24
b u l l i Summer 2010 EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

Bulli 2010_2

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Aneil Bulli 2010_2

Citation preview

Page 1: Bulli 2010_2

b u l l iSum

mer

2010

EDITEU

R R

ESPON

SAB

LEA

ssociation Nationale des E

tudiants Ingénieurs Luxem

bourgeois4, bd G

rande-Duchesse C

harlotteL-1330 LU

XE

MB

OU

RG

Imprim

erie Rapidpress

LUXEM

BO

UR

G

POR

T PAYEP/S. 083

Bulli Summer 2010Farw.indd 1 19/06/2010 19:23:57

Page 2: Bulli 2010_2

Iwersiicht 3/2010

3 Virwuert4 Den Comité 20106 Visite bei Guardian9 Invitatioun Visite SEO 12 Artikel Table Ronde 201016 Revue de presse ‘‘Table Ronde 2010’’19 InformatiounfireisNofolger21 Déi méi leschteg Säiten

Impressum

Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet Homepage: http://www.aneil.luE-Mail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

De Bulli kënnt 4 Mol am Joër eraus an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:Pit Schmit, Marc Becker, Lis Cloos

Chefredakteren:Gilberto Fernandes, Paul Nathan

Layout:Marc Becker, Danièle Mousel

Cover:Rita Kreins, Line Friob, Max Friob

Drock:Imprimerie Rapidpress

D’ReproduktionvundenArtikelenasgrondsätzlecherlaabtwannd’Quellugigëtt.D’ANEILasawernëtverantwortlëchfirde Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn.D’ Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur.Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt ginn.

Bulli Summer 2010Farw.indd 2 19/06/2010 19:23:57

Page 3: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

3

Virw

uert

Virwuert

Salut léiwe Bulli Lieser,

Welld’Examenszäitfirvillvuniechschonnvollamgaangenassoderlogläichufänkt an wéinst deene ville WM-Fussballmätcher déi am Moment lafen, assd’Lektür vundësemBulli dachengwëllkommGeleenheet fir ebëssenOfwiesselung ze suergen.

Déi lescht grouss Aktivitéit vun der ANEIL hate mir Karfreideg, wou mir moies d’Firma Guardian zu Käerjeng kucke gaange sinn, duerno war eis traditionell Table Ronde an der Chambre de Commerce an owes gouf et e Patt an de Rives de Clausen. Ech wëll op dëser Plaatz nach emol all deene Leit Merci soendéieppeszudësemflottenDagbäigedroenhunn.Eis nächst Aktivitéit ass awer och schonn geplangt, an zwar ginn mir de 26. Juni d’Pompspäicherkraftwierk, Société Electrique de l‘Our zu Veianen kucken. Wannd’Wiedereterlaabt,sichemereisduernoenggemitterlechPlaatzfirzegrillenanwäerteneflottenNomëttegmateneenverbréngen.WeiderDetailerdozou fannt dir am Laf vun der Lektür vun dësem Summerbulli.

Dann wollt ech Iech awer och nach drop opmierksam maachen, dass de Comité am gaang ass eng kleng Rees ze plangen, déi wahrscheinlech Ufank Oktober wäert stattfannen. Haalt Iech dësem Datum also schonn mol fräi!

Dann bleift mir nach just Iech all vill Spaß ze wënschen beim Liesen vun dëser Ausgab woubäi ech nach eng Kéier all deene Leit Merci soen, déi bei der Redaktiounfläissegmatgehollefhunn.

Ären President

Michel Hansen

Bulli Summer 2010Farw.indd 3 19/06/2010 19:23:57

Page 4: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

4

De

Com

ité 2

010

Pit DemuthDélégué aux relations publiquesKarlsruhe - Bauingenieur

14, rue EichL-3352 LeudelangeTel: +352 378801GSM: +352 661 799369

Kriegsstrasse, 130D-76133 KarlsruheTel: +49 [email protected]

Paul NathanDélégué aux publicationsOochen - Bauingenieur

107, cité HierzesprongL-3728 RumelangeGSM: +352 621 354162

Roermonder Str. 108D-52072 [email protected]

Michel HansenPrésidentOochen - Maschinenbau

3, rue des présL-3336 HellangeTel: +352 511077GSM: +352 691562271

Marienbongard 28D-52062 AachenTel: +49 241 116 034 [email protected]

