qu’un agent technique.

ERNY MULLER (LSAP) rappelle qu’un appel à candidatures a été lancé pour un agent technique. Mais il aurait pu tout aussi bien s’agir d’un ingénieur-technicien ou d’un ingénieur en génie civil. LE but était de trouver quelqu’un de compétent dans le domaine du PAG et des PAP. Malheureusement, un seul candidat correspondait au profil souhaité.La commune a besoin de soutien dans le domaine de l’architecture. Et c’est urgent.

MARCEL MEISCH (DP) demande si le collège échevinal va recruter le candidat qui s’est présenté.

ERNY MULLER (LSAP) répond que non.

MARCEL MEISCH (DP) suppose qu’un nouvel appel à candidatures va être lancé.

ERNY MULLER (LSAP) répond que oui.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que le processus sera plus transparent en lançant un nouvel appel à candidatures. Le premier appel n’était peut-être pas suffisamment clair. La commune recherche un architecte.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle que la délégation du personnel se plaint de recevoir les informations trop tard. Cette fois-ci, elle n’a pas remis d’avis. Pourquoi?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que la délégation est au courant. Mais comme l’appel

93

Wann der herno keng Problemer kréie wëllt, schreift déi Plaz nach eng Kéier aus.

Mir hätten dat jo scho kënnten an de Gemengerot bréngen, mä et ass awer méi transparent, wa mer et nach eng Kéier ausschreiwen. Dofir läit keen Avis vun der Delegatioun derbäi. Mä si wëssen awer Bescheed, well de Se-kretär vun der Delegatioun och de Re-sponsabele vum Département technique ass. An ech mengen net, datt d’Delegatioun eppes géint déi aner Kreatioun — deen hallwe Posten ënnenan am Biergeramt — huet.

Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Wa mer en neien Architekt kréien, kann een dann dovun ausgoen — et gouf elo grad gesot, dee géif sech och ëm de PAG këmmeren —, dass mer deene Bureaux d’études, déi eis deier Architekte verrechnen, soe kënnen: Halt, mir hunn en Architekt. Mir huelen eisen Architekt, fir en Deel vun den Aufgaben ze erleedegen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech wëll just soen, datt eisen zweete Stack op de Felge fiert. Wann elo nach méi vun hinne verlaangt gëtt, fuerde-ren ech awer och, datt de Gemengerot unanime nach e puer Leit astellt.

ALI RUCKERT (KPL):

Très bien!

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Et kann een net ëmmer nëmme Fuer-derungen un eis Leit stellen a se du-erch d’ganzt Haus joen. Se ginn elo schonn 110%. Büroméisseg si mer och net allerbeschtens ausgestatt. A wann ee mengt, et kënnt een alles intern maachen, muss och gesot sinn, dass mer an Zukunft net nëmmen en Ar-chitekt, mä och deen een an deen ane-ren Ingenieur astelle mussen. A Leit op ganz vill anere Plazen.

Ech sinn der Meenung, datt mer versi-che solle vun 110 erëm erof op 100% ze kommen an eis punktuell Ën-nerstëtzung vu baussen huelen. Ech hu kee Problem, déi Diskussiounen ze féieren. Mä ech soe just, eist Personal huet de Moment enorm Aarbecht.

Jo, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech wëll net soen, dass déi Leit am Service technique näischt schaffen. Wa se voll ausgelaascht sinn a souguer iwwerbelaascht sinn, stelle mer deen Architekt jo an.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Fir vun 110% op 100% ze kommen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Voilà. Dass se net méi ze vill belaascht sinn. Okay.

Dat heescht, dat entlaascht net eis Käschte vun de Bureaux d’études an esou virun? Dat war meng Fro.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat ka sinn, well du hues ee Kontrol-lorgan méi. Verschidde Klengegkeete kënnen effektiv hei aus dem Haus ge-maach ginn, wou mer bis elo méi sen-sibel waren, fir dat ze froen.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver les modifications de l’organigramme.

Da géife mer zu de Kommissioune kommen. Keng Partei huet eng Matde-elung gemaach.

Mir hu sechs Leit an d’Commission des Festivités ze ernennen. Dir wësst jo, datt mer d’Sportsveräiner an d’Kulturveräiner ugeschriwwen haten. Dir hutt eng Lëscht virleie vun deene

à candidatures était vague, le ministère de l’Intérieur a conseillé au collège échevinal d’en lancer un nouveau. C’est pourquoi la délégation n’a pas encore remis son avis. De toute façon, le secrétaire de la délégation est responsable du service technique. Le bourgmestre ne pense donc pas qu’il serait contraire à la création d’une demi-tâche.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DP) voudrait savoir si ce nouvel architecte, qui sera actif dans le domaine du PAG, permettra à la commune d’économiser des frais d’études.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que le service technique est déjà à bout. Si le conseil communal veut augmenter leurs tâches, il doit recruter du personnel.

ALI RUCKERT (KPL) concorde.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime que l’on ne peut pas toujours en demander plus au personnel. Les employés se donnent déjà à 110  %. S’il faut faire plus en interne, il faudra recruter non seulement un architecte, mais aussi des ingénieurs. Et développer les autres services.Le bourgmestre voudrait redes-cendre à 100  %. C’est pourquoi des gens sont recrutés.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) ne voulait pas dire que le personnel du service technique n’a rien à faire. Mais c’est pourquoi la commune recrute un architecte.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rétorque que le but est de ramener les tâches à 100 %.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) suppose donc que cela ne réduira pas les frais d’études de la commune.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que c’est possible.(Vote)Roberto Traversini passe aux com-missions consultatives. Le conseil communal doit nommer six

94

Leit, déi d’Kommissioune virgeschloen hunn. De Schäfferot géif sech deene Propose ralliéieren.

(Interruptioun)

Mir kënnen eenzel ofstëmmen. Ech kann déi sechs Leit awer och nennen. Da kënne mer Jo oder Nee soen. Oder mir stëmmen eenzel of. Mir ass dat egal.

Dat sinn d’Veräinsvertrieder. Se si vun deenen zwou Kommissioune virge-schloe ginn. De Schäfferot hält sech un dat, wat virgeschloe gouf. Ech weess, datt an de Kommissioune Votte stattfonnt hunn.

Déi virgeschloe Leit sinn: den Här Lo-gelin, den Här Piazza an den Här Sad-ler. An am Sportsberäich: den Här Antony Alex, den Här Mondot Emil an Här Kirsch Nicolas. Dat sinn déi, déi d’Kommissioun an engem geheime Vote gestëmmt huet.

Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech begréissen, dass déi Leit mat era-geholl ginn.

Ech wollt just allgemeng eppes zu de Kommissioune soen, wat ech ëmmer erëm widderhuelen. Ech hoffen, dass déi dote Leit, wa se an d’Kommissi-oun genannt ginn, d’Datummen och matgedeelt kréien, wéini d’Versamm-lunge sinn. Well dat ass bei eisem Ver-trieder net geschitt. Bis haut huet eise Vertrieder an ech selwer nach kee Rapport vun der Kommissioun ge-sinn. A wann d’Kommissioune Sekre-tären hunn, déi Jetone kréien, fir déi Aarbecht, déi se maachen, denken ech, dass déi Aarbecht och soll ge-maach ginn.

Et koum och ni eng Entschëllegung vun där jeeweileger Persoun. Ech den-ken, dass esou Saache méi seriö solle geholl ginn. An ech hoffen, dass, wann déi dote Leit ernannt ginn a sech an hir Aarbecht eraknéien, dat da besser leeft wéi bei eisem Vertrie-der.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat mam Rapport weess ech net. Mä dat anert hunn ech nogefrot. Den Här Logelin Jeannot ass invitéiert ginn. Et ass elo scho fir d’Zweet. Ech wollt dat d’lescht Kéier net soen, well ech net sécher war.

(Discussions)

Da gi mer bei de Sekretär an da kucke mer dat. Dat mam Rapport weess ech net. Dat hat ech net nogefrot. Mä dat mat der Invitatioun stëmmt net. A spéitstens elo misst et jo besser goen. Säi Brudder ass och elo dran.

(Interruptioun)

Dat ass net richteg, Här Diderich. Dir behaapt eppes, wat falsch ass.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Wann Dir behaapt, ech géif falsch Saache behaapten, verlaangen ech, dass dat op den Dësch geluecht gëtt.

Ech hunn och d’Kopië vun de Maile kritt. Déi Invitatioun, déi hie per Mail krut, war e Rappel. E Rappel, deen den Nomëtteg selwer geschéckt gi war an owes war d’Versammlung.

Nodeems ech dunn nogehaakt hat a gesot hat, esou geet et awer net, huet hien emol d’Datumme matgedeelt kritt vun deenen nächsten zwou Ver-sammlungen. Eréischt dunn. Hien huet am Ganzen eng Invitatioun kritt.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Dann huet en déi falsch Adress uginn.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

En huet keng falsch E-Mailadress uginn. Hien hat um Chrëschtmaart enger Persoun d’E-Mailadress ginn an déi Persoun hat mir ugeruff a sot: Ech hunn déi verluer, kënnt Dir mir se nach eng Kéier ginn?

Do hat ech déi falsch E-Mailadress uginn, well ech einfach op der Strooss ugeruff gouf, amplaz vläicht eng

membres de la commission des fes-tivités. Une lettre a été envoyée aux associations sportives et culturelles. Les commissions ont fait des pro-positions avec lesquelles le collège échevinal est d’accord.(Interruption)Le bourgmestre n’a pas de préfé-rence quant aux modalités du vote. Les deux commissions ont fait des propositions auxquelles le collège échevinal se rallie. Il s’agit de Mes-sieurs Logelin, Piazza, Sadler, An-tony, Mondot et Kirsch.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) salue le fait que ces personnes deviennent membres des commissions.Il espère qu’on leur communiquera les dates des réunions, car le repré-sentant de déi Lénk n’a rien reçu. Gary Diderich n’a jamais vu de rapport de la commission non plus. Les commissions ont un secrétaire percevant des jetons pour faire ce travail.On n’a jamais présenté d’excuses à déi Lénk. Ces choses doivent être prises au sérieux.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ne s’est pas renseigné concernant le rapport. Mais M. Jeannot Logelin a bien reçu une invitation. Cela fait la deuxième fois que M. Diderich en parle.(Discussions)Roberto Traversini rétorque qu’ils n’ont qu’à aller chez le secrétaire. Ce que dit M. Diderich au sujet de l’invitation est faux. De toute fa-çon, cela ira mieux maintenant puisque le frère de M.  Logelin est devenu membre à son tour.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) souhaite clarifier les choses. Il a reçu une copie des courriers électroniques. Il s’agissait d’un rappel envoyé le jour de la réunion. En plus, le conseiller communal a dû insister pour que M. Logelin reçoive les dates des deux prochaines réunions.

TOM ULVELING (CSV) précise que M. Logelin avait communiqué la mauvaise adresse.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) répond que non. M.  Logelin a

95

E-Mail geschéckt ze kréien.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Da war keng mauvaise Intentioun do.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Dach, et war mauvaise Intention, well et hat zwee Méint geschleeft ier ech ugeruff gi sinn, fir déi E-Mailadress ze froen.

Ech wollt dat elo net hei esou ausbree-den, mä just uschwätzen, dass mir keng Rapporte kruten an dass déi Leit propper invitéiert gi sollen.

Wann Dir behaapt, déi Persoun wär invitéiert ginn, wëll ech wann ech ge-lift Preuvë gesinn. Mä déi Preuvë gëtt et net, well déi Persoun op e puer Ver-sammlungen net invitéiert gi war. Elo krut se endlech matgedeelt, wéini déi nächst zwou Versammlunge sinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Da sinn ech gespaant, ob en do ass. Da wier dat jo gekläert.

Här Ruckert, w.e.gl.

ALI RUCKERT (KPL):

Ech hätt nach eng Fro, Här Buerger-meeschter.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Jo.

ALI RUCKERT (KPL):

D’Déifferdenger Gemeng huet ugefa-angen, nieft dem Terrain zu Nidderku-er ze bauen…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ah, mir si bei de Froen.

ALI RUCKERT (KPL):

Jo.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ier mer zu de Froe kommen, hätt ech nach eppes ze soen. Et ass nach eng Madame, déi interesséiert ass, fir an d’Integratiounskommissioun ze kom-men. Ech kennen déi Dame net perséinlech. Ech hunn awer kee Prob-lem domadder, datt déi do matschafft.

(Interruption)

Mir setzen dat dann op den Ordre du jour vum 15. Juli. Da kucke mer, ob se effektiv hei an der Gemeng wunnt. D’Adress steet net dran. Kee Problem, mir gesinn eis jo an dräi oder véier Wochen.

Le conseil communal décide à l’una-nimité d’approuver les changements au sein des commissions consulta-tives.