Lis CloosProgramme d’échangesZürich - UmweltNW

13, rue des AlliésL-4712 PétangeGSM: +352 621 161785

Götzstrasse 5CH-8006 ZürichTel: +41 43 535 93 25GSM: +41 76 402 19 [email protected]

Marc BeckerVice-PrésidentOochen - Bauingenieur

1, rue de la rivièreL-3276 BettemburgGSM:+352691626891

Bismarckstr. 181D-52066 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Yves RothTrésorierKarlsruhe - Maschinenbau

16, rue EechelsbaachL-4871 LamadelaineTel: +352 50 27 26GSM: +352 691 91 50 70

Philippsstrasse, 4D-76185 KarlsruheGSM: +49 151 [email protected]

Max SchmitzProgramme d’échangesZürich - Maschinenbau

45, rue Louis XIVL-1948 Luxembourg

Viktoriastrasse 60CH-8050 ZürichGSM: +41 79 595 [email protected]

Danièle MouselSecrétaireOochen - Entsorgungsing.

7, rue des VergersL-7338 HeisdorfTel: +352 33 79 28GSM: +352 661 914 213

Karlsgraben 27D-52064 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Yves DuhrGestiondesfichiers&SiteInternetOochen - Informatik

16, KaulepadL-9167 MertzigGSM: +352 621 483134

Auf der Hörn, 352074 AachenGSM: +49 178 [email protected]

Gilberto FernandesDélégué aux publicationsOochen - Bauingenieur

6, rue des PêcheursL-9552 WiltzGSM: +352 691 957 239

Roermonder Str. 15D-52072 [email protected]

Bulli Summer 2010Farw.indd 4 19/06/2010 19:23:59

Page 5: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

5

Tom SchmittRelations intercerclesKaiserslautern - Architektur

17, rue Hamen L-5219 Sandweiler GSM: +352 621 768 [email protected]

Jean-Luc RippingerResponsable Foire de l’étudiantMünchen - Luft- und Raumfahrt

25, rue de la TuilerieL-4336 Esch/AlzetteGSM: +352 621132330

Gunta-Stölzl-Str. 580807 MünchenGSM: +49 176 [email protected]

Annick BeckerResponsable sponsoringBruxelles - Ingénieur civil architecte

57, DuerfstroossL-9644 DahlTel: 899458GSM: 691811123

Avenue des courses 24B-1050 BruxellesGSM:[email protected]

www.aneil.lu

D’ANEIL am Internet:

De

Com

ité 2

010

Bulli Summer 2010Farw.indd 5 19/06/2010 19:24:00

Page 6: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

6

Visite bei Guardian

Dëst Joer stoung Karfreiden, wei gewinnt, ganz am Zeeche vun der ANEIL. Ugefangen huet dat ganzt mat enger Visite, dës Kéier wor et d’ Guardian zu Bascharage. Als éischt krute mir eng Taass Kaffi,eenOuschtereeanengklengPresentatiounvunderFirma.

GuardianassengFirmadéiFloat-Glasproduzéiert.DatassdatGlaswatflaachass(souweiFën-steren), am Geigensatz zu Fläschen :-) (déi ginn nämlech geblosen).D’ Firma gouf 1932 an den USA gegrënnt an huet deemools just Windschutzscheiwe gebaut. Säit 1981 gëtt et d Guardian zu Bascharage. Dat wor déi éischte Fabrik vun hinnen ausserhalb vun den USA. Do ginn lo all Dach bis zu 600 Tonnen héichwäertegt Glas produzéiert.SiproduzéiereGlasfirallméiglechUwendungsberäicher:GlaswatvillLuuchtduerchleisstfirSo-

laranlagen,GlaswatguttreflektéiertfirFënsteren.,Verbundglaswatex-tra stabil muss sinn.... .Verschidde vun dësen Eegenschaften erreechen sinn duerch Beschich-tungen oder Wärmebehandlungen.GärenhunnsieisochgezieltdatsieenDeelvumGlasfirdFaçadevum«BurjKhalifa»aka«BurjDubai»afirdéiPyramidvunderBanqueGener-ale du Luxembourg produzéiert hunn.