Sou, da géife mer zu de Froe kommen. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL):

Här Buergermeeschter, wéi et schéngt, baut d’Gemeng zu Nidderkuer nieft dem Fussballsterrain eng Hal. Ech si vun de Leit vum Fussball dorop uge-schwat ginn. Firwat gëtt déi Hal grad op där Plaz gebaut? Firwat ass déi Hal gutt? Brauch do kee Kommodo ge-maach ze ginn? A läit et net an enger Gréngzon? Kënnt Der eis dat vläicht matdeelen, dass déi Leit dat och wës-sen. Firwat genau do an net anz-wousch anescht?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Elo hat ech bal erëm Gefill, wéi wann d’Pläng an den Devis schonn duerch de Gemengerot gaange wieren. Mä den Här Bertinelli kann Iech d’De-tailer nach eng Kéier erklären.

donné son adresse électronique à une personne au Marché de Noël. Cette personne a ensuite appelé. Gary Diderich parce qu’elle avait perdu l’adresse. C’est Gary Diderich qui a donné la mauvaise adresse par erreur.

TOM ULVELING (CSV) constate qu’il n’y avait donc pas de mauvaise intention.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) pense que oui. La personne en question a attendu deux mois avant de demander l’adresse. L’orateur ne voulait pas faire d’histoires. En tout cas, M. Traversini ne peut pas avoir de preuve que M. Logelin ait été invité.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) est curieux de voir si M. Logelin assistera aux prochaines réunions.

ALI RUCKERT (KPL) a une question concernant une construction à Niederkorn.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) veut d’abord faire une communication. Une dame a demandé à faire partie de la commission de l’intégration. Le bourgmestre ne la connaît pas. Il n’y voit cependant pas d’inconvénient.(Interruption)Roberto Traversini propose de re-venir sur cette question le 15 juillet afin de vérifier l’adresse de cette personne.Il passe aux questions.

ALI RUCKERT (KPL) constate que la commune construit une halle à côté du terrain de football de Niederkorn. Pourquoi à cet endroit? À quoi servira-t-elle? Ne s’agit-il pas d’une zone verte?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) a l’impression que les plans et le devis ont été approuvés par le conseil communal.

96

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

U sech ass dat den idealen Terrain, well do eise Service des Sports doheem ass. Vu datt d’Gemeng do fir ganz vill Sue Maschinne stoen huet — zum Bei-spill Trakteren, Schleefmaschinne fir eis Terrainen an all eis Sportsinfra-strukturen an der Rei ze halen —, baue mer eng Hal dohin. Déi stinn nämlech bei Reen, Schnéi an Äis do-baussen, well mer néierens Plaz hunn. Et ass net an enger Zone verte.

Éischtens gesäit et besser aus, wa se ënnerdaach stinn, och wann e Match ass. Zweetens kann net jiddwereen dru goen. Dat war och e Geforemo-ment. Et stounge ganz déck Maschin-ne mat Messeren dru fräi op deem Ge-lände, wou jiddwereen drukomm ass. En plus, hunn déi Maschinnen deier Sue kascht. A wann déi d’ganzt Joer dobausse stinn am Reen an am Schnéi, hale se net esou laang, wéi wa se ënnerdaach stinn.

Duerfir baue mer déi Hal dohin. Dat ass, fir d’Geschir, wat mer brauchen, fir all eis Sportsinfrastrukturen an der Rei ze halen, ënnerdaach ze stellen. Ass dat okay?

ALI RUCKERT (KPL):

Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Den Här Meisch.

MARCEL MEISCH (DP):

Ech wollt zwou Froe stellen. Eng Fro un den Här Bertinelli. Ech hunn am „Quotidien“ gelies, datt Der en Inter-view ginn hutt iwwert déi Miwwele vun den Terrassen. An Dir hutt deem Reporter gesot, et hätte véier Archi-tekten dat erausgesicht. Do muss ech awer elo froen, ob dat mat de véier Architekte stëmmt?

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Wat fir eng Miwwelen?

MARCEL MEISCH (DP):

Fir d’Terrassen. Wéi eng Faarfen, datt se dierften hunn… Dat steet an deem Text.

(Interruptioun)

Dat hätt mech gewonnert. Véier Ar-chitekten, fir esou eppes erauszesi-chen.

(Diskussiounen)

Un den Här Muller wollt ech eng Fro stellen iwwert d’Groussstrooss. Mir si jo frou, datt déi Aarbechte viruginn. Mä vu déi Situatioun, déi mer mam Trafic hei an Déifferdeng hunn, stellen ech d’Fro, ob mer eis net nach eng Kéier iwwerleeë sollen, fir fir déi Aar-bechte vum zweeten Deel an der Strooss samschdes ze schaffen oder méi laang am Dag? Datt et awer méi séier virugeet.

Mir mussen déi Situatioun mam Trafic am Zentrum geléist kréien. Dat si jo Aarbechte fir d’Allgemengheet. Wa mer nach eng Kéier Suen investéieren, si se gutt ugeluecht, wann dee Chan-tier doduerch éischter fäerdeg gi sollt.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Här Meisch, ech mengen, mir sinn al-leguer, drun interesséiert, dass et viru-geet. Mir hate schonn en héijen Devis vu 60.000 Euro, fir deen éischten Deel gestëmmt, fir e puer Wochen éischter fäerdeg ze ginn. Deemools hate mer gemengt, mer sollten net méi ausginn.

Ech mengen, dass mer den Exercice nach eng Kéier maache sollten a ku-cken, wéi mer beschtméiglech mat deem Schantje virukommen. Heiban-nen ass bestëmmt keen, deen net der Meenung wär, dass dee Projet séier vi-rugoe soll. Et sinn eng Partie Leit, déi direkt concernéiert sinn — zum Bei-spill d’Geschäftsleit, déi hiert Ge-schäft no bäi hunn —, mä och déi vun e bësse méi wäit ewech ginn a Matlee-denschaft gezu, wéi dat ganz oft och bei anere Projeten de Fall ass. Zu Nid-derkuer an der Rue Pierre Gansen hate mer ähnlech Problemer. Mä Dir hutt scho Recht, dass mer dat nach eng Kéier kucke sollen. An dat wäerte mer och maachen.

FRED BERTINELLI (LSAP) répond que cette halle servira d’abris aux machines du service des sports. Il y a notamment des tracteurs. Actuellement, elles se trouvent dehors même lorsqu’il pleut ou neige. Ce n’est pas une zone verte.Le site sera plus attractif sans ma-chines. En plus, ce sera moins dan-gereux, parce que les gens ne pour-ront plus accéder aux machines aussi facilement. Enfin, ces ma-chines sont chères et s’abiment à force d’être dehors toute l’année.Cela répond-il à la question de M. Ruckert?

ALI RUCKERT (KPL) remercie M Bertinelli.

MARCEL MEISCH (DP) a lu une interview de M. Bertinelli dans Le Quotidien, dans laquelle il explique que quatre architectes ont choisi les meubles des terrasses. S’agit-il vraiment de quatre architectes?

FRED BERTINELLI (LSAP) demande de quels meubles M. Meisch parle.

MARCEL MEISCH (DP) parle des meubles des terrasses de cafés.(Interruption)M. Meisch avait été surpris. Quatre architectes pour choisir ces meubles, c’est beaucoup.Le conseiller communal passe à une question pour M.  Muller. Les travaux dans la Grand-rue avancent. Mais compte tenu des problèmes de circulation, ne pour-rait-on pas penser à travailler le sa-medi ou plus tard l’après-midi pour la deuxième partie de la route?Il est question de travaux pour la collectivité. L’argent serait bien in-vesti.

ERNY MULLER (LSAP) rappelle que le conseil communal avait approuvé 60  000 euros pour terminer la première partie des travaux quelques semaines plus tôt. À l’époque, il avait été décidé de ne pas dépenser plus.Le conseil communal doit réfléchir à la question. Les gens souhaite que le chantier finisse vite, qu’ils soient directement concernés

97

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir wäerten dat kucken. Ech wëll just soen, datt dat Schwéierst awer gepackt ass. D’Rue Henri Dunant geet op. Dat heescht, mir kënnen de Verkéier erëm eraloossen.

Fir op Är Fro ze äntweren, mir hate knapps zéng Deeg gewonnen an et hat 65.000 Euro kascht. Ech weess, datt dat fir Geschäftsleit eng laang Zäit ass, mä d’Dunant geet jo elo erëm op. A 65.000 Euro fir zéng Deeg huet mir perséinlech ganz vill wéi gedoen.

Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP):

Ech hätt e puer Froen. Dir hat e flot-ten Artikel am „Lëtzebuerger Wort“ iwwert de 1535°C an iwwert d’Roca-de. Am Interview hutt Der gesot, dass et denkbar wier, dass d’Hall de la Chiers ersat kënnt ginn duerch eng vun den Halen am 1535°C. Mir woll-te just nofroen, ob et scho konkret Id-die gëtt. Oder war dat eppes, wat Der esou en passant gesot hutt? Gëtt et vläicht scho Pläng, wou ee sech mat involvéiere kënnt, wann dat esou sollt sinn?

Ausserdeem wéilt ech gär wëssen, ob Der Iwwerleeungen zu der Parksituati-oun gefouert hutt? Well am Moment hu mer 80 Plaze bei der Hal an 180 Plazen, déi deemnächst an deem neie Parking zur Verfügung stinn. Dovun-ner falen der awer esou vill ewech, well déi verlount ginn oder ebe vun de Leit aus dem 1535°C benotzt ginn. Wann eng Manifestatioun stattfanne géif, géifen déi 100 oder 150 Parkpla-zen, déi nach iwwreg bleiwen, net du-ergoen. Ech wéilt nofroen, ob Der schonn Iddien hutt?

Da wéilt ech nach mat op de Wee ginn, dass een d’Veräiner och mat abënnt, well dat bei der Hall de la Chiers anscheinend e bësse schifgaan-ge war. Dat war nach viru menger Zäit, mä do hate mer eng Hal a kee wollt se benotzen, well se net deem entsprach hat, wat d’Veräiner sech drënner virgestallt haten. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci. Éischtens emol sinn ech frou, datt d’Journalisten net fir näischt hei-hinner kommen. Déi zwou Interventi-oune vun haut, beweisen, datt d’Zei-tungen nach ëmmer gelies ginn. Eng Kéier stinn e bësse méi Wourechten dra wéi aner Kéieren. Dat hei stëmmt awer.

Et ass esou, datt den Éducatiounsmi-nistère un eis ugetrueden ass a gefrot huet, fir déi Chiershal, wou niewend-run d’Primärschoul gebaut gëtt, mat ofzeginn, fir e ganze flotte Schoulcam-pus dohin ze kréien. Mir sinn am Schäfferot amgaangen, driwwer noze-denken.

Dir wësst jo, datt e Privatmann an eng Eventhal am 1535°C investéiere wëll. Mir sinn amgaangen, ze iwwerleeën — déi Gedankegäng sinn awer eréischt am Virstadium —, ob mir dat net maache sollen an eventuell eng flott Hal polyvalente um Site opriich-ten. Méi wäit sinn d’Iwwerleeungen nach net am Schäfferot. Mä et ass awer kloer, datt wann eng Demande vum Ministère kënnt, fir e flotte Schoulcampus ze maachen a mer d’Méiglechkeet hunn, eng nei Chiershal ze kréien, wou ee mat Au-toen a Camionen erakënnt, fir op- an ofzelueden – well déi sämtlech Park-plazen, vun deenen Der elo geschwat hutt, wäerte verschwannen, well de Lycée dohi kënnt, och wann d’Chiershal bleift – mer eis dat duerch de Kapp goe loossen a kucken, wat mam Bâtiment B geschitt an ënner an-erem en Hall polyvalent bauen.

Et gëtt nach net ganz vill Pläng. Mir kucken fir Croquisen ze kréien, well mer jo och gär wësse wëllen, wat eng Chiershal wäert ass. Méi wäit si mer am Moment net. Mä mir mengen, et wär awer net déi schlechste Léisung fir deen dote Site.

Är zweet Fro: selbstverständlech, wa mer esou wäit sinn, wäert dee ganze Schäfferot dat mat de Veräiner zesum-me kucken. Mir mussen net grad en Architektepräis kréie wéi bei der Chiershal — do kann ee sech heiansdo Froe stellen —, mä datt et wierklech esou ass, datt se polyvalent benotze ka ginn.

comme les commerçants ou pas. Il y a eu des problèmes similaires dans la rue Pierre-Gansen à Nie-derkorn.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) confirme que le collège échevinal réfléchira à la question. Mais le plus dur est passé, car la rue Henri-Dunant va être rouverte.En ce qui concerne la première partie, la commune avait déboursé 65 000 euros pour gagner 10 jours. Cela fait mal.

MARTINE GOERGEN (DP) mentionne un article du Luxemburger Wort dans lequel le bourgmestre parle de remplacer le Hall de la Chiers par une salle à 1535 °C. Y a-t-il des plans concrets?Qu’en est-il du stationnement? Ac-tuellement, il y a 80  places, plus 180 dans le parking. Mais, une partie de celles-ci seront occupées par les gens qui travaillent à 1535 °C. Quand il y aura des ma-nifestations, les places ne vont pas suffire.En outre, les associations devront être incluses dans les discussions. Dans le cas du Hall de la Chiers, la commune s’était retrouvée avec une salle que personne ne voulait utiliser.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) se réjouit que les conseillers lisent les journaux. Certaines fois, les informations y sont plus vraies que d’autres. Celle dont parle Mme Goergen est correcte.Le ministère de l’Éducation natio-nale construit une école primaire à côté du Hall de la Chiers et a de-mandé d’inclure le bâtiment au campus. Le collège échevinal réflé-chit à la question.Un investisseur privé souhaite ou-vrir une salle événementielle à 1535 °C. Dans ce contexte, le col-lège échevinal réfléchit à un hall polyvalent. Il n’existe pas encore de plans. Le collège échevinal doit voir combien coûte le Hall de la Chiers. Mais en tout cas, la solu-tion semble bonne. Il est clair que le collège échevinal consultera les associations. Le but n’est pas de gagner un prix d’architecture comme avec le Hall de la Chiers,

98

Här Wintringer.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Ech hätt zwou Froen. Ech weess just net, u wien ech se riichte soll.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Da probéiert emol.