Bon dunn Krute mir déi Anlage vun enge charmanten Ex-Oochener Stu-dent gewisen an erklärt. (natierlech duerfte mir keng Photoe man)Als éis-cht ginn verschidden Zorte Sand a Mineralien an deene genee Verhältnis-ser mat enaner vermëscht. Ausserdeem komme bëssi al Schierbele mat andeeMelang,firdSchmeltztemperaturvundeemganzenerofzesetzen(jojo Energiespueren, Co2-Reduktioun). Dann kennt deen Sandmix kon-tinuéierlech an een «Gasuewen» wou en da bei eppes iwwert 1200 Grad geschmollt gëtt.

Vis

ite b

ei G

uard

ian

Bulli Summer 2010Farw.indd 6 19/06/2010 19:24:04

Page 7: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

7

Vis

ite b

ei G

uard

ian

An well ech do grad Thermodynamik am leschten Versuch gepackt hunn weess ech nach ganz ge-needatsehierwaarmOfgasevundeemUewenhuelefierhierVerbrennungsgasefierzewiermen:-). (an sou rëm Energie spueren :-))AlsnächstgëttdanndatflessechtGlasopeenZänn-BadlafegeloosswouetsechdannopdéiBreet an Deckt ausbreede ka wei een dat gären hätt. D Breet Variéiert do tëschent 300 an 360 cm. Dat Glasband gëtt dann op enger Streck vun 120m lues a lues oofggekillt bis et dann Zëmmertem-peratur erreecht huet a fest ass.Duerno geet et dann an d’Decoupe. Eng gudd Kamera an ee gudde Computer detectéieren auto-matesch kleng Feeler am Glas an schneiden automatesch dei richteg Gréisst vun Glasscheif raus.Dei Plaatze wou Feeler am Glas sinn, ginn als Schierbelen dem Sand beigemescht. Iwwert Fliess-bänner an Roboteräerm ginn déi färdesch Glasscheiwen dann automatesch jee no Commande vum ClientopspeziellGerüstergelueden,firdateenspezielleCamionsekamathuelen.Eis Maschinnebau woren natierlech een decke faszinéiert vun deene Camionen. Dat sinn speziellCamionen ouni Buedem an ouni duerchgeehend Henescht-Axe. Doduercher ass et méi einfach d´Glasopzelueden.AusserdeemhunndéiGefiererengspeziellhydrauleschLagerungfirdatdGlasplacken och ganz beim Client ukommen.

Pit Schmit

Bulli Summer 2010Farw.indd 7 19/06/2010 19:24:09

Page 8: Bulli 2010_2

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Bulli Summer 2010Farw.indd 8 19/06/2010 19:24:10

Page 9: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

9

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Invitatioun

Visite bei SEO – Energie

Invi

tatio

un V

isite

SE

O

Léiw Memberen,

Samschdes, den 26. Juni um 11:00 ginn mer Société Electrique de l’Our zu Veianen/Stolzebuerg kucken.

Si bedreiwen do dat eenzegt Pompspeicherkraftwierk zu Lëtzebuerg.

Mir kréien eng Visite guidée duerch Wierk wou mir dann hoffentlech déi nei Maschinn virgestallt kréien.

Treffpunkt ass um Parking Pavillon Ourtal um 10:45(de plan d’accès fannt der op der nächster Säit)

Bulli Summer 2010Farw.indd 9 19/06/2010 19:24:11

Page 10: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

10

Invi

tatio

un V

isite

SE

O

Visi

te S

olar

woo

dVi

site

Sol

arw

ood

Mëttes no der Visite wollte mer eng gemittlech Platz am Schied sichen a grillen. Doniewent besteet Méiglechkeet an den Indian Forest (en Heichseelgaart) se goen, deen direkt niewent der Grillplaz am Bësch leit. Wa genuch Leit sech mellen, mel-len ech ons als Grupp un. Eng aner Méiglechkeet ass di oppe Schwämm. Weider Informatiounen (Grillen, Schwämm an Heichseelguart) kommen no wa genuch Leit matginn an wann Wierder et erlaabt. Aus dësem Grond mellt iech bis den 23. Juni bei mir un a sot op der mat op Visite gitt, op der mat grillt an op léiwer mat an den Indian Forest gidd oder an Schwämm.

WICHTEG: D’Aktivitéiten (Schwämm oder Heichseelgaart) si op eege Këschten!