ARTHUR WINTRINGER (DP):

Aquasud. Ech hat de Sekretär d’lescht Kéier drop ugeschwat, well an der Sauna Glieser benotzt ginn. Wann eng Kéier eent fält, gëtt dat eng Katast-roph. Esou propper kréie se de Bue-dem wahrscheinlech net direkt opge-botzt an herno trëppelt vläicht nach een dran.

Déi zweet Fro ass — dat sinn ech schonn e puermol gefrot ginn —, fir-wat den Aquasud déi oppe Schwämm moies net opmécht? Dat waren déi zwou kleng Froen, déi ech hat.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir huelen dat emol mat. Mam Glas muss een effektiv kucken.

Dir kritt och no der Sitzung de Bilan vun 2014 mat. Mir hunn deen hei lei-en. Da wäert der dee kréien.

Den Här Glauden nach.

JOS GLAUDEN (DP):

Ech hunn zwou Froen. Déi Éischt be-trëfft de Parking an der Grouss-strooss. Esouvill ech weess, ass dee jo op. Mä wéini geet deen an der Niklasstrooss op? A wéi ass et do mam Supermarché?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

De Parking ass op.

(Diskussiounen)

JOS GLAUDEN (DP):

Deen an der Niklasstrooss ass op?

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

Deen ass schonn zwou Wochen op.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir sinn esou schnell.

(Gelaachs)

JOS GLAUDEN (DP):

Da misst dat awer vläicht och public gemaach ginn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dat si mer amgaangen ze maachen.

Mam Supermarché gouf e Compromis ënnerschriwwen. Do sinn nach ver-schidde Saache mam Kommodo ze ku-cken. An da misst deen Enn des Joers oder ufanks d’nächst Joer an de Quar-tier kommen. Eng Supérette vun 1.000 m2, Här Diderich, fir ze wei-sen, datt mer och u klenge Geschäfter an der Proximitéit interesséiert sinn, wat ganz wichteg fir eis Stad ass.

Et muss ee wëssen, datt dat awer net esou einfach geet. Et muss ee ganz vill Klenschen drécke goen, fir d’Com-merçanten op Déifferdeng ze kréien. Ech mengen, ech brauch dat kengem heibannen ze soen.

Den Här Schwachtgen hat nach eng Fro.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ech wollt nach eng Kéier op de Punkt 8 zréckkommen. Zu der Commission des Festivités. Dee war e bësse séier clôturéiert ginn. Éischtens hu mer net votéiert. Ech denken, dat sollt een awer maachen.

mais d’avoir une salle polyvalente.

ARTHUR WINTRINGER (DP) a deux questions, mais il ne sait pas à quel échevin les poser.Le conseiller communal a vu qu’à Aquasud, on utilisait des verres dans le sauna. C’est une catas-trophe. Si le verre tombe et se brise, les gens risquent de marcher sur les débris.Ensuite, pourquoi Aquasud n’ouvre-t-il pas la piscine en plein air le matin?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) posera ces questions à Aquasud. Il est vrai qu’il faut faire attention avec les verres.Le collège échevinal remettra le bi-lan  2014 d’Aquasud aux conseil-lers communaux après la séance.

JOS GLAUDEN (DP) voudrait savoir quand ouvrira le parking de la rue Saint-Nicolas. Il a vu que celui de la Grand-rue a ouvert. Qu’en est-il du supermarché?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que le parking est ouvert.

JOS GLAUDEN (DP) demande si le bourgmestre parle bien de celui de la rue Saint-Nicolas.

TOM ULVELING (CSV) précise qu’il a ouvert il y a deux semaines.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) se réjouit de la rapidité du collège échevinal.

JOS GLAUDEN (DP) voudrait que l’information soit rendue publique.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que la commune est en train de le faire.Un compromis a été signé avec le supermarché. Une supérette de 1000  m2 ouvrira l’année pro-chaine. Le collège échevinal re-cherche donc aussi de petits maga-sins. Mais ce n’est pas facile d’atti-rer des commerçants à Differdange.

99

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dach.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Nee, mir hate kee Vote geholl. Ob et elo néideg ass, dat sief dohigestallt. Mä ech mengen, da kann all Partei dat haart soen an et komme keng Ge-spréicher op.

Meng zweet Fro: et sinn elo dräi Verä-iner méi un der Commission des Festi-vités interesséiert. Sollt een deenen net e Beobachterstatus ginn? Well et sinn interessant Veräiner dobäi, virun al-lem vum kulturelle Beräich hier. Et ass eng auslännesch Organisatioun dobäi, wou mer bis elo nach relativ wéineg Kontakter haten. D’Déifferdenger Ge-schichtsfrënn. D’Majorettes de la Vil-le. Vläicht kann een deenen e Beob-achterstatus zougestoen.

Déi éischt Fro war: Stëmme mer iwwert d’Nimm oder de Veräin of? Well dat kënnt emol zu Litigë féieren. Wann déi eng oder déi aner Persoun sech mat sengem Veräin iwwerwerft, ass dann déi Persoun nach an där Kommissioun oder huet de Veräin d’Méiglechkeet ze soen: Mir setzen elo en aneren dran? Dat schéngt mer awer eng wichteg Fro am Virfeld, ier Strei-dereie kommen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech huelen dat mat.

D’Kommissiounen haten dat op hirem Ordre du jour. Si hunn do perséinlech ofgestëmmt, jiddwereen wéi en et fir richteg fonnt huet.

An deene leschte Jore gouf och ni hei am Gemengerot driwwer ofgestëmmt. An ech hat et esou verstanen, wéi wann dat esou ugeholl gi wier. Ech hunn awer kee Problem, dat zum Vote ze stellen.

Ech mengen, et sollt een zesumme mat de Kommissioun kucken — déi si jo nach zimlech nei —, wéi si dat gesinn. Et wier awer flott, wann d’Kommissi-ounen elo endlech déi sechs Leit kréie

géifen, fir mat hinnen ze schaffen. An am Laf vum Joer kann een dann Än-nerunge maachen, wann déi gefrot ginn.