Melltiechfird’Visiteafird’Iessebisden23.JunibeimPitDemuthun.

[email protected]

Bulli Summer 2010Farw.indd 10 19/06/2010 19:24:12

Page 11: Bulli 2010_2

Visi

te S

olar

woo

dVi

site

Sol

arw

ood

Bulli Summer 2010Farw.indd 11 19/06/2010 19:24:12

Page 12: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

12

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Arti

kel T

able

Ron

de 2

010

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Artikel Table Ronde 2010

No der interessanter Visite bei Guardian an dem gemittlechen Iessen am Limoncello huet sech dunn mat der Table Ronde den Héichpunkt vum Daach lues an lues genähert. Och dëst Joer Joer huet d’ANEILkengméigescheitfirintressantEntreprisenausdeenenverschiddenstenBeräicheropKar-freiden ze invitéieren. Ziel dovun ass et dass ons Memberen d’Méiglechkeet kréien mat verschiddenen Responsablen vun den Firmen an d’Gespréich ze kommen an sech iwwer d’Stageméiglechkeeten an frei Platzen bei den Entreprisen ze informéieren. Desweideren krit een awer och een Anbleck an den Leeschtungsspektrum vun Firmen déi een bis lo net kannt huet oder net genau wosst wat se giffen maachen.

Mir hunn probéiert iech eng gudMëschung vun Firmen ze presentéieren sou dass fir all Inge-nieursstudiengang eppes dobäi ass. Niewent deenen treien Fiermen déi schon oft dobäi waren hunn sech dëst Joer och en puer nei Firmen presentéiert déi bis lo nach ni drun Deel geholl hunn.

DenUfankhuetP&TLuxembourggemaach.Pre-sentateuren, dorënner den Guy Mahowald, Präsi-dent vun der Aneil am Joer 2006, hunn déi ver-schidden Servicer virgestallt an och uginn dass si zur zéit en puer frei Ingénieursposten hätten.

Als zweeten huet den Directeur vun PricewaterhouseCoopers Luxembourg, Pierre Mangers, dei verschidden Geschäftsfelder vun PWC virgestallt. Den Präsident vun der ANEIL an den Joeren 1995 an 1996 huet als lëschteg Anekdot nierwenbei erwähnt dass Letzebuerg dat eenzegt Land wärwouPWCmeiMataarbechterhättwied’ArméiZaldoten,anPWCLuxembourgdofirenbesonn-eschen Stellewäert an hirem globaliséierten Unternehmen hätt.

Dono war et dunn um Jean-Luc Verheggen, neien Di-recteur du personnel vun DuPont de Nemours an Teijin DuPont Films, d’Geschicht vun Dupont zu Lëtzebuerg an hier grouss Diversitéit vun Produkter ze presenté-ieren. Den M. Verheggen hat och zuelreich Produiten matbruecht dei een dono bei der Réceptioun mäin genau konnt ënnert d’Lupp huelen.

Bulli Summer 2010Farw.indd 12 19/06/2010 19:24:13

Page 13: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

13

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Arti

kel T

able

Ron

de 2

010

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

AlsnächstwaretdunnumMaxFriobfirArcelorMittalzepresentéieren.Warhiend’leschtJoernachbei der ANEIL als Präsident unzetreffen, sou huet en dëst Joer d’Säit gewiesselt an huet di verschid-denProduktiounssittenand’ProduktiounselwervundenStohlprofilervirgestallt.

Den Camille Feyder huet dun als nächst déi verschidden Entwécklungen vun Delphi virgestallt an ass och drop angang weien Méiglechkeeten an Infrastruktur Delphi sengen Mataarbechter zur Ver-fügungstelltfirneiProdukterzeentwéckelenanzetesten.

Als lescht Firma virun der Paus huet d’Birgit Manzoni Epuramat virgestallt. Déi richt 2005 gegrënnt-en Entreprise ass am Domaine vun der Ofwaasser Behandlung aktiv an huet schon zuelreich Präis-ser gewonn dorënner ënneraanerem eng Auszeechnung als technologescht Pionéierunternehmen dëst Joer um Weltwirtschaftsforum zu Davos. No enger klenger Paus dei mer dëst Joer dobäi gefügt hunn ass et dunn och schon mat der nächster letzeboiecher Entreprise weidergaang vun där een kann bal soen kann dass se iwwerall op der Welt doheem ass. Den René Friederici, Senior Vice-President vun Paul Würth, huet erklärt wat di aktuell Projeten vun Paul Würth sinn, an an weiengen Länner den Moment een groussen Ëmsatz gemat gëttanfierwaatd’WuelbefannenvunhierenMataarbechterPaulWürthbesonneschumHäerzleit. Nom M.Friederici war et um Tour vum Tom Laplume an Marc Cloos, alle béid och 2 Joer am ANEIL’s Comitéalsvice-présidentrespektivsecrétairetäteg,fird’EntwécklunganProduktiounvunGood-year um Site Kolma-Bierg virzestellen. Uschléissend koum et dunn zu der Presentatioun vun dem Global Player Amazon, deen net nëm-men den Ingenieursstudenten dierft bekannt sinn. Amazon gouff representéiert duerch den Philippe Hemard, Supply Chain and Transportation Director, den David Haines, Human Resources Director, EU Operations an dem Alex Sinner, Product Manager, Marketplace an an den Joeren 1998/99 am ANEIL’s Comité täteg. Fir si war et wichteg ze weisen weien verschidden Ingenieuren si sichen, wei am allgemengen hier Philosophie an der Entreprise ass an si hunn och gesot dass se en puer op-pen Ingenieursplatzen hätten.

Bulli Summer 2010Farw.indd 13 19/06/2010 19:24:13

Page 14: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

14

Arti

kel T

able

Ron

de 2

010

DunnwaretunderReivumThierryFliesfirSchroeder&Associés,hierdomainesd’activitéssou-weihierzahlreichReferenzenvougroussenBauprojetenfirzestellen.AmJoer1961gegrenntassden Bureau d’Etudes stännech gewuess an ass aktuel mat 216 Matarbechter deen greissten aus Letzebuerg.

Als lescht Entreprise gouf dunn Drees & Som-mer Luxembourg vum Maximilien Ast virgestallt. OchsiwarendëstJoerfird’eichtdobäi.Déi2003gegrënnten lëtzebuergesch Filial ass am Domän vum Projektmanagement, Immoblienberatung an Engineering aktiv.

Den Ofschloss vun den Virtrag war dunn der Dr.-Ing. Danièle Waldmann vun der Uni.lu iwwerlooss. Si huet ons déi verschidden Themen un deenen d’Uni.lu Recherche bedreift an an deenen Dokter-aarbecht méiglech sinn virgestallt.

No deenen 12 ganz interessanten Virträg waren d’Memberen souwéi d’Firmenvertrieder awer och dunn frou wei se den Eirenwein vum Serveur konnten ent-géint huelen an zesummen ustoussen. Vill Studenten hunndannochvunderOccasiounprofitéiertfirper-séinlech mat den Firmenvertrieder ze schwätzen, sou dass intressant Gespréicher zu stan komm sinn an déi eng oder aner Visiteurskaarten den Proprietaire gewi-esselt huet.

Bulli Summer 2010Farw.indd 14 19/06/2010 19:24:15

Page 15: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

15

Arti

kel T

able

Ron

de 2

010

Den Androck deen d’Firmen hannerlooss hunn ass dass den Ingenieur, an virun allem den lëtze-buergeschen Ingenieur mat senger Sprochenvielfalt, emmer nach een „raren Artikel“ ass. Alles an allemhoffenechdassvillStudentenvunderTableRondeprofitéierthunnandassdéi,déidëstJoerkengZäitfonnthunnfirlaanschtzekommen,sechnächstJoerdéiGeléigenheetnetentgoenloos-sen. Ob dëser Platz well ech dann och nach eng kéier dem Direkter, dem Här Soisson, dem Här SanteranderMadameFischvunderFEDILMercisoenfirdengelongenenEirenwein,d’Kaffispausan d’Raimlechkeeten déi se ons zur Verfügung gestallt hunn.