Mir wollten eis als Schäfferot net ze vill do amëschen an déi e bësse gewä-erde loossen. Här Schwachtgen, kënnt Der esou domadder liewen?

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Jo.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Huet nach ee Froen? Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ech wollt zwou Saachen uschwätzen. E Sonndeg war den Energy Kids’ Day um Fonds-de-Gras. Dat ass e ganz flott Evenement. De Kids’ Day huet e ganz anert Format wéi déi Jore vir-drun. Mä ech hu fonnt, dass immens wéineg doriwwer informéiert gouf. Do hu sech Leit mobiliséiert vun der Technikschoul a vun der Naturschoul. Et gouf wierklech e flotte Programm gebueden, dee vill besser dohinner passt wéi Sprangschlässer. Ech krut an der Woch just een E-Mail, méi net. Am Diffmag stoung och näischt dori-wwer. Dat fannen ech op jidde Fall schued. Ech géif virschloen, dass ee soe soll, dass et eng gutt Saach ass.

D’nächst Joer muss awer anescht dori-wwer informéiert ginn. Et gëtt Inter-netsitte speziell fir Familljen. Da kën-nen der och fir d’Kanner opgestallt ginn. Da kucken déi sech dat un a kommen dohinner. Ech hu vill Leit soen héieren: Wann ech dat gewosst hätt.

Dann, méi eng allgemeng Bemierkung zum Diffmag. Den Agenda ass net ëmmer ganz komplett. Dat do war elo e Beispill. Op där enger Säit gëtt vum flotten Evenement Masquenada be-richt. Op där anerer Säit gëtt et awer net am Agenda erwähnt. Dat heescht, et bitt de Leit dann net deen Iwwer-bléck, wat awer gutt wär.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) revient sur la commission des festivités. Tout est allé vite. Le conseil communal n’a pas voté.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) insiste que non. Voter éviterait des discussions inutiles.Trois associations supplémentaires veulent faire partie de la commis-sion des festivités: une association d’étrangers, les «Déifferdenger Geschichtsfrënn» et les majorettes de la Ville. Peut-être pourrait-on leur accorder le statut d’observa-teurs?En ce qui concerne le vote, le conseil communal approuve-t-il la personne ou l’association? Que se passera-t-il si un jour la personne ne fait plus partie de l’association?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) en discutera avec les commissions. Celles-ci ont voté les membres.Au cours des dernières années, les modifications des commissions n’ont jamais été soumises à un vote formel du conseil communal. Mais c’est possible.Il faudra demander l’opinion des commissions. Mais il serait temps qu’elles puissent enfin disposer de leurs six nouveaux membres. Des modifications en cours d’année sont possibles.Le collège échevinal ne veut pas trop se mêler de ces discussions.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle que dimanche a eu lieu l’«Energy Kids’ Day» au Fond-de-Gras. Le format de la fête a chan-gé. Mais les gens n’ont pas été in-formés. L’École Nature et l’École technique s’étaient mobilisées. Le programme était plus intéressant que les autres années. M. Diderich n’a reçu qu’un courrier électro-nique. Il n’y avait rien dans le ma-gazine.L’année prochaine, il faudrait s’y prendre autrement. Peut-être à tra-vers un site internet pour les en-fants.En ce qui concerne le Diffmag, le conseiller communal regrette que l’agenda ne soit pas toujours com-

100

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Ech bedaueren och, dass dat Evene-ment net dat ginn ass, wat et hätt kënnte ginn.

Ech muss awer soen, dass et vun der Fonds-de-Gras asbl organiséiert gouf an net vum Service culturel vun der Gemeng oder vu soss engem vun der Gemeng. Mä dat wëllt awer net hee-schen, dass mir dat net ënnerstëtze sollen an dee richtege Power derhan-nert ginn, dass dat dann an d’Press kënnt an iwwerall do, wou et hi kom-me soll.

De Gestionnaire vum Site krut gesot, dee richtege Marketing ze maachen. Dat war awer net grad esou gaangen, wéi mer eis dat virgestallt haten. Do maache mer en interne mea culpa. Ech wëll awer der Gemeng Déifferdeng Merci soen, fir déi 2.000 Euro déi se bäigesteiert huet. An och all de Privat-sponsoren haaptsächlech am Energie-beräich Merci soen.

Mä et hat een awer festgestallt, dass d’Kanner begeeschtert waren. Ech hoffen, dass mer dat an de kommende Jore weiderféieren. Et ass en Evene-ment, wat nach ausbaufäeg ass. Mir wäerten an Zukunft dee richtege Mar-keting maachen, dass dat erëm en neit Event gëtt am Intérêt vun eise Kanner an der Sensibilisatioun fir d’Ëmwelt- an d’Energieproblematik.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech soe just: Ech wosst et och net.

Wa keng Froe méi ze stelle sinn, ass d’Sëtzung opgehuewen.

Fir d’Journalisten: Schreift vill. Dir hutt jo gesinn, datt d’Conseilleren d’Zeitunge liesen. A wann der Froen hutt, kënnt der e puer Minutten do-bausse waarden, well dat hei net laang dauert.

plet. Il y avait un article sur Mas-quenada par exemple, mais l’évé-nement n’était pas repris dans l’agenda.

ERNY MULLER (LSAP) regrette que la fête n’ait pas eu l’ampleur qu’elle méritait. Mais il faut dire qu’il s’agit d’une manifestation de l’ASBL Fond-de-Gras et non de la commune. La commune aurait toutefois pu la soutenir.Le gestionnaire du site était chargé du marketing. Cela ne s’est pas bien passé. Mais l’échevin remercie la commune pour son aide de 2000 euros ainsi que tous les sponsors privés.Les enfants étaient ravis. L’événe-ment pourra être développé au cours des prochaines années. Le marketing sera plus efficace afin de promouvoir cette action de sensibi-lisation des enfants à l’écologie.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute qu’il n’était pas au courant de la manifestation non plus.Il clôture la séance.Il demande aux journalistes d’écrire beaucoup, car ils ont vu que les conseillers lisent les jour-naux.