Marc Becker

Bulli Summer 2010Farw.indd 15 19/06/2010 19:24:35

Page 16: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

16

Rev

ue d

e pr

esse

‘‘Ta

ble

Ron

de 2

010’

Publikatioun am ‚‚ Journal “ vum 03.04.2010:

Bulli Summer 2010Farw.indd 16 19/06/2010 19:24:36

Page 17: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

17

Rev

ue d

e pr

esse

‘‘Ta

ble

Ron

de 2

010’

Publikatioun am ‚‚ Le Quotidien “ vum 03.04.2010:

Le Quotidien: Des futurs ingénieurs très prisés

Des futurs ingénieurs très prisés

Nicte Mazariegos on 03/04/2010 10:54:00

De notre journalisteCamille Leroux

Douze entreprises ont répondu présent à l’invitation de l’ANEIL et de la Fedil. Toutes ont préparé une présentation alléchante. Toutes recrutentdesingénieursmaispeinentàentrouverauLuxembourg.«Ilestdifficilederecruterdesingénieursluxembourgeoiscariln’yenapastellement»,confirmeCamilleFeyder,responsabledelasécurité,delasantéetdel’environnementàDelphi.«Laprofessiond’ingénieurn’estpaslaplusattractive,parrapportauxmétiersdelafinancenotamment.»Etlacrisen’arienarrangé.«L’industries’estretrouvée en première ligne », renchérit Jean-Luc Verheggen, responsable du personnel à DuPont. « Les gens s’en détournent. Chez DuPont,nousavonsdûgelerlesrecrutementspendantdeuxans.Maisuneentreprisen’estefficacequesielledisposedepersonnelde qualité. » Et plus encore dans le secteur automobile à l’aube d’une nouvelle ère. « Une forte demande nous pousse à développer les véhicules électriques et la réduction des émissions de CO2 », acquiesce Camille Feyder, « et ce sont les ingénieurs qui peuvent nous aider à y répondre ».

Des étudiants attachés à leurs racines

Pourquoi les étudiants luxembourgeois sont-ils si demandés ? « Nous avons une unité de production ici », répond Jean-Luc Verheggen, « beaucoup de gens parlent luxembourgeois et c’est toujours plus facile de communiquer dans sa langue maternelle ». La maîtrise des trois langues véhiculaires, plus l’anglais, est un grand avantage évidemment. « Ils sont très souvent trilingues, et la plupart ont étudié à l’étranges donc ils ont une première expérience de vie à l’étranger », indique Camille Feyder.

D’autres entreprises sont venues rappeler aux étudiants qu’elles aussi ont besoin d’ingénieurs. Comme Epuramat, jeune société d’épurationd’eau,ouencoreAmazon.«Onutiliseaussidesingénieursmêmesic’estmoinsévident»,justifiePhilippeHemard,direct-eur Europe transport et supply chain (logistique) pour Amazon. « Nous avons ici beaucoup de centres de distribution et nous recrutons dans des métiers très technologiques comme le web. » C’est d’ailleurs Alex Sinner, nouvelle recrue luxembourgeois. « J’ai étudié à Karlsruhe.J’avaisenviedevoirlemondemaisaussiderevenir.»Carc’estfinalementunsentimentpartagéparlesétudiantsingé-nieurs de Aachen, Karlsruhe ou Nancy. Daniel termine ses études d’ingénieur du bâtiment à Aachen mais il « ne veut pas forcément travailleràl’étranger».MichelHansen,étudiantengéniemécaniqueetmodérateurdelatableronde,confirmeque«laplupartdesétudiants reviennent au pays, notamment parce qu’ils ont plus de chances de percer et de faire carrière ici. » Cette rencontre privilégiée avecdesentreprisescommeArcelorMittal,PricewaterhouseCoopers,Goodyear,Schröder,Paul-Wurth,Drees&SommerouP&Tpermeten tout cas aux futurs ingénieurs de découvrir la diversité de choix qui s’offre à eux. « Je suis surtout intéressée par ce qui touche à l’environnement, c’est un critère vraiment important pour moi », explique Sophie, étudiante ingénieur du bâtiment à Aachen. « Je suis ouverte à tout, je partirais bien quelques années à l’étranger mais, c’est sûr, je reviendrai. » De quoi rassurer des employeurs potentiels soucieux de gardes ces cerveaux au pays.

Bulli Summer 2010Farw.indd 17 19/06/2010 19:24:37

Page 18: Bulli 2010_2

Visi

te v

un d

er G

are

Bel

val-U

nive

rsité

Bulli Summer 2010Farw.indd 18 19/06/2010 19:24:38

Page 19: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

19

InformatiounfireisNofolger

InformatiounfireisNofolger

Wéi dir jo wësst organiséiert d’ANEIL Villes fir hier Member’en, also haaptsächlech fird’Ingenieursstudenten,datheeschtfiriech:-)!