101

ÉTAT CIVIL - MARIAGES

PRPIC Igor et ZOUALERH Rajae 08.05.2015

NIDAM Abderrazzak et EL KEDYOUY Naima 11.05.2015

MARNACH Mike et KEMP Sarah 15.05.2015

DAUBACH Christian et SKOPOSKI Pamela Georgette 16.05.2015

JOVIC Vanja et MARSENIC Romana 20.05.2015

FERREIRA LOPES João Vitor et ARANTES PEREIRA Suzanne 22.05.2015

ANTUNES PEREIRA Horácio Manuel et GOMES DOS SANTOS Diana Sofia 22.05.2015

ETIENNE Xavier Paul Constant & RODRIGUES MARQUES Susana Maria 29.05.2015

OBERTO Steve & HOLCHER Jeannine Eugénie 29.05.2015

RASQUIN Roland Roger et MACRI Lidia 06.06.2015

FILBIG Joe Laurent et STOLTZ Nathalie 13.06.2015

GAUDRONT Mike et SCHNEIDERS Carole Irène 13.06.2015

MORELLI Patrizio et LIPPOLIS Teresa Maria 13.06.2015

PINTO DOS SANTOS Antero Manuel et PEIXOTO RIBEIRO Adília Maria 13.06.2015

WELTER Sven Patrick et DE GIORGI Jessica 13.06.2015

JARMAN TOMÉ Miguel et SÁ VIANA DA PONTE Paula Cristina 17.06.2015

RIBEIRO DA SILVA Steve et RODRIGUES PONTES Vinicia 19.06.2015

MONTEIRO ALMADA Nelson Jesus & PONTE MIRANDA Ana Raquel 26.06.2015

HASI Egzon & TARE Emanuela 26.06.2015

102

ÉTAT CIVIL - NAISSANCES

PADJEN Kenzo Paulo Luxembourg 01.04.2015

HALILOVIC Lara Esch-sur-Alzette 01.04.2015

MUCEVIC Berin Esch-sur-Alzette 02.04.2015

FABER-LE LUEL Lisa Luxembourg 05.04.2015

LEPéNY Andor Luxembourg 06.04.2015

FURFARO Francesco Esch-sur-Alzette 06,04,2015

VALENTE PEREIRA Cédric Esch-sur-Alzette 07.04.2015

RODRIGUES FERREIRA Hugo Luis Esch-sur-Alzette 07.04.2015

MONTEIRO DA SILVA Sofia Esch-sur-Alzette 09.04.2015

LUSURIELLO Juliana Esch-sur-Alzette 10.04.2015

SOUSA DA CRUZ Kendrick Layan Luxembourg 18.04.2015

ZEFERINO PEREIRA Maria-Luiza Luxembourg 19.04.2015

DE SOUZA SILVA BARRETO Bernardo Luxembourg 19.04.2015

OLIVEIRA Diego Kauan Esch-sur-Alzette 19.04.2015

ANDRADE RAMADA Afonso Esch-sur-Alzette 20.04.2015

RIBEIRO Enzo Filipe Luxembourg 20.04.2015

MINEIRO LAVRADAS Francisco Luxembourg 23.04.2015

DA GRAçA BOSSI Mayson Luxembourg 24.04.2015

TEIXEIRA GARCIA Valentina Esch-sur-Alzette 24.04.2015

SELLANO Kylian Esch-sur-Alzette 28.04.2015

CECCHINI Nino Esch-Alzette 02.05.2015

CECCHINI Jani Esch-Alzette 02.05.2015

DIALLO Hawa Bobo Esch-Alzette 04.05.2015

GOMES MENDES Bianca Jonsabá Luxembourg 08.05.2015

DANTAS LOPES Eduarda Luxembourg 08.05.2015

ALMEIDA RODRIGUES Marta Esch-Alzette 11.05.2015

LOPES Alexandre Esch-Alzette 11.05.2015

LICINA Maid Esch-Alzette 13.05.2015

DOS SANTOS Ricardo Esch-Alzette 13.05.2015

CZAJKA Michal Luxembourg 14.05.2015

MOREIRA MARTINS Alex Esch-Alzette 15.05.2015

SANTANA DE ALMEIDA Milá Esch-Alzette 17.05.2015

KARABEGOVIC Zehrina Luxembourg 19.05.2015

ANTUNES DUQUE Gabriella Luxembourg 19.05.2015

FRAZÃO PEREIRA Christina Aycha Esch-Alzette 22.05.2015

FLOENER Katarina Esch-Alzette 22.05.2015

FERREIRA Diego Alejandro Luxembourg 22.05.2015

ALLALA Khalil Esch-Alzette 22.05.2015

MACHADO SOARES Daniel Luxembourg 26.05.2015

MUHOVIC Alijan Esch-Alzette 27.05.2015

VARELA DA SILVA Maria Esch-Alzette 27.05.2015

BARBOSA GUEDES Lyara Thais Esch-Alzette 28.05.2015

ALVES MACEDO Juliana Esch-Alzette 30.05.2015

103

GONçALVES DOMINGUES Lucas Gabriel Luxembourg 31.05.2015

ADROVIC Naid Esch-Alzette 31.05.2015

DOUAÏSSIA Milane Luxembourg 31.05.2015

v Esch-sur-Alzette 01.06.2015

GOMES MIRANDA Yara Esch-sur-Alzette 02.06.2015

PEREIRA BRITO Tomás Esch-sur-Alzette 03.06.2015

ROCHA DE JESUS FRANCISCO Luz Luxembourg 03.06.2015

LIČINA Medina Luxembourg 03.06.2015

ZüCK Samira Luxembourg 04.06.2015

LILLIU Jacopo Luxembourg 08.06.2015

ICHIM Robert Olivier Luxembourg 08.06.2015

MACKEL Lou Esch-sur-Alzette 08.06.2015

WEICHEL Layla Esch-sur-Alzette 10.06.2015

WEICHEL Tiffany Esch-sur-Alzette 10.06.2015

BAJRAMI Samy Luxembourg 10.06.2015

TRANJAR Amina Esch-sur-Alzette 14.06.2015

BATISTA ALVES DIAS Alice Luxembourg 14.06.2015

MALLARDI Lorena Luxembourg 15.06.2015

FERNANDES DE OLIVEIRA Yara Luxembourg 15.06.2015

DE SOUSA PEREIRA Inês Margarida Esch-sur-Alzette 16.06.2015

NEVES DA SILVA Théo Luxembourg 18.06.2015

ABREU HENRIQUES Beatriz Esch-sur-Alzette 20.06.2015

MARTINS COSTA Simão Miguel Esch-sur-Alzette 21.06.2015

OLIVEIRA MONTEIRO Sheila de Jesus Esch-sur-Alzette 22.06.2015

WORRÉ STOLTZ Lara Esch-sur-Alzette 22.06.2015

HUSTIN Amélie Kieu Luxembourg 23.06.2015

GOMES ABREU Tomás Luxembourg 24.06.2015

GOMES MALHÓ Joshua Esch-sur-Alzette 26.06.2015

MARZANO Giuseppe Esch-sur-Alzette 27.06.2015

LOPES PASCOAL Miguel Luxembourg 29.06.2015

ZEJNELOVIC Kenan Luxembourg 30.06.2015

104

ÉTAT CIVIL - DÉCÉS

GOUSENBOURGER Paulette Anne, vve MOINY Emile Niederkorn 01.04.2015

MICHELS Lucien Robert, divorcé Niederkorn 04.04.2015

PIERINI Paolo, ép. ROSSI Salvatorini Niederkorn 06.04.2015

MARINOVIC Luka, ép. DUMITRU Mihaela-Carmen Esch-sur-Alzette 06.04.2015

PFEIFFER Hildegard Maria ép. SCHALZ Jean Niederkorn 06.04.2015

NASSIMBENI Emilio veuf de MARINI Antoinetta Niederkorn 09.04.2015

SCHEID Liliane vve LAUTERBOUR Johann Niederkorn 13.04.2015

DA SILVA TAVARES Isabel Maria, ép. de PESSOA FREITAS Carlos Homburg, Allemagne 14.04.2015