Doniefthuetd’ANEILawerochnachenganerganzwichtegCharge,nämlechdofirzesuergen,dass och an Zukunft vill Leit mam Ingenieursstudium ufänken (an natierlech och fäerdeg man). Fir de Schüler a Schülerinnen ande Lycéeën ze weisen, wéi de Beruff an de Studium vun engem Ingenieur ausgesäit, probéiere mir op méiglechst villen Informationsaktivitéite vun de Lycéeë präsent ze sinn. Dëst Joer war d’ANEIL schon bei ville Schoulaktiounen dabei. Am LTMA zu Péiteng, am LCD, am LNW an och zu Esch am Lycée technique ware mir schon vertrueden.

Wéi déi Schoulaktioune genau ausgesinn an oflafen,hänkt ëmmer bësse vum Konzept vun der jeeweileger Schoul of. Normalerweis maache mir eng kuerz Presentatioun mat deier mir probéieren de Schüler ze weisen wat en Ingenieur mëscht. Mee well, wéi dir jo och wësst, Ingenieur net gläich Ingenieur ass, stelle mir hinnen och déi verschidden Ingenieursrichtunge vir. Ausserdeem weise mir op déi verschidde Méiglechkeeten hin, déi een dono am Beruffsliewen huet. No dësem Input hun d’Schüler dann d’Geleeënheet Froen ze stellen. Demnowéi, sinn och ‚richteg’, also Ingenieuren, déi schon am Beruffsliewe stinn, mat dabei, déi de Schülerda méi aus hirem Beruffsalldag erziele kënnen. Oft kann dann unhand vu praktesche Beispiller a Projete gewise ginn, wéi en Ingenieur schafft.

D’Froen, déi d’Schüler stellen, si ganz verschidden. Déi eng wëllen sech haaptsächlech mol graff iwwert de Beruff informéieren, anerer hu ganz präzis Froen. Wouriwwersinn sech oft Gedanke maachen, sinn d’Unisstied. Déi eng wëlle méiglechst weit fort, déi aner sinn awer gären all Weekend rëm zu Lëtzebuerg. Natierlech kenne mir hinnen do d’Entscheedung net ofhuelen, mä mir kennen hinnen déi gréissten a bekanntesten Ingenieursschoulen uginn. Rëm Anerer sinn och ofgeschreckt vun der ville Mathé oder Physik, wou d’ANEILda probéiert zeerklärefirwatdassdéigebrauchtanugewanntgëtt.

Bulli Summer 2010Farw.indd 19 19/06/2010 19:24:38

Page 20: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

20

Donieft gi mir hinnen och d’Méiglechkeet eis ze kontaktéieren, wann si weider Froen hätten. Am Moment hu mir leider keng aktu-ell Dokumentatioun a Form vun enger Broschür mat dësenInfor-matiounefirzeverdeelen.Mee,tadadadaaa,mirsinnamgaangde Let’s Engineer un de Bachelor/Master System unzepassen an och soss ze aktualiséieren. Nieft Informatiounen zu de klass-eschen Ingenieursbranchen, sinn hei och Informatiounen zu méi klengen a méi onbekannte Richtungen ze fannen. Ausserdeem probéiere mir een Iwwerbléck iwwert déi meescht besichste Stud-iestied a –länner mat den dozou gehéiregen Umeldungsfristen a–bedingungen zegin.Soudassmir, spéitstens fir d’Foire del’Etudiant am Hierscht rëm eng Broschür hunn, déi mir den In-teressenten ofgi kënnen. Bleift nach ze erwähnen, dass mir och dest Joer op der Foire d’Etudiant mat engem Stand dabei wäerte sinn. Hei gëtt ëmmer probéiert d’Schüler duerch verschidden ausgestallten an interaktivObjet’en fir deBeruff vum Ingenieurvirwëtzeg ze maachen. D’lescht Joer hate mer als Highlight e Ro-boter,deMocktailegemixthuet.Dathatdefinitivochdeenegefall,déi soss näischt mat engem Ingeniersstudium um Hutt haten.

OchwamireisBeschtman,d’Schülerand’SchülerinnefirdeStudiumvunIngenieur-anNaturwes-senschaften ze begeeschteren an se sou gudd wéi méiglech ze informéieren, d’Décision, waatwe Wee se aschloen, kënne mir hinnen net ofhuelen.

Lis Cloos

InformatiounfireisNofolger

Bulli Summer 2010Farw.indd 20 19/06/2010 19:24:39

Page 21: Bulli 2010_2

bulli Summer 2010

21

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

Kleng Witzer zur Opmonterung:

Sagt ein deutscher Ingenieur zu seinem italienischen Kollegen: “Gib mir Eisen und Stahl - und ich baue Dir einen Flugzeugträger!” Meint der Italiener: “Gib mir Deine Schwester - und ich mache Dir die Besatzung dazu!”

Drei Ingenieure stehen zusammen und diskutieren die möglichen Entwickler des menschli-chen Körpers. Der eine sagt: „Das war ein Maschinenbauer. Schaut euch nur mal all die Gelenke an!“ Darauf der Zweite: „Nein, es war ein Elektroingenieur. Das Nervensystem hat tausende elektrischer Verbindungen.“ Der Letzte: „In Wirklichkeit war es ein Bauingenieur. Wer sonst würde eine Abwasserleitung mitten durch ein Vergnügungszentrum leiten?

Bulli Summer 2010Farw.indd 21 19/06/2010 19:24:39

Page 22: Bulli 2010_2

Summer 2010bulli

22

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

Engineering&management

A man in a hot air balloon realized he was lost. He reduced altitude and spotted a woman be-low. He descended a bit more and shouted, “Excuse me, can you help me? I promised a friend I would meet him an hour ago, but I don’t know where I am.” The woman below replied, “You are in a hot air balloon hovering approximately 30 feet above the ground. You are between 40 and 41 degrees north latitude and between 59 and 60 degrees west longitude.” “You must be an en-gineer,” said the balloonist. “ I am,” replied the woman, How did you know?” “Well,” answered the balloonist, “everything you told me is, technically correct, but I have no idea what to make of your information, and the fact is I am still lost. Frankly, you’ve not been much help so far.” The woman below responded, “You must be in Management.” “I am, “replied the balloonist, “but how did you know?” “Well,” said the woman, you don’t know where you are or where you are going. You have risen to where you are due to a large quantity of hot air. You made a promise, which you have no idea how to keep, and you expect people beneath you to solve your problems. The fact is you are in exactly the same position you were in before we met, but now, somehow, it’s my fault”.

“High Tech” SkillsAyoungexecutivewasleavingtheofficeat6p.m.whenhefoundtheCEOstandinginfrontofa shredder with a piece of paper in his hand. “Listen,” said the CEO, “this is important, and my secretary has left. Can you make this thing work?” “Certainly,” said the young executive. He turned the machine on, inserted the paper, and pressed the start button. “Excellent, excellent!” said the CEO as his paper disappeared inside the machine. “I just need one copy.”

InterviewReaching the end of a job interview, the Human Resources Person asked the young Engineer fresh out of MIT, “And what starting salary were you looking for?”TheEngineersaid,“Intheneighbourhoodof$75,000ayear,dependingonthebenefit’spack-age.”The HR Person said, “Well, what would you say to a package of 5-weeks vacation, 14 paid holidays, full medical and dental, company matching retirement fund to 50% of salary, and a company car leased every 2 years - say, a red Corvette?”The Engineer sat up straight and said, “Wow!!! Are you kidding?”And the HR Person said, “Certainly, ...but you started it.”

Bulli Summer 2010Farw.indd 22 19/06/2010 19:24:40

Page 23: Bulli 2010_2

Bulli Summer 2010Farw.indd 23 19/06/2010 19:24:40

Page 24: Bulli 2010_2

Paul Wurth S.A. Human ResourcesVCA**C

ERTI

FIED SAFETY SYSTEM

VINCOTTE

ISO 9001ISO 14001

BUREAU VERITASCertification

and equipment.

sector.

Given the continuous positive development of our business, we are interes-ted in hiring freshly graduated engineers (m/f) in the following disciplines:

Mechanical Engineering Process Engineering Material Engineering / Metallurgy Electrical Engineering Civil Engineering

Your profi le:

Bulli Summer 2010Farw.indd 24 19/06/2010 19:24:40