WEYLAND Jean Pierre, divorcé Niederkorn 15.04.2015

LOSCH Anne Marie ép. KINTZIGER Joseph Theodore Niederkorn 19.04.2015

GROSCH Julie Joséphine, célibataire Luxembourg 21.04.2015

THEISEN Jean Pierre Hubert ép. BILLO Nicole Esch-sur-Alzette 27.04.2015

LA SCHIAZZA Antonia Angiolina, vve HERMES Marcel Luxembourg 02.05.2015

DA COSTA Manuel Augusto ép DE JESUS ALVES Rosa Esch-Alzette 04.05.2015

KARGER Marie-Josée Hélène Esch-Alzette 06.05.2015

GANTREL Nicole Marie-Anne, vve GATTI Gaston Esch-Alzette 08.05.2015

BINSFELD Léonie Differdange 08.05.2015

SALVI Domenica, vve SEBASTIANI-CROCE Silvio Esch-Alzette 08.05.2015

SILVA DE SOUSA Manuel Augusto Luxembourg 08.05.2015

TREVISANI Luigi Antonio, veuf de LUDOWISSY Marie-Josée Esch-Alzette 13.05.2015

SCHWICKERT Anne Marie Josephine Niederkorn 22.05.2015

MULLER Camille Conrad Ernest Robert, ép. de KEMP Marie Josée Niederkorn 28.05.2015

BLESER Marcel Antoine, ép. CONRARDY Jeanne Esch-Alzette 29.05.2015

ROTOLONI Célestin, ép. PESETTI Lilia Esch-Alzette 29.05.2015

HAAS Marie Thérèse, vve BRITTEN René Esch-Alzette 31.05.2015

BARBONI Angelica vve SERARCANGELI Mario Fiuminata (I) 04.06.2015

CONSBRUCK Viviane Gabrielle, ép. de WILMES Nicolas Camille Niederkorn 05.06.2015

SCHMITZ Josette vve ENTRINGER Marcel Henri Niederkorn 07.06.2015

GORDON Jonny Manfred, ép. de JEANBAT Claude Charlotte Niederkorn 10.06.2015

DI PASQUALE Fernand Lucien, veuf d'ERPELDING Hortense Niederkorn 11.06.2015

MULLER Claude, célibataire Esch-Alzette 12.06.2015

WERDING Suzanne Marguerite Josephine, ép LAHUR Fernand Niederkorn 23.06.2015

PÜTZ Renée Jeanne, veuve de LICKES Roland Nicolas Joseph André Niederkorn 26.06.2015

GROSCH Anna, célibataire Luxembourg 27.06.2015

NIEDERCORN Marie Marguerite, veuve de LUZI Francesco Niederkorn 29.06.2015

105

SERVICE KRANK KANNER DOHEEM

Il arrive malheureusement que les enfants tombent malades. Or, surtout dans les familles monoparentales — mais pas seulement —, les parents sont soumis à contraintes professionnelles qui ne leur permettent pas de se libérer facilement. Le service «Krank Kanner Doheem» de l’ASBL Femmes en détresse propose des solutions pour ne pas laisser les enfants malades seuls à la maison. Une collaboratrice de SKKD se déplace à domicile pour prendre soin du petit malade et contri-bue ainsi à ce qu’il guérisse dans son milieu habituel. Les familles monoparentales disposant d’un certificat de composition de ménage établi par la commune ont la priorité.

Les tarifsSKKD demande une participation financière calculée sur base du revenu imposable du ménage. Cette parti-

cipation va de 0,50 € par heure (revenus inférieurs à 1499 €) à 12,40 € par heure (revenus supérieurs à 6200 €). Les frais de stationnement sont à la charge des parents.

Les gardesLes gardes ont lieu entre 7h et 19h et ne peuvent pas dépasser 9 heures de suite. Une visite médicale est in-diquée au 2e  jour de garde. Toutes les collaboratrices de SKKD ont une formation dans le domaine sociofa-milial et participent régulièrement à des formations.

T. +352 48 07 79 MAR-DIM: 07h00-12h00 & 14h00-18h00 | VEN: 07h00-12h00www.fed.lu/services/skkd/

106

Service Krank Kanner Doheem – Fiche d’Inscription

95, rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg Tel. : 48 07 79 Fax 48 07 79-77 www.fed.lu [email protected]

Enfant(s) :

Nom et prénom Matricule Nationalité

Adresse : ……………………………………………………………………………………….. Localité : L-

E-mail :

Nom et prénom du père :………………………………………………………….

Matricule du père : Tel. : Portable : Employeur :

Nom et prénom de la mère :……………………………………………………..

Matricule de la mère : Tel. : Portable : Employeur : Situation familiale : Marié(e) PACS Concubinat Monoparentale Garde alternée Allergies :

Antécédents médicaux de l’enfant :

Particularités :

Signature : ……………………………………

Date : …..……….………………………., le ………………………. 20 …..….

jouercommuniquervibrerrêverbouquiner

CENTRE CULTUREL RÉGIONAL

Centre culturel régional «Aalt Stadhaus» Differdange / 38, av. Charlotte / L-4530 Differdange / 58 77 1-1900

DANIEL BALTHASARSUPPORT BAND: QUANTUM DOT

25 SEPTEMBRE 201520H00 | 12€

Centre culturel régional «Aalt Stadhaus» Differdange / 38, av. Charlotte / L-4530 Differdange

WWW.STADHAUS.LU

creativehubdifferdangeofficialopening9-11.10

Le collège du bourgmestre et des échevins de la Ville de Differdange et les locataires du 1535°, Creative Hub, ont l’honneur de vous inviter à l’inauguration officielle du bâtiment A.

En espérant vous y voir nombreux !

L’ÉQUIPE DU 1535°

sam 10.10 / 11-19:00 dim 11.10 / 11-19:00 PORTES OUVERTES DU BÂTIMENT A

1535.lu

ven 9.10 / 18:00 INAUGURATION OFFICIELLE DU BÂTIMENT A En présence de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